Vun den Apatani bis op d'Insel Majuli

Vun Nashörner, schéine Fraen, Motoen op Fähren a vollen Hotellen handelt dem Ren on Tour säin 8. Blog aus Indien.
De Pobitora National Park, 40 Kilometer hanner Guwahati, huet déi héchsten Nashornpopulatioun vun der Welt, do misst ee jo dann eent ze gesi kréien. E schmuele Wee féiert während 20 Kilometer duerch kleng Dierfer an iwwer wackeleg Bambusbrécken bei de Park. Um Wee läit eng Zillefabréck, d'Leit schaffen an erbärmleche Konditiounen. Mir maache Fotoen, dat schéngt dem Patron awer net ze gefalen, ob emol steet hie mat 2 Aarbechter niewent eis, dat Zeechen ass kloer, de "Sklavendreiwer" wëll, dat mer ginn ...

Op eemol ware so do: spektakulär!
Mir hu guer net misse bis bei d'Entrée vum Park fueren, well ob eemol stoungen d'Rhinozerossen niewent der Strooss, dat gëtt et net all ze oft. An esou konnte mir gemittlech vun der Strooss aus di beandrockend Déiere fotograféieren, esou guer eng Mamm mat hirem Klenge war ze gesinn. Op dem Plateau, deen ee vun der Strooss agesinn huet, wäerten eng 40 bis 50 Rhinozerosse gestanen hunn, spektakulär. E Fernsehteam vun "DY365, bringing news round the clock" hält stall, ouni laang ze froe spéngelt eng Joffer mir e Mikro un, stécht mir de Sender an d'Täsch a fänkt un ze quaken. "Ok, fäerdeg, Merci. Dierfe mir nach Fotoe mat dir maachen?" An esou stellt sech d'ganz Equipe op a mat all Handy gëtt eng Foto gemaach.
Zu Tezpur hate mir e lëschtegen Hotel, mir hu probéiert schwaarze Kaffi ze bestellen, "ouni Mëllech an ouni Zocker w.e.g.". An Indien ass näischt esou séiss, datt een net nach kéint 2 Läffelen Zocker dra geheien. De Kaffi kënnt, ëmmerhi schwaarz, dat ass schonn en Erfolleg, awer zockerséiss.
- "Entschëllegt, dee sollt jo ouni Zocker sinn."
- "Richteg."
- "Do ass awer leider Zocker dran."
- "Dat kann dach net sinn."
- "Dach."
An all indeschem Hotel gëtt et vill Personal, wuel well et näischt kascht. An esou pilgere 6 (!!!) Mann am Gänsemarsch an d'Kichen, Monty Python hätt et net besser hi kritt. 2 kommen der erëm, "entschëllegt, e Mëssverständnes, mir bréngen Iech en neie Kaffi ouni Zocker".
Den Dag drop bestelle mir moies schwaarze Kaffi ouni Mëllech an Zocker, et kënnt Mëllechkaffi mat Zocker, mir ginn et op.
Moto, Läich, Patisserie ...
Et war och erëm un der Zäit e bësschen un enger Enfield ze schrauwen, wéi e Pick-up méi no komm ass, op deem et nawell ferm gedämpt huet. Si haten eng Läich hannendrop léien, et war eng fréier Schouljoffer, an dofir ass si nach emol bis virun d'Schoul gefouert ginn, wou Blummen op d'Läich gehäit gi sinn, duerno ass si bei de Brahmaputra gefouert ginn, fir do an Damp opzegoen.
Niewent dem klenge Motosatelier ass e Polsterer, 2 Mann bréngen d'Holzgestell vun enger Eckgarnitur, de Mann gëtt sech direkt drun a schneit de Schaumgummi op d'Moos, op der Strooss, versteet sech. Säin Atelier wier vill ze kleng fir di ganz Garnitur.
Zu North Lakimpur ass eng wonnerbar Patisserie un eisen Hotel ugebaut, d'Cake Hut; schéngt den neien Hit an Indien ze sinn, iwwerall Patisserien opzemaachen. Si ass gutt besicht, och vun eis.
Wéi einfach et dach heiansdo ass!
Kimin ass d'Grenz zu Arunachal Pradesh, e frëndlechen Polizist wénkt, mir solle stall halen. Während hien d'Pabeieren ausfëllt an den Inner Line Permit kontrolléiert, freet hien, wou mir scho waren. Ech zielen de Wee op, wéi ech Sonepur soen, do wou d'Kiermes mam Déiremaart war, geréit hien aus dem Haischen, "dir waart zu Sonepur, ech si vun do, do steet mäin Haus. Waart Dir um Maart?"
- "Jo, mir hunn d'Elefante gesinn."
- "An d'Päerd, hu der d'Päerd gesinn?"
- "Jo, hu mer och gesinn."
- "Neen, dat do ass jo bal net ze gleewen."
Seng Euphorie kennt keng Grenze méi, Stempel drop, "w.e.g., fäerdeg, nach eng schéi Rees".
- "Dierf ech nach eng Foto hei maachen?"
- "Jo, awer dann dierf ech och eng vun Iech maachen."
An esou kënnt et zu enger lëschteger Fotosessioun, wei hie säi Portrait gesäit, laacht hie vu ganzem Häerzen, "ha, ha, do gesäit een, datt mir en Zant feelt, awer eng super Foto".
Ziro: Schéi Fraen ... onattraktiv gemaach!
D'Streck fir op Ziro féiert duerch e schéinen Dall, ganz gréng, Urwald, vill Bambus a well Banannebeem sti laanscht d'Strooss, déi sech zum Schluss bis op 1650 Meter erop op den Apatani-Plateau schrauft.
Op Ziro fiert een awer net wéinst der schéiner Landschaft, mä fir di al Apatani-Fraen ze gesinn.

