9. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Vu Piura op Pimentel geet et duerch d'Segura-Wüst, 209 km einfach riichtaus, lénks a riets Sanddünen, Steng a gedréchente Leem, deen duerch d'Dréchent gebascht ass. Och dës Géigend erënnert mech ganz staark un Afrika, ech géif all Wett verléieren, wann ee mer géif Fotoe weisen, d'Leit liewen an einfachen Hütten, mat Streiss ofgetrennt, iwwerall Plastikstuten, déi un de Streiss hänke bleiwen, Afrika léisst gréissen ...

RTL

Am Ufank vun der Wüst verkafen d'Leit laanscht d'Strooss Hunneg a Fläschen, ech hale stall, fir eng Foto dovun ze maachen, lues a lues kommen d'Kanner aus den Hütten erbäi gelaf, ech maachen e puer Fotoen, eng Fra, déi op där anerer Säit vun der Strooss op de Bus waart, rifft, ier ech fort fueren, "vu wou kënns du?", "Lëtzebuerg", "ah sou, eng schéi Rees". Dobäi hat mech all Mënsch gewarnt viru Peru, zumools laanscht d'Küst géif nëmme geklaut ginn, d'Leit wieren onfrëndlech an d'Poliziste korrupt. Bis elo war all Mënsch fei mat mir, ech ka näischt Negatives soen.

Däreg Picken a Limo-Moler an der Wüst

Et war eng gutt Iddi zu Piura voll ze tanken, well och wann d'Strooss duerch d'Wüst beschte Macadam ass, gëtt et do kee Benzin, awer de Wand bléist vun der Säit, dass ech dauernd schief fuere muss, ech hat domat eréischt a Patagonien gerechent. Och d'Streiss nierft der Strooss si ganz schief gewues, well de Wand esou staark bléist, ewéi a Patagonien.

Et gëtt esou guer e Séi an der Wüst, vun der Strooss aus gesäit een deen, et klappt awer net mam Moto bis derbäi ze fueren, de Sand ass ze déif an et sti vill Akaziebeem do, déi Däre picke labber e Pneu duerch. Zeréck op der Strooss begéinen ech eng Molertrupp, si sinn am gaangen eng Reklamm fir eng Limonade op eng grouss stenge Wand ze pinselen, hei ass nach Handaarbecht ugesot.

Wat en Terrain! Wat en Duerf um Mier!

Kuerz viru Pimentel trauen ech mengen Aen net, lénks nierft der Strooss gesinn ech en Übungsterrain fir de Führerschäin ze maachen, den Terrain huet säi  Charme, ech muss scho soen (loosst Iech déi Fotoen an der Fotogalerie net entgoen!). Niewent dem Terrain ass eng Hütt, déi genee esou modern ass ewéi den Terrain, e Mann kënnt op mech duer getrëppelt, "Buenas tardes", "jo Moien och. Sidd Dir de Fahrlehrer"?, "Nee, ech sënn de Wiechter vum Terrain".

Zu Pimentel fannen ech e klenge léiwen Hostal. Pimentel läit um Mier, um Pazific, déi éischte Kéier fir dës Rees, dass ech d'Mier gesinn. Zu Pimentel ass net vill lass, fir net ze soen: Et ass näischt lass, guer näischt lass, um 20 Auer sinn déi puer Restaurante laanscht de Strand zou, nix mat Pescao a la Plancha. Dofir awer Drot op dën Diercher vun den Haiser, elektreschen Drot, versteet sech. No villem Gepilgers duerch dat Dierfche fannen ech eng Epicerie, déi Panini verkeeft. Also ee bestallt, e Fëscher, dee grad e Panini verdréckt, freet, "schwätz du franséisch?", "Jo, wéi kënns du do drop?", "Du hues esou en Accent, Franséisch a Portugisesch ass dee selwechten Accent, Italienesch kléngt anescht". Prost dann awer.

Moies méi spéit, owes méi fréi ...

