Cusco: De Wee ass wäit, mä d'Welt ass kleng ...

11. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
Ayacucho huet mer gutt gefall, et ass e gemittlecht Dierfchen. Et ass schwéier, fir sech virzestellen, dass grad hei Enn vun de 60er-Joeren de "Sendero Luminoso" gegrënnt ginn ass, deen vun Ufank den 80er-Joeren bis Enn 1994 ëmmerhin 70.000 Leit ëmbruecht huet. Si hunn och komesch Bräich hei, wéi zum Beispill eng Prozessioun freides viru Pällemsonndeg, bei där et üblech ass, dem Noper mat Kiselsteng an enger Stengschleider wéi ze doen!
An der Maarthal wollt onbedéngt e Jong geknipst ginn, duerno wollt hien natierlech d'Foto. Ech hunn eng entwéckele gelooss a se owes dohinner gedroen, hien war net do, mee seng Mamm huet hir Chicha, e selwer gebrautent Gedrénks aus Mais, verkaft. Si war ganz geréiert, wéi ech hir d'Foto ginn hunn.
Et gëtt nach net esou laang eng Macadamsstrooss, déi vum Mier op Ayacucho féiert, an et gëtt keng, déi vun do fort féiert, dofir interesséieren sech net vill Touristen fir dat Duerf, wat mat Sécherheet dozou bäigedroen huet, dass et säi Charme behalen huet.
An den Anden de Wee sichen ...
Dat schwéierst ass ëmmer an den Dierfer fir den Ufank vun de Pisten ze fannen, do sti keng Schëlder. Nodeems ech scho mam Besëtzer vum Hostal gekuckt hat, wou ech hi misst, war et trotzdem net einfach, de Wee fir op Ocros ze fannen, well et gëtt der 2. E Polizist mengt, et kéim nëmmen een a Fro, deen anere wier ze schlecht. Also huelen ech dee Wee, vu gutt kann een am Ufank net schwätzen, e gëtt awer lues a lues besser. Allerdéngs gëtt et déi eng oder aner Gafelung, an do steet néierens e Schëld. Do hëlleft heiansdo nëmme waarden, bis en Auto oder e Camion kënnt, an da Froen, well wann ee falsch ofbéit, kann dat Stonne kaschten ...

Domm ass just, wa kee Gefier kënnt, eng Kéier stinn ech op enger Gafelung, schonn 2 Stonne kee Mënsch méi begéint, et ass schéin hei, alles Gréng op 4.200 Meter, wëll Päerd lafen duerch d'Landschaft, mee kee Mënsch, fir ze froen. Bis ech um Buedem e puer Steng entdecken, wou ee mam Pinsel déi 2 Richtungen drop geschriwwen huet > Merci fir déi sympatesch Iddi!
Déi Géigend hei ass net vill bewunnt, et dauert 116 Kilometer, bis dat éischt Duerf kënnt, dat sinn an de Bierger emol labber 4 Stonnen ze fueren. Ech leeschte mer eng Fläsch Waasser a virun. Ënnen am Dall gëtt et méi Dierfer, an engem huet de regionale Chef nei Schoulmiwwel spendéiert, si sinn all op der Strooss ausgestallt, herrlech. Jiddereen freet, vu wou a wouhin, esou guer d'Police ass interesséiert, ech kréien en Tipp: "no Uripa geet e Wee no lénks, huel deen, da kënns de op e bessere Wee an du brauchs net iwwer de Pass, do ass et zimlech kal". Also huelen ech emol dee Wee, wou ech mengen, datt et dee Richtege wier, froen an all Duerf, mee heiansdo mierkt een, datt d'Leit net vill aus hiren Dierfer eraus kommen, dat nächst Duerf kann een nach froen, doriwwer eraus kapituléieren der scho vill.
Wéi eng Fatamorgana ...
