De Ren ass nees on tour. Zesumme mam Marcel a mat 2 geléinte Motorrieder geet et 3 Méint laang duerch den onbekannten Nord-Oste vun Indien. 1. Blog.

De Start vun dëser Rees war e bëssi méi schwiereg, et huet zwee Méint gedauert, fir e Visa zu Bréissel ze kréien, nëmme well en äifrege Beamte gemengt huet: "Wëllt Dir wierklech dohin?" "Dir", dat sinn de Marcel an ech. - "Jo". - "Da musst Dir op Bréissel kommen." "Dohin", dat ass an den Nord-Oste vun Indien, do léie 7 indesch Staaten, déi u China, Myanmar a Bangladesch grenzen an déi bis virun 2 Joer nëmmen als organiséiert Rees mat mindestens 4 Persounen ze besichtege waren. Ech hu leider missen uginn, wou mir hi wéilten, fir 3 Entréeën an Indien am Visa ze kréien, falls et méiglech sollt sinn, duerch Bangladesch ze fueren, woumat ech awer net rechnen, oder am Fall wou ee misst ëmplangen, fir eventuell an de Nepal ze fueren oder e Besuch a Myanmar ze maachen.

RTL

Bis den 1.1.2011 huet ee fir jiddwer vun deene 7 Bundesstaaten eng eenzel Geneemegung gebraucht, déi iwwer e Reesbüro huet missen agereecht ginn, alt bis zu 3 Méint am Viraus, mam Resultat, dat deen Deel vun Indien bis elo ganz wéineg touristesch erschloss ass.  Säit dem 1.1.2011 brauch ee just nach fir 1 Bundesstaat dee Permit, fir Arunachal Pradesh, mat der Bedéngung, datt ee muss zu 2 sinn an datt de Permit iwwer e Reesbüro 8 Wochen am Viraus ugefrot gëtt.

De frëndleche Mann vun der Bréisseler Botschaft huet ons dunn zu Bréissel erkläert, datt dat alles net esou einfach wier, mir sollten dee Pabeier, deen hien eis ginn huet, ausfëllen an da géif hien dat op Dehli schécken. De Pabeier war allerdéngs komplette Mumpitz, well et war e Permit fir Indien, awer net fir e spezifesche Bundesstaat. Well ech wousst, op wat hien aus war, wéi hie mir ugeruff huet, hunn ech emol virsiichtshalber fir all Staat een ausgefëllt an hunn du gefrot, "wëll Dir net léiwer dës Formulairen"? Hie krut Aen ewéi Tomaten esou grouss: "Wou kënns du dann do drun, hu si dir déi ginn?". - "Den Internet huet mir déi ginn." - "Den Internet", de Mann war faassungslos an ass fir eng Stonn a sengem Büro verschwonnen, fir d'Pabeieren ze studéieren. Du koum hien zeréck an huet ons erkläert, datt dat net esou einfach wier, dohin ze fueren, hie géif awer säi Bescht maachen. Dat Bescht wier gewiescht, hien hätt näischt gemaach, ausser engem Visa auszestellen, awer dat war him net bäizebréngen; ech hunn him d'Gesetz, wat op den eenzelen Internet-Sitte vun den eenzele Staate steet, erkläert: "Jo, jo, dat ass richteg, awer ech muss trotzdem alles op Dehli schécken." - "Wéi laang dauert dat, bis d'Dokumenter erëm kommen?" - "Ongeféier 1 Mount". Datt si och no engem Mount net erëm kéimen, war scho vu vir era kloer, well fir Arunachal Pradesh, déi eenzeg, déi nach e Permit froen, muss ee 50 Dollar bezuelen, hien huet awer kee Geld gefrot.

Bréissel, ech kommen!

No engem Mount war natierlech nach näischt vun Dehli komm, no 7 Wochen hunn ech dunn emol ugeruff, den 1. Oktober krut ech vun enger frëndlecher Madame als Äntwert: "Dës Woch ass e Feierdag, do fannt Dir keen an der Botschaft, rufft de 7. nach emol un." Op mäin Awand, datt et jo net méi esou laang wier bis den 19. Oktober, wann de Fliger soll fléien, sot si, "dat ass jo awer nach". De 7. huet et du geheescht, "den Här, wou sech drëm këmmert, ass am Spidol, rufft de 14. emol un. De 14. huet et du geheescht, dem Mann géif et ëmmer nach net gutt goen, ech sollt emol de 15. uruffen. Ech sot, mir géif et och esou lues net gutt goen, Enn der Woch géif de Fliger goen, "da rufft emol de Mëtteg um 3 un". - "Madame, ech sinn de Metten um 4 bei Iech am Büro zu Bréissel." Doropshin sot si näischt méi.

