De Ren op Tour op der Spur vum Buddha - mat Tempelen, Pilgeren an enger Spëtzt aus 100 Kilogramm Gold ...

Bodgaya ass den Zentrum vum Buddhismus, hei ass dem Gautama Siddhatha ënner dem Figebam eng Späicherluucht opgaangen an hien ass zum Buddha ginn. Wuel néierens op der Welt kann ee méi Tempelen aus verschiddene Länner beienee bewonneren ewéi hei. All buddhistescht Land huet hei en Tempel gebaut, am schéinsten ass de Bhutan Tempel mat senge villen Detailer, esouguer d'Mauere si ganz mat Relieffen iwwerzunn. Den Thäi Tempel war zou, e frëndleche Sécherheetsbeamten bremst eis an der Entrée, "den Tempel ass déi nächst dräi Deeg zou, et ass Thai-Wallfahrt". Dat ass natierlech schued, eréischt méi spéit realiséiere mir, wat fir eng eemoleg Chance dat war.

Elo schléit et 13!

De japaneschen Tempel zeechent sech duerch eng iwwerdimensionéiert Klack aus, déi all Dag moies um 6, mëttes um 12 an owes um 5 duerch e Bamstamm zum Klénge bruecht gëtt. An et héiert ee se duerch d'ganzt Duerf. De Mann war grad fäerdeg, wei mir ukomm sinn. "Entschëllegt, kënnt Dir se w.e.g. nach emol laude fir eng Foto?" De Mann huet schonn de Schweess op der Stir stoe vun 12 Mol de Bamstamm hannerzeg ze zéien, "gutt, ech lauden nach emol", esou schléit et haut 13 amplaz 12 Mol zur Mëttesstonn.

RTL

Och e risege Buddha steet hei, 24 Meter héich. De 7. Juli 2013 sinn hei zu Bodgaya 10 Bommen explodéiert, eng dovunner beim grousse Buddha. 3 weiderer sinn net lass gaangen, dovun eng zweet beim grousse Buddha. Anscheinend sollen di indesch Mudschaheddin hanner der Attack stiechen.

Wandere wéi Buddha

D'Platz, op där de Gautama Siddhatha ze meditéiere souz, ass am ‪Mahabodhi Temple, deen haut Unesco-Weltkulturierwen ass. Ënner dem Bam, wou hie souz, ass eng gëlle Couche mat Baldachin opgestallt, ëmgi vun enger Mauer. An ëm di Mauer setzen zu all Säit d'Leit ze bieden, si leeë Lotusblummen dohinner oder knéie respektvoll néier. De Buddha huet do e puer Woche verbruecht, all Woch ass mat enger Tafel gezeechent, wat hien déi Woch gemaach huet, zum Beispill laanscht den Tempel op- an ofgewandert, ronn stenge Scheiwen op enger laanger Plattform markéieren d'Plazen, wou hie seng Féiss hie gesat huet. Vill Leit maachen dat no a wanderen op an of a setzen hir Féiss genee op déi Plazen, anerer leeë Blummen op di eenzel Scheiwen, dat gesäit gutt aus.

Awer am beandrockendste sinn all déi Leit, déi do sëtzen ze meditéieren, verschiddener a Gruppen, anerer eleng tëschent de Steng. Vill Tibeter bieden do, si geheie sech der Längt no op eng hëlze Plack, gesäit e bësschen ewéi e Fitnessstudio aus.

Deko ouni Enn

Eng Grupp Thailänner, ganz a wäissen Uniforme mat der Opschrëft "Stupa Repair 2013" um Réck brodéiert, dekoréiert monter den Tempel mat gëlle Schlaufen a Blummen. Si sinn de ganzen Dag am Gaangen, dat Ganzt gesäit ëmmer méi festlech aus. Hanner dem Tempel ass eng aner Thai-Trupp am Gaangen, wäiss Schnéier zu engem Geflecht ze verknëppen, op den éischte Bléck gëtt een awer net klug, zu wat dat gutt soll sinn.

RTL

Wéi mir den zweeten Dag an den Tempel kommen, sinn d'Thäilänner nach ëmmer am Gaangen; hire Stock vun Dekoratioun schéngt keen Enn ze huelen. Esou guer d'Sandsäck uewen op der Stupa si mat gëllenen Dicher verdeckt, hannen dru sinn Thaipoliziste mat Rucksäck positionéiert, do wäerte wuel kaum Schlofsäck dra sinn.

250 Kilogramm GOLD!!!

Ech froen emol e Mann, wat si mat där Aktioun do wëlles hunn. "Thai Wallfahrt", méi war net gewuer ze ginn. Gutt, déi Ausso war net besonnesch opschlossräich. Stonne méi spéit sëtzen ech op enger Mauer dem Tempelliewen nozekucken, wéi dee selwechte Mann op mech duer kënnt, dës Kéier ass hie méi gespréicheg. "Mir hunn d'Spëtzt vun der Stupa renovéiert, an elo ass d'Ofschlossféier. Mir wollten eppes fir den Tempel maachen, a mir woussten, datt d'Spëtzt an engem schlechten Zoustand wier, also hu mir an Thailand eng Kollekt gemaach, fir d'Spëtzt ze flécken. Mir hunn awer vill méi Sue kritt ewéi geplangt, dunn hu mir se einfach aus purem Gold gemaach. Mir hu bal 250 kg Gold verschafft, d'Spëtzt eleng besteet bal aus 100 Kilo Gold. Et sinn och 30 Thai-Polizisten hei, si hunn d'Erlaabnes ze schéissen, wann et muss sinn."

