Chrëschtdag zu Cusco a Virbereedungen op de Machu Picchu

Virun allem Kitsch: Chrëschtmaart zu Cusco (Peru). / © René Hilbert
12. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
De 24. Dezember ass zu Cusco am Zentrum vun der Alstad, op der Plaza de Armas, e grousse Chrëschtmaart - an esou e Spektakel wërft säi Schiet viraus. Esou si schonn den Dag virdrun d'Plaz an d'Stroossen an der Ëmgéigend ofgespaart, eng Onmass Poliziste suergen dofir, dass kee sech op der Plaz verleeft, grouss Schëlder weisen drop hin, dass déi fléiend Händler net zou gelooss sinn.
Stoplaze ginn agezeechent, esou guer masseg chemesch Toilette ginn opgeriicht a mat roudem Stoff emwéckelt, esou falen si net op an deem faarwegen Duercherneen. Den Dag selwer ass dann eng lass, ee Stand niewend deem aneren, méi oder manner primitiv Konstruktiounen, et ass net ze iwwersinn, wien de professionellen Händler ass a wie seng selwer gemaache Saache probéiert lass ze ginn.
2 Meter Lametta fir 0,25 Euro

De Maart op der Plaza de Armas am Zentrum vu Cusco, der ehemoleger an eemoleger Inka-Haaptstad an de peruaneschen Anden - fir d'Touriste Sprongbriet bei déi sagenhaft Inkastad Machu Picchu, déi vun de Spuenier ni fonnt gouf, a fir bei de berauschenden Titicaca-Séi tësche Peru a Bolivien.
Et feelt u näischt, virun allem net u Kreemchen, ech hunn net eppes Brauchbares do gesinn, mee bei eis ass dat jo net anescht ... Vum Engel bis hin zum Elefant (fir an d'Krëppchen?), vun de geheekelte Kleeder fir Poppen bis hin zum Lametta fir de Beemchen, 2 Meter fir 0,25 €. D'Leit aus de Bierger verkafe Gréngs, Mooss, Straiss a wat ee soss nach esou brauch, fir eng éierbar Krëppchen, déi een natierlech och direkt ka fäerdeg kafen, gesäit awer no "one way" aus, ech denken net, dass se zwee mol ze gebrauchen ass.
Wann een déi vill gestreckte Mutzen a Pullovere gesäit, kéint ee mengen, si missten aus enger Fabrik kommen, mee d'Frae sinn andauernd am Gaang ze spannen an ze strecken, wa si op d'Déieren oppassen, virun der Hausdier setzen, esou guer iwwert dem Goe gesäit ee si mat der Spëndel d'Woll opwéckelen oder eppes strecken.
A wéi sech dat gehéiert ass fir Iessen an Drénke gesuergt, et gëtt gegrillte Gromperen a kleng Spiissercher mat verschidden Zorte Fleesch, ze drénke gëtt et allerhand, vill Wäin a Likör, vun deem een am beschten d'Fanger léisst, gesäit alles no "château grosse tête" aus ...
Fir d'éischt Kitsch an dono Rakéiten
Eng Nonn kuckt sech besuergt deen Zirkus un, dat do hat si hire Scheewercher bestëmmt net bäibruecht. D'Krëppchen op der Plaz ass spektakulär, mat liewege Figuren, déi net ze toppe sinn, am beschte gefält mir dee klenge Bouf, dee sech natierlech gutt langweilt, well hie sech jo net all ze vill beweegen dierf, also spillt hie mat de Gromperen, déi virun him leien, hien ass een ewéi de klenge Gromperekinnek.
Géint der Owend ginn d'Stänn agepaakt, wann et Mëtternuecht ass, dann ännert sech d'Traditioun e bësschen am Verglach zu eis, da gi Knallfräschen a Rakéite lass gelooss, ewéi bei eis Silvester. Grouss Plakate weisen op d'Gefore vun de Knallkierper hin, a wann ech mer esou ukucken, wéi d'Kanner domat ëmginn, waren d'Plakaten ze kleng oder d'Kanner konnten nach net liesen. Fir déi, wou aus de Bierger ugereest sinn, ass et ze spéit fir heem ze fueren, si leien um Trottoire an der Rei, widderenee gedréckt, zougedeckt mam Plastik, dee virdrun als Dach vun hirem Stand gedingt huet, Nuets ass et zimlech kal hei.
Alpaca oder Mierschwéngchen?
Et gëtt och eng kleng Kiermes, a kleng trëfft och op d'Spiller zou. D'Riserad huet vläicht dräi Meter Duerchmiesser a gëtt ewéi déi aner Spiller, den Zuch oder d'Karussell, vun Hand gedréint. Et muss ee sech emol virstellen, dass e puer Kicker hei nach fir Begeeschterung suergen. Manner begeeschtert hu mech déi gegrillte Mierschwéngercher, déi et do ze knabbere gouf. Ech hat och grad keen Honger ...
Ech hu mer owes en Alpaca geleescht, nee, kee Pullover, um Teller am Restaurant. Alpaca hale net nëmme waarm, mee schmaachen och gutt, hirt Fleesch huet vill Protéinnen awer nëmme 4% Fett, wéineg Kalorien an e niddregen Cholesterinspigel. Misst dach bei eis de Renner sinn.
Interessant Technik ...
Interessant ass d'Bauweis vun den Inka, fir ze bauen hu si grouss Steng geholl, déi ouni Sputt openeen gesat gi sinn. Et muss eng gutt Technik sinn, hir Bauwierker hunn all Äerdbiewen ouni Schued iwwerlieft, dat lescht Äerdbiewe war 1950. Dobäi gouf Cusco zu 90 Prozent zerstéiert. Ganz fréier war Cusco an 2 gedeelt, Uewer-Cusco (Hanan Qusqu) an Ënner-Cusco (Urin Qusqu); logesch, wann se uewen gepinkelt hunn, koum et ënnen eraus.
Zu Cusco gëtt et net vill, wat näischt kascht, bal all Kierch kascht Entrée, esou och Qorikancha. Zu Inkazäite muss dat e beandrockend Gebai gewiescht sinn, et war alles mat Gold bedeckt, awer nëmmen esou laang, bis d'Spuenier laanscht waren, du ware just nach d'Steng iwwereg. Fréier hunn d'Paschtéier dat Gebai och als Observatorium benotzt, fir den Himmel ze studéieren. Haut kann een do riseg Uelegmolereie bewonneren, et ass awer verbueden, se ze knipsen.
... interessant Präisser!

