8. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Eemol d'Woch gëtt et zu Sasquisili e Maart, wou d'Leit aus de Bierger hir selwer hirgestallte Produkter verkafen. Esou ee Maart ass ëmmer fir d'Leit eng wëllkommen Ofwiesselung vum alldeeglechen haarde Liewen an de Bierger - a fir mech eng vun de beschte Méiglechkeete, fir Fotoen ze maachen .... An Ecuador sinn d'Leit allerdéngs net begeeschtert, fir geknipst ze ginn oder si wëllen dofir bezuelt ginn.

Depot an der Biblio

Et ass awer schwéier den Helm, de Rucksack a.s.w. matzeschleefen a gläichzäiteg ze knipsen an d'Objektiver ze wiesselen. Also muss eng Léisung fonnt ginn an der Emgéigend. An déi fënnt sech a Form vun der lokaler Bibliotéik. Ech pilgeren do eran, "entschëllegt, dierft ech meng Saachen héi bei Iech ofleeën, bis ech erëm si vum Maart?". "Jo, kee Probleem, mee komm eréischt no 13 Auer erëm, mir gi gläich iessen."

Fir hei u brauchbar Fotoen ze kommen, muss een sech schonn e bësschen uleeën, Zäit huelen a serieux Objektiver gebrauchen, 400 mm muss et scho sinn. Leider falen ech domat natiirlech immens op, wat d'Saach wierklech schwiereg mecht, et sinn awer e puer flotter erauskomm derbäi. Déi Leit aus de Bierger si mei kleng ewéi déi aner, si si vielläicht 1,50 Meter, méi net. Dat wäert d'Natur wuel esou ageriicht hunn, fir dass een sech net esu wäit ze bécken brauch op de Felder.

Satellit? Dag gerett!

Wéi ech bei d'Bibliothéik zeréck komm sinn, hunn eng handvoll Männer aus dem Duerf de Moto inspizéiert a waren nach méi frou, ewéi ech ukomm sinn, du konnten si mir och nach e Lach an de Bauch froen. Dat bescht ass ëmmer wa mer zum GPS kommen, beim Wuert Satellit brecht all Kéier Begeeschterung aus. Ech demonstréieren dann, wat den Apparillo alles kann, hiren Dag ass gerett, si hu genuch fir weider ze diskutéieren, "eng schéi Rees nach".

Net wäit vun Cotopaxi gëtt et eng Lagun uewen an engem Krater vun engem Vulkan. De Wee dohi féiert duerch eng vun de schéinste Géigenden an de Bierger vun Ecuador.

RTL

Et ass eng Landschaft ewéi e Patchworkkonschtwierk, iwwerall Felder mat ënnerschiddleche Faarwen, an da matten dran déi faarweg gekleete Menschen, déi an de Bierger liewen. Si stiechen als kleng Faarfpunkten an der Patchworklandschaft eraus, wonnerschéin. Hir Kleeder hunn esou intensiv Faarwen, ech froe mech, mat wat déi gefierft ginn. Wann d'Wäsch dobaussen an der Sonn lait, fir ze dréchnen, gesäit dat all Kéier flott aus.

Blumme vum Äquator

Héi an Ecuador gëtt vill Landwirtschaft bedriwwen, am groussen oder am klenge Stil, mee ëmmer an Handaarbecht. Eng ganz Arméi vu Frae schnéit Brokkoli a lued en direkt an de Kaminon, deen am Feld steet. Verschidde Géigende si bedeckt vu risegen Zären, wou ënnert anerem och Blumme geziicht ginn, ee vun den Exportprodukter vun Ecuador.

Wann ee méi an d'Bierger kënnt, sti laanscht d'Strooss vill Lama, nee, keng Dalai Lama, Ecuadoriansch Lama, Déieren, déi herrlech erstaunt dra kucke kënnen. D'Leit schaffe mat den Ochsen op de Felder, mam Holzplou w.e.g. oder mam Heel an de stäilen Hiwwelen. Nierft der Strooss léien dann oft grouss Kéip vu Geméis, déi erof bruecht gi sinn an da vu Kamionen ofgeholl ginn. Géint der Owend ginn d'Schoof an d'Lama heem an de Stall gedriwwen, da geet et méi lues virun am Verkéier, mee därs ass souwisou net vill hei.

