Varanasi ass déi hellegst vun de siwe Stied vun den Hindu. A si ass einfach nëmme beandrockend!

Vu Rishikesh op Varanasi sinn et 850 Kilometer, dat ass an Indien eng grouss Distanz: An engem normalen Dag schafft een 250 Kilometer. Mir haten eis virgeholl, déi 800 km an 2 Deeg ze fueren. Deen éischten Dag si mir net gutt virukomm an hunn "nëmmen" 370 Kilometer gemaach, deen zweeten Dag hu mir dunn de Rescht gemeet. Mir louche gutt an der Zäit, ewéi eis e Platten 1 Stonn kascht huet, an nodeems et däischter ginn ass, ass d'Strooss dunn och nach miserabel ginn, du goung et guer net méi weider.

Mam Resultat, datt mir um 21.30 Auer zu Varanasi duerch déi kleng Gaasse vun der Alstad gefuer sinn op der Sich no engem Guest House direkt um Ganges. Dat war net esou einfach, well et do keng Méiglechkeet gëtt, d'Motoen ofzestellen. Awer mir hu schlussendlech e frëndlechen an hëllefsbereete Mënsch fonnt, deen e Parking wousst, wou d'Motorrieder bewaacht goufen.

Rëtscheg a glëtscheg

An de schmuele Gaasse vun der Alstad zu Varanasi leie grouss glat Steeplacken um Buedem, déi am Dréchene schonn rutscheg kënne sinn. Leider si si awer och iwwerséit mat Koudreck, well där pilgeren Onmassen derduerch. A wa sech dann no enger Kéier am Biergof de Koudreck mat Botzwaasser vermëscht, dann ass dat méi glëtscheg ewéi eng Äispist an als Motorradfuerer eng sportlech Affaire.

Wéi mir um 24.00 Auer alles geregelt haten, ware mir zimlech matgeholl, pechschwaarz am Gesicht duerch déi vill Auspuffgase vun de Camionen a Bussen an zeideg fir an d'Bett. De frëndleche Mënsch vum Guest House: "Wann Dir e Boot braucht fir moies iwwer de Ganges ze fueren, Dir kënnt eent hei lounen." - "Dat maache mir wuel eréischt iwwermuer, mir sinn zimlech midd." - "Nee, dat musst dir mar maachen, mar ass e grousst Fest hei, an da wäert dir staunen, wéi vill Leit dann hei sinn." Dat Fest heescht Chhath an ass dem Sonnegott Surya gewidmet, deen zoustänneg ass fir d'Liewen op dëser Welt. Et fänkt um 3 an der Nuecht un an dauert bis um 7, wann d'Sonn opgeet.

RTL

Um 1 an d'Bett an um 5 erëm eraus, Reese kann ustrengend sinn. Allerdéngs sinn eis d'Aen du schnell opgaangen, wéi mir di Massen op de Ghats gesinn hunn. Leit, esou wäit ee gesinn huet.

Si stinn am Waasser an op den Trapen, hu Plateaue mat Uebst a Geméis dobäi an hunn eng Aart Palm oder Zockerrouer am Grapp gehalen oder konschtvoll zesumme gebonnen an de Ganges gestallt. Mir si mam Boot derlaanscht geruddert, awer néierens och nëmmen 1 Meter, dee fräi war. Déi eng hu gebiet, déi aner ware ganz roueg, vill waren der feierlech gekleet.

Wat de Sonnenopgang méi nokomm ass, wat d'Leit méi onroueg gi sinn. E puer Leit weise mat dem Fanger op den Horizont, d'Sonn geet op. Eng Grupp fänkt u mat Trommelen, d'Leit fänken u mat Sangen, d'Trommeler hu méi schnell getrommelt, d'Leit hu méi haart gesongen. Wéi d'Sonn bal ganz do war, hu si sech net méi gepackt, d'Trommeler hu sech dru ginn, ewéi wann et kee Mar méi géif ginn, d'Leit hu gesongen a ware ganz aus dem Haischen, wat e Spektakel!

RTL

Wéi d'Sonn bis ganz opgaange war, huet d'Situatioun sech berouegt, vill hu sech du op de Buedem gesat an zesumme giess. Dat Ganzt war beandrockend an et war schéin, dat hunn dierfen matzëerliewen.

Seege géint Nëss

Mir hunn eis op eng Mauer gesat, a wou vill Leit sinn, do sinn der och, déi Geld wëlle verdéngen. E Mann trëtt méi no a wëll eis dem Shiva säi Seege ginn; mir kréien e roude Punkt op d'Stir a prompt e Plateau virun d'Nues gehalen, wou schonn 10 Rupien drop leien. Ech leeën him 3 Kakuetten drop, de Mann ass entsat: "Ech si Paschtouer a sammele Geld." - "Ech si Reesender a spende just Äerdnëss." - "Neen, déi wëll ech net, huel se erëm erof." Domat war d'Aktioun Seege géint Nëss zu Enn an de Mann huet sech verzunn. Allerdéngs war et mat der Rou net wäit hier.
- "E Boot?"
- "Nee, Merci."
- "Haschisch"?
- "Nee Merci."
- "Opium?"
- "Neeen."
- "LSD, Champignonen etc.?"
- "Neeeeen."
- "Ech maachen dir och e gudde Präis."
- "Ech brauch kee gudde Präis, well ech wëll näischt."
- "Dat kann net sinn, maach e Präis."
- "Plënner!"
- "Wéi wier et mat 2 Gramm afghaneschen Opium an 20 LSD-Trips?"
- "Hues du se nach all, dat geet jo duer, fir datt ech mech fir de Rescht vu mengem Congé ewechbeamen."
- "Ok, dann 2 Gramm an 3 LSD."
- "Neeeeeeen."
No 5 Minutten ass de Präis schonn op 800 Rupien (9,5€) fir 2 Gramm Opium an 3 LSD-Trippe gefall, e wier bestëmmt och nach bis op 5 € gefall.
- "Sief net esou knéckeg, d'Geld kënnt a geet, et ass ëmmer a Beweegung."
- "Elo geet et duer, elo beweegs du dech an zwar an déi dote Richtung."
De Mann gëtt endlech op a verzitt sech, hie kann net verstoen datt ee bei deem Präis net zougräift.