RTL

Um 4 war ech zu hirem groussen Entsetze wierklech do a si hu missen aktiv ginn, well gemaach hat natierlech nach ëmmer keen eppes. Si hunn dunn de kranke Beamten ugeruff, no 40 Minutten, 20 vir 5: "Eng gutt Noriicht, mir kënnen iech eng dräifach Entrée ginn." - "Dat freet mech". 5 vir 5: "Et gëtt e Problem, eise Computersystem ass ofgestierzt, kënnt dir nach e bëssche waarden?" - "Esou laang Dir hei sidd, bleiwen ech och." - "Ah, Merci." 20 vir 6: "De System kënnt net méi erëm, et gëtt nach eng Méiglechkeet, mir kënne Iech e Visa manuell ausstellen." - "Ok, a wou ass den Hoken?" - "Da kënne mir Iech nëmmen 2 Entréeë ginn." - "Gutt, ech huelen déi 2 Entréeën". Um 10 op 6 waren dann déi 2 Visae fäerdeg an ech konnt erëm op Lëtzebuerg gondelen.

Amsterdam, mir kommen!

Um Findel ass et dunn am selwechte Stil virugaangen: "Ech  kann Iech net bis Dehli anchecken, de Fluch vun Amsterdam op Dehli ass iwwerbucht, ech d'checken Äert Gepäck emol bis Dehli an", sot di frëndlech Damm, "ech géif Iech roden, op AMS ze fléien an dann ze kucken, ob se Iech mathuelen".  Zu AMS huet et du geheescht: "Mir bekennen eis schëlleg, de Fluch ass iwwerbucht, mir kënnen Iech net soen, ob mir 2 Plaze fir Iech hunn, gedëllegt Iech w.e.g." Dat mat der Gedold huet du gedauert bis 10 Minutte virum Fluch, dunn huet et geheescht: "Mir hunn 2 Plaze fir Iech". Awer e puer Leit sinn zeréckbliwwen an hunn dierfe Quartéier an engem Hotel bezéien, eng Frechheet.

Delhi, mir kommen!

Zu Delhi du genee de Contraire: "Är Motorrieder si fäerdeg, Dir kënnt mar lass fueren." Et ass fir d'drëtt, datt ech eng Enfield bei deem Händler lounen, ech si ni ënner 3 Deeg waarde fort komm. Mir konnten awer net direkt fort, well mir jo nach wollten en Inner Line Permit fir Arunachal Pradesh besuergen. Praktesch ass, dat zu Karol Bagh sonndes d'Geschäfter op sinn, esou konnte mer nach e Besuch beim Optiker maachen, deen dunn a sengen PC festgestallt huet: "2011 waars du fir d'lescht hei". - "Jo, dat stëmmt." Gutt, wann den indeschen Optiker nach weess, wéini ee fir d'lescht do war.

RTL

Wat zu Delhi opfält, d'Loft ass besser ginn, an de Geschäfter gëtt et keng Plastikstute méi, also kann een och keng méi verbrennen, wat soss usus war, fir sech ze wiermen. Eng aner interessant Neiegkeet, si hunn ewell elektresch Tuck-Tucken, nach gëtt et eng Onmass vun deen ale giel mat grénge Piaggioen, awer hier Zäit schéngt gezielt ze sinn. Iwwerhaapt gëtt et Tonnen nei Autoen, wat natierlech mat sech bréngt, datt de Verkéier nach manner fléisst an datt Géigesätz openeen treffen, déi net méi esou richteg zesumme passen. E beandrockend Bild war, wéi sech op enger Kräizung e Porsche Cayenne (!!), en Dacia Duster an eng Vëlorikscha getraff hunn. De Pilot vun dem Porsche huet gemengt, hien hätt d'Virfaart matkaaft an huet sech deementspriechend opgefouert, wat d'Vëlorikscha herrlech wéineg gestéiert huet.

RTL

Méindes hu mir d'Metro geholl, fir an d'Stad, do gëtt et esou guer um Quai eng Zon fir Dammen, rosa gezeechent, an der Metro d'selwecht. Mir waren nach schnell an eng Metro gesprongen, et ass mir awer komesch virkomm, alles war esou faarweg an kee Gedrécks, gutt Plaz, bis eng Damm gesot huet: "Entschëllegt, dat heite Kompartiment ass fir d'Damme reservéiert."

RTL

Schnell sech entschëllegt a bis bei d'Häre weidergezunn, do stounge se ewéi d'Hierken an der Tonn. Et kéint ee sech jo liicht virstellen, wann d'Damme missten do der tëschent stoen, datt verschidden Hären hir Flossen net bei sech hale kéinten.

Permit? Kee Problem!

Am Büro vun Arunachal Pradesh war d'Madame ganz frëndlech: "Dir wëllt mam Moto dohin, vu wou start Dir dann?" - "Vun hei." - "Vun hei???" - "Wësst Dir, wéi wäit dat ass???" - "Jo." - "Fannt Dir dann de Wee dohannen?" - "Jo." - "Waart Dir da schonn do?" - "Nö." D'Madame laacht, "en Téi?" - "Jo, gären." Si rifft e Mann un, dee kënnt an de Büro, "wat fir enger Reesagence kënne mir 2 Motorrieder ënnerjubelen?" De Mann huet eng Iddi an esou hu si sech dach tatsächlech druginn, e Permit mat eisen 2 Nimm drop auszestellen. Dat ass d'Konditioun, wann ee wëll deen am mannste kartograféierten Deel vun Indien am Nord-Osten un der Grenz zu China besichen.

