En Téi am Darjeeling

© René Hilbert
Vill Stonnen um Moto, eng Téi-Zeremonie an de Bierger, interessant Fotoen, e "bluddegen" Tempel - dovu schreift de Ren on Tour a senger neister Chronik.
Darjeeling läit op 2150 Meter, et ass schonn hallwer 5, wéi mir zu Siliguri de Motorrieder eng Paus gënnen, eng Enfield, déi ze waarm ass, mécht einfach Mucken, da muss een hir eng hallef Stonn Rou ginn an da geet et erëm. Mir beschléissen trotzdem, di 77 Kilometer an Ugrëff ze huelen, fir e ganzen Dag méi zu Darjeeling verbréngen ze kënnen, well Darjeeling kennen ech vu mengem Besuch vun 2003, et ass immens schéin do. De Sonnenopgank moies ass beandrockend a virun allem gëtt et do eng wonnerbar Patisserie, Glenary's, wou ee gudden Darjeeling-Téi drénke kann a bei engem Kichelchen de Kanchenzönga, den drëtthéchste Bierg vun der Welt mat 8598 Meter, bewonnere kann.

Darjeeling ass fir mech déi schéinste Stad am indeschen Himalaya, anerer ewéi Shimla nenne sech "Kinnigin vun de Biergstatiounen", awer Darjeeling huet net nëmme wonnerschéin Téigäert, duerch déi ee wandere kann, mä och déi immens Himalaya-Biergkuliss am Hannergrond. Dat alles a Kombinatioun mat enger gudder Patisserie ass schwéier ze iwwerbidden.
Keng Strooss méi do :-(
A si hunn eng Eisebunn, déi nach mat Damplokomotive fiert, si sollt ofgeschaaft ginn, eng privat Initiativ huet dat verhënnert, haut ass si UNESCO-Weltkulturierwen. Ech hunn di Streck erop op Darjeeling nach esou gutt an Erënnerung, well 2003 di Schinnen 10 Zentimeter aus der Strooss gekuckt hunn an an all zweeter Kéier kräizen di Schinnen d'Strooss. Ech hat uewen d'Ärem wéi vun all Kéier um Guidon rappen, fir driwwer ze fueren. Haut ass di Streck nei gemaach an dee Problem besteet net méi, awer e grousst Stéck Strooss besteet och net méi, well e risegen Äerdrutsch huet den hallwe Bierg samt den Haiser, déi nach hallef do stinn, an der Strooss verschwanne gedoen. Dat kann nach net laang geschitt sinn, si baggeren a baue Maueren, fir dat Ganzt ze stabiliséieren. No e puer Kilometer steet e Bagger an der Strooss, labber laanscht gefuer, awer do ass elo Schluss, keng Strooss méi do. Nach en Äerdrutsch, hei ass nach näischt geschitt.
Mir froen, wéi een dann elo op Darjeeling kënnt, e Mann erkläert eis, wou de Wee ofbéit, eng wonnerbar schmuel Strooss schrauft sech poulriicht d'luuchtaus, di 180-Grad-Kéiere gi just am éischte Gang. D'Strooss hëlt keen Enn, et huet een d'Gefill, et wier een ënnerwee op d'Spëtzt vum Kanchenzönga.

