13. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Um 7 Auer moies zitt eng Karawan vun Minibuser Richtung Ollantaytambo, wou den Zuch fir Machu Picchu fort fiert. D'Schinne féiere laanscht e Floss, dee vum ville Reen donkelbrong gefierft ass an deen esou vill Waasser féiert, datt d'Welle meterhéich sprëtzen. Wat een méi no u Machu Picchu kënnt, wat den Dall sech méi zesummen zitt. Zu Aguas Caliente hëlt een dann de Bus fir bis erop, et si nawell etlech Kéieren op enger Buedemstrooss bis een uewen ass.

Mat dat Spektakulärst un deem Site ass d'Plaz, déi d'Inka sech ausgesicht hate, fir ze bauen, ëmgi vun héije Bierger, déi vu Flëss duerchzu ginn - et ass liicht ze verstoen, datt d'Spuenier déi Plaz ni fonnt hunn.

RTL

Machu Picchu - einfach grandios!

Wann ee sech déi Gréisst vun der Stad ukuckt, da muss do scho fréier eng lass gewiescht sinn, zumools déi Zäit, wou dat Ganzt gebaut ginn ass. Dat muss jo eng Heedenaarbecht gewiescht sinn, déi ganz Steng do hin an hir ze schleefen an dee Buedem fir déi Trapen ofzedroen.

Fréier Inka, haut Chinchilla

Et gëtt och haut nach Bewunner vu Machu Picchu, déi hunn awer 4 Been an heeschen Chinchilla. Si gläichen enger Kaningchen, hunn awer vill méi e laange Schwanz, sëtzen op de Steng a kucken den Touristen no.

Wann et da géint der Owend geet, gëllt et den Zuch net ze verpassen, esou vill fueren der net. Zu Ollantaytambo ass et e gréissert Gewulls, bis all Mënsch a sengem Bus sëtzt, d'Leit ginn hin an hir dirigéiert.

Op engem Noutsëtz zréck op Cusco

Ech hu mer eng wonnerbar Plaz hannert dem Chauffer mat vill Beenfräiheet geséchert, mee wéi de Bus bis voll war, koum e Jong a sot, du muss an en anere Bus, sorry. Dee war natierlech voll bis op déi leschte Plaz, an esou hunn ech dierfen 1,5 Stonnen op engem Noutsëtz fir zeréck op Cusco verbréngen.

Amazonas oder Titicaca?

Vu Cusco aus kéint ech och an engem Dag mam Moto am Amazonas sinn, dat géif mer natierlech gutt gefalen, mee et kann een net alles maachen. Also direkt op Puno um Titicaca-Séi. Fir aus Cusco eraus, ginn ech duerch eng Niewestrooss dirigéiert, leider ass si net befestegt an eng Firma wäscht hir Bussen do, sou datt d'ganz Strooss op enger Längt vun 500 Meter ënner Waasser steet. Ech hat grad zu Cusco meng Motorradskleedung gewäsch a ka mech net begeeschtere fir dee Schmorri ...

RTL

Et ass Sonnden, dat schéngt de nationale Wäschdag ze sinn. Iwerall sinn d'Leit am Gaangen an de Flëss ze wäschen. An engem Duerf ass Maart, eng wëllkomme Geleeënheet fir eng Paus. A ganz Peru schéngt et nëmmen eng Faarf vun Ennerwäsch ze ginn, giel. Frae verkafe Cocablieder, déi ginn an de Back gestach an dann zéie gelooss, ass gutt géint Problemer, déi héichtebedéngt sinn. Et kritt een awer och Kamelle mat Coca oder et mécht ee sech mat de Blieder en Téi, schmaacht ganz gutt.

Interessant op de Märt sinn ëmmer d'Stänn, op deene Fleesch verkaaft gëtt. Si si liicht ze fannen, einfach dem Geroch no. Do gëtt et déi onméiglechste Saachen, mat enger Plastikstut, déi un engem Bengel fest gemaach ass, ginn d'Mecke verjot.

