Vu La Paz op Potosi an an de Salar de Uyuni

De Ren on Tour prett fir an eng Sëlwer-Minn am bolivianesche Potosi.
14. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.
Zu La Paz gëtt et déi héchstgeleeë Microbrauerei vun der Welt. Als Hobbybrauer muss ech déi natierlech besichen. De Béier hält sech awer a Grenzen an um Heemwee héieren ech eng Musek, déi live gespillt gëtt. Um zweete Stack vun engem Haus gesinn ech hannert enger Fënster am Liicht vu grénge Scheinwerfer en Typ trommelen, also emol no der Entrée gesicht. Déi ass da schnell fonnt, well e Mann do eraus geflu kënnt, hien ass kräfteg ugeschloen a gëtt net grad douce behandelt.
Um éischte Stack ass eng Aart Disco, eng Grupp spillt do Bolivianesch Musek, eng interessant Zesummesetzung, Batterie, elektresch Gittar, akustesch Gittar an eng Panflüt. De Leit gefält et, si danzen, d'Lokal ass méi ewéi rustikal. Deen Nächste gëtt no engem kräftege Kënnschlag virun d'Dier eskortéiert, hei herrscht Uerdnung w.e.g.
Op eemol war de Brëll fort :-(
Et muss een allerdéngs oppassen, et gëtt zimlech vill geklaut hei, héiernsdo esou guer an den Hotelzëmmeren. Op de Märt ass d'Gefor am gréissten, well do vill Leit sinn, a wou vill Leit sinn ass vill Gedrécks, optimal fir Täschendéif. E beléiften Trick besteet doran, datt een enger Persoun an d'Gesiicht späitzt a während déi probéiert, sech déi onerwënschte Flëssegkeet aus dem Gesiicht ze wëschen, zerwéiert en zweete Bringand sech an den Täschen vun deem Betraffenen. Esou geet et mir och, obwuel ech den Trick kennen, fonctionnéiert e gutt, éischtens ass een awer iwwerrascht an dann huet een jo nëmmen 2 Hänn, also de Portemonnaie an de Fotoapparat geséchert - an esou wiesselt mäi Brëll de Besëtzer, no mengem Handy schonn dat 2., wat verschwënnt. Ech hunn en Ersazbrëll derbäi, mee dat hieft meng Laun net vill.

Fir vu La Paz op Potosi ze fueren muss ech erëm de Bierg erop a kann esou déi schéin Aussiicht vun der Autobunn op d'Stad bei Dagesliicht bewonneren, wéi ech ukomm sinn, war et jo däischter. De Wee op Potosi ass gutt, wéi ech zu Oruro bei enger Kiermes eng Paus maachen an eppes drénken, kommen ech an d'Gespréich mat engem Mann, deen do Zockerwatt verkeeft. Seng wichtegst Fro, "gëtt et bei iech och Zockerwatt?", "Jo", "wéi grouss sinn d'Maschinnen da bei iech fir Zockerwatt ze maachen?", "Zelwescht ewéi deng". Dem Mann seng Ae strahlen, hien ass zefridden, eng Hand geet net duer fir Äddi ze soen, hien hellt meng Hand mat 2 Hänn, "nach eng schéi Rees a vill Gléck".
Eng Ënnerschrëft a weider op Potosi :-)
A Bolivien kënnt regelméisseg eng Péagestatioun op der Strooss wou een dann e klenge Betrag bezuele muss, et kritt een all Kéier eng Quittung, eng Tasa de Rodaje. Wéi ech no esou enger Statioun op der Säit stinn, fir mäi Portemonni an ze paacken, hält niewend mir eng Jeep, d'Bäifuererin sprengt eraus: "Vu wou kënns du?", "Lëtzebuerg", "dierf ech op deng Këscht ënnerschreiwen?", ier ech jo soe konnt, huet si scho monter op den Deckel vun der Këscht hannert mengen Réck geschriwwen: Malena, Bolivia, 04/01/08. Si hat vu Begeeschterung vergiess, datt mer scho 09 sinn.
En Hotel mat Parking ze fannen, ass schwéier zu Potosi. Ewéi ech endlech ee fonnt hunn an d'Dier vun der Garage opgeet, staunen ech net schlecht, ewéi do schonn 2 Motorrieder stinn. 2 sympatesch Däitscher a mengem Alter sinn am Hotel, den Dag drop ginn Informatiounen ausgetosch, si sinn dohinner ënnerwee wou ech hir kommen an ëmgedréint.
Ganz uewen! Ganz räich!