De Besëtzer vun der Epicerie dee grad mat der Konstruktioun vum Panini beschäftegt ass, "du schwätz Franséisch"? "Jo jo", "ech och". "Wéi kënnt dat"? "Ech hu 6 Joer a Canada gelieft an do Panini fabrizéiert, dowéinst." Wann all déi Leit déi 6 Joer zu Lëtzebuerg schaffen géife Lëtzebuergesch schwätzen ...

Nodeems ech moies mam Lidd Engel vu Rammstein erwächt gi sinn (wat e Gléck, et ass eent vun de rouegste Lidder, wou dës Trupp huet) a mer doriwwer net zoukomm sinn, hunn ech mech op d'Sich no engem Kaffi gemaach, wat sech als net einfach sollt erweisen, hei ass alles méi gemittlech, moies fänke mer méi spéit un an owes hale mer éischter op. Zu Pimentel hunn d'Fëscher léif kleng Kanuen aus Schilf zesumme gebaut, si knéien dann do drop a paddelen mat enger an der Mëtt duerchgeschniddener Bambusstaang op d'Mier eraus, fir ze fëschen. Owes ginn déi Kanuen um Strand ofgestallt, e schéint Bild.

Beim Kaffi ass d'Wieder nach schéin, da kënnt "muchos rapidos" de Niwwel a schonn ass alles dréif. De schéinen ale Pier, deen vum Salzwaasser ganz zerfriess ass, verschwënnt an der Mëllechzopp, dat mécht d'Fëscher, wou do sëtzen, just nach méi interessant. Um Enn vum Pier schaukelt e Pelikan am Waasser, et schéngt him och nach ze fréi ze sinn, fir vill Aktivitéiten.

Psst! 40.000 Hektar Paprika, mee dat ass top secret!

Vu Pimentel op Huanchaco féiert d'Strooss ëmmer nach duerch Dünen, allerdéngs ass de Grondwaasserspigel nëmmen 4 Meter ënnert dem Buedem an dat gëtt genotzt, fir Geméis ze ziichten. Mais, Paprika a Spargelen z. B. Et si riseg Felder, bei engem Paprikafeld halen ech stall, ech kommen net emol vum Moto erof, du kënnt schonn en uniforméierte Sécherheetsmännchen aus enger klenger Hütt gestiermt, hei gëtt keng Paprika stibizt, da steet fest. Ech léieren, dass déi Plantage 40.000 Hektar (!) grouss wier, si géif sech nach 20 Kilometer wait an d'Hannerland zéien.

No Verhandlungen dierf ech de Planzen e bëssche méi no trieden, "Nee, net ze no, an nëmmen eng Foto, elo geet et duer"!!! Dat musse geheim Paprika sinn oder villäicht sollt ech net gesinn, dass verschiddener scho runzelech sinn. Kascht mech eng vu mengen 2 Fläsche Waasser, déi ech um Moto hunn, alles huet säi Präis, och eng Foto vun enger Paprika.

Duerno kommen da gigantomanesch Zockerrouerfelder, déi mat Baggeren ofgeraumt ginn. Als éischt ginn d'Felder a Brannt gesat, da verbrennen d'Blieder an iwwreg bleiwen d'Stiller vum Zockerrouer. Déi ginn da mat de Baggeren op Camionen gelueden, déi bis zu 4 Unhänger hunn; déi Staangen, déi de Bagger net ophieft, gi vun Hand agesammelt, d'Männer hunn d'Ärm pechschwaarz.

Méi international a méi Pazifik geet net!