Spektakulär Wolleken ... an en nei gebuerent Alpaca

D'Landschaft fir op Puno ass schéin, schnéibedeckte Bierger laanscht Strooss, vill Lamaen, eng Zuchlinn verleeft oft parallel mat der Strooss. D'Wieder ass wonnerbar, méi spéit am Nomëtten e beemol Faarwen, immens. Den Himmel ass blo, spektakulär Wolleken, ech hale stall, fir en Häischen ze knipsen, ewéi 2 kleng Meedercher ugerannt kommen a mir en nei gebuerent Alpaca presentéieren, et heescht Mirabel, en typesch peruaneschen Numm huelen ech un. Si wëllen natierlech Sue fir déi Foto, ech bezuele seelen, "nee, keng Suen". "Hues du da kee Schokela?" Ech hunn nach eng ganz Tablette am Rucksack, déi ech kaft hat, fir mat op Machu Picchu, falls ech do sollt Honger kréien, do gëtt et nämlech näischt. "Dach, ee Moment", d'Begeeschterung ass grouss, si rennen zeréck an hir Hütt, ech düse weider.

RTL

Mee no puer Kéieren ass et eriwwer mam schéine Wieder, viru mir ass et schwaarz. An de Wee féiert poulriicht an dat donkelt Lach. Ech hu just nach Zäit fir meng Reekombi unzedoen, du geet et lass.

Spektakulär Wolleken ... an ee naasse Motorradfuerer

Et reent, dat ass net ze beschreiwen, et ass net donkel, et ass schwaarz. Esou wéi wann een d'Aen zoumécht, ech gesi kee Meter. Mam Viséier zou gesinn ech guer näischt, mam Viséier op deet dat am Gesicht esou wéi, datt ech et erëm hallef zoumaache muss. E Bus iwwerhëllt mech, wat net schwéier ass bei mengem Tempo. Déi eenzeg Méiglechkeet, fir weider ze fueren, ass mech hannert dee Bus ze klemmen. Fir ze verhënneren, datt ech an e Lach an der Strooss rennen, wat ech net géif gesinn, fueren ech an der Spuer vun de lénkse Pneuen; de Bus schafft och nëmme 40 km/h. Och wann d'Reekombi dat meescht ofhält, gëtt een awer äiskal, ech dreeme vun enger waarmer Buedbidden an engem gliddege Chocky.

Eng deck Stonn fuere mir sou, net eng Luucht, net een Haus laanscht d'Strooss. Bis mer an eng Stad kommen, déi hallef ënner Waasser steet vum Reen, ech muss tanken, de Bus ass fort. Et reent manner, "wei wäit bis op Puno?", "eng hallef Stonn".

Schwammend Touristen-Inselen

Puno ass net besonnesch schéin, et fiert een dohinner, fir um Titicaca-Séi déi schwammend Insele kucken ze goen. A bis ech den Zentrum fonnt hunn, wou d'Hoteler sinn, vergeet eng Zäitchen. E Polizist päift a weist energesch mam rietsen Aarm, ech soll stall halen, "Kolleg, ech sinn erfruer, ech hu keng Loscht op domm Diskussiounen, sich der en aneren". De lénke Winker an zack ofgebéit, Äddi a Merci!

RTL

Déi schwammend Insele si flott, awer mëttlerweil total touristesch. De Start dohinner verréit et schonn, währenddeem mer drop waarden, datt d'Boot sech fëllt, trëtt de lokale Bob Dylan op, a plaz eng Mondharmonika eng Panflütt ëm den Hals, eng Gitar am Grapp a lass. Hien ass net ze bremsen, d'Kréinung ass zum Ofschloss Ob-La-Di-Ob-La-Da vun de Beatles, et huet just nach gefeelt, datt hien "Schwarzbraun ist die Haselnuss" gespillt hätt, an dat moies fréi um 9.15, den Dag ka just nach besser ginn ...

D'Schëff ass genee 10 Minutte gefuer, dunn huet de Motor säin Déngscht agestallt, et huet dunn gemittlech 15 Minutte gedauert, bis mer weider konnten. Da passéiere mer e Poste vun der Küstepolice! Iwwert dem Fuere wäerft ee vum Bordpersonal dem Beamten e Pak Entréesticketen zou. Déi Insele bestinn aus Schilf, deen ëmmer erëm duerch nei Loën, déi iwwereneegeluecht ginn, um Ennergoe gehënnert gëtt.