Potosi ass déi héchstgeleeë Stad vun der Welt, op 4.060 Meter, Unesco-Weltkulturierfschaft läit si ganz am Hang virun dem Cerro Rico, engem Bierg, deen ewéi e Schwäizer Kéis vu Minnen duerchzu gëtt. Potosi ass vun de Spuenier gegrënnt ginn, nodeems do Sëlwer am Bierg entdeckt ginn ass, a war 200 Joer lang eng wichteg Stäip fir d'spuenesch Wirtschaft, d'Stad huet sech zur gréisster a räichster a Latäinamerika entwéckelt. Dovun sinn haut just nach d'Gebäier iwwregbliwwen, vill Kierchen a schéi Kolonialbauten.
Sëlwer gëtt de Bierg keent méi hir, mee dofir si nach verschidden aner Erzer am Buedem. Offiziell ass den Ofbau scho laang gestoppt, haut hu sech d'Biergaarbechter an enger Kooperativ organiséiert a probéiere vun deem, wat si nach eraus huelen, ze iwwerliewen. Si schaffe mat primitivste Mëttelen, alles ass Handaarbecht, vill vun hinne stierwen no nëmmen 10 Joer an de Minnen un enger Quartzlong, hire Schutzpatron ass den "tio", den Däiwel.
An d'Minn? JO, eran an de Bierg!
Et gëtt organiséiert Touren an de Bierg, 80 Bolivianos (8€), si sinn awer ustrengend an et gëtt allgemeng gewarnt, datt Leit mat Klaustrophobie an Asthma déi Tour net maache sollen; et muss een deels krauchen, d'Temperature kënne bis op 45 Grad am Bierg klammen, et muss een duerch bis zu 40 cm Waasser trëppelen, meng 2 däitsch Begleeder si net waarm fir e Besuch vun de Minne. Ech proposéieren, de Maart vun de Minnenarbechter ze besichen, do kann een zum Beispill Dynamit kafen, et kann ni schueden eng Staang bei sech ze hunn.
Et kënnt e Bus laanscht, "Pardon, fuert Dir bei de Calvario?", "Jo". An esou fueren mir fir 1 Boliviano op de Kapp op de Maart, hei gëtt et alles, wat de Biergaarbechter brauch, normalerweis keeft een hei Dynamit, Zigaretten an Kokablieder, fir se den Aarbechter an de Stollen als Cadeau mat ze huelen. Eng Staang Dynamit kascht 5 Bolivianos (0,5€). Ech froen, de Bus fiert och weider bis bei d'Minn, also nach 1 Boliviano, an esou si mir ongeplangt bei der Minn, wou schonn e Bouf op eis duergestiermt kënnt, wëllt dir net eng Minn kucke goen? "Wat kascht et?", "20 Bolivianos op de Kapp". Ech kucke meng Begleeder, "mir kënne jo emdréien, wann et net geet". Si wëllegen an, an esou kafe mir déi néideg Cadeauen, kréien en Helm an eng Luucht, en 2. Bouf gëtt erbäi zitéiert, "wéinst der Sécherheet", erklärt eis dee vielläicht 14 Joer ale Guide.
Eng Zigarette, Prost a weider ...

Mier huelen eng vun den 3.500 (!) Entréeën fir an de Bierg, Morena B, si läit op 4.227 Meter. Et muss ee sech ferm bécken fir eran, Bulli, awer no 100 Meter gëtt et besser, et kann ee sech e bësschen opriichten, de Buedem ass dréchen. Dee eenzeg Luucht, déi do ass, ass déi, wou mer um Helm hunn, soss ass et stackdäischter. Regelméisseg stéisst ee sech de Kapp, de Bouf erklärt monter drop lass, hie weess Bescheed, do gëtt et keen Zweifel. Den 2. Bouf geet als leschten, fir datt kee verluer geet. No enger véierel Stonn komme mir bei eng droleg Figur, do gi Saache geaffert, fir datt et de Biergleit soll besser goen. De Bouf fänkt eng Zigarette un, pure schwaarzen Tubak, d'Figur kritt eng an de Back gestach, hien fänkt sech eng un, e puer Kokablieder ginn nidder geluecht, e puer Drëpsen Alkohol si fir dee komesche Patréiner, op der Fläsch steet Alkohol buvable, 96 %, de Bouf hëllt och eng Schlupp, Prost dann awer.
Ob mir nach weider wéillten bis bei d'Aarbechter? Meng Begleeder wénken of, ech protestéieren net, si si scho méi wäit gaangen, wéi si eigentlech wollten, ausserdeem huet ee scho gutt gemierkt, wéi de Sauerstoff manner ginn ass. Mir hunn nach ëmmer eng Staang Dynamit, a well mer se jo net verschenkt hunn, sprenge mer se halt eben selwer an d'Luucht. Dat ass hei iwwerhaapt kee Problem, et erënnert mech u Pakistan, wou ech zu Peshawar um Schmugglermaart hunn dierfen e ganze Chargeur vun enger Kalaschnikof eidel schéissen.