RTL

Huanchaco ass e klengt léift Fëscherdierfchen mat ville Wellen, dofir gëtt et hei vill Surfer a well et hei vill lokal Touriste gëtt, dreiwen sech hei och verschidden illuster Kreaturen erëm ewéi en Texaner, deen ech kenne léieren. Hie wunnt am selwechten Hostal wéi ech, dat gehéiert engem Norweger, deen ni esou al gëtt ewéi en ausgesäit, et gëtt geleet vun engem jonke Fransous, deen un enger Peruanerin hänke bliwwen ass - herrlech, wat sech op esou Plazen usammelt. Dën Texaner hat e Café-Restaurant hei, huet deen elo verkaft a mecht am Januar zu Lima eng Zossisfabrik op, "si kënne keng Éierbar hei maachen, kee Gewierz dran, nëmme Fett". Owes genehmegen ech mer da Fësch am Restaurant, mä wéi den Teller komm ass, hunn ech emol gekuckt, si hate mir den halwe Pazific drop geluecht. Ech sinn net fäerdeg gi mat Iessen, ech hu scho gefaart, meng Oueren géifen sech a Kiemen verwandelen ...

Ech hunn den Norweger gefrot, wéi et sech dann héi esou liewen géif, "wanns de dech bis dru gewinnt hues, datt et net esou schnell geet, wéi s de dat gewinnt bass, da geet et".

Ech düse weider Richtung Süden, laanscht riseg Spargelplantagen, ech hu nach keng esou grouss Felder gesinn, a scho guer net am Sand. Den Texaner hat mer erklärt, dass si hei 3 mol am Joer kënne Spargelen schneiden, wëll d'Temperatur ëmmer zelwëscht ass, normalerweis brauch eng Spargelplanz 3 Joer, bis een déi éischt ka schneiden, hei 8 Méint. An Traktoren hun se hei, Tractores gigantissimus. John Deere, vir an hannen zelwescht grouss Pneuen, all Kéier Zwillingsrieder, do kënne se béi eis doheem apaken.

Trau kenger Kaart: Ëmwee vu 500 km

Laanscht d'Mier geet et gutt virun, mä ech wëll an d'Bierger. Zu Santa froen ech e puer Männer, well ech d'Strooss net fannen, déi op Huaraz soll féieren. Ech weisen hinnen d'Kaart, de Mann rësselt de Kapp, "carretera horribele", oh mei, si muss schlecht sinn, hie sprengt, fir d'Lächer ze demonstréieren, a weist mat den Hänn den Duerchmiesser vun de Steng - wann ech dat richteg deiten, kann een dat guer net als Strooss bezeechnen. Ok, dann kéint ech jo nach vu Casma eriwwer fueren. Nee, mengt de Mann, dat wier och net dat Richtegt, ech sollt op Barranca fueren, do géif eng gutt Strooss op Huaraz féieren. Dën Hoken ass, et si just 300 km bis op Barranca, an ech beschléissen, d'Optioun Casma ze probéieren, ech muss do laanscht an dat sinn nëmmen 100 km, vun do aus weist meng Landkaart e gudde Wee während 40 Kilometer an da 70 Kilometer - ech zitéieren d'Erklärung vun der Kaart - "Hauptstrasse, befestigt, Allwetter". Och dat grousst gréngt Schëld, wat op déi Strooss hiwéist (Huaraz 14 A), gesäit duerno aus.

Viru Casma gëtt et nach en Dierfchen um Mier, Tortuas, si hunn et do mat de Schildkröten, e Restaurant huet seng Fassade grad nei bemolt, herrlech. An der Bucht sinn e puer Pelikanen, déi Fësch fänken, muss ech knipsen.

No Casma béien ech lénks Richtung Huaraz of, mä no 55 Kilometer wonnerbarstem Macadam ass am Dierfchen Pariacoto keng Strooss méi do. "Pardon, wou geet et hei op Huaraz?", "No riets an dann ëmmer richtaus". Dat ass einfach gesot, mä do ass keng Strooss méi, just nach e schmuele Sandwee. No 10 Kilometer déi éischt Waasserduerchfahrt, net dramatesch, mä et ass halwer 5. Ewéi ech dann esou d'Landkaart studéieren, kënnt en Auto, "Pardon ...", "et sinn nach 60 Kilometer, du brauchs 3 Stonnen dofir". Ok, dat war et dann, um halwer 8 ass et schonn däischter an iwwert mer hänken d'Wolleken déif, dat bréngt et net. Also d'Kéier gemaach an zeréck, e klengen Ëmwee vu 500 Kilometer ...