Guide, nerf mech net!

Mir kréien eng genee Erklärung iwwert den Entretien vun deenen Inselen a wéi sech d'Liewen do ofspillt. Währenddeem eise Guide mam President vun der Insel erklärt, turnen ech an der Ëmgéigend a maache Fotoen, et ass de gudde Moment dofir, all d'Leit sëtzen zesummen a vill Hütte sinn eidel, sou datt ech hei an do kuerz eraknipse kann. De Guide huet sech dru gewinnt, datt ech him net follegen, hien hat schonn um Boot gefrot, firwat ech net senger Opfuerderung nokoum wier an no vir an d'Schëff geréckelt wier, fir seng Erklärungen nozelauschteren, "däi Schëff huet Lautsprecher, ech héieren hanne genausou gutt wéi vir".

Gutt gefall huet mer d'Schoul mat deene klenge bloe Stil. Ech mengen, d'Leit op deenen Insele liewen net schlecht vun den Touristen, si kafe monter gebitzte Saachen, déi emol net iwwel sinn.

Via Copacabana bei de "Fridden" ...

Vu Puno geet et da Richtung Bolivien, bis un d'Grenz sinn et nëmmen 2 Stonnen, well een ni weess, wéi laang esou e Grënziwwertrëtt dauere kann, plangen ech eng Iwwernuechtung zu Copacabana um Titicaca-Séi op der bolivianescher Säit an.

An engem vun de leschte peruaneschen Dierfer ass e Fest, a wat fir e Fest, dat kann ech mer net entgoe loossen. D'Hären hunn déi komeschst Kostümer un, verschiddener hu Masken, déi deenen am Himalaya ähnlech sinn, just datt se hei aus Blech sinn an do aus Holz. D'Madame si ganz schick gekleet, si danzen zur Musek, déi verschidde Blosmusikante vu sech ginn, grandios. Aner Männer hu gebastelt Ochsen ëm hire Kierper an danze mat deenen, schéi syncron, si mussen dat alles gutt geübt hunn. Da kënnt e Camion, Lautsprecher ginn opgebaut, et sti scho respektabel Quantitéiten u Béier iwwert d'Plaz verdeelt an obwuel et eréicht 11 Auer ass, bechert schonn all Mënsch drop lass, wéi wann et kee Mar méi géif ginn, d'Madame mat abegraff. Ech géif gär gesinn, wéi dat dënn Owend hei ausgesäit.

Wéi ech weider fueren, kënnt schonn déi nächst Prozessioun iwwert d'Strooss ugedanzt ...

"Eng schéi Rees"

Vill Leit hu mer gesot, vergiess de Peru, ech fuere just schnell der duerch, do ass näischt ze gesinn. Ech ka just soen, ech si vielläicht net dee konventionellste Wee duerch Peru gefuer, mee dee Peru, deen ech gesinn hunn, ass wonnerschéin an d'Leit ware fein mat mir.

De Grenziwwertrëtt fir a Bolivien ass entgéint mengen Erwaardunge méi wéi labber. Et gëtt déi wëllste Gerüchter iwwert bolivianesch Douanieën, déi no falschen Dollare sichen an déi da beschlagnahmen a.s.w. Ech hat dofir virgesuergt an all meng Sue gutt verstoppt, awer och bewosst déi Douane an der Mëtt vum Séi gewielt, si huet e bessere Ruff wéi déi aner, déi ech hätt kënnen huelen. "Ech brauch eng Fotokopie vun de Pabeiere vum Moto a vun dengem Führerschäin", "wou kann ech déi maachen?", "doiwwer am Peru, hei ass kee Stroum", "ech ka net zeréck, mäi Visa ass ausgestempelt", "kee Problem, dat ass ganz egal". An esou trëppelen ech erëm zeréck an de Peru fir d'Fotokopien, "voilà, hei si se", 10 Minutte méi spéit, " w.e.g, elo nach an de Büro nierwendrun, eng schéi Rees". Ech froen an dierf esou guer Foto vun der Douane maachen, ech kann et bal net faassen.

Duerch d'Duerf Copacabana, net iwwert d'Plage ...