Een zolitte Knuppert ...
De Bouf bastelt zesumme mat engem Mann e Sprengsatz, den Dynamit eleng ass net explosif, et brauch een nach eng Zündschnouer, en Zünder an eng Chemikalie, vun där ech den Numm vergiess hunn, eng déi een och als Dünger huele kann, hat eng rosa Faarf. Dat Ganzt gëtt vergruewen, a lass. Ech ginn opgefuerdert, méi wäit ewech ze goen, de Sprengsaz gesäit net grouss aus, ech wollt déi Explosioun jo schliisslech am Bild festhalen, mee ewéi et du geknuppt huet, Punaise, do wackelen engem awer d'Oueren. Et ass esou guer e Bild ginn, net schaarf, awer et gëtt d'Stëmmung gutt erëm. "Pardon, d'Foto ass näischt ginn, mir brauchen nach eng Explosioun." De Bouf bastelt déi Kéier eleng e Sprengsatz, hie schéckt dee méi jonke Kärel fort, nach Chemie sichen, "dat gëtt méi Damp, ass bestëmmt besser fir d'Foto" ...
Et gëtt 2 Filmer iwwer d'Minne vu Potosi, en amerikaneschen, The Devil's Miner, an en däitschen aus der Serie "Schätze der Welt" vum WDR.
Op verschidde Kierchen kann een erop Klammen, op där, wou ech erop geklotert sinn, sinn d'Klacken uewen an der Spëtzt mat Lieder un Holz fest gemaach, hält schonn eng Eiwegkeet. Zu Potosi gouf et nach eng grouss Féier, si schengen eng nei Konstitutioun a Bolivien ze wielen, vielläicht hu si jo en neit Gesetz gestëmmt. Jiddefalls goufen et Plastik a Pabéierblummen ze kafen, vill Knallfräsch a Glacen.
Hello Salar!
Nodeems mir zesumme getankt hunn, trennen sech d'Weeër vun mengen däitsche Frënn a vu mir, am Summer solle mer eis erëm gesinn. De Wee vu Potosi op Uyuni ass erëm Piste, féiert duerch schéi Landschaft, honnerte vu Lamae grasen op gringe Wisen, Kaktusse stinn niewend der Strooss, rosa Flamingoe stinn an engem Séi, esou guer e richtegen Aquädukt wéi fréier bei de Réimer gesinn ech. Dann en Arméiposten, si kontrolléieren näischt, maache just d'Barrière op, "wéi wäit bis Uyuni?", "20 Minutten". No 210 Kilometer Stëpps a Wellblechpiste kommen ech zu Uyuni un, scho bal traditionell notéiert en Zaldot de Bensin, Tankstelle si rare a Bolivien.

Uyuni ass déi keelste Stad a Bolivien - am Wanter kënnen d'Temperaturen bis op -30 falen - a läit um Salar de Uyuni, der gréisster Salzwüst vun der Welt. Op 3.653 m bedeckt si 12.000 Quadratkilometer. Vun Abrëll bis September ass de Salar ausgedréchent a strahlt ganz wäiss, an der Reenzäit steet hien ënner Waasser, da spigelen sech d'Wolleken an d'Landschaft am Waasser. Well ech mam Moto net méi kann doriwwer fueren, entscheeden ech mech, fir en Ausfluch mat enger Jeep, deen een an onzählege Büroe buche kann. E klenge Büro gefält mer am beschten, hien huet keng tonnen Ziedelen an der Fënster vun zefriddenen Touristen. De Büro ass eidel, wéi ech dobanne sinn, kënnt eng Fra, mir handelen de Präis aus, "wéini maacht dir zou"? "Um 20.00 Auer", et ass 10 fir 8, ech schloen nach 10 Bolivianos eraus a bezuelen. Wéi ech um 22.30 Auer laanscht de Büro kommen, steet d'Madame nach ëmmer virun der Dier, "wéi war dat mat 20.00 Auer?", si grinst, ech och.
Salz, awer eréischt nom Damplok-Kierfecht

Den Dag drop stinn 3 Jeepe virum Büro, ech séchere mer de Bäifuerersëtz vun där éischter, wann ech scho manner bezuelen, wëll ech op mannst bequem gefouert ginn. D'Madame kënnt getrëppelt, "du hëlls déi aner Jeep", "nëmme wann ech déi selwecht Platz kréien", "maach der keng Suerg", si trëppelt mat mir bei déi Jeep, stellt mech den anere Mattfuerer vir an weist mir d'Bäifuererplaz zou. Wéi ech an der Jeep sëtzen, kënnt si méi no a seet, "dee Chauffer hei ass méi fein". Dee war och e feine Kärel, déi aner an der Jeep och, 6 Argentinier. Als éischt besiche mer den Zugkierfecht. Fir eng Onzuel vun Damplokomotiven war hei Endstatioun, si stinn hei am Fräien viru sech hin ze Raschten. Da fuere mir weider Richtung Salar, maachen nach halt an engem Dierfchen, fir ze léieren wéi ee Salz gewënnt.