Falsch Landkaarten, gespenstesch Niwwelfatzen

D'Landkaart ass leider falsch, si weist de Wee fir bei d'Lagun eréischt e gutt Stéck nom Duerf Zumbahua un, am Duerf ass si net ausgeschëldert. Also gondelen ech monter laangscht, da kënnt leider de Niwwel, dann de Besch, da laang näischt. An esou fueren ech emol monter am Niwwel op bal 4.000 Meter, a sichen nom Wee, dee riets soll era goen. Ech hunn awer scho méi laang d'Gefill, dass ech falsch sinn, mee ech wëll kucke, wou de Wee eraus kënnt. No enger halwer Stonn kommen ech an en Duerf, wou awer och guer näischt lass ass, Pilalo, en Duerf bei engem Biergwierk. Dat war et dann, d'Kéier an zeréck, et ass immens, wéi schnell sech an de Bierger d'Wieder ännere kann, de Niwwel verzitt sech plazeweis an et gesäit een den Urwald. Gespenstesch Beem mat allerlee Kraut, wat erofhängt, sti riets a lénks laangscht de Wee a luussen aus den Niwwelfatzen.

Am Duerf Zumbahua ukomm, froen ech dann emol no der Laguna Quilotoa, de Wee geet am Duerf fort, da lass. Fir bei d'Lagun muss een 2 Dollar Entrée bezuelen, et ass kee bei der Ketten, 2 Kanner düse lass a gläichdrop kënnt e jonkt Meedchen, wat mir en Entréesticket verkeeft, a gläichzäiteg freet, op ech net vielläicht en Zëmmer bräicht. D'Laguna ass denn Hummer, e Kraterséi an engem Vulkan op 3.850 Meter. D'Wolleken hänken déif iwwert dem Vulkan, héiernsdo esou guer bis an de Krater eran, déif ënne liicht dat smaragtgringt Waasser, et gëtt Plazen op der Welt, do staunt een, dass et esou eppes Schéines gëtt ...

Wou stiechen ech et hin?

Ech knipsen a waarden, dass d'Wolleken e bësschen Erbarmen mat mir hunn a sech verzéien, fir schnell e puer schéi Biller ze maachen, hannert mir steet schonn e puer Minutten eng kleng Joffer, déi natiirlech eppes verkaafe wëll, awer op dee richtege Moment waart, "brauchs du kee warme Schal aus Lamawoll"? "Nee, merci", "ech maachen och schéi Ponchoen", "an du hues bestëmmt och nach en Zëmmer fir mech, gell"? "Jo". "Nee merci, de Poncho kann ech um Moto net gebrauchen an ech fueren den Owend nach zeréck op Latacunga." "Gutt, merci awer." Wierklech frëndlech, ech hu jo scho bal e schlecht Gefill, näischt kaft ze hunn, et ass emol net, datt ech näischt kafe wëll, mee wou stiechen ech et hinn?

Schwéieren Häerzens verloossen ech déi schéi Plaz, ech hunn nach 1,5 Stonnen ze fueren bis Latacunga. Ennerwee geet et nach zwee mol iwwer 4.000 Meter an do ass et owes scho frësch an de Wolleken.

Moie René, ech sinn et, de Cotopaxi!

Ech fueren zeréck a mäin Hotel, wou ech scho war, kréien awer ën anert Zëmmer um drëtte Stack. Wéi ech moies zur Fënster eraus kucken, trauen ech mengen Aen net, de Cotopaxi, risegrouss, fräi vun Wolleken. Do brauch ech kee Kaffi fir wakreg ze ginn, mee eng Plaz fir ze knipsen. Déi fënnt sech um Dag vum Hotel, schnell nach mat e puer eidelen Eemeren eng Plaz gebaut, wou de Fotoapparat nach méi héich steet a geknipst.

