10. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Zu Huaraz ass d'Wieder dunn ëmmer méi schéi ginn, moies war bloen Himmel an da gesinn d'Bierger super aus. Vun deem Zëmmer, wou ech moies Kaffi gedronk hunn, huet een direkt op eng Rei vu Bierger gesinn, e Genoss dee Kaffi béi där Aussiicht ...

45 Kilometer vun Huaraz läit Yungay, en Dierfchen, dat 1970 vun engem Äerdbiewen platt gemaach ginn ass, 15 Milliounen m3 Granit an Äis hu bal sämtlech 18.000 Awunner ënnert sech begruewen. An deem Duerf geet en 28 Kilometer laangen, onbefestegte Wee fort bei d'Lagunas Llanganuco, zwee Séier op 3.850 Meter. Si leien am Nationalpark Huascaran. Hei liewe vill seelen Déieren, Puma, Luchs a.s.w. Haten awer all Congé deen Dag. Kee Congé haten déi puer Peruaner, déi do Booter verléinen, dofir awer keng Clienten.

De Pass rifft!

Nach bal méi interessant ass e Wee, dee laanscht déi 2 Séier weider erop féiert an d'Bierger, op Portachuelo de Llangancuco, e Pass op 4.733 Meter Héicht. Do muss ech natierlech erop, och wann dat net esou einfach ass, well de Moto schéngt do anerer Meenung ze sinn wéi ech. Also quäle mir eis lues a lues am éischten an am zweete Gaang no uewen, laanscht eng Campingsplaz (!), déi wonnerschéin bei enger Baach läit, ëmginn vun héige Bierger. Et muss een allerdéngs alles matbréngen, wat e brauch, well et ass een ganz eleng do.

Et sinn nach eng Kéier 28 Kilometer bis op de Pass, 2 Stonnen. De Wee schlängelt sech a Serpentinen mat enke Kéieren lues a lues no uewen; déi Kéiere sinn net esou einfach mam Moto ze fueren, well et dierf een de Gas net ewech huelen, soss geet de Moto aus, well awer esou vill Gewiicht hannen um Gefier ass, gëtt d'viischt Rad dann an all Kéier ganz liicht an d'Kéier dann e bësschen méi grouss ... Awer wat fir eng Siicht de ganze Wee erop laanscht Bierger, déi iwwer 6.000 Meter héich sinn, vu Schnéi an Äis bedeckt, einfach just beandrockend.

Ukomm! Héich wéi Asien! Fotoen! An erëm rof!

RTL

Uewen ukomm ass dat schonn e schéint Gefill, déi zweete Kéier, datt de Moto op genee där selwechter Héicht u kënnt, 4.733 Meter, déi éischte Kéier war dat um Khunjerab-Pass, deem héchstgeleeëne Grenziwwergang vun der Welt, tëschent Pakistan a China ...

E puer Fotoen an erëm erof, dat dauert och nach 1,5 Stonnen, bis ech de Macadamswee erëm gesinn, ëmmerhin wesentlech méi kuerz wéi déi 4 fir erop.

Den Dag drop sinn ech vun Huaraz opgebrach, fir duerch d'Bierger op Huanuco ze fueren. Ech sinn extra fréi fort gefuer, well et sinn 300 km, dovunner 200 km Offroad. Awer d'Wieder ass ze schéin, bloen Himmel, et gesäit een déi ganz Cordillera Blanca, déi stolz an der Sonn glënnert - dat gi vill Fotoen an dat kascht vill Zäit. Mäi Plang bei Dagesluucht unzekommen begruewen ech schonn am fréien Nomëtten, ech ka jo awer keng Foto ausloossen. Laanscht d'Strooss sti kleng Kräizer vu Leit, déi bei Accidenter ëm d'Liewe komm sinn, déi op der Foto sinn eréischt vun September dëst Joer, d'Stécker vum Auto leien nach verspreet an der Géigend ...