De Wee zitt sech, ech gëtt däischter, et ass nawell vill Trafic um Wee Richtung Dall, an all Duerf muss ech froen a kréien déi ënnerschiddlechst Äntwerten, wat d'Distanzen ubelaangt. Ech gesi mech schonn niewend engem Kaktus schlofen, wéi op eemol en Duerf kënnt, an deem mir vu wäit - wéi eng Fatamorgana - eng Liichtreklam entgéint liicht. En Hostal, ech gi froen, op si e séchere Parking hätten, kee Problem. D'Zëmmer ass fir 6 € super, waarm Waasser an esou guer e klenge Fernseh. De Moto kënnt an e Gasfläschendepot, "maach der keng Suergen, hei schléift een" (trotz Eisendier!!). Am Eck steet e Pick-Up mat engem risege Spoiler hannen drop, "wéi fënns de mengem Papp säi Rallyeauto?" ...
Zeréck am Hostal weist de Jong mir säi Buch, wou een sech andréit: "Gëschter waren 2 Motorrieder hei, eng Africa Twin, si hat d'Nummer 7, an eng BMW. Kënns du déi net ?" - "Dach, e Kanadier mat senger Fra an en Amerikaner", "jo genee". Mir sinn dee selwechten Dag zu Huancayo fort gefuer, ech sinn 3 Deeg net gefuer a si hunn nach 1 Dag Virsprong, wierklech, fréi opstoe lount sech!
Wat e Shooting ...
Ier ech moies weider gefuer sinn, wollt ech nach e puer Fotoen am Duerf maachen, awer dat ass dunn zu enger serieuxër Fotosseance ausgeaart. Ganz am Géigendeel zu den Touristeplazen, wou kee méi wëll geknipst ginn, wollt hei e op eemol jidderee fotograféiert ginn, virun allem d'Kanner, et huet riicht eragereent, mee dat huet kee gestéiert. Et war eng onbeschreiflech Begeeschterung, si hu mir bal no all Foto den Apparat aus der Hand gerappt, fir d'Resultat ze gesinn, et war immens. Ech begruewe meng Iddi, fir haut nach bis Abancay ze kommen, dat heiten ass ze vill flott. No 2 Stonnen an 215 Fotoen gëtt d'Seance beendegt, et war ee vu menge flottste Momenter bis elo am Peru.

Ech kommen awer nëmme bis an dat nächst Duerf, do ass Maart, do gëtt et vill ze kucken, op eng Hallefstonn kënnt et net méi un.
Ech hat gehofft, et géif ophale mat Reenen, mee am Géigendeel, et hëllt nach zou. Ech war just an de Bierger ewéi meng hënnescht Bremsbeleeg sech mellen an duerch en ellent Geräisch matdeelen, datt si um Enn sinn. Ouni hënnescht Brems ass een awer opgeschmass fir d'Päss erof ze fueren, a wann ech se net wiesselen, ass um Enn vum Dag d'Bremsscheif am Eemer. Also gi schnell am Reen an am Bulli d'Plaquette gewiesselt - a weider. No 2 Kilometer seet den Tacho äddi, hei schéngt alles d'Flemm ze kréien. Ass awer net esou wëll, well um GPS en Tacho an e Kilometerzähler drun sinn.
Iwwer 3 Päss musst de fueren ...
Et gëtt 2 Weeër vun Andahuaylay op Abancay, meng Kaart seet mer, dass deen een iwwert e Pass vu 4.200 m féiert, deen aneren ass 31 Kilometer méi kuerz, op der Kaart ass kee Pass uginn. Ech waarden, bis en Taxi kënnt, halen deen un a froen, wat fir ee Wee besser wier. "Deen heiten ass méi breet, awer voller Lächer, deen aneren ass méi kuerz, awer méi schmuel, de Wee ass awer besser. Fir däi Moto ass dee Wee kee Problem." Also entscheeden ech mech fir dee méi kuerzen a schmuele Wee, well wann et op 3.000 Meter reent, da schneit et op 4.200.