De Wee vun Latacunga op Cuenca ass eng vun de schéinste Landschafte bis elo, d'Liichtverhälltnisser si spektakulär, grouuss laang Däller, wou donkel Wolleken iwwer de Bierger hänken an dertëschent stieche vereenzelt d'Sonnestralen derduerch. No all zweet Kéier muss ech erëm stoe bleiwen an eng Foto maachen. Béi enger sinn ech awer bal aus de Schung gekippt vu Begeeschterung, do waren net nëmmen Wolleken, mee do huet och nach e Vulkan gemittlech viru sech higedämpt. Emol méi, dann erëm e besschen manner, ech war aus dem Haischen, eng genial Foto.

Cuenca ass eng vun ...

... de schéinste Stiedt an Ecuador, et gëtt Leit, déi behaapten, et wier déi schéinst. Si ass och beandrockend, e bësschen ewéi Quito, wat d'Kierchen ugeet. Am Zentrum steet d'Cathedral de la Inmaculada, ech froe mech, wat se sech dobäi geduecht hun, wéi se dat Gebai 1885 gebaut hunn, gigantomanesch, eigentlech méi eng Festung ewéi eng Kierch. Mais och soss ass déi kleng propper Stadt schéin an zimlech luxoriéis. Nobel Geschäfter an déier Restauranten. Mäin Hotel ass vu baussen zimlech einfach, mee bannendran ass e grousse Raum, ganz hell, wou d'Iessensdëscher stinn a wou sech ee Grill ënnert engem stréigedeckten Haische verstoppt. De Moto muss dohinn, kréien ech erklärt, e passt op 1 Zentimeter duerch déi 2 Dieren, wou ech en drécke muss, dann duerch de ganze Restaurant. Moies mussen d'Leit nierft dem Moto Kaffi drenken, herrlech.

De Wee vun Cuenca op Loja ass ganz anescht, méi flaach mat Nolebeem, streckewais kéint ee mengen a Canada ënnerwee ze sinn. D'Srooss gëtt grad néi gemaach, leider hunn se awer eréischt ugefangen. Am Gruef läit e risege Camion, de Chauffeur war wuel e bësschen ze optimistesch, dat ganzt Gefier ass ëmgefall, d'Strooss ass gespaart, also heescht et waarden. Héi gëtt net laang gezéckt, e grousse Bagger richt dat Gefier erëm op, mat der Schëpp an de Kipper, krätsch, dann nach vir e bëssche gemurkst, erëm hanne dru gezunn, dann e Seel virdran an aus dem Gruef op d'Strooss zeréck, ech froe mech, wou méi futti gaang ass - beim Emfaalen oder Opriichten?

Kee Stress? Et kéint ee sech dru gewinnen ...

52 Kilometer no Loja léit dat Dierfchen Vilcabamba, an engem Dall, wou vill Léit honnert Joer al ginn. Mëttlerweil zitt et och ëmmer méi Auslänner dohin, verschiddener hu sech do nidder gelooss, wuel an der Hoffnung, hei méi al ze ginn. Duerch de Stress stierft hei op alle Fall keen, hei geet d'Liewen engem gemittlechen Tempo no, et kéint ee sech dru gewinnen. Zu Vilcabamba gëtt och Kaffi produzéiert, bei eis als Raritéit déier verkaft, kaschten hei 250 Gramm 1,5 Dollar, oder di lokal Cigarilloen, pueren Tubak, scho bal schued, datt ech net méi fëmmen ...

Vun hei geet eng Strooss an de Peru, ech wier nawell interesséiert, iwwert d'Bierger an de Peru anzereesen, mee op der Landkaart gesäit de Wee net ganz iwwerzeegend aus. Also maachen ech mech op d'Siich no Informatiounen, well et gëtt nach eng aner Alternativ fir an de Peru, iwwer Macara, 200 km méi westlech. De Gérant (e Kanadier aus dem Quebec) vum Hotel gëtt mer den Tipp vun engem Mann, deen en Internetcafé hei am Duerf huet a momentan op där Streck Internet fir d'Arméi do opriicht. De Mann schwätzt fléissend Franséisch, hien huet e puer Joer zu Bréissel gelieft, "vu Lëtzebuerg bass du, ech hat zu Bréissel eng lëtzebuergesch Frëndin, hallef Lëtzebuerger an hallef Italiener".