Spezialkommando a Minnen

Op enger Plaz, wou ech tanken (de Bensin gëtt mam Eemeren agefëllt), ass direkt niewendrun e Groussasaz - vun enger Spezialunitéit, wéi hir Memberen um Réck stoen hunn. 17 schwéier bewaffnet Poliziste mat kugelséchere Westen hunn e Mann am Verhéier, e puer Frae stinn hannendrun a maache besuergte Gesiichter. Ech maachen heemlech eng Foto, zu enger Zweeter kënnt et net méi, ee Polizist léisst mech net méi aus dem Bléck.

Op der Streck leien och dräi grouss Minnen, wou Äerzer of gebaut ginn. Peru ass ee vun de bedéitendste Länner, wat mineralesch "Rohstoffer" ugeet. 2004 goufen z.B. 3.059,8 Tonne Sëlwer ofgebaut, dat ass déi éischt Plaz an der Hitparade vun deem Edelmetall - an ëmmerhin 173,2 Tonne Gold, Plaz 5. D'Wunnenge weisen awer, datt déi Leit, déi sech an de Minne futti schaffen, net déi grouss Gewënner sinn, net emol de Staat verdéngt masseg drun, nee, ewéi ëmmer sinn et international Firmen, déi sech déi Rechter geséchert hunn fir d'Land auszebeuten.

"Pardon, wou sinn ech hei?" - "Zu Pampa!"

Den Tourismus hannerléisst seng Spueren, dat mierkt een hei an de Bierger gutt. Hei sinn d'Leit vill méi frëndlech ewéi zu Huaraz oder un der Küst. Hei laachen se nach, wann se ee gesinn, schwätzen een un, ech ka Fotoe maachen, an engem Duerf fonctionnéiert esou guer den Handy an eng Madame knipst mech mam Moto.

D'Landkaart passt allerdéngs net esou richteg zum Wee, ech froe mech vun Duerf zu Duerf weider, well Schëlder stinn hei keng. E jonke Mënsch - "du bass elo ongeféier hei" - weist mam Fanger op der Kaart, wou dat wier. Komesch, do feele mir 2 Dierfer, "wéivill Stonne bis Huanuco?", "4", et ass 16 Auer. De Wee klëmmt méi héich a gëtt lues a lues méi schlecht, et ass schonn immens, wat de Moto alles aushält, Steng knallen géint de Carterschutz, d'viischt Rad kritt eng no där anerer gebootscht, ech hu scho bal e schlecht Gewëssen. Knëppelsteng vun engem Zentimeter Duerchmiesser falen e beemol vum Himmel, awer glécklecherweis nëmmen 2 Minutten, dann ass de Spektakel eriwwer.

Hei an den Dierfer hu se e serieuxen Alkoholproblem, hei sinn Tonne Leit voll, granatevoll. E Mann läit nieft der Strooss, kënnt net méi op, kee méi doheem.

An all Duerf si Routinekontrollen, dobäi fueren hei bal keng Autoen, heiansdo e Camion. An engem Dierfchen halen ech stall, 2 Männer hu grad e Schwäi geschluecht, elo gëtt et am waarme Waasser gebotzt. "Pardon, wou sinn ech hei", "zu Pampa", dee Numm passt zum Duerf. "Wéi wäit bis Huanuco?", "40 Kilometer", dat passt, 2 Stonnen, misst 20 Auer ginn.

Eng Lasagna ... fir ze kräischen!

