Rishikesh, Welthaaptstad vum Yoga

Op der viregter Etapp gouf den Auteur bal vu Steng erschloen, op dëser goufen et Transmissiounsproblemer, ma de Stroum koum mat Zäiten zréck, zum Gléck :-)
Hei also dann elo déi neisten Aventurë vun eisem Globetrotter op 2 Rieder:
Et ass de Virdag vun Diwali an an all Duerf sti Stänn niewent der Strooss, déi Rakéiten an zum Deel gewalteg Knupperte verkafen, well Diwali ass hei ewéi bei eis Chrëschtdag a Silvester zesummen, do gëtt déi lescht Rupie ausginn, fir dat et knuppt - a regelméisseg ginn dobäi e puer Hütte mat ofgefakelt.
Niddreg Präisser, richteg Präisser
Ënnerwee wollte mir en Téi drénken, d'Madame, déi kee Wuert Englesch schwätzt, schéngt ze fannen, datt mir ënnererniert ausgesinn a bréngt prompt zwee Teller Thali, Lënsen mat nach zwou verschiddenen Zorte vu Püree, Chappati an Téi, e komplett Mëttegiessen, fir 120 Rupiën, 1,44€, fir eis zwee wuel gemierkt. An den Touristegéigenden kascht en Téi 20 Rupien, 0,24€, de richtege Präis ass 4 Rupie, 0,05€.
Rishikesh ass di éischt gréisser Stad, wou de Ganges duerchfléisst, nodeems e bei Gaumukh offiziell aus dem Gletscher gebuer gëtt, hei verléisst hien d'Bierger an trëtt an der 20 Kilometer weider geleeëner d'Pilgerstad Haridward, eng vun de 7 hellege Stied vun den Hindu, an d'Gangesebene an. Zu Rishikesh kann een iwwerall Yogacourse maachen, mol méi, mol manner serieux, d'Wiel däerft net einfach si fir deen, wou interesséiert ass. E besonnesch motivéierten hellege Mann, ganz an Orange gekleet, zitt säi Weenchen duerch d'Laxman Jhula, d'Touristenenklave, a bitt gratis Yogastonnen um Bord um Ganges un, moies um 4 Auer ... prost dann awer, dann ass et nämlech schéi kal do.
D'Beatles!
Hei bimmelt et andauernd an iwwerall, op moies um 5 oder owes um 5 spillt keng Roll. Vill helleg Männer hei, déi ee scho frei moies beim Meditéiere ka gesinn oder wéi si am Ganges bueden, net nëmmen eng spirituell, ma och eng erfrëschend Affaire. Awer niewent de ville westlechen Touristen, dorënner opfalend vill Dammen, kommen och vill indesch Touristen hei hin. D'Vollek ass zimlech gemëscht hei, an ënner déi wierklech um Yoga interesséiert Leit mësche sech vill Jonker, déi eng labber Zäit hei verbréngen an déi bëlleg Droge konsuméieren an anerer, déi op der Sich no sech selwer sinn.
Esou wéi am Fréijoer 1968, wou d'Beatles zu Rishikesh gelant sinn a beim Yogi Maharishi Mahesh, dem Begrënner vun der transzendentaler Meditatioun, an engem Ashram Course geholl hunn. Et war eng vun hire produktiivsten Zäiten, e groussen Deel vun hirem wäissen Album ass hei geschriwwe ginn. Haut ass deen Ashram awer just nach eng Ruin, déi et net méi lount ze besichtegen.
Virun engem klengen, einfachen Haischen am Bësch setzt eng westlech Madame, virun hir läit de laange Wee e Guru, dat Ganzt gesäit iergendwéi net all ze serieux aus.
Awer et gëtt nach ëmmer vill Ashram, wou ee kann akéieren, klenger a grousser. Dee gréissten, wou mir gesinn hunn, ass de Parmath Niktan. Et ass herrlech, wéi vill Kitsch bannen dran ze bewonneren ass. Awer verschidde Leit, déi do erëm wanderen, si schonn interessant. Virun der Dier war en ale Mann, kleng a ganz dënn, laang gro Hoer, schéin an Orange gekleet, dee gefrot huet, fir fotograféiert ze ginn. Nodeems dat du gemaach war, huet hie sech ganz no bei mech gestallt fir d'Biller ze kucken, hien hat Hoer ewéi Seid an huet ganz fei geroch. Hie war mat de Biller ganz zefridden, huet Merci gesot an ass weider gezunn.
Hoffnung a Verzweiwelung ... a Mënz!
Verschidde Guruen hunn et zu gewëssem Räichtum bruecht ewéi de Guru Nivas, dee sech eng schéi Privatresidenz gebaut huet a baussen drop eng grouss Plaquette ubruecht huet, fir datt och jiddweree gesäit, datt dat seng privat Residenz ass, ënner dem Daach hänkt eng grouss Foto vun him. Mat Leit, déi op der Sich no Hoffnung sinn, léisst et sech ëmmer gutt Geld verdéngen, ob et eng Relioun ass oder e Guru, zum Schluss soll et an der Keess rabbelen.