Wa Poliziste sech langweilen ...

No 80 Kilometer geet et duer fir haut, en Zëmmerchen, Nuecht dann. Moies freet de Chef vum Hostal "wouhin?", "Huaraz", "do kéins de héi am Duerf e Wee huelen, mä no 40 Kilometer Macadam ass nëmmen nach e Sandwee do". Merci, kennen ech, ech fueren iwwert Barranca, "de Misère ass just, déi Strooss ass och futti, do fueren zevill Camionen". Dat ka jo gutt ginn ...

Et gëtt och gutt, awer anescht ewéi geduecht. Ier ech no lénks ofbéien fir op d'Strooss no Huaraz, well ech nach op Barranca volltanke goen. Ech kommen ëm eng Kéier gesegelt, lénks stinn 2 Toyota Jeepe vun der Police a 4 Polizisten, déi grad näischt ze doen hunn, a well ech nawell gemittlech ënnerwee sinn, huet ee Polizist genuch Zäit, fir an d'Strooss ze hippen a mir däitlech ze maachen, ech sollt emol stoe bleiwen. Ech weess wat elo kënnt. "Dofir steet e Schëld 35 km/h, du waars vill ze schnell", "ah sou?". "Dat ass eng Infractioun, kann ech emol d'Pabeiere vum Moto kréien." Ech ginn dem Mann d'Gro Kaart, hien trëppelt op déi aner Stroossesäit bei seng Kollegen, verschidde Bléck ginn aus den Autoe geholl, hie fänkt u mat schreiwen. Ee vu sengen Aarbechtskollege kënnt an Tëschenzäit bis bei mech getrëppelt, héchstwahrscheinlech, dass ech mech net soll langweilen. Hie quackt ewéi e Weltmeeschter, fummelt mat senge Flossen op mengem Tacho a weist, ech wier op mannst mat 100, villäicht och nëmmen 80, mä op mannst awer mat 60 km/h komm, an et wieren der jo nëmmen 35 erlaabt. Si géifen elo meng Pabeieren op Lima schécken, an no 24 Stonne kéint ech se dann do ewech huelen. Wéi geet et da mam Geescht?

Ech froe, wéi hien da wéisst, dass ech ze schnell war. 1 km vun hei stéing en anere Polizist, hie fuchtelt mam Handy, "dat ass en Handy, kee Radar". Dee géif hien dann uruffen an da wéisst hie Bescheed. Bis déi Verbindung vum Handy hirgestallt wier, wier ech scho laang laanscht. "Senior, ech widderhuele mech, ech ka kee Spuenesch, ech versti näischt, kënnt Dir keen Englesch?" Hie rifft mam Handy un, eng Joffer ass drop, déi e bësschen Englesch schwätzt, hie gëtt mir den Telefon, "Dir hutt eng Infractioun begaangen, hudd Dier verstan?", "nee, ech hunn näischt verstan, wat ass dat?". D'Joffer widderhëlt sech, "eng Infractioun, verstan", "nee, ech hunn näischt verstan", ech ginn dem Flic säin Handy zeréck.

Gutt probéiert: Äddi Kollegen!

Deen 1. kënnt mat sengem Blat, wat en ausgefëllt huet, zeréck, am Grapp e Code de la Route, wou ech dann dat Schëld 35 gewise kréien. Deen 2. Flic verzitt sech bei déi aner Kollegen, déi dat Ganzt interesséiert nokucken, ugehal gëtt momentan souwisou keen, hei dierfen et och keng Zéie ginn. "Kann ech nach däi Führerschäi gesinn". "Wat?" Hien hëllt e Pack peruanesch Führerschäiner aus der Täsch a weist mir déi, "nee, esou eppes hunn ech net, bei eis brauch ee kee Führerschäi fir de Moto". Hie kënnt erëm zu sengem Blat a well d'Gro Kaart hie stéiert, stécht hie se hannert säi Block, dat ass dee Moment, fir zouzegräifen, mat engem frëndlechen, mä bestëmmten "mi documento" zéien ech him schnell d'Gro Kaart aus der Hand a loossen si a menger Jackett verschwannen. Keng Reaktioun, dat ass positiv.