- "Wéi vill Leit schaffen da grad hei?"
- "Dat weess ech net, meng Grupp huet eleng schonn 200 Mann."
- "Wéini ass dann di Ofschlossfeier?"
- "Mar". Eigentlech wollte mer mar weiderfueren, dat loosse mer dann emol sinn, déi Féier do wëlle mer eis net entgoe loossen.

"Café beim Buddha"

Virum Tempel vu Bangladesch ass e risegt Zelt opgebaut, e Schëld erkläert, datt dat Ganzt vun der Famill souwisou aus Bangladesh finanzéiert gëtt. Et gëtt Dhal, Lënsenzopp fir jiddwereen, mir ginn eis mat 2 Fläsche Waasser zefridden.

An de Stroosse gëtt e Klimpi ugebueden, et ass herrlech. Am beschten hu mir déi solarbedriwwen tibetesch Gebietsmillen aus Plastik gefall, natierlech am chicke Gold gehalen. Awer och aner Dekoratiounen hunn et a sech. Wann een engem Päerd, wat eng Persounekutsch zitt, e plastikse Stëppswedel op de Kapp setzt, gesäit dat domat net onbedéngt besser aus. Alles ass Buddha hei, Buddha Toyota, Buddha Coiffersalon, Café beim Buddha.

RTL

Online-Spende wëllkomm ...

Deen Deel virum Tempel, wou d'Pilger ukommen, ass super propper, esouguer plastiks Dreckskëschte stinn an der Landschaft. Déi aner Säit ass et den üblechen indesche Chaos, et hätt mech och gewonnert, wann dat net esou gewiescht wier.

De Buddha ass mat der Zäit gaangen, hien hëlt online Spenden entgéint ënner http://www.onlinesbi.com. D'Iwwersetzung vum Buddha sengen Wierder gëtt ët ënner www.84000.co. Firwat 84.000? Well dem Buddha seng verbrannten stiewlech Iwwerreschter vum Kinnek Ashoka op 84.000 Stupae verdeelt gi sinn.

Et gëtt och e grousst tibetescht Klouschter hei, Nowuessuerge brauchen se sech keng ze maachen, moies ass eng laang Schlaang kleng Mönche laanscht eist Guest House gepilgert.

D'Muslimen hunn direkt niewent dem grousse buddhisteschen ‪Mahabodhi Temple eng Moschee gebaut a blären de Buddhisten iwwer Lautspriecher hiert Gejéimers eriwwer, penibel. En interessante Phenomen ass, dat Muslimen déi frëndlechst Leit sinn, déi ee sech virstelle kann, esou laang hir Relioun net a Konkurrenz zu enger anerer Relioun steet. Esou bal dat de Fall ass, sinn si leider net méi sou fein.

Den Dag drop gëllt et, fréi am Tempel ze sinn, um hallwer 7 si mir do, eng Onmass vu Leit pilgert an den Tempel. Op 3 Säite sëtzen d'Leit op Still ëm den Tempel, iwwerall hänken déi wäiss Schnéier erof. Op eemol kënnt Liewen an dat Ganzt, eng Prozessioun zitt an den Tempel an, begleet vu Musek an Dänzerinnen. Un der Spëtzt gi grouss Portraite vum thailännesche Kinnek a senger Fra gedroen, hien huet eng gréisser Spent gemaach, an der Mëtt gëtt di gëlle Spëtzt gedroen, bewaacht vu villen Thai-Poliziste mat Sonnebrëller. Wei d'Spëtzt d'Trapen erof op den Dësch gedroe gëtt, wou d'Zeremonie stattfënnt, kënnt et zu fermem Gedrécks, jiddweree wëll d'Spëtzt upaken.

Mat de Spëtzt verbonnen

Wéi wichteg dës Zeremonie fir d'Buddhisten ass, beweist d'Präsenz vun der zweetranghéchster Persoun vun der tibetescher Exilregierung, der wichtegster Persoun nom Dalai Lama.

RTL

Da kënnt eng Zeremonie, déi 2 Stonnen dauert, fir d'Spëtzt ze weien, ir se mam Lift no uewe fiert, fir drop gesat ze ginn. E Mönch muss och no uewen, fir se ze seenen, nodeems se opgesat ass. Jiddwereen hält déi wäiss Schnouer am Grapp, verschiddener hu sech se op de Kapp geluecht. Elo erkennen ech och, firwat se gutt ass. Si ass uewen un der Spëtzt befestegt a leeft dann duerch dem Buddha seng Couche, ir se sech an deem Geflecht iwwer de Leit hire Käpp verdeelt. Andeems si se am Grapp hunn, sinn si mat der Spëtzt verbonnen, genial.

RTL

Nodeems d'Feier ofgeschloss ass, ginn déi geseente Saachen ënnerenee verdeelt, meeschtens Uebst oder Hunneg, dat war et. Jiddwereen ass zefridden, mir och, et war en eemolege Spektakel, an et war eng grouss Chance, dobäi gewiescht ze sinn.

Bis dann,

Ren