Spiti Dall

Vun dëser Etapp gëllt zeréckzebehalen: De René Hilbert huet se iwwerlieft a ka weider bloggen! Uff! Ma liest selwer, wat op eemol vun uewe komm ass ...
Fir an de Spiti Dall si mir um 5 Auer opgestanen, fir bei Sonnenopgang ze starten. Am Gaart niewent eisem Guest House stoung e Mann ze bieden, am Grapp e klenge Krou aus Messeng, gefëllt mat Waasser an engem grénge Blat, wat um Waasser geschwommen ass. De Mann huet e puer Minutte gebiet, währenddeems huet hien dee Krou viru sech gehalen, zum Ofschloss vum Gebiet huet hie ganz lues de Krou ausgeschott, sou dat d'Waasser a säi Gaart gelaf ass. Déi Spiritualitéit hei ass einfach beandrockend.
Vu Manali op Kaza an de Spiti Dall sinn et nëmmen 217 KM, dovun awer 137 KM iwwelst Pist matten duerch den Himalaya. Oktober ass déi leschte Méiglechkeet, duerch den Dall ze fueren, duerno kënnt de Schnéi, d'Pist gëtt net geraumt a bleift fir e puer Méint gespaart, bis d'Sonn de Schnéi erëm ewechleckt. De Virdeel, eréischt nom Summer duerch den Dall ze fueren, ass, datt d'Pist méi dréchen ass. Am Summer schmëlzt de Schnéi op de Bierger a leeft biergof an dann iwwer d'Pist. Da ginn aus klenge Rinnsale breet a räissent Baachen, déi e puer Meter breet an oft en hallwe Meter déif sinn, an déi et dann ze duerchfuere gëllt. Mam Waasser kommen natierlech déck Steng mat, déi een net gesäit an déi esou en Duerchfueren zu enger sportlecher Affaire maachen. Den Nodeel vum Oktober ass, dat et schonn zimlech kal ass, den 1. November maachen déi wéineg Gäschthaiser zu Kaza an am Rescht vum Dall zou, duerno kann ee just nach bei Privatleit schlofen, heescht "home stay" hei.
2 Päss: mol méi, mol manner relax
Bis op Kaza gëllt et iwwer 2 Päss ze fueren, de Rothang La mat 3.950 Meter, deen ass godronnéiert an net schwéier ze fueren. Ënnerwee op de Pass gi laanscht d'Strooss waarm Thermokombinaisone verkaaft, si gesinn all gebraucht aus, et ass gutt méiglech, datt een sech déi just fir iwwer de Pass léint an duerno op där anerer Säit erëm ofgëtt. Uewen um Rothang ass e Maart, wou Päerd gehandelt ginn, Gummisstiwwelen an dozou dee passenden synthetesche Mantel fir d'Madame, alles labber open air tëschent déifgefruerene Baachen.

Nom Rothang Pass geet et riets an de Spiti Dall, vun elo un ass de Wee éischter "naturbelooss", nix Godrong, esou gutt ewéi kee Verkéier méi an och bal keng Leit méi. De Spiti Dall zielt zu den am mannste bewunnte Géigende vun der Welt mat 2 Persounen op de Quadratkilometer, an déi wunnen net all laanscht d'Strooss. Bei bloem Himmel ass et zwar ustrengend, dee Wee ze fueren, et gëtt vill déck Steng, wou een driwwer muss, awer d'Landschaft ass et wäert, deen türkisfaarwege Spiti schlängelt sech duerch wonnerschéi Bierger, déi deels Schnéi bedeckt sinn oder sech a groen a brongen Téin presentéieren, Vegetatioun gëtt et esou gutt ewéi keng hei.
De Kunzum Pass ass 4.551 Meter héich a vun do un ass et fäerdeg mat deem schéine Wieder, déifhänkend Wolleken zéien hanner eis op a kommen ëmmer méi no, et gëtt batterkal. De Wee schrauft sech a Serpentinnen ëmmer méi héich, uewen um Pass sinn e puer Tschorten, déi an Auerzäit mussen ëmfuer ginn, dat soll Gléck bréngen. En Auto mat e puer Inder ass mat eis um Pass, si hänke Gebietsfändelen op a spende Suen. Ech maache Fotoen, währendeems fänkt et mat Schneien un.