Wann et géing goen, géif ech mir en T-Shirt maache loosse mat der Opschrëft "No Boat, No Haschisch, No Opium", well op all Eck gëtt een dofir ugeschwat.

Uewen op de Ghats sinn dräi Männer am Gaangen ze meditéieren, beandrockend, dat nozekucken.

RTL

Varanasi ass déi hellegst vun de siwe Stied vun den Hindu. Wie sech et als Hindu leeschte kann, léisst sech hei verbrennen, dat soll d'Erléisung bréngen, datt een net méi erëmgebuer gëtt; wie sech et net leeschte kann oder anzwousch anescht stierft, léisst seng Äschen heihi bréngen.

Wien dierf net verbrannt ginn?

Bei de Ghats, wou d'Läiche verbrannt ginn, ass et méi delikat; do wëlle se keng Fotoen. E Mann, dee sech als Paschtouer ausgëtt, erkläert eis d'Regele vum Verbrennen a wien alles net verbrannt dierf ginn. Net verbrannt ginn helleg Männer, Kanner, schwanger Fraen, Leit, déi vun enger Cobra gebass gi sinn, a Leprakranker.

Déi, wou net verbrannt ginn, gi mat engem Steen ëm de Bauch an der Mëtt vum Ganges versenkt. Leit aus enger héijer Kast ginn och méi uewe verbrannt, logesch. D'Holz muss een op der Plaz kafen, et ass e Mix aus verschiddenen Hëlzer, am deiersten ass Sandelholz; dee, wou sech et leeschte kann, keeft sech e puer Kilo dovunner, aner kafen eng Tut Sandelholz-Seemiel. D'Konscht vum Verbrenne ass genee esou vill Holz ze benotzen, wéi gebraucht gëtt, fir de Kierper ze verbrennen.

Hei an Indien si se net esou diskret beim Verbrennen ewéi am Nepal, do gëtt ëmmer erëm fiicht Stréi op d'Läich geluecht, esou gesäit een dee gréissten Deel net dovunner. Hei gesäit een alles, hei läit de Kierper uewen drop, alles ass siichtbar, mat engem Bambus-Staf ginn d'Iwwerräschter ëmmer erëm op d'Glous geschubst, dat ass net jiddwerengem Senges.

Bei de Frae verbrennt d'Becken net, bei de Männer de Broschtkuerf. Déi net verbrannten Deeler ginn dann an de Ganges gehäit, de Mann kritt e Krou mat Waasser gereecht, deen en iwwer d'Schëller an de Ganges geheie muss, dat war den Ofschloss, elo ouni sech ëmzedréie fortgoen, dat war et. Fraen hu keen Zoutrëtt, si wieren ze emotional, heescht et, da kéint den Doudege keng Rou fannen. Fréier sinn d'Frae beim Doud vum Mann fräiwëlleg (gezwongen) an d'Feier gesprongen a sinn da mat verbrannt, haut ass dat per Gesetz verbueden, et soll awer nach heiansdo virkommen ...

Foto géint kleng Spent

D'Feier vum Shiva soll hei anscheinend schonn 3500 Joer onënnerbrach brennen, "dat kanns de engem aneren zielen". Déi Sadhu'en, déi Unhänger vum Shiva sinn, dem Gott vun der Zerstéierung, reiwe sech de ganze Kierper mat Äschen an.

Beim engem méi klenge Verbrennungsghat ass 1 Mann net esou helleg, hien huet eis ugebueden, eng Foto aus engem verstoppten Eck ze maachen, duerno war natierlech eng Spent fälleg.

RTL

Iwwer Varanasi fléien eng Onmass kleng Pabéierdraachen, d'Kanner hu grouss Rouleaue mat 250 Meter Nylonschnouer a loossen hir Draachen esou héich klammen, datt ee se bal net méi gesäit. "Wëlls du emol probéieren?" - "Jo, gären". De klengen Draach zitt nawell monter un der Schnouer.

Sand-Catchen ...

Zu Varanasi gëtt et awer och Kushti-Ringer, indescht Réngen am Sand. Et war net esou einfach erauszefannen, wou sech déi Kämpf ofspillen, awer no e bëssche Sichen hunn ech hanner héije Maueren hir Trainingsplatz entdeckt.

- "Komm mar de Moien um 7 Auer erëm, da kanns du dir dat ukucken."
- "Kann ech och Fotograféieren?"
- "Jo."

Also si mir den Dag drop um 7 Auer bei si gewandert, als éischt gëtt emol déi kleng Arena komplett ëmgegruewen, datt si e wéineg méi mëll ass. Während der zwee de Sand ëmgruewen, trainéieren déi aner mat archaesche Mëttelen hir Muskelen. Di meescht Gewiichter sinn aus Bëtong gegoss, een trainéiert seng Bauchmuskelen, andeems hien Übungen ënner dem Gespär vum Daach mécht, prost dann awer.

RTL

Awer lëschteg Kärele si si, hu just komesch Massagëpraktiken; ee läit am Sand an deen aneren trëppelt mat de Féiss op sengem Réck.

Dat war et fir dës Woch.

Salut,
Ren