15. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Vum Wee vu Uyuni bis op d'Grenz vu Bolivien/Argentinien hat ech dat schlëmmst héieren, vill Bulli an op der Douane bis zu 8 Stonne Waardezäit. Et huet awer säit e puer Deeg net méi gereent an ech schenge Chance ze hunn, de Wee verleeft op an of, vun 3600 Meter op 4200, erof op 1820 an erëm erop op 3600. En ass vill besser ewéi erwaart, dréchen, ech komme gutt weider. D'Landschaft ass ofwiesslungsräich, am Ufank flaach, da komme Sanddünen, e Canyon an Tonne Kaktussen.

RTL

Déi Kaktussen, verschiddener sinn iwwer 2 Meter héich, fänke grad u mat bléien, verschiddener si schonn an der Bléi, roud oder giel. An engem Duerf ass e Fest, en Typ schmäisst eng Ried, 2 Kamerae filmen, si schwenke vun him op mech wéi ech bis op tauchen.

Kleng Leemhütten stinn an der Landschaft, Baueren déi Lamaen ziichten, hir Liewensconditioune sinn net einfach hei Uewen, d'Waasser kënnt aus dem Pëtz, kee Stroum, net vill Gesellschaft.

Kleng Minnen aus deenen Kuel gewonne gëtt ginn hei bedriwwen, d'EU finanzéiert hei d'Sécherheet vun de Minnenaarbechter. Ech wiisst gäre wéivill Suen do iwwerwise ginn a wat dovunner a Sécherheet ëmgesat gëtt. Da geet et biergof, en Dall, gréng, Beem a Gras, et ass schonn eng Zäitchen hir datt ech Beem a Gras gesinn a gericht hunn.

Welcome to Argentina

D'Douane passéieren ech rucki-zucki, op der Bolivianescher Säit ass kee Mënsch, op der Argentinescher Säit dauert et eng Stënnchen, Wëllkom an Argentinien. Den Ënnerscheed tëschent Bolivien an Argentinien ass gewalteg, obwuel Argentinien hei nach net esou ganz modern ass mierkt een direkt, hei si se scho méi wäit, et ass allerdéngs och alles méi deier.

Et gëtt wonnerbar Macadamstroossen, grouss Wisen an eng verschnéite Biegketten. Duerch d'Quebra de Humahuaca kënnt een op San Salvador de Jujuy. Vun do féiert eng Strooss op Salta vun där ech frou sinn datt si net zu Lëtzebuerg ass, 62 Kilometer nëmme Kéieren, mir bräichten all Weekend 4 Ambulanzen op där Streck. Et ass net fir do monter drop lass ze düsen, well do kann emol hannert enger Kéier gemittlech eng Kou op der Strooss leien déi sech duerch näischt beweege léisst. Wann een aus Bolivien kënnt dann ass Salta scho bal ewéi e klengt Paradies, vill Terassen, gutt Restauranten an Glacebutteker. Awer et ass schwéier am Paradies e Bett zu engem bezuelbare Präis ze fannen, mat Garage scho guer net.

Mä, hei gëtt et ëmmerhinn eng Touristeninformatioun, an déi Leit sinn hëllefsbereet. Si fannen en Zëmmer mat "Garage". Wéi ech ukomme stellt sech déi Garage als e Geschäft eraus wat grad eidel steet. 2 Jofferen zeien eng metalle Rollued erop, allerdéngs nëmmen 1,5 Meter, méi geet net, eng Dier an der Rolllued léist sech net rullen. "Nee, hei kommen ech net eran". Nierwendrunn ass e Wäinhändler, "dierf ech de Moto net béi iech an d'Lager stellen"? "De Patron ass net do, ech kann dat net entscheeden". Mëttlerweil trefft de Patron vum Hotel an, kee Problem, déi Dier an der Rollued baue mir einfach aus. Nodeems d'Dier eraus ass an d'Rollued ganz erop ass bleiwen nach 30 cm ze iwwerwanne bis an de Buttek, esou lues sammele sech d'Leit aus der Noperschaft, hei gëtt eppes gebueden.

RTL

De Mann bréngt e Bried, "kanns du oppassen datt déi Fënstere riets a lenks ganz bleiwen." Ech maache mäi Bescht, um Trottoire Plättercher, am Geschäft Plättercher, super fir unzefueren a nach besser fir mat Schwong Uewen unzekommen an dann op Plättercher ze bremsen, a lenks a riets eng Vitrinn....

All Mënsch ass gespaant, 1-2-3 a lass, Krätsch, d'Briet brécht an 3 Stécker, déi 2 Joffere laache sech kromm, ähmm, sou lëschteg ass dat guer net dir Dammen. De Mann schleeft elo richteg Käfferen un, ech bauen eng kleng Pyramid a schwupps an de Buttek, d'Joffere si begeeschtert. De Patron, "du fiers mar néierens, du muss emol en Dag ausrouen". Si si nawell besuergt hei ëm hir Clienten.