D'Inder maache sech schnell an den Auto a fort, a mir maachen eis och op de Wee.
Kaza zitt sech ...
Ënnerwee begéine mir e puer Yak, déi eleng ënnerwee sinn, schéin Déieren, vun hirer Mëllech gëtt wonnerbare Yakkéis gemaach. Et fänkt u schwéier ze ginn, Fotoen ze maachen, trotz waarmer Kleedung ass et batterkal an d'Kilometer gi laang. Kaza wëll einfach net méi no kommen.

Um 17 Auer erreeche mir Kaza, déi eenzeg gréisser Uertschaft am Dall, do gëtt et e puer Guest Haiser, awer si si scho bal all zou, d'Saison ass fäerdeg. No laangem Siche fanne mir e Guest House, wat nach op huet; de frëndleche Mann, en Tibeter, wéi sech schnell erausstellt, wéi bal jiddwereen hei. Iwwerall hänkt den Dalai Lama, di al Kléischter am Dall gi mat Sue vun Dharamsala, dem Sëtz vun der Tibetescher Exilregierung, nei renovéiert.
Spiti heescht "dat Land dertëschent, tëschent Tibet an Indien".
Wéint der Héicht: Drock am Kapp
Mir sinn an engem Dag vun 1800 Meter op 3800 gefuer, dat mécht sech am Kapp bemierkbar, et ass ee schlapp, et huet ee net méi vill Kraaft an et mengt een, de Kapp géif engem platzen. Awer aus eegener Erfarung weess ech, datt dat no ee bis zwee Deeg Rou scho vill besser ass, also kee Grond zur Beonrouegung.
De Roudag bitt sech un, fir den Inner Line Permit z'organiséieren, ouni deen een e gewëssenen Deel vun der Stréck net bereesen dierf. Am Gebai, wou et dee Permit gëtt, ass all Büro verlooss, e frëndlech Mënsch féiert eis bei e Büro, "hei ass et". Schéin, de Büro ass eidel. No enger hallwer Stonn kommen dann 2 Mann, "e Permit?" - "Jo." - "Huelt Iech Platz." De Büro ass spektakulär, vill méi rau geet et net méi. De Mann kroomt a verschiddenen Tiräng, "mir hu keng Originaler méi vun der Demande, hei ass eng gebrauchten, schreift déi einfach of". Si schénge scho méi laang keng Originaler méi ze hunn, well dee, wou mer ofschreiwe sollen, ass och schonn en ofgeschriwwenen.
No enger hallwer Stonn sinn dann di 2 Permiten ausgestallt, dënn zweete Mann setzt seng Ënnerschrëft drënner, "w.e.g., fäerdeg, eng schéi Rees".
Mir wollten awer nach net direkt virun, mä an d'Bierger, do leien e puer schéin Dierfer an 2 al Kléischter. Mir froen de Mann vum Guest House, ob hien en Taxi kéint organiséieren, dat ass vill méi praktesch, fir ze fotograféieren. Owes deelt hien eis mat, datt hien en Taxi fonnt huet, "déi richteg ware leider net ze kréien, et ass e Fest a si sinn all an d'Dierfer, ech hu just e klenge Suzuki Alto fonnt, entschëllegt w.e.g.".
Rekorden, wat d'Héichten ugeet ...
Den Taxichauffer war e sympathesche Kärel an esou si mir mat engem klengen 800 Kubik Dräizylinder an d'Bierger gestart. Als éischt bei d'Ki Gompa op 4166 m an duerno op Kibber. Dat war laang Zäit dat héchstgeleeënt Duerf op der Welt mat Stroumuschloss op 4270 m. Säit deem de Stroum do ukomm ass, huet sech allerdéngs näischt méi do gedoen, bei enger frëndlecher Madame drénke mir en Téi, si huet e léift klengt Meedchen, wat ganz fotogen ass.