Normalerweis muss déi Demande fir dee Permit iwwer eng Reesagence agereecht ginn, mat där een dann déi festgeluechte Streck zesumme bereesen dierf. D'Madame ass awer zimlech labber, fir 20 Dollar op de Kapp (+50 fir de Permit) schreift si eis eng Reesfirma op de Permit, "wann een Iech freet, da sot Dir einfach, Dir wiert mat där Firma ënnerwee". Si wënscht eis nach eng schéi Rees an dann: "Äddi a Merci". An dofir dee ganze Kramp zu Bréissel.

Ganesha um Guidon

Ier mer mat de Motoe starten dierfen, gëtt am Geschäft eng Puja ofgehalen, eng Zeremonie, woubäi de Gott Ganesha fir eng glécklech Rees gefrot gëtt, Räucherstäberscher un d'Motoe gestach ginn an e Gebiet geschwat gëtt. Duerno gi Séissegkeete verdeelt, de Gott Ganesha kritt e bësschen op säi Logo um Guidon gepecht.

RTL

Dënschdes moies um hallwer sechs si mir du Richtung Shimla gestart . Et ass d'Zäit vum Karschnatz, an esou gëtt emol labber en Deel Autobunn zougemaach vir d'Kären drop ze dréchnen. Lëschteg ass och nach ëmmer, wann engem en Ochsegespann op der Autobunn begéint.

RTL

Shimla läit um Fouss vum Himalaya, dohinner hunn d'Englänner sech während der Kolonialisatounsszäit zeréckgezunn, wann et am Déifland ze waarm ginn ass. Shimla läit komplett am Bierg an et ass ustrengend, duerch déi Gaasse vun ënnen no uewen ze wanderen, zemools an der kompletter Motorradskleedung op der Sich no engem Zëmmer. Ausserdeem sinn zimlech vill Leit do, mir fueren den Dag drop weider op Manali, do ass et méi gemittlech. Opwuel et nëmmen 261 km sinn, brauche mir 7 Stonnen.

Kaffi, Italien, Däitschland, Chrëschtmäert ... a Lëtzebuerg!

Manali ass d'Entrée zum Himalaya, et gëtt Nei-Manali, wou d'Geschäfter sinn, an Al-Manali wou déi präiswäert d'Guest-Haiser stinn. Do ass et gemittlech, an et feelt engem un näischt. Et gëtt e Café, wou de Besëtzer selwer Kaffisfreak ass a sech fir italieinesch Pavoni-Kaffismaschinne begeeschtert. "Ech hunn der 5, ech bestelle se an Amerika, do sinn se am bëllegsten." En zweete Mann gesellt sech zu eis, "vu wou kommt Dir?" - "Lëtzebuerg, Europa." - "Ni héieren." Nodeems mir him erkläert hunn, wou Lëtzebuerg läit, kann hien et net faassen, "ech sinn all Joer e puermol an Däitschland an hu nach ni eppes vu Lëtzebuerg héieren". Et stellt sech eraus, datt de Mann fléissend Däitsch schwätzt! "Wat méchs du dann an Däitschland?" - "Ech beliwweren d'Chrëschtmäert mat falsche Paschmina-Schalen, e Bomme-Geschäft. Awer ech halen elo op domat, ech maachen och e Café op wéi mäi Kolleg, hie verdéngt sech blöd hei." Am Januar kommen ech erëm an Däitschland, da kommen ech och op Lëtzebuerg, dat muss ech gesinn."

Mir bleiwen e puer Deeg an duerchsträifen d'Duerf, wat méi héich ewéi d'Guest-Haiser läit an am krasse Géigesaz zum Touristevéirel steet. Hei ass d'Zäit stoe bliwwen, eng Fra rëselt Käre virun engem Ventilator, fir esou den Dreck vun de Kären ze trennen. Owes koum eng Prozessioun laanscht, där ech mech ugeschloss hunn, si ass am Däischteren duerch di schmuel Pied am Duerf gaangen an d'Leit stounge respektvoll virun den Haiser. Uewen am Manu-Tempel ass dann d'Gottheet erëm ofgestallt ginn, jiddwereen, dee mat gaangen ass, kritt e puer Blummekäpp, déi sech uewen an d'Mutz gestach ginn.

RTL

Manali läit op 1.800 Meter, gutt, fir sech ze akklimatiséieren, well vun hei aus geet et an den Himalaya, an de Spiti-Dall, eng vun dënn am mannste bewunnte Géigende vun der Welt mat 2 Persoune pro Quadratkilometer. Dovunner dann d'nächst Woch.

Bis dann,

Ren