Sonepur Mela - eng geckeg Foire!

A sengem neiste Blog erzielt eis de Ren on Tour vun herrlechem Kitsch, vu genialem Chaos a vun engem grousse Maart.
D'Sonepur Mela ass eng riseg Foire, eng Kombinatioun aus Fréijoersfoire a Kiermes. A risegen Zelter gi Concerten oder Priedegen ofgehalen, déi manner duerch hir Qualitéit, ma éischter duerch hire Kaméidi beandrocken. Si si kilometerwäit ze héieren, déi bëlleg Lautspriechertute sinn hoffnungslos iwwerfuerdert mat deem, wat si solle leeschten. Een Zelt steet niewent deem aneren an ee wëll méi haart si wéi deen aneren, e geniale Chaos, dogéint ass dem Lou Reed säin Album "Metal Machine" Pipifax.
Fotoen an Autogramme mat am Kitsch
Fir déi, wou net wëllen nolauschteren, ginn et Spiller a Bude mat allerhand Attraktiounen. Am beschte besicht sinn d'Bude mat Fraen, do stinn d'Männer Schlaang virdrun. Keng Ahnung, wat di Fraen do bidden, awer d'Inder brauche net vill. Dat huet sech gewisen, wei mir eng Bud fotograféiert hunn, déi vu bausse scho bescheuert ausgesinn huet, eng Figur mat enger Mask wackelt do duerch d'Géigend, fir d'Leit ze animéieren, Entrée ze bezuelen, e Mann mat Mikro ënnerstëtzt dat Ganzt. Allerdéngs gëtt hien zur Niewesaach, wéi mir probéieren, säi Stand ze fotograféieren; eng Mënschendrauw bilt sech ëm eis, domat net genuch, "kommt mat eran, kuckt Iech déi Show un".

Mir ginn an d'Zelt gefouert, et ass net ze gleewen, esou vill Schwachsënn war bis elo seelen ze bewonneren. Eng Dosen Zeene sinn nogestallt, mat deenen ënnerschiddlechste Motiver, de Gott Ganesha, eng Famill, déi en Duch um Buedem bewonnert, domat soll wuel e Bëbee symboliséiert ginn, dräi Elefanten. Dënn Hit dovunner ass, datt déi Figure sech beweegen, a wéi! Mol wackelt en Aarm, mol geet dem Elefant säi Rüssel op an of, awer alles zimlech eckeg. Awer d'Leit knipsen dat mam Handy oder filmen et esou guer. Allerdéngs ginn d'Figuren och zur Niewesaach, wéi mir bis opdauchen, elo gi mir mam Handy geknipst, jiddwereen stellt sech niewent eis a well mat op d'Foto: Vu wou komm dir? Wou fuert dir hin? Ee wëll esou guer en Autogramm.
Stunts an Zichelchen, Déieren a Maschinnen ... a kromm Typpen
D'Riserad dréit sech esou schnell, datt d'Kabinnen op hallwer siwen hänken. Do geet léiwer keen drop, do kann et engem just schlecht ginn. Direkt dernieft fiert d'"Marutti Stunt Team" mat hiren Autoen a Motorrieder op enger Briederwand, wéi mir se och vun der Schueberfouer kennen; déi Show ass gutt besicht, op 2 Etagë bewonneren d'Leit, wéi do anscheinend Schwéierkraaft ausser Kraaft gesat gëtt.

D'"Indian Rail Way", déi indesch CFL, bitt e puer Tier an engem Zichelchen un, als Lokomotiv hu si e Gabelstapler geholl an dekoréiert. Si fueren an engem Oval, de Chauffer gëtt alles a rennt, wat de Gabelstapler hier gëtt.
Gläich niewendrun am "Hatti Bazar" ass gläichzäiteg dee gréissten Déieremaart vu ganz Asien, wou virun allem deier Päerd, Kéi an Elefante gehandelt ginn. Awer säit 2 Joer geet d'Zuel vun den ugebuedenen Déiere staark zeréck, d'Maschinnen huelen och hei lues a lues zou a léisen d'Déieren, fir ze schaffen, of.
Niewent all den Déieren gëtt et awer och allerhand kromm Typpen, déi probéieren, de Leit d'Suen aus der Täsch ze zéien, an et gëtt di onméiglechste Méiglechkeeten, Suen ze verdéngen.

Kee Goldiesel, ma e Geldpapagei ...
Eng gefält mir besonnesch gutt. Et hëlt een e grénge Papagei (e giele geet och) a späert deen an e klenge Käfeg. Et leet een eng Rei vun Ëmschléi hannereneen a leet nach e bëssche Klimpi als Dekoratioun hannen drëm. Da brauch ee just nach e Client, wou engem e puer Rupie gëtt, fir datt een dem Papagei säi Käfeg opmécht. Deen trëppelt dann eraus an zitt en Ëmschlag. Et hëlt een den Ëmschlag, hält dem Papagei en dohin an deen zitt en Ziedel aus dem Ëmschlag. Deen Ziedel liest een dem Client da vir, deen ass zefridden, voilà, esou einfach ass et.