Sou lues gëtt et donkel, am nächsten Duerf déi selwecht Fro, de Mann: "hues de kee Camion gesinn", "dach, hunn ech iwwerholl, misst an 10 Minutten hei sinn", "Merci mäi Frënd". Dann am Däischteren eng Policekontroll, si liichte mir mat engem Scheinwerfer an d'Gesiicht, ech hale stall, "nee, du kanns virufueren". Um 20 Auer sinn ech zu Huanuco. Eng Stad mat Einbahnstroossen, nëmmen Einbahnstroossen, déi alleguer an eng Richtung féieren, well d'Géigerichtung ass iwwerall wéinst Bauaarbechte gespaart. An esou gëtt eng Distanz vun 100 Meter, wou de Moto steet, bis zu engem Parking, wou ech e soll iwwer Nuecht ofstellen, zu enger Odyssee vun 30 Minutten, bis et mer duer geet, do ka Chantier Chantier sinn, elo gëtt déi Strooss hei temporär fir Motorrieder fräi ginn, ech leeën d'Poteauë mat de Netzer ëm, voilà, e Mann ass vun där Iddi begeeschtert, "an elo nach 20 Meter hei iwwert den Trottoir, da bass de do". Dat ass och den eenzeg méigleche Wee, gemittlech, "Pardon, Pardon", uff, an de Parking.

Während menger Tour duerch de Chantier hat ech eng Pizzeria entdeckt, déi gëtt elo direkt opgesicht. Ech bestellen eng Lasagne, d'Musek ass gutt - Aerosmith, Deep Purple, Guns and Roses. Fir eng Pizzeria éischter aussergewéinlech. Meng Lasagne ass och aussergewéinlech, aussergewéinlech schlecht. Den Axel Rose zwitschert "don't you cry tonight", dat ass méi einfach gesot, wéi gemaach. Wann s de 12 Stonne Moto gefuer bass, 200 km Schotter, 1,5 Stonnen am Donkelen an da kriss de eng Lasagne zerwéiert, mat där s de och Tapéit op d'Mauere pesche kéins, dann ass et engem scho fir ze kräischen.

Vun Huanuco op Huancayo ...

... féiert eng wonnerbar Macadamsstrooss, 300 km. D'Strooss féiert vun 1.910 Meter op 4.330, laanscht d'Strooss grasen Alpacaschof, si gesinn am Verglach zu engem Lama méi Petzi méisseg aus. Während deem ech déi Déiercher knipsen, donnert et, dass mir d'Ouere wackelen. Da kënnt e Stuerm op, schnell agepaakt, op de Moto a fort. An esou düsen ech iwwert en Héichplateau op 4.000 Meter, d'Wieder am Genéck. Ech sinn awer méi schnell, iergend wann ass et roueg, et ass alles flaach, esou wäit ee kucke kann, just um Horizont Bierger.

Da kënnt en Duerf, Huayre, et ass näischt lass an deem Duerf, ausser d'Plaz an der Mëtt vum Duerf. Ech hu misse stoe bleiwen, ech hu mengen Aen net getraut. Do steet eng riseg Skulptur aus Glas, Champignonen aus Steën, verschidden aner Formen aus Plastik, ech froe mech, wat deen Architekt gefëmmt, hat wéi hien dee Plang do entworf huet, et muss schonn e kräftegt Kraut gewiescht sinn.

Eng Moto-Geschicht ... do kommen engem d'Tréinen!

RTL

Wéi ech op der Sich no engem Zëmmer zu Huancucho bei enger rouder Luucht waarden, hält nierft mir eng BMW mat 2 erwuesse Männer drop. Deen un der Renkel ass Kanadier, deen hannen drop Amerikaner. De Kanadier: "Moien, ech hunn dee selwechte Moto wei s du, e steet am Hotel. Mir ware grad seng BMW sichen, si ass net méi gaang, hie wëll net an der Stad fueren, dofir fueren ech drop." Déi Africa Twin intresséiert mech natierlech an ech fuere mat, schliisslech huet den Hotel e séchere Parking. Den Hotel ass super, de Parking och, mä déi Africa Twin. Ewéi ech d'Geschicht vun deem Moto gezielt kréien komme mir bal Tréinen.