Anscheinend sinn d'Apatani-Frae vill méi schéin ewéi déi aus den Nopeschdäller, a fir ze verhënneren, datt sech Stämm vun do fir di schéi Fraen interesséieren, si si am Alter vu 6 bis 7 Joer am Gesicht tätowéiert ginn an et goufen hinnen Nuespiercingen aus Holz agesat fir se méiglechst onattraktiv ze maachen. Et soll een déi Dierfer awer nëmme mat Guide besichen, soss kann et Misär ginn. Datt et zu Ziro iwwerhaapt en Hotel gëtt, ass scho bal e Wonner, si organiséieren eng jonk Apatani-Joffer, déi mat eis an déi Dierfer fiert.
Um Apataniplateau gëtt et 5 Dierfer, mir besiche mam Taku, esou heescht d'Joffer, dräi Dierfer: Hong, Hijo an Hari. Déi al Haiser si ganz aus Bambus gebaut, déi nei zu Hijo ginn aus Bëtong gebaut, eng Aart Fachwierkhaus, en Holzgestell, dertëschent mat Bëtong ausgefëllt. A faarweg ugestrach sinn se, och eng grouss Neierung am Verglach zu den donkelen Holzhaiser. Virun den Haiser stinn héich Pottoen a Form vun engem T, "Babo" genannt. Fir all Jong, deen eng Famill huet, gëtt ee Babo fir de Myoko-Festival am Mäerz opgestallt. D'Bouwen hänke sech dann un e Seel, wat uewen um Potto ugemaach ass a schaukelen hin an hier, de Poteau béit sech no vir an no hannen a katapultéiert si a beandrockend Héichten.
Viru verschiddenen Haiser sti kleng Konstruktiounen aus Bambus, Eeërschuelen, Hingerplommen a Blutt. Dat gëtt opgestallt, wann ee krank ass, d'Haus dierf dann 3 Deeg net bewunnt ginn. Wann een déi Konschtwierker méi genau kuckt, stellt ee fest, datt si mat villen Detailer versi sinn.
All Zweeten, deen ee begéint, huet e Gewier bei sech fir op d'Vullejuegd ze goen.
Wäin aus dem Bambusrouer
En neit Haus gëtt gebaut, wou d'Entrée hi kënnt, wëssen se mol schonn, well eng Trap steet ganz eleng an der Landschaft. D'Aarbechter maachen eng Paus, d'Hausmeeschtesch spendéiert selwergemaachenen Alkohol aus dem 10-Liter-Eemer (!!), haut wäert wuel net méi all ze vill geschafft ginn. Als Becher fungéiert e Stéck Bambusrouer. Praktesch, deen ass net ganz huel, bei all Reef ass eng Ënnerdeelung an esou gëtt mat engem Beil einfach e Stéck vun 30 Zentimeter ofgeschloen, a schonn huet een e Becher.
- "Hei, schmaach emol eise lokale Wäin."
- "Nee Merci, ech drénke keen Alkohol."
- "Schued, en ass wierklech gutt."
- "Ech zweiwelen net drun, loosst iech e gutt schmaachen, ech fotograféieren iech an Tëschenzäit".
Vill Leit hei si Chrëschten, d'Resultat vu massiver Missionarsaarbecht, vill baptistesch Kierche stinn an der Landschaft. Awer den Apatani hir Relioun sinn d'Sonn an de Mound, an och eis jonk Guidin seet, datt dat hir Relioun wier. Op eisem Permit sti 7 Saachen drop, déi mir net dierfe maachen, eng dovunner ass Missionarsaarbecht.
Nom Penisschutz lecker Larven an Zitrounekuch
De Musée gëtt extra opgespaart fir eis, si hunn interessant al Saachen ausgestallt, schéi filigran geschafften Tubakspäifen, a virun allem zwou Versioune vu Penisschutz, eng aus Holz an eng fir méi feierlech Uläss aus Messeng.