Et reent hei zu Cusco mat Eemeren, an iergendwann wollt ech jo och weider fueren, net awer ouni Machu Picchu kucken ze goen. Dat ass allerdéngs en deiere Spaass, well deen eenzegen offizielle Wee, wann een net well iwwert den Inkatrail dohinner pilgeren, féiert iwwert d'Schinnen an déi sinn un en auslännesche Konsortium verkaft ginn, deen nach déi nächst 10 Joer de Monopol huet.
Deem entspriechend ass och de Präis fir den Zuch, vu Cusco aus gëtt et 3 Kategorien, dee bëllegsten Ticket 96 US-Dollar, dann 147 a 508 US-Dollar. Den Typ vun der Reesagence, deen d'Briet aus der Kiche besuergt hat, ass all Dag am Hotel, nawell e feine Kärel, mir drénke mëttlerweil schonn zesumme Kaffi.
Ech hunn no laangem Sichen dann awer e Wee fonnt, dee bis 10 Kilometer u Machu Picchu eruféiert, da muss een allerdéngs zu Fouss weider. Ech loossen dat sinn, well dat kascht mech e puer Deeg. Also gëtt de José erëm konsultéiert: "Ech hu keng Plaz méi", "wéi kënnt dat?", "et sinn Tonne Leit hei, et ass Vakanz". Mir war schonn opgefall, dass méi kleng Busser duerch Cusco gondelen. Den Typ ass awer fein, "ech froe bei enger Frëndin no, vläicht huet hat nach eng Plaz". No 10 Minutten ass hien erëm do, "jo, hat huet nach 2 Plazen", "wat kascht et?", "176 US-Dollar", "ech wollt Machu Picchu net kafen, wollt mir et just ukucken". Den Typ packt sech net méi: "Du bass awer eng Nummer!"
Mar geet et lass!
Dohinner wanderen ass nach méi deier, 4 Deeg kaschten 300 Dollar, d'Schung muss ee selwer matbréngen. "Wat ass an deem Präis dran?" - "Alles, de Bus bis op Ollantaytambo, vun do den Zuch op Aguas Caliente, de Bus vun Aguas Caliente erop op Machu Picchu, den Entrée fir eran an de Guide." - "Et ass deier. - "Ech weess". De José verschwënnt erëm, kuerz drop, "166 Dollar, méi hunn ech net eraus geschloen". Schwéieren Häerzens wëllegen ech schliisslech an den Handel an. "Ech brauch deng Passnummer, um 18 Auer bréngen ech der d'Ticketën, ech muss mech elo fläissen, meng Frëndin steet an der Rei virum Guichet." Hien spréngt an en Taxi a verschwënnt.
Den Hotel ass nawell relax, d'Besëtzerin huet fréier hei geschafft an huet sech lues a lues erop geschafft, eng léif Fra. Si sëtzt och nach stonneweis an der Receptioun, wéi ech owes erëm komm sinn, hat si de Moto mat Plastik zougedeckt, fir dass en net naass gëtt. Um 18.30 Auer komme meng Ticketën un, ech staunen, si gesinn aus wéi Fligerticketën, mat numeréierter Sëtzplaz, mäi Numm an d'Nummer vum Pass dra gedréckt. "Hei sinn nach 10 Dollar, ech hunn nach e bëllegen Ticket kritt fir zeréck". Mar um 6.30 Auer geet et lass, si gespaant.
Salut,
Ren