Den Titicaca-Séi ass méi schéin op der bolivianescher Säit, a well dat esou schnell gaang ass op der Douane, beschléissen ech, weider bis op La Paz ze fueren. Mee no 10 Kilometer eng Policekontroll, ech muss stall halen a ginn ugewisen, an de Büro ze trëppelen. Ech duecht, elo ass et esou wäit, mee nee, Pabeieren, "du hues awer e klengt Nummeroschëld", "Lëtzebuerg ass e klengt Land". E Stempel op mäi Pabeier, deen ech vum  Douanier kritt hunn, "dat wat er, Äddi".

RTL

Ren on Tour ... in South-Amerca ... Hei op dem Titicaca-Séi ...

An der Entrée vun Duerf Copacabana déi nächst Kontroll, e jonke Polizist, "du muss 10 Bolivianos bezuelen". "Nee, ech fueren net an d'Duerf, mee op La Paz, an dat kascht näischt". De Jong ass enttäuscht, hie muss mir Recht ginn an ech fuere virun. Op enger Platz muss ee mat der Fär iwwer setzen. Ech hat mat enger Fär an enger Waardezäit gerechent, mee nee, do fuere bestëmmt 20 primitiv Fären. Et ass en Duercherneen, déi meescht fuere mat just engem Auto obwuel der dräi géifen drop passen, meng hat Succès, e Bus, eng Jeep an e Moto. Op der Fär ass e Mann, dee vum Moto a vu mengem Fotoapparat begeeschtert ass, "dierf ech dech knipsen", "jo, firwat net". Si ass emol net esou schlecht ginn.

8 Liter a keng Grëtz méi!

D'Sich no Benzin gëtt mer Rätsel op, iwerall wou ech hi geschéckt ginn, heescht et: nee, am nächsten Duerf. Dat zitt sech iwwert 100 Kilometer hin, näischt ze maachen. No 280 km ass mäin Tank eidel, ech fëllen ee vu menge Kanister an den Tank, niewend engem Séi, an deem 2 rosa Flamingoe stinn. A well dat muss esou sinn, koum dunn no 2 Kilometer eng Tankstell ...

Do ass et awer och komesch zougaang, "volltanken w.e.g.", "nee, 8 Liter an net méi". Aehmmmm??? E jonke Bouf mat engem klenge Moto kënnt ugedüst, "schwätz du Englesch?", "jo", "hei ass de Benzin wéinst dem Schmuggel aus Peru rationnéiert, kee kritt méi ewéi 8 Liter". En Zaldot notéiert mäi Numm, Merci awer.

De Ren alt nees am Reen - awer just kuerz ...

Den traditionelle Reen feelt natierlech net, e wonnerschéine Reebou ass awer eng akzeptabel Entschiedegung, an eng Foto am Geigelicht vu Leit, déi hir Autoen am Floss wäschen. No 10 Kilometer ass de Spektakel schonn eriwwer an ech fueren dréche laanscht d'Cordillera Real, eng Kette vu Bierger, déi mat Schnei bedeckt sinn. Wann een a La Paz era kënnt a Chance huet, gesäit een am Hannergrond dënn Bierg Illimani, 6.438 Meter héich.

Allerdéngs huet ee net vill Zäit, fir deen ze kucken, et ass den totale Chaos, tonne Verkéier. "Wou geet et an den Zentrum?", "no riets". Also riets ofgebéit, déi Strooss dréint awer an do kënnt e Péage fir op eng Autobunn, dat kann et jo net sinn. Also d'Kéier gemaach an an déi aner Richtung, de Mann hat riets gesot. An deem Verkéier geet et allerdéngs ganz lues weider, no enger halwer Stonn ass de Verkéier méi dënn, da kënnt allerdéngs de Flughafen, dat schéngt mer komesch, dee misst dach an där anerer Richtung leien. En Taxi gefrot, "du fiers an déi falsch Richtung, du muss d'Autobunn huelen". Also erëm d'Kéier gemaach, erëm an de Verkéier, laanscht de Péage, an da gesäit ee riets La Paz.

Da bleift een emol stoen.

Dat ass en Ubléck, deen ee net all Dag huet. Déi Stad mat iwwer enger Millioun Awunner läit an engem Dall an deen ass d'Säiten erop bis uewen un de Plateau bewunnt, lauter Haiser mat dënne rouden Zille gebaut.