Et gëtt zwou Foussgängerbrécken zu Rishikesh, déi awer leider och vu Motorradfuerer benotzt ginn, si fuere respektlos a mat vill Getuuts duerch d'Leit. Op deene Brécken turnen awer och Tonnen Afen, ee grousse wäissen Af schéngt eng besonnesch Stellung ze hunn, d'Leit kafen him Kornischongen oder Kakuetten an hie frësst déi mat Begeeschterung. Di Afe sinn net ouni, wéi ech kuerz op d'Toilette ginn, rabbelt et an eisem Zëmmer, ech rennen eraus an en Af trëtt de Réckzuch u mat enger Tut mat 2 Äppel. Ech hannen drun, mir hunn eis dunn drop gëeenegt, dat hien 1 konnt behalen an ech 1 zeréckkritt hunn. Hien huet gemittlech gegrinst an an de rouden Apel gebass, ech hunn un en aneren Af geduecht an hunn och gegrinst, "däi Kolleg, dee wollt de Chef op der Strooss spillen an ass du volle Rouer mat der Schierbel a meng riets Säitentäsch vum Moto geknallt, huet bestëmmt nach eng Zäitchen de Kapp wéi gehat".
Knallfräschen jo, awer keng Fräschen um Teller
Divali zu Rishikesh ass mat vill Kaméidi verbonnen, et haalt am Dall, esou guer d'Mönchen aus dem Ashram vis-à-vis vun eisem Hotel ameséieren sech mat enger Grupp Dammen zesumme Rakéiten a Knallfräsch lass ze loossen, awer d'Halschent vun de Rakéiten zünt net. Awer déi, wou lass ginn, sinn net schlecht, wéi ee vun hinnen dunn awer eng Këscht opgemaach huet mat deene roude Knallfräschen, wéi mir se och haten, wéi mer kleng waren, hunn ech just nach gestaunt. Et wäerten eng 5 Kilo gewiescht sinn, um Rouleau, wéi déi bis gezünt hunn, huet ee vun Damp näischt méi gesinn an et huet ee keng Loft méi kritt.
Zu Rishikesh gëtt et just vegetaresch z'iessen, net emol Eeër, gutt fir d'Fësch am Ganges, mir hunn der gesinn déi 1 Meter laang waren.
De Prënz Charel an d'Madame hu Rishikesh och besicht, iwwerall Arméi, esou guer mat Schlauchbooter um Ganges. Si hunn un enger Artii owes Deel geholl, konnt ee just vun der anerer Säit vum Ganges nokucken, oder an der Zeitung liesen, zum Beispill hei.
E super Kärel!
D'Motorrieder kruten eng Revisioun beim frëndlechen Enfield-Händler, de Mecanicien Ram war net all Dag gewuess, awer wann hie gelaacht huet, war hie mat senge wäissen Zänn dee gréissten, e super Kärel. Wéi mir do stounge mat engem Neuseelänner ze diskutéieren, 60 Joer, rouden Turban, Enfield-Fuerer, "ech liewe säit 40 Joer hei, muss mer nach eppes ze fëmme besuergen an da fueren ech an de Süden", hält op der Strooss eng Motorrikscha, ech versti just "Sonnebrëll". - "Neen, ech brauch kee Sonnebrëll."
De Chauffer gëtt sech net, niewent him setzt en Tourist, dee probéiert ze vermëttelen, "hie seet Sonnebrëll","Merci, dat hunn ech och verstan". Ech komme net no, wat de Mann mer wëll soen, an dréie mech ëm, no enger Minutt, de Chauffer huet d'Rikscha op d'Säit ofgestallt, klappt ee mer op d'Schëller, "bass du net gëschter mat der Rikscha op Laxman Jhula gefuer?" - "Dach". - "Du hues däi Sonnebrëll dra léie gelooss, ruff den Ashok un, deen der gëscht seng Telefonsnummer ginn huet, hien huet en."
Et war kee Sonnebrëll, mä mäi Liesbrëll, ech hunn där e puer an hat dee nach net vermësst.

Mir hunn eis op d'Sich no engem Téi gemaach a wéi mir erëm komm sinn, sot de Mecanicien, "hei, däi Brëll", wonnerbart Indien.
De Wee fir op Varanasi huet duerch eng muslimesch gepräägte Géigend gefouert, hei waren nach keng modern Autoen ënnerwee, bei all Halt ass et zu engem Mënschenoplaf komm.
Et ass Zockerrouerzäit, iwwerall ginn d'Zockerrouerstengel gepresst an de Jus a grousse Cuven um Holzfeier gekacht, bis doraus eng giel pecheg Mass entsteet, Zocker.
Momenter, déi an Erënnerung bleiwen ...
Duerch e Platte komme mir an d'Däischtert a wéi verhext gëtt gläichzäiteg d'Strooss esou miserabel, datt mir nëmmen nach ganz lues virukommen. Fueren am Däischtere mat Tonne Stëbs mécht midd, dee leschten Téi vum Dag drénke mir am Donkele bei wéineg Liicht mat e puer Männer zesummen, si versti kee Wuert, mir och net, awer et ass eng méi ewéi sympathesch Diskussioun, déi mir zesumme féieren, den Téi gëtt ëmmer méi bëlleg, wéi mir weider fueren, steet jiddwereen do ze wénken, dat sinn déi Momenter, déi an Erënnerung bleiwen.
Um 21.30 si mir duerch déi kleng Gaasse vun der Alstad vu Varanasi gefuer op der Sich no engem Guest House, doriwwer da méi d'nächst Woch.
Bis dann,
Ren