Vu Kibber kraxele mir mat eisem Mini Suzuki monter ëmmer méi héich, komme laanscht Langza a schlussendlech bei d'Komic Gompa, en alt Klouschter op 4524 Meter. An der klenger Kiche war eng lass, si hunn eng Aart Bretzele gebak fir e Fest, wat samschdes statt fonnt huet. Mir hunn dierfen an der Kiche Fotoe maachen, kruten e puer Bretzelen an hu misse verspriechen, e puer Fotoen ze schécken.
Am erstaunlechste war allerdéngs op 4536 m eng Stroossewalz ze begéinen, et huet sech ëm de Model Britannia Roadmaster gehandelt, Baujoer 1994, déi ëmmerhi 35 Päerd bei 1.400 Ëmdréiunge leescht.
Zu Kaza soll et di héchstgeleeën Tankstell vun der Welt ginn, op 3.740 m.

Zouen Dieren a stierwe fir eng Skorpiounsplo
No Kaza ass d'Strooss e puer Kilometer besser, et kënnt ee laanscht Dhankar Gompa, déi spektakulär uewen an de Fielse klieft, duerno läit riets niewent dem Wee d'Tabo Klouschter, ganz aus Leem gebaut, aus dem Joer 996. Et gesäit anescht aus ewéi di typesch tibetsch Kléischter, kéint vum Ausgesinn hier och zu Timbuktu stoen. Si ass als Unesco-Weltkulturierwe klasséiert, d'Molereie bannendra sollen di Schéinst sinn, déi nach erhale sinn. Leider war alles zou, d'Mönche waren net do an esou kënne mer dat net bestätegen.
Zu Gue kann een eng Mumie kucke goen, déi 2004 bei Bauaarbechte fräi geluecht ginn ass. Si ass ongeféier 500 Joer al, de Mönch soll sech amauere gelooss hunn a meditéiert hunn, bis hie gestuerwen ass, fir säin Duerf vun enger Scorpiounsplo ze befreien. Allerdéngs war d'Dier fir de Raum zou, esou hunn ech eng Foto vu bausse gemaach.
Am Duerf Gue hunn si d'Strooss nei gemaach, ewéi am ganzen Himalaya gëtt dat kommlett vun Hand gemaach, Stee fir Steen niewentenee geluecht.
Mir kommen owes zu Nako un - en Duerf ewéi e Musée. Hei ass d'Zäit wierklech stoe bliwwen, kleng verwénkelt Gaassen tëschent de Lehmhaiser, wou d'Maulieselen a Geessen derduerch gedriwwe ginn, iwwerall si kleng Gebietsmillen an d'Maueren agebaut. Ech stinn ënner enger Fënster a lauschteren enger Stëmm no, déi tibetesch Gebieder schwätzt, et ass faszinéierend. Kee Kaméidi, just ural Haiser ëmginn vu schnéibedeckte Bierger, an dann eng Stëmm, di Gebieter muermelt, dat huet schonn eppes.
Hei brauche se keng staatlech Energieberodung, hei wëssen se, datt d'Stréi um Daach isoléiert, an esou läit oft iwwer en hallwe Meter Stréi um Haus.
100 km Schantjen
Owes erreeche mir Kalpa, e klengt Dierfchen, wat matten an de Bierger läit mat enger herrlecher Aussiicht. Nodeems mer endlech di geféierlech Äerdrutsch-Géigend hannert eis hunn, anscheinend kommen op kenger Strooss an Indien méi Leit pro Joer duerch Äerdrutschen ëm d'Liewen ewéi op dëser Streck, hate mir gehofft, d'Streck géing besser ginn. Awer nee, no Kalpa gëtt d'Strooss nach méi miserabel, si schaffen drun, a wa si an Indien un der Strooss schaffen, da maache si dat net op engem Deel, mä iwwer d'ganz Längt gläichzäiteg, dat heescht eng 100 KM laang Baustell mat iwwelste Konditioune fir ze fueren.