De Moto kënnt aus enger Sammlung aus Däitschland, de gudde Mann hat 8 där Motorrieder. Dunn huet e Fransous, dee bei Honda France geschafft huet, dee Moto kaft a fir Rallye ëmgebaut. Vun enger italienescher Rallyeverkleedung iwwert 2 GPS bis zur kompletter White Power Suspensioun. Hien ass dunn a Quebec ausgewandert an huet de Moto matgeholl. Do ass him dunn e klengt Accident geschitt a seng Frëndin ass schwanger ginn. Well hie keng Suen hat fir en Auto, huet hie missen de Moto verkafen, mat 5.000 km, fir ... 3.500 kanadesch Dollar, dat sinn 2.040,6 Euro. Dee Moto ass 10.000 € wäert, eleng d'Suspensioun huet 4.000 Euro kascht. Ech erklären dem gudde Mann säi Moto, hien hat en 2 Wochen, ier hie gestart ass, kaft. Den Amerikaner, "hien fiert ganz lues, just an de Kéiere gëtt hie Gas", "hie fäert, hie géif soss ëmfalen", äntweren ech. De Kanadier, "soubal d'Sonn op geet, muss ech um Moto sëtzen, et ass ewéi eng Sucht". Matt Süchtegen soll een oppassen, maacht et gutt, Jongen.

Iwwer Bierg an Dall ... an op der Suckel

Obwuel ech den Dag drop net spéit op war, waren si schonn iwwer Bierg an Dall. De Wee vun Huancayo op Ayacucho ass laut Landkaart nëmmen Offroad, gesäit sech awer net ze dramatesch un, well et gëtt 2 Varianten, déi eng ass méi kuerz an huet och eng Bezeechnung, 3S, deen aneren féiert am Bou déi aner Säit laanscht d'Bierger an ass méi kleng. Mir haten den Dag virdrun zesumme gekuckt a waren natierlech der Meenung, mir géifen all dee kuerze Wee huelen.

De Wee war am Ufank esou guer super, ech war begeeschtert. Bis an enger Descente de Belag vu fest op Stëbs gewiesselt huet. An der Sahara heescht dat "Fesch Fesch", mam Resultat, datt ee - wann een do dra kënnt - eigentlech keng Chance huet an iwwert de Guidon flattert. Wann dat an enger Kéier passéiert, ewéi hei, da stëbst et eng Kéier an da läit een op der Suckel, esou ass et mir du gaang. Ier ech mech ëmsinn hat, ass dat viischt Rad ewech gerutscht an an enger gewalteger Stëbswollek si mir an der horizontaler un d'Leie komm. Näischt weider geschitt, d'Optik vum Moto huet e bëssche gelidden, vir dekoréieren elo e puer Schréipsen d'Karosserie. Ewéi ech do stoung, mech vum Schreck ze erhuelen, koumen 2 Autoen, déi sech an der Kéier gekräizt hunn. Deen een ass bestëmmt iwwert eng Minutt stoe bliwwen, hie war komplett am Stëbs verschwonnen.

Kaarte mat Weeër, déi et net ginn ...

Am nächsten Duerf, zu Pampas, sollt de Wee sech deelen, dee kuerzen no riets. Ech froen, well ech dee Wee net fannen, "nee, hei gëtt et just ee Wee, an dee geet iwwer d'Bierger". Dat ass just dee Wee, deen ech net well huelen, mä et gëtt keng aner Wiel. Also monter drop lass, de Wee ass landschaftlech e Genoss, et geet just lues weider. An engem Duerf tanken ech, eleng deen Tankstopp ass deen Ëmwee wäert. D'Leit sinn am Ufank e bësschen zeréckhalend, mä nodeems ech e puer Kichelcher a Waasser kaft hunn, tanken ech nach aus der Kan, d'Leit si super, mir ameséieren eis herrlech, ech maache flott Fotoen. "Hei sinn haut schon 2 Motorrieder laanscht komm". "E Wäisst an e Grot?" "Jo, 2 Männer an eng Fra". Dat mat der Fra ass de Kanadier, hir Kaart stëmmt also och net, hei schéngt keng Kaart ze stëmmen.