Staarken Tuback

Et ass Zäit fir den Tuback vun de Felder ze huelen, an der Géigend si verschidde Bauerenhäff déi Anlagen hunn fir den Tuback ze dréchnen. Well ech interesséiert si wéi dat gemaach gëtt fueren ech einfach emol bei esou eng Hal, "Moien, dierf ech emol kucke wéi dir den Tuback verschafft"? 2 Männer an e Bouf hänken den Tubak an eng Zort Container wou en 9 Deeg laang gedréchent gëtt. Ech knipse monter, en drëtte Mann kënnt, si gesinn, ech sinn interesséiert. "Komm mat", mir gi bei eng Hal déi keng Fënsteren huet, fir mech eng Lagerhal, déi grouss Dier gëtt opgemaach, ech kann et net gleewen, dobanne sti vläit 20 Fraen déi um Fliessband den Tubak zortéieren, awer ënnert Aarbechtskonditiounen, donkel, just Neontuben, Stëpps, dat ass nawell staarken Tuback.

RTL

Et ass Mëttespaus wéi ech fortfueren, d'Madamen trëppelen duerch d'Felder heem, si wéncken, Argentinier schenge frëndlech Leit ze sinn. D'Quebrada de Cafayate ass en Dall mat roude Fielsen déi vun der Erosioun spektakulär geformt gi sinn. Schliisslech kommen ech op Cafayate, en Dierfchen wou Wäin gemaach gëtt, hei ass nawell eng lass, 3 Campinger mat Schwämm, tonne Leit, vill schéi Wäingidder déi ee besiche kann.

Duerno nach schnell d'Ruine vu Quilmes besicht, kann ee sech spueren, de Béier mat deem selwechte Numm ass mer méi sympatesch.

RTL
RTL

Si bauen allerdéngs lëschteg Häiser hei, mat grouss Lamaen oder soss spezielle Formen, no vill Wäin huet een héiernsdo komesch Iddien.

Wéi ech am nächsten Duerf stall halen an d'Kaart liese kënnt e Bouf iwwert Strooss getrëppelt, am Grapp e grousst Glass mat Spruddelwaasser an engem Schotz Roudewäin, "w.e.g. fir dech, bass du vum Dakar"? "Nee".

Aus dem Café wénckt e Mann dee mir dat Glas spendéiert huet. Argentinier schengen e frëndlecht Vollek ze sinn.

Déi éischt Gautschoen op hire Päerd tauchen op der Strooss op. Am Dierfchen Londres hunn d'Stroosse kee Numm, dofir ass op all Stroosseschëld e Fragezeichen.

Elo weess ech och vu wou U2 un d'Iddi fir hiren Hit "where the streets have no name" kommen.

Um Wee Richtung Pass

Ier ech de Paso de San Francisco attackéieren tanken ech nach eng Kéier, déi nächst 500 Kilometer gëtt et kee Bensin. Op der Tankstell ass der Däiwel lass, nodeems e Reporter mech uschwätzt verstinn ech, mar kënnt den Dakar hei un. Ech gi mäin éischt Radiointerview op Spuenesch, hoffentlech héiert ni een dat dee mech kennt.

De Wee Richtung Pass ass wonnerschéin, Vikunja grasen an der Landschaft. Vikunja gesinn e bësschen aus ewéi en dënnt Lama, si sinn awer Famill mat de Kaméiler a stinn ënner Naturschutz. Hir Woll ass déi déierst a seelenst vun der Welt. Bei den Inka war déi Woll just fir déi Adeleg bestëmmt. Zu der Inkazäit gouf et 1,5 Milliounen där Déiercher an den Anden, du koumen d'Spuenier, adios Vikunja, 1965 gouf et der nëmme nach 6000. Haut gëtt et der 200.000, si si schéin déi Déiercher.

RTL

Nodeems ech op 4040 Meter déi Argentinesch Douane passéiert hu gesinn ech 100 Meter méi spéit e klengt Schëld "Gasolina", "entschëllegt, hutt dir Bensin"? Si hunn a Fässer Bensin, ech hätt kënnen an d'Lut sprange vu Freed, et sinn nämlech nach 306 Km bis zur nächster Tankstell, an an där Héicht brauch de Moto vill Bensin. Also vollgetankt, en eelere Mann, "vous voulez boire un petit café"? "Pardon, wou wësst dir datt ech Franséisch schwätzen". "Ech war 15 Joer laang Camionschauffer an der Belsch".