Laut Kaart féiert de Wee laanscht e Floss, dat kéint bedeiten, dass en op niddreger Héicht verleeft, mee nodeems ech ënnen ukomm sinn, geet et iwwer en 3.600 Meter héije Pass, ech komme bal net erop vu lauter Bulli, dat hënnescht Rad dréint andauernd duerch, ech brauch de ganze Wee fir erop. De Moto geet queesch, vun uewe kënnt eng Camionnette. Si rutscht mat blockéierte Rieder biergof, esou komme mir eis méi no. 2 Meter vunenee komme mir un d'Stoen, mir kucken eis un a laachen. Mee och nodeems ech uewe sinn, ass et net gedoen, biergof ass nach méi schlëmm - schlidder, schlidder, uff, nach eng Kéier gutt gaang. D'Landschaft lount awer dee Wee, wa grad keng Wolleken do sinn, gesäit een Däller, déi onbeschreiflech grouss sinn, hei ass d'Natur mat aneren Dimensiounen gestylt ginn.
Och an den Dierfer ass et sympatesch, d'Leit laachen, wann se mech gesinn, wénken, et ass heiansdo schwiereg, am Bulli zeréckzewénken. No enger Éiwegkeet sinn ech dann ënnen an hoffen, dass dat et war, mee am nächsten Duerf weist ee Mann mam Fanger no uewen, nach e Pass. Dat ganzt widderhëlt sech, ech komme ganz lues weider, 10 Kilometer an der Stonn. De Moto ass voller Bulli, ech sinn zoppnaass geschweesst. Dann nach e Pass, Niwwel kënnt op, elo gesinn ech nach manner. Uewen op deem Pass ukomm, ass et op ee Schlag eriwwer mat deem schlechte Wieder, d'Sonn schéngt an de Wee ass besser.
E Relikt aus der Inkazäit?
Ech komme bei en archäologesche Site vun den Inka, Curamba. Ech stelle fest, ech si matten um Inka Trail ënnerwee. Op deem Site ass awer nëmmen de Wiechter, ech muss mech an d'Buch androen, säit 2 Deeg sinn ech deen éischte, wou hei laanscht kënnt. Schued, dass d'Wolleken d'Spëtzte vun de Bierger verstoppen, et kann ee schnéibedeckte Koppen erkennen. Da kommen ech endlech zu Huancarama un, dat eenzegt Duerf, wat op der Landkaart drop ass. Hei steet d'Schëld "Andahuaylas 75 km", op där aner Säit stoung 56 Kilometer!? Dën "Henry" verkeeft mer en halwe Liter Waasser an 2 kleng Panetone Kichelcher. Fir Chrëschtdag gëtt et hei iwwerall Panetone Kuch ewéi an Italien, souguer verschidde Versioune, Vollkar oder light, dat wäert eng eidel Këscht sinn ...
Meng 2 Panetone mussen awer aus der Inkazäit gewiescht sinn, esou dréchen, wéi si waren. No enger halwer Stonn gesinn ech vun uewen op Abancay, déi Stad läit an engem breeden Dall ëmginn vu Bierger. No enger weiderer Stonn sinn ech ënnen, eng wonnerbar Strooss féiert déi verbleiwend 5 Kilometer op Abancay, allerdéngs rullen op verschiddene Plaze grouss Steng vun den Hiwwelen erof a laie matten op der Fuerbunn. Et si nëmmen nach 200 Kilometer bis Cusco, mee fir haut geet et duer, ech si gefëmmt.
Et trommelt am Helm
De Wee op Cusco ass wonnerbar, eng schéi Strooss schlängelt sech lues a lues méi héich, Cusco läit op 3.400 Meter. Et geet awer net ouni mäin alldeegleche Reen, wann et och wéi dës Kéier nëmmen 10 Minutte sinn, mee wat fir 10 Minutten! Et fale Knëppelsteng vun engem Zentimeter Duerchmiesser, dat trommelt am Helm, d'Strooss ass a kierzester Zäit schnéiwäiss. Zu Poroy besichen ech de lokale Maart, am Ufank sinn d'Frae net begeeschtert, wann ech knipsen, well si mech fir en Amerikaner halen, nodeems de Mëssel gekläert ass an ech mech als Europäer geout hunn, ass et e op eemol eng Éier geknipst ze ginn - si hunn iwwregens super Kéis hei am Peru.