Ech traue mech ze froen, ewéi wäit et bis Ayacuchco wier, "4 Stonnen". Majo dann, dat gëtt 21 Auer. Ech suerge mech zwar net allzevill, kafen emol e Pack dréche Kichelcher, fir wann et net duer geet, Waasser hunn ech, am Noutfall schloen ech iergendwou an de Bierger mäin Zelt op a fäerdeg.

Op de Felder schaffen d'Leit, si huele Gromperen eraus, oder passen op hir Schof op, där gëtt et vill hei. Zu Churcampa wäschen ech emol den Helm, well ech gesi vum Stëbs net méi vill, an nuets ass et nawell vu Virdeel, wann een eppes gesäit. En eelere Mann, "wou wëlls de haut nach hin?", "Ayacucho", "nee, dat ass ze wäit, dat sinn nach 2 Stonnen, bleif am nächsten Duerf". "Nee, ech wëll haut op Ayacucho", "vill Gléck dann".

Am Däischteren kommen ech an engem Duerf un, froe wou ech sinn, "San José de Secce", dat läit laut menger Kaart schätzungsweis 30 km ëstlech vun deem Punkt, wou ech elo sinn. "Wou geet et op Ayacucho", "fuer hei déi Ramp erof, da kënns de ënnen op d'Strooss an dann ëmmer riicht aus". Déi Ramp verleeft parallel zu enger Trap, si wäert wuel fir d'Vëloe geduecht sinn. No enger Stonn gesinn ech Luuchten vun enger Uertschaft, mä et ass nach net Ayacucho, et ass Huanta. Vun hei sinn et nach 50 Kilometer, awer iwwert Macadam. Um 21 Auer sinn ech zu Ayacucho, ech fannen e léiwe klengen Hostal, deen e bësschen zeréck vun der Strooss leit, wonnerbare Parking, Nuecht dann.

No 6 Liter Waasser geet et besser

No 11 Stonne Schlof erwëschen ech, mir geet et miserabel. Ech hu Kappwéi, fille mech méi ewéi schwaach. Ech sinn mëttlerweil erëm erof op 2.730 Meter, mä dat Ganzt fillt sech e bësschen ewéi Héichtekrank un, villäicht d'Suiten vu gëschter, dat war alles wäit iwwer 4.000 Meter. De Problem war, datt ech den Dag virdrun net genuch gedronk a näischt giess hat, an der Héicht muss een tëschent 4 a 6 Liter den Dag drénken, soss gëtt d'Blutt ze déck an da kritt e Problemer. Also hippen ech emol Waasser kafen, den Dag iwwer schaffen ech net zevill, nodeems ech owes 6 Liter gedronk hunn an eppes giess hunn geet et scho besser.

RTL

Ech entdecken nierft mengem Hostal eng Bäckerei, owes sti masseg Leit do, fir Bréidercher ze kafen. Virun der Bäckerei ass en Zänndokter, wann emol sollt een haart Bréidchen derbäi sinn. 2 Männer schaffen do ewéi déi Wëll, fir Bréidercher ze baken. Ech froen an dierf Fotoe maachen, d'Bréidercher si super, wa se frësch sinn, mat Kümmel, just bannendran si se huel. An da gëtt et nach e gutt Chrëschtdagsgebäck, schmaacht e bësschen ewéi Liefkuch, ass awer méi mell. 1 Chrëschtdagskichelchen an 3 Bréidercher kaschten 0,33 €, sympatesch. Ech bleiwen nach 2 Deeg, well ech muss mech e bësschen erhuelen, déi nächst Etapp fir op Cusco sinn 500 Kilometer, dovunner 300 Offroad, misst an 2 Deeg ze maache sinn.

Salut,
Ren