RTL

Eigentlech wollt ech schnell weider fir nach iwwert de Pass ze kommen, mä well et am Liewe keng Zoufäll gëtt sot ech jo, ech wees net firwat.

E Mann vun ongeféier 60 steet niewend senger 250 ccm Honda, "wou wëlls du haut nach hinn"? "Copiapo", "vergiess et, ech komme vun do, 7 Stonnen".

De Mann gräift an d'Täsch, hëllt e Peschbild aus der Täsch a pescht et op mäi Moto. Dat ass mäi Numm, ech wunnen 100 Km viru Buenos Airos, komm do laanscht, fro d'Léit, all Mënsch kennt mech do.

De Kaffi gëtt an engem Gebai ewéi en Tunnel zerwéiert, do si schonn eng Dose Leit. Den Ex-Belschekamionfuerer deen haut Peugeot fiert widderhëlt sech, "ech roden der hei ze schlofen". De Rescht vun de Leit dobanne gëtt wackerech, "nee, du kanns haut net méi weider et ass ze spéit, Schlof hei, mir maachen dir dat an d'Rei". Ech sinn am Zweiwel, wëll eigentlech weider. Hei fänkt dann eng vun de gréissten Aktiounen un déi et jeemols ginn ass fir mech ëmzestëmmen. Ee rennt bei e Mann, de Chef, et gëtt e puer Better hei, et ass einfach mä waarm. "Et ass nach 1 Bett fräi, du kanns dat kréien".

Eng Joffer déi iergendwéi net hei hi passt awer eng Ausstrahlung huet dat ee si net kann ignoréieren, "a mar kanns du och net weider, well um 24.00 Auer spären si de Pass bis um 15.00 wéinst dem Dakar". Och nach dee Misère, ech si voll an den Dakar gerannt, egal, d'Beméiunge mech um Weiderfueren ze hënnere gi weider bis ech noginn an Awëllegen ze bleiwen, d`Joffer Veronika ass aus dem Häischen, "wat sot si"? Hire Frënd, "hat ass frou datts du hei bléiws".

Dann entwéckelt sech erëm eng Situatioun déi onbezuelbar an onvergiesslech ass. Éischtens fannen ech eraus datt d'Joffer Veronika eng 1200er BMW GS fiert, net dat ech elo zum BMW Fan gi wier, awer fir eng kleng Joffer e stolze Moto, zemools si hirem Moto eng ganz perséinlech Nout ginn huet duerch eng filigran roud Schlauf un der Bremspedall, genial.

RTL

De Rescht si Biergsteiger, een huet mat senger Frënndin grad en 6000er direkt virun der Hütt erklomm, et gëtt nach en zweeten, den attackéiere si di nächst Deeg.

Et gëtt däischter, an et gëtt giess. Ech hu just e puer dréche Kichelcher bei mir déi ech ëmmer dobäi hunn, et weess een ni wou een emol Iwwernuechte muss, iergendwou niewend der Strooss, da sinn e puer Kichelcher an e bëssche Waasser e kulinarescht Erliefness. Mä hei ass jiddereen esou besuergt ëm mech a well mir eppes vu sech mat ginn, et ass ze vill dës gudden. Zum Schluss leet jiddereen op den Dësch wat en huet a mir deelen alles, esouguer 2 Fläsche Wäin tauchen op, jiddereen e bësschen, super.

RTL

Ech wollt eigentlech d'Zäit notzen an nom Iessen e bësschen un deem heiten Text schreiwen, wéi en Typ sech niewend mech sëtzt a freet, "kënne mir net e Film op dengem Computer kucken"? "Natierlech". De Mann huet op sengem USB Stick e 5 Minutte Film, keng Ahnung, ech starten, et ass e Film iwwert d'Biergklammen, all Mënsch kënnt erbäi, mäi Laptop mutéiert zum Kino. Et geet ëm ee Biergsteiger, "dat ass mäi Frënd, den Dario Bracali, wéi mir den Dhaulagiri erklomm hunn". Den Dhaulagiri? Ech froen emol léiwer no, deen ass am Nepal, huet 8167 Meter an ass de siwent héchste Bierg vun der Welt a schwiereg ze erklammen. "Jo jo, den Dhaulagiri ", ech sëtzen net mat egal Wiem héi op 4040 Meter. "Dat hei sinn déi leschte Biller vun him, duerno war meng Batterie eidel, hien ass den 02 Mee 2008 op deem Bierg gestuerwen". (Et stëmmt, ech hunn et am Internet nogesicht) Et ass roueg ginn, de Film war fäerdeg, "kanns du eis net e puer vun denge Fotoe weisen"? An esou kucke mer bis Mëtternuecht Fotoen, da gëtt de Stroumgenerator ausgeschallt an et ass däischter.