Zu Cusco schénge si sech ëm d'Touristen ze suergen, ech halen nach keng 5 Minutten niewend der Strooss, fir eng Foto vun uewe vu Cusco ze maachen, wéi schonn eng Police Jeep nieft mir hält, "alles an der Rei?", "Jo, Merci der Nofro."
Zu Cusco um Chrëschtmaart: herrlech kitscheg!
Op der Sich no der Alstad kommen ech och duerch de Chrëschtmaart vu Cusco, herrlech kitscheg. Et gëtt allerlee Figuren ze kafen an deen übleche Chrëschtdagskreemchen. Ech fanne just een Hotel, wou de Moto an de Bannenhaff géing passen, "wat kascht en Zëmmer w.e.g.", Cusco ass net bëlleg, "38 Dollar (120 Soles)", nodeems ech mech vun engem klengen Häerzinfarkt erholl hunn, "nee, dat ass ze déier", "28 Dollar", "Nee, ech bidde 50 Soles (16 Dollar)", "do muss ech uruffen", no 10 Minutten, "jo dat geet, awer ouni Buedzëmmer am Zëmmer". Dat ass acceptabel, schliisslech hu si Wi-Fi, deen zweete Critère nom Parking, wann et ëm en Zëmmer geet. Haut heescht et net méi Free Willy, mee free Wi-Fi.
Allerdéngs ass dën Trëttoir ze héich fir eran, dat hënnescht Rad wëll net erop. En Typ vun enger Reesagence, dee schonn déi ganzen Zäit monter mat quasselt, schliisslech gesäit hien a mir e potenzielle Client fir op de Machu Picchu, kuckt interesséiert no. "Kanns du e Briet besuergen, soss kommen ech hei net erop?" Hien fënnt eent ... an der Kichen. Ech hunn dunn owes net do giess.
Hei ass eng lass!
Cusco ass schéin an hei ass eng lass. Discothéiken hummere bis an de freie Moien, super Restauranten, déi allerdéngs hire Präis hunn, feilschen ëm d'Clienten, esou guer e McDonalds hu se hei, deen éischten zanter Bogota. Wonnerschéi faarweg Teppecher ginn a Galerië verkaft, "wat kascht deen do?", "4.500 Dollar", "Entschëllegt fir d'Stéierung".

Ech war direkt owes bis 1 Auer duerch d'Stad gepilgert, fir Nuetsfotoen ze maachen a war laanscht eng Plaz komm, wou lauter eidel Dëscher virun enger Kierch stoungen. Den Dag drop - bei Dagesliicht - hunn ech gestaunt, wéivill Leit do Kreemche verkaft hunn, immens.
Wéi ech dunn do op enger Terrasse stinn, mir dat Ganzt vun uewen unzekucken, héieren ech op eemol, wéi eng Fraestëmm lues mäi Numm rifft, am Ufank duecht ech u Konsequenze vun der Héichtekränkt, mee wéi ech mech ëmgedréint hunn, hunn ech mengen Ae net getraut, do souz eng léif Bekannte vu mir, d'Isabelle a säi Mann Hervé. Mir souzen du laang zesummen ze diskutéieren an hu beschloss, den Dag drop zesummen Iessen ze goen. Nodeems mer haut schonn e puer flott Stonnen zesumme verbruecht hunn, halen ech elo op mat schreiwen, an enger Stonn gi mir zesummen Iessen, mar fueren si leider weider.
Schéi Chrëschtdeeg wënscht Iech all
de Ren