E kanadesche Liewenskënschtler!

"Wat fir ee Moto"? Ech weisen him eng Foto, "vergiess et, ech hu mir um Auto an engem Dag 2 Stoussdämpfer gebrach, esou déif sinn d'Lächer do". Beim Wuert "Stoussdämpfer gebrach" brauch de Mann net méi weider ze schwätzen, d'Streck as scho bei mir klasséiert, ech fueren da léiwer déi 200 km op Macara an dann am Peru nach eng Kéier e puer Kilometer, fir dohin ze kommen, wou ech hi wëll. A Plaz déi 50 Kilometer bis op Loja zeréck ze fueren, kéint ech och no 10 Kilometer lénks ofbéien an duerch d'Bierger fueren, dat géif 2 Stonne spueren. Op menger Kaart ass dat als onbefestegte Wee gezeechent, et ass ze probéieren.

De kanadesche Gérant ass ganz traureg, wéi ech säin Hotel verloossen, elo huet hie kee méi, fir Franséisch ze schwätzen. Hien ass en echte Kärel, mécht d'Gérance vum Hotel emsoss, dofir dierf hie gratis do wunnen an iessen.

D'Zaldoten an de Bensin

Op de Wee duerch d'Bierger wierklech eng Ofkierzung war, do sinn ech mer net méi sécher, mee schéi war en, ouni Zweifel. Et war super Wieder, d'Sonn huet geschengt iwwer Bierg an Dall, de Wee war ganz brauchbar, ech hunn an 3 Stonnen just ganz am Ufank e Camion begéint, dee Stäng aus dem Floss gelueden hatt, an dann nach eng Camionette an e lokale Motorradfuerer, mat deem ech e bëssche gepotert hunn. An deem eenzegen Duerf, wou ech zimlech zum Schluss vum Wee derduerch gefuer sinn, waren d'Kanner begeeschtert vum Moto, fir de Rescht waren Léit ugeschloen, dat schengt mir iwwerthaapt e Probleem hei ze sinn.

Zu Macara, 2 km virun der peruanescher Grenz, wollt ech nach eng Kéier den Tank an Ecuador fëllen, mee dat war net esou einfach. Déi 3 éischt Tankstellen hate kee Bensin, déi 4 hat es, mee do hunn Zaldoten opgeschriwwen, wie Bensin kritt a wien net.  Denn Tankstellekasséierer, "kritt hie Bensin?" - "Jo." Den Tank gëtt gefëllt, ech muss dem Zaldot d'Gro Kaart vum Moto ginn, hien notéiert alles. Dat ass wuel, fir dem Bensinhandel entgéint ze wierken, well an Ecuador kascht de Liter 0,32 Euro, am Peru dat féierfacht.

RTL

Adios Ecuador! Hola Peru!

De Grenziwwertrëtt ass sympatesch einfach a schnell, an enger gudder halwer Stonn sinn ech aus Ecuador ausgereest an a Peru agereest, kascht näischt, super. Op der peruanescher Säit dauert et e bëssche méi laang, den Douanier ass awer super frëndlech. Hannert eis gi Schnëttblummern aus Ecuador ofgelueden. Et musse besonnesch stabill Rouse sinn, well si gi mat enger Begeeschterung openeen geheit, datt et engem wéi kann doen. Op de Këschte steet grouss "flower fest", et kéint sech héi och ëm e "flower test" handelen.

Peru ass komplett aanescht ewéi Ecuador. Als éischt sinn d'Stroosse besser, op alle Fall emol déi bis Piura, awer d'Landschaft an och d'Diefer erënnere mech un Afrika. Ech wonnere mech iwwer Raisfelder laangscht d'Strooss, an Terrasseform ugeluecht, iwwert deenen d'Sonn féierrout ënnergeet.

Zu Piura nierft mengem Hotel ass e flotte Restaurant, wou et gegrillte Saache gëtt, ganz fein, dozou Musek vu Pink Floyd, Kiss an Deep Purple.

A Peru schénge se net nëmme Pan-Flute ze lauschteren.

Salut,
Ren