Ech sëtzen nach eng Stonn virun der Dier mat engem Biergsteiger, den Himmel ass voller Stären, vill méi ewéi béi eis, d'Lut ass esou kloer hei, net fir näischt stinn 300 Kilometer vun hei déi gréissten Observatioune vun der Welt fir den Himmel ze erfuerschen.

Ren meets Dakar

Moies huet den Dakar dann eng Tankstell virun eiser Dier opgeriicht, d'Etapp war annuléiert ginn an ass just als Verbindungsetapp gefuer ginn, also nix Vitesse. Et soll vill Niwwel um Pass gewiescht sinn war déi offiziell Ursaach. Ech war um Pass, do war kee Niwwel, et war glaskloer an d'Sonn huet geschéngt. De Problem war datt déi Etapp den Dag virdrun erëm ze schwéier war, si huet misst gekierzt ginn a vill Motorrieder si mam Helikopter aus den Dünen erausgeflu ginn hunn d'Leit vun der Tankstell mir gezielt.

RTL

Eng Jeep vun der Organisatioun fiert bäi a brauch Diesel dee si och kritt. Da fänkt den Typ vun der Organisatioun un iwwert de Change ze diskutéieren. Hien huet keng Argentinesch Suen, nëmmen Chilenesch Pesoen, hien ass net averstan a streit wéinst engem Euro. Eng Firma déi 16.000 € fir de Start vun engem Moto verlaangt an da fir 1 € an der Wüst streit, ech hu mech musse ganz ferm beherrschen fir deem Aarschlach net a senger Landessprooch meng Meenung ze soen.

Allerdéngs war do en Argentinesche Polizist dee perfekt Franséisch geschwat huet, extrem frëndlech war an dee virgeschloen huet op di Argentinesch Säit ze fueren an de Change ze kontrolléiere wat si dunn och gemaach hunn. D'Männer déi sech ëm de Bensin an ëm d'Schlofe bekëmmeren hu mech bekuckt, mir waren eis eens, mir hunn all de Kapp gerëselt.

Wann ech un dee franséische Motoradsfuerer denken dee se einfach un engem Longenoedem stierwe gelooss hunn obwuel hie säin Noutsignal gedréckt hat an dat de 4. Januar zu Paräis ukomm ass awer eréischt de 5 Januar an Argentinien, da stellen ech mer mat Genoss fir wann deem Crétin vun der Organisatioun géif de Mazout ausgoen.....

Ech hunn de Polizist deen esou gutt franséisch geschwat huet méi spéit gefrot wisou hien där Sprooch esou mächteg wier, "ech hun zu Fontainbleau bei Paräis fir Polizist geléiert". "Do léieren di Lëtzebuergesch Motoradsfuerer vun der Police och". "Jo, Motoradsfuerer hunn et do net einfach".

Eng Stonn méi spéit ginn ech vun deem Mann als éischt op eng Fläsch Waasser agelueden, dann op e Kaffi an e puer Kichelcher, Schlussendlech kréien ech seng Visitekaart, "wanns du iergend e Problem an Argentinien hues da ruff mech un, hei ass meng Adress an hei meng Handy Nummer." De Mann ass Kommandant, hien ass de Chef vun der Drogepolice an Argentinien. Argentinier si frëndlech Leit.

Ech froen hien, de Pass ass net gespaart well d'Etapp als Verbindungsetapp zréckklasséiert ginn ass, an esou starten ech monter an di entgéintgesate Richtung vum Dakar. Verschidde Konkurrenten halen den Daum no Uewen wa Mier eis kräizen, sympatesch.

Life on Mars: Welcome to Chile

De Pass ass den Hummer, eng Landschaft ewéi um Mound, ech probéiere guer net se ze beschreiwen, si ass net ze beschreiwen. Et gëtt esou vill ze bestaunen, déi gréng Lagun, den héchste Vulkan vun der Welt, den Nevado Ojos del Salado wou de Chilene Gonzalvo Bravo den 21. Abrëll 2007 mat enger ëmgebauter Suzuki Samurai d'Héischt vun 6688 Meter ereescht huet an domat e Weltrekord fir Gefierer opgestallt huet, Bierger déi Faarwtéin hunn ewéi wann ee se gemoolt hätt.

RTL

Vum Pass op 4765 geet et just nach Biergof bis op Copiapo, op 348 Meter.

Vun 4765 Meter op 348 a 7 Stonnen, vum Paso San Francisco wou et net vill Sauerstoff gëtt duerch d'Atacama Wüst wou et bal kee Waasser gëtt un de Pacific wou ee béides am Iwwerfloss huet a 24 Stonnen, méi grouss Géigesätz a sou kuerzer Zäit ze fannen dierft schwéier ginn.

Salut,
Ren