Hie kënnt dann zur Sprooch a mengt, ech misst elo 100 US-Dollar bezuelen. Hie weist mer extra säin Tariffbichelchen, mä deen Tariff, wou de gudde Mann mir weist, ass, wann een no 15 Deeg bezilt, 210 Soles, virdrun ass d'Halschent fälleg, 105 Soles a keng Dollaren!

Hie sträicht alles, wat en opgeschriwwen huet, duerch, dréint d'Blat ëm, sträicht déi 100 duerch a seet, well ech jo säi Frënd wier, géifen der 50 duer goen. Dat war d'Wuert, ech froen, op hie mäi Frënd wier (esouvill Spuenesch kann ech mëttlerweil), hie seet jo, ech reechen him d'Hand, hien hëlt se, ech drécken him se gutt fest, "muchas Gracias mi amigo". Ech maachen de Moto un, "hie kuckt wéi e Lama, du bezils net?". "Nee, du bass jo mäi Frënd, da kascht et jo näischt, adios." Ech maache schnell demi-tour an der Strooss, ech ka jo net riichtaus fueren, soss muss ech nach eng Kéier erëm kommen, kucken deenen 3 entgeeschtert dra kuckenden Clownen an d'Gesiicht, "muchas gracias, adios Amigos" a volle Rouer fort.

Ech kucken an de Spigel, näischt geschitt, et kënnt kee no. Ech béien no riets of, Richtung Huaraz, do steet déi nächst Police, si wäerte jo net ugeruff hunn, mä dofir ass et ze schnell gaang, et sinn nëmmen e puer honnert Meter.

Schéi lues laanscht gefuer, frëndlech gewenkt a schnell virun.

Bensin am Bidon

RTL

Ech hunn natierlech elo net genuch Bensin bis Huaraz, dat sinn 200 km, ech hu nach fir 80 km. Ewéi no 50 km nach ëmmer keng Tankstell komm ass, fänken ech un an engem Duerf ze froen. "Jo dofir muss de un där Dier klappen, déi Fra huet ës." Et huet awer keen opgemaach, nierwen drun hunn ech just e Bopi fonnt, deen a sengem Geschäft ageschlof war. Also weider gefrot, no lénks, dann un der véierter Dier klappen, do mécht e klenge Bouf op, "nee, mir hu kee Bensin méi". Also sichen ech e jonke Mënsch mat engem Moto, déi brauche jo och Bensin. E féiert mech dann erëm bei déi Madame, wou net do war, si ass och elo net do, all Geklapps hëlleft näischt, mä de Bopchen ass zum Liewen erwäscht a setzt viru sengem Geschäft, hien trëppelt hannenaus, fënnt déi gutt Fra, si huet Bensin an engem Plastiksbidon.

D'Strooss wier jo net esou schlecht, mä si schaffen drun an et reent, et ass en eenzege Bulli, de Moto ass voll, ech si voll.

Huaraz ass den Zentrum an de Bierger, vun héi gi vill Trekke fort an d'Cordillera Blanca, hei gëtt et ëmmerhin 22 Sechs-Dausender, hire Chef ass den Nev. Huascaran mat stolze 6.768 Meter. Datt och hei net mat de Bierger ze spassen ass, weisen 2 Fotoen am Hostal vu Biergsteiger, déi net méi lieweg erof komm sinn, e jonke Mann 1999 an 2006 direkt eng Grupp vun 3 Leit. Ech beschléissen, d'Laguna Llaoa ze besichtegen, si läit op 4.500 Meter, direkt un engem Gletscher. Um Wee dohinner kommen ech laanscht Willkawein, en archäologesche Site, 5 Soles labber gemaach a scho späert de Wiechter d'Anlage op, ze gesinn sinn awer nëmme kleng eidel Raim, am Musée nierwen drun e puer Stécker, déi se ausgegruewen hunn.