Am Zentrum vu La Paz geet näischt, eng Kiermes blockéiert eng Bunn vun der Haaptstrooss, also muss jiddereen duerch Niewestroosse fueren, an dat kascht Zäit a Nerven, geschloe 4,5 Stonne verginn, bis ech en Hotel fonnt hunn, ech war um 18 Auer ukomm, um 22.30 Auer steet de Moto am Haff vun engem Hotel, "du kanns e stelle, wou s de wëlls, du bass eleng hei, mir sinn all fir dech do".

Wat e Kontrast!

Ënnen an der Stad ass et méi modern, mat Héichhaiser, Banken a Restauranten, uewe spillt sech dat méi traditionellt Liewen of, do sinn allerdéngs vill méi Leit wéi ënnen, et kéint ee mengen, et wier Braderie, sou masseg Leit sinn an de Stroossen. An de Stroosse vun deem modernen Deel si vill Leit, déi um Trottoire biedelen, ech froe mech, wou déi wunnen. Per Zoufall fannen ech eng Plaz, wou där liewen, niewend engem fonkelneie Kino, deen ech mer eigentlech wollt ukucken, liewe si an aarmséilegen Hütten aus Kartong, mat Plastik zougedeckt, wat e Kontrast.

Am Kino leeft "shine a light" e Concert vun de Rolling Stones, gefilmt vum Martin Scorsese. Am Hall vum Kino ass eng Ausstellung vu sämtleche Placke vun de Stones, all am Vinyl, esouguer déi original Poschette vu Sticky Fingers mat enger richteger Tirette um Cover ass dobäi.

RTL

An der Silvesternuecht: Whisky fir jiddereen!

Silvester war ech an engem Restaurant iessen, kuerz no Mëtternuecht wollt ech just op Toilett goen, wéi sech de Wee vun deem Garçon, dee mech zerwéiert huet, a mäi gekräizt hunn. De Mann reecht mer d'Hand, ier ech mech ëmsinn hunn, huet hie sech u mech gedréckt a mech emäermelt, "e schéint Neit Joer", "merci gläichfalls."

An engem Keller fannen ech en Jazz Club, an deem eng Hard-Rock-Grupp spille soll, ewéi e Plakat baussen ukënnegt, et féiert sech halt besser mat Rock ewéi mat Jazz. Am Ufank waren nach net esou vill Leit do, mä dat sollt sech schnell änneren. Den Typ vum Niewendësch freet frëndlech, "wou kënns du dann hir?", "Lëtzebuerg", "meng Mamm ass vu Glasgow, mäi Papp Bolivianer". Hie well mech senger Frëndin virstellen, mä déi ass scho vum Whisky staark ugeschloen a kritt näischt méi mat. Hei bestellt all Mënsch eng Fläsch Whisky an da geet et lass.

Ausser K.O.ntroll ...

Wéi ech komm sinn, haten d'Museker grad Paus, mä wéi si bis lass geluecht hunn, do hunn ech awer gestaunt. Black Jack Baby, si spille scho 17 Joer zesummen. Si hu Rolling Stones gespillt, datt de Plafong geziddert huet, déi Versioun vun Angie hätt och kënne vun Deep Purple sinn. Um Dësch viru mir sprengt eng Moss op, Been bis un de Nuebel, eng kleng schwaarz Minijüpp un, de Rescht stecht a schwaarze Stiwwelen. Si danzt ouni Rücksiicht op Verloschter, hir Begleeder mussen den Dësch unhalen.

Bei Led Zeppelin passt dem Sänger, enger Spargel vu Mëtt 40, seng Stëmm net ganz, dofir kennt awer jiddereen d'Texter auswänneg a gröhlt mat, beim Titel "light my fire" vun den Doors geréit de Sänger ausser Kontroll, hie fänkt eng Zerwéit un a bréngt domatt Loftballonen um Plafong zum Plazen, déi kleng schwaarz Minijüpp sprengt erëm op, et ass halwer Fënnef, esou hat ech mer Bolivien an de Start an d'Neit Joer net virgestallt.

Salut,
Ren