Nodeems d'Salz aus dem Salar an d'Duerf bruecht ginn ass, gëtt et iwwert dem Feier gedréchent, eng Zort Réiser gëtt geholl, fir ze heizen, Beem gëtt et hei keng. Wann d'Salz dann dréchen ass, gëtt et gemuel an dann an Tute verpaakt. D'Häiser am Duerf sinn aus Salzbléck gebaut.
Vill Salz - vill Jeepen - vill Sonn
De Salar selwer ass beandrockend, genee sou wéi déi Zuel vun Jeepen, déi sech all an déi selwecht Richtung beweegen. Fréier hu Salzkarawannen aus Kaméiler bestaan, haut besti si aus Toyota Jeepen, dat eent oder anert Kaméil wäert sech wuel an där enger oder anerer Jeep verstoppen. 90.000 Leit besichen de Salar all Joer.
Esou wäit ee gesäit, näischt, just eng grell wäiss Fläch, déi d'Sonn brutal zeréckspigelt, e gudde Sonnebrëll a vill Sonnecrème musse sinn, soss kritt ee Misère. Al Camione fueren d'Salz sichen, dat d'Männer an Handaarbecht zu klenge Pyramiden opgeschëppt hunn. Si sinn net ze beneiden fir deen Job, de ganzen Dag an deem grelle Liicht ze schaffen, muss keng Freed sinn. Plazeweis steet d'Waasser en halwen Meter héich, d'Jeepen hunn e Plastik vum Pare Choc bis ënnert den halwen Auto gespaant fir dat aggressivt Salzwaasser esou gutt ewéi méiglech ofzehalen.

Busser fuere queesch iwwert de Salar, vu wäitem gesi si aus ewéi eng Fatamorgana, wa sech hir Silhouette um Horizont an der Hëtzt spigelt. Vu méi no gesinn si och beandrockend aus, iwwerall Salz, hei wëllt ech net Mécanicien sinn ...
Mëttespaus am Salzhotel
Mëttespaus maache mir bei engem Salzhotel, de ganzen Hotel ass aus Salz gebaut. Eis Jeep mutéiert zur Feldkichen, et gëtt Lama, iergend e Geméis, wat nawell gutt schmaacht a vill Proteine enthale soll. Eng Insel mat vill Fändele gëtt et hei, schued, datt ech de roude Léiw net matbruecht hunn, géif gutt hei maachen. Eng Molerin sëtzt op engem Pneu a molt d'Landschaft, si kann dat nawell gutt.
Fir zeréck setzen ech mech op den Dag vun der Jeep, wann ech hannert mech kucken, gesäit et aus, wéi wann e Schëff duerch d'Waasser gefuer wier. Zeréck am Duerf ass d'Madame direkt present, "huet et dir gefall?". Ech weess net, wat ech hir gedoen hunn, datt si esou besuergt ëm mech ass. "Jo, jo, et war interessant", "da sinn ech frou". Si knutscht mech of! "Fiers du haut oder mar", "mar", "da gesi mer eis bestëmmt nach". Dat ass dach nach e Service.
Am Duerf fannen ech e Mann, deen Hitt hierstellt a restauréiert. Esou en Hutt brauch seng Pfleg, wousst ech guer net. Do gëtt et verschidden Holzformen, wou den Hutt drop oder dra geluecht gëtt, a mat engem viischten Duch an engem waarmen Eisen erëm a Form bruecht gëtt. Och Glace ginn op eng komesch Aart a Weis hirgestallt, Uebst an Äis ginn an enger Trommel geschleidert, bis sech alles vermëscht huet, w.e.g. direkt iessen, als Tourist ass Duerchfall garantéiert.
D'Ae brennen ...
Owes brenne meng Aen, si sinn trotz Sonnebrëll rout, hei méccht sech d'Differenz vun engem gudden oder bëllege Sonnebrëll bemierkbar.
Nierwent mengem Hotel ass e klenge léiwe Restaurant, eng Joffer vu vielläicht 14 Joer zerwéiert do. Am Fernseh lafe permanent Musekvideoen, al Rockmusek an de Live-Aid-Konzert. Si schéngt eng grouss Bewonnerin vu Coldplay ze sinn, si vergësst dann ëmmer ze zerwéieren. Mee si dierf just deenen, déi um Concert virun der Bühn stungen, hei eng Pizza zerwéieren, déi op der Bühn wäert si wuel ni live ze gesi kréien.
Salut,
Ren