Um Maart gi lieweg Larven ugebueden, déi zackeg giel Versioun soll eng Delikatess sinn. An der Bäckerei "Best Bakers", den Numm seet et, hu si de beschten Zitrounekuch.
Mir fueren de selwechte Wee zeréck, mir hu leider keng Zäit, eng ganz Ronn duerch d'Bierger vun Arunachal Pradesh ze fueren. Mä ier mir de Versuch starten, di zweetgréisste Floss-Insel vun der Welt, Majuli, vu North Lakimpur Richtung Jorhat ze duerchfueren, maache mir nach e kuerzen Halt bei der gudder Patisserie Cake Hut, Indien, d'Land vun den hellege Kuchen.
Eng Enfield op der Fähr - dat hëlleft
Déi richteg Strooss ze fanne fir op Majuli ass schwiereg, "cabbi street" gëllt et ze fannen, eréischt beim drëtten Ulaf geléngt et, näischt wéist drop hin, datt di Strooss soll dohinner féieren. Si gëtt ëmmer méi kleng, bis just nach eng Sandspur an dierem Gras iwwereg ass, kee Wonner, datt näischt drop higewisen huet, et gëtt keng Strooss, mä just eng Pist. Mir kommen an e klengt Duerf, "Majuli?". - "Ëmmer dem Wee no." Dat ass liicht gesot, wa keen do ass. No 1,5 Stonnen duerch de Sand ploue komme mir bei e Floss, wou eng Fähr fonctionnéiert. "Wéi wäit ass et bis Garamur?" Mir kréien déi abenteuerlechst Äntwerten an denken drun, fir ëmzedréien, well et ass 3 Auer, an hei wëlle mir net am Donkele fuere mussen.

Wéi d'Fähr vun där anerer Säit zeréckkënnt, steet eng Enfield drop; de Mann bleift stoen:
- "Wouhi wëllt der?"
- "Garamur."
- "Kee Problem, ech komme grad vun do, 45 Minutten hunn ech gebraucht."
- "Jo, Dir kennt Iech och aus."
Ech kennen dat do, di aner Säit vum Floss ass e Labyrinth vu Weeër, a fir do dee Richtegen ze fannen, ass net evident. Eng Handvoll Männer wëllen och op d'Fähr, zwee hunn e klenge Moto, eng liefhaft Diskussioun entsteet. Den Enfieldfuerer féiert d'Verhandlungen, "hie fiert och op Garamur, Dir braucht him just nozefueren". - "Gutt, da riskéiere mer et." Op der anerer Säit war et genee, wéi ech mer et virgestallt hunn, iwwerall kleng Weeër, wann een sech do net auskennt, huet ee keng Chance.
Ech sinn de Patron ...
Eng zweet Fähr, winzeg kleng, e puer Brieder op 3 schmuele Booter montéiert, gëtt mat enger Bambusstaang virugedréckt a bréngt eis op di aner Säit. Just ier et däischter gëtt, erreeche mir Garamur, wou et 2 Guest Haiser gëtt, déi awer kee kennt, Schëlter gëtt et keng, mir fueren op an of, net emol de Polizist weess Rot. Ech froen en Typ op engem Moto, mäin üblechen Trick, "mir siche La Villa". "Jo, kennen ech, fuert mir no." Déi Hütt fënnt kee Mënsch eleng, net emol e Schëld virun der Dier. "Voilà, hei si mer, a soll ech Iech soen, wien de Patron ass, ech selwer." E lëschtegen Typ, deem d'Laachen awer vergeet, wéi hie gewuer gëtt, dat säi lescht Zëmmer grad vu sengem Employé vergi ginn ass. "Mir hunn e Problem, dat anert Guest House ass och voll, et bleift just nach en Zëmmer am Klouschter." Mir fueren an d'Klouschter, wat matzen am Bësch läit, keen do, och en Uruff bréngt näischt.
"Et gëtt nach eng Léisung, ech hunn en Zëmmer fir Noutfäll ewéi Iech hanner mengem Büro ageriicht. Ech hëllefen de Leit gären, awer et ass kee Luxus do, ech wëll och näischt dofir, wann et Iech zouseet kënnt Dir do iwwernuechten." Mir fueren dohin, dat Zëmmer ass tip top, ech hu schonn op ganz anere Plaze geschlof. Op der Dier pecht e Schëld "Midnight Raining Room". - "Ech hunn dat Zëmmer esou genannt. Ech hänken nach Moskitonetzer op, Dir kënnt Iech um Gas Téi maachen. Et ass ëmmerhin dat eenzegt Zëmmer op der Insel mat Kichen. Hei sinn d'Schlësselen, verléiert se net, all meng Schlëssele vum Büro si mat drun".
Mir hu wonnerbar geschlof. Luxus, dat kann einfach nëmmen en Dach iwwer dem Kapp sinn.
Bis dann,
Ren