No enger Kéier steet e Mann niewent engem Camion a wénkt, mir solle stoe bleiwen - "waart op d'Sprengung". Et dauert och net laang, an eng gewalteg Detonatioun haalt duerch den Dall, Tonne Steng fléien op Strooss, dat war et da wuel fir di nächste Stonn. De Mann mam Bagger ass awer schnell an no enger hallwer Stonn kënne mir weider fueren, e Police-Jeep ass am presséiertsten an düst als éischt lass.
Dat war knapp!
E puer Kilometer weider de selwechten Zeenario: E Polizist an Uniform mat Funkgerät hält eis un, "waart, hei kommen elo gläich Steng erof". Mir stinn alleguer, bis op eemol de Police-Jeep lassfiert, ech denken, si hunn iwwer Funk matgedeelt kritt, datt si nach duerch däerfen, ier d'Steng kommen, also fueren ech hannen drun. Op eemol gesinn ech kee Police-Jeep méi, mä just nach e Mann, dee wäit ewech verzweiwelt mat den 2 Äerm wénkt, ech soll stoe bleiwen. An ier ech mech ëmsinn hunn, komme vun uewen déi éischt Steng geflunn. Ech hunn de Moto op d'Säit widder de Fiels geluecht a si lass gelaf, hanner mir koum den hallwe Bierg erof, et huet geknuppt a gestëbst an d'Steng si mir ëm d'Ouere geflunn. Wéi ech erëm beim Polizist a beim Marcel ukomm sinn, dee schnéiwäiss am Gesicht war, hunn ech mech ëmgedréit a just nach eng Stëbswollek gesinn. Et huet e puer Minutte gedauert, bis sech de Stëbs verzunn hat, a während där Zäit hunn ech mech gefrot, wat wuel aus de Polizisten am Jeep an aus mengem Moto samt Fotoapparat gi wier. Ech hu mir schonn e Konschtwierk duerch Kalverformung virgestallt, awer nee, zu mengem groussen Erstaunen hat de Moto iwwerlieft, e louchen e puer méi kleng Steng drop, et war awer nach alles ganz. A well e jo nach ganz war, wollt ech en dunn awer a Sécherheet bréngen a sinn dohi gelaf an en ass esouguer ugesprongen. Ech hunn och dunn de Police-Jeep gesinn, hie stoung fest widder dem Fiels, d'Poliziste stoungen ënner engem Iwwerhang, de Jeep war komplett bedeckt vu klenge Steng. "Komm hei hin", also de Moto virun de Jeep a mech bei d'Poliziste gestallt. "'t komme Steng vun uewen", krut ech vun deenen dräi frëndlech matgedeelt. "Merci, dat ass mir och schonn opgefall". No enge weideren 10 Minutte gouf et dunn Entwarnung a mir konnte weider fueren.
En Téi, e Menü, eng Warnung
Zu Wanghtu hu mir eng Paus gemeet an op dat Erliefnes emol en Téi gedronk. Do hat e Schouster op engem Fiels säin Atelier ageriicht an huet Schong gefléckt. Bei enger vu menge Lafschlappe war d'Suel lass, ech hunn dem Mann se gewisen a gefrot, fir se gepecht ze kréien, de Mann ass formell, "de Schued ass ze grouss, dat muss gebitzt ginn". Gräift sech eng Nol an en Fuedem a bitzt drop lass, no 10 Minutten ass di ganz Suel gebitzt, kascht 20 Rupeeën, 0,24€.
Owes lande mir erëm zu Shimla, an do hate mir déi éischte Kéier e super Restaurant fonnt, ganz kleng, ganz einfach, et gouf nëmmen 1 Menü, Lënse mat Chouffleur, réi Zwiwwelen an Chapati. Et gouf z'iesse bis ee genuch hat, fir 60 Rupeeën, 0,72€ op de Kapp. A keen Tourist wäit a breet.

Di zweet Kéier huet et mir scho besser zu Shimla gefall ewéi déi éischte Kéier. Sympathesch war eng Opschrëft op enger Garagëpaart: Autoen, déi virun dëser Paart stationéieren, gëtt d'Loft aus de Pneue gelooss. Voilà, hei gëtt net laang gefakelt an et soll kee soen, e wier net gewarnt gewiescht.
Dat war et fir haut, bis d'nächst Woch,
Ren