De Wee béi d'Lagun ass e Schotterwee, net esou schlecht, mä da fänkt et u mat reenen. Ech hu just meng Reejacket derbai, meng Box hat ech gewäsch an am Zëmmer gelooss, fir ze dréchnen, et reest ee schliisslech propper. Nee, ech dréinen net ëm, et fänkt u mat schneien, et gëtt lues, awer sécher kal, alles ass zoppnaass. Meng Händchen hunn ech als Waasserdicht kaft, quetschen och. Vun uewe kënnt masseg Waasser de Wee erof gelaf, d'Bierger sinn am Niwwel. No enger Stonn kommen ech bei en Haischen, de Wee ass mat holze Staange verspaart. E Mann trëtt aus engem klengen Haischen mat Stréidach ervir, "fiers du gär bei d'Lagun"? "Jo", "da brauchs du nach eng Stonn, kanns du mir keng 2 Soles ginn?". "Firwat sollt ech?" "Da kéint ech mir eng Zigarillo kafen." "Wann ech erëm kommen, kris du 2 Soles."

Dräimol denken ech drun, fir erëm erof ze klammen ...

Dën Dall fir bei d'Lagun ass schéin, Kéi grasen do, Päerd lafen do fräi laanscht eng Baach, déi sech duerch d'Landschaft schlängelt. De Moto quält sech nawell, op 4.450 ass Schluss, vun elo un geet et ze Fouss weider, dat mengt och mäi GPS a stellt säin Déngscht an. Et ass him wuel ze kal an ze naass. Ech huelen net de Wee bei d'Lagun, mä klamme riicht erop, dat ass awer op där Héicht net méi esou evident.

Meng Akklimatisatioun an de Bierger ass duerch mäin Openthalt um Mier dohin, dat hei ass villäicht fir den 2. Dag op iwwer 4.000 Meter e bësschen ze vill dës Gudden.

Dräimol denken ech drun, fir erëm erof ze klammen, mä ech probéieren et emol mat Pausen. Et ass kee schéint Gefill, wéi wann een erstécke géng, den Hals geet zou, et kritt ee keng Loft méi, et huet een Duscht, ech muss meng Jacketten opmaachen, dat hëlleft e bësschen, mäin Häerz schléit am Accord.

Lues a lues schaffen ech et da laanscht verschidde schéi Planzen bis uewen un de Rand, ënnen ass de Séi, säi Waasser schimmert gro-gring, hannen de Gletscher, zum Deel am Niwwel, trotzdem beandrockend. Fir déi schéi Saachen am Liewe muss ee scheinbar e bësschen leiden. Erof geet et méi einfach, am Ufank ass den Dall zou, alles voll Niwwel, da geet d'Luucht op, héich erfreelech.

Am Kapp. An ni méi do eraus!

De Mann ass net a sengem Haischen, ewéi ech zeréck kommen, ech erlabe, mer e puer Fotoen dobannen ze maachen a leeën déi 2 Soles niewent seng blo Taass. Well et eréischt 5 Auer ass, huelen ech en aneren Wee zeréck op Huaraz, dee féiert duerch kleng Dierfer, wou Ieselen a Schwäi laanscht de Wee am Gaang sinn, ze Nuecht z'iessen. Ech komme just mat Zäit am Hostal un, fir de Sonnenënnnergang vun der Daachterrass ze kucken, leider sinn d'Fotoen net super ginn, ech hat dat falscht Objektiv derbäi, mä dee leschte Bierg, deen ze gesi war, ass ëmmer méi rout ginn, bis ee gemengt huet, e géif a Flame stoen. E war esou rout, datt de Schnéi eigentlech hätt missen ufänken mat schmëlzen ...

RTL

Dat sinn déi Biller, wou et net schlëmm ass, wann ee keng Foto dovunner huet, déi sinn am Kapp, déi kritt een net méi eweg.

Salut,
Ren