Si hunn och Péckvillercher hei, e Mann demonstréiert eis se. Eng grouss giel Versioun aus Plastik, éischter e Péckvull, dee mat enger dehnbarer Membran fonctionnéiert, an e ganz klenge Schwaarzen aus Toun.
Vill Leit verkafe selwer gemaache Saachen ewéi Messer an alle Formen oder geflechten Plateauen an alle Formen.
Inder sinn en "urinfrëndlecht Vollek", anescht ass et wuel net ze erklären, datt sech e puer Leit just niewent dem Oflossrouer vun enger mobiler Toilette niddergelooss hunn, e puer Meter weider wier masseg Plaz gewiescht ...
Och an der Patisserie si si Meeschteren, hir faarweg Stécker Bont mat Bottercrème hale sech wochelaang an der Sonn ouni Killung.
Eng Joffer gëtt vun de Frae vum Duerf zur Hochzäit geleet, duerch de Maart an iwwer d'Felder geet et an d'Haus vum Bräitchemann, wou eng ganz Trupp am Gaangen ass, en Zelt opzebauen a Geméis ze schielen. Et ass Choufleurszäit, der Mass no ze uerteelen, schénge vill Gäscht ze kommen. Iergendwéi gesäit et net aus, wéi wann d'Joffer fräiwëlleg mat géif goen. Si weess, wat hir blitt, si muss elo am Haushalt vun der Schwéiermamm schaffen an dat ass oft keng Freed hei - a wie weess, wéi al hiren zukünftege Mann ass?
Draach ouni Stroum, Muppen ouni Chance
6 Ronnen am Draach kaschten 20 Rupien, leider ass et net ouni Problemer ofgelaf, an der véierter Ronn ass den Draach duerch eng Stroumpann stoe bliwwen, an esou hunn d'Passagéier sech a lëfteger Héicht vun 1,5 Meter missen eng Véierelstonn gedëllegen, bis erëm Jus do war.
Iwwer dem Vullen an Hondsmaart hänkt anscheinend e Schëld, dat een net fotograféieren däerf, e Bouf mécht eis dorop opmierksam, "sorry, ech ka keen Hindi liesen". Bannendra kann ech dat Verbuet verstoen, d'Hënn sinn ugestréckt an a miserabelem Zoustand, vill ganz ofgemoert a kleng Käfeger agespaart, d'Händler wëlle keng Fotoen.

Esou guer d'Pharmaindustrie ass vertrueden a probéiert, de Baueren ze erklären, datt si hir Kéi misste sprëtzen, fir méi Profit ze kréien.
Deier Päerd a faarweg Elefanten
Bei de Päerd ass et am liewegsten, well déi ginn all "proufgeridden", ier se kaaft ginn. Verschiddener musse wuel richteg deier sinn, esou wéi si do ausgestallt sinn, ënner engem eegenen Zelt a mat Seidendicher zougedeckt.
D'Präisverhandlunge sinn oft eng länger Geschicht a ganz Clane sëtzen sech géigeniwwer a feilschen.
Am spektakuläersten an am schéinsten awer sinn d'Elefanten. Deen eelsten, 30 Joer al, ass riseg grouss. Vill sinn der faarweg gemoolt oder hu faarweg Dicher un den Oueren. Si ginn andauernd gefiddert, an et ass interessant ze gesinn, wéi geschéckt déi grouss Déiere sinn, wann et dorëms geet, vun enger Staang Zockerrouer d'Blieder erof ze plécken, déi hu si anscheinend net esou gär, a sech dann di Staang genësserlech an de Mond stiechen. Oder wa si Waasser kréien a sech domat esou guer d'Féiss propper sprëtzen, immens. D'Besëtzer vun den Elefanten sëtzen houfreg virun hiren Zelter.
Een Elefant versicht, mam Rüssel un de Fotoapparat ze kommen, et geet just net duer, awer ech kann eng Foto ënner de Stousszänn riicht a säi Mond maachen.

An der Zeitung an am Zëmmer!
Sonepur ass keng Touristestad, Zëmmer gëtt et do keng, wéi mer no laangem Siche feststelle mussen, di Eenheemesch, déi vu méi wäit hierkommen schlofen einfach am Fräien. Während der Sich lafen ech 2 Reporter vun der Hindustan Times iwwer de Wee, déi froen, ob ech e Beruffskolleg vun hinne wier? "Jo, ech schreiwen och e Bericht iwwer d'Mela", si si ganz begeeschtert a froen, wou d'Rees nach hi geet, wéi mir fäerdeg waren, "Moment, nach eng Foto, kanns du iwwermuer an der Hindustan Times liesen". En Zëmmer hu mir schlussendlech am nächsten Duerf fonnt, oder besser, gewise kritt, well hei ass alles op Hindi geschriwwen a fir eis onverständlech.
Bis d'nächst Woch,
Ren