Zu Darjeeling sinn d'Stroosse glëtscheg, well se naass sinn, zum Deel duerch d'Waasser aus de Bierger, zum Deel well si se nätzen, fir datt et net esou stëbst. Vill Camione transportéiere Waasser an d'Stad, dat si béi Waasserfäll getankt hunn, et gëtt net iwwerall fléissend Waasser. An déi, wou es hunn, si selwer verantwortlech, datt si es kréien. Jiddwereen zitt seng eege Waasserleitung, esou leien déck Päck mat 40-50 Leitungen niewenteneen.
Spéit eran, fréi eraus
Moies um 2 Minutten op 6 geet d'Sonn op, dat dierf een net verpassen, wann d'Bierger sech fir kuerz Zäit rout fierwen. Erstaunt sinn ech wéi vill Tibeter moies um 6 Fitness bedreiwen, di eng lafen, di aner maachen Übungen op enger Plaz, déi dofir mat Staangen ageriicht ass, en Openair-Fitness-Zenter. Op der Entrée vun der "Central School for Tibetans" ass e Sproch vum Mahatma Gandi gepinselt:
"Lief, wéi wann s de mar géings stierwen, léier wéi wann s de éiweg géifs liewen", net schlecht.
Mir hunn och dem Noah seng Arche fonnt, si steet zu Darjeeling op engem Hausdaach.
Niewent der Entrée vum "Tea Planters' Club", dem Club vun den Téiplantagëbesëtzer, hänken zwou original Sauerstofffläsche vun der britescher Mount Everest Expeditioun vu 1924.
Eng Téi-Zeremonie ... mat Fotoshooting
D'Happy-Valley-Téifabrick erreecht een zu Fouss an enger hallwer Stonn, awer et ass Grad keng Saison hei uewen, an dofir ass an der Fabréck och näischt ze gesinn. Allerdéngs huet eng lëschteg kleng Madame direkt virdrun e Café opgemaach, matzen an den Téigäert, den "Happy Golden Café", wou si de Leit den Ënnerscheed vu guddem a manner guddem Téi erkläert an duerno demonstréiert, wéi een Darjeeling-Téi richteg zoubereet. Nodeems mir an enger herrlech kitscheger Stuff hu missten ënner 5 verschiddenen Téien déi 3 bescht eraus sichen, kréie mir virgefouert, wéi een dee beschten Darjeeling opschëtt. Kachend Waasser einfach driwwer geschott, fäerdeg, 5 Sekonnen. Ni gesinn, och nach néierens vun esou enger Method gelies, awer si fonctionnéiert, den Téi schmaacht wonnerbar. D'Madame besteet drop, mat eisen Apparater Fotoen dierfen ze maachen. "Neen, esou gëtt dat näischt, réckelt emol zesummen, awer net ze no, den Hond muss ee nach gesinn." Si leet Wäert op den Detail, kuckt a rutscht hin an hier, zitt emol eng Rideau zou a knipst da lass. "Voilà, wéi gefält Iech d'Foto?" - "Madame, enger internationaler Carrière als Fotograf steet näischt am Wee!"
"Kann ee jo net drénken, muss ee mat Mëllech an Zocker mëschen"
Wann een Darjeeling verléisst a no Oste fiert, kënnt een an den Assam, hei leeft de Brahmaputra, ee vun de gréisste Flëss an Asien. Hei wiisst den Assam-Téi, un deem d'Madame am Darjeeling kee gutt Hoer gelooss hat, "kann ee jo net drénken, muss ee mat Mëllech an Zocker mëschen". Assam-Téi ass immens staark an huet e malzege Geschmaach, net ze vergläiche mat dem feine Goût vun engem Darjeeling, muss ee gären hunn. Riseg Téigäert stinn hei, si gesinn anescht aus ewéi uewen zu Darjeeling, d'Planz ass duebel esou héich, d'Téiblieder si vill méi grouss an iwwerall sti Beem an de Plantagen. Et ass grad Zäit, fir ze plécken, d'Blieder liichten hellgréng a wann d'Sonn drop schéngt, gesäit dat wonnerschéin aus.

Ënnerwee op Bongaigaon sti Schëlter niewent der Strooss: "Maach lues, Elefanten hu Virfaart." Dorunner hunn ech ni gezweiwelt an no zwou Erfarungen an Afrika mat Elefanten, déi op hir Virfaart bestanen hunn, géif ech hinne se och ouni Schëld oftrieden.
No 330 km an 10,5 Stonnen am indesche Stroosseverkéier gesäit en aus ewéi e Grufti, ganz schwaarz am Gesicht vum Ruß, deen d'Camionen an d'Bussen zum Auspuff eraus blosen.

De Brahmaputra-Dall ass duerchzu vun Niewenäerm vum grousse Floss, iwwerall Waasser, wou Leit fëschen oder wäschen. Laanscht e Maart kommen ech ni, do gëtt et ëmmer vill ze gesinn an et kënnt ee gutt a Kontakt mat der lokaler Bevëlkerung, virun allem kann ee wonnerbar Fotoen do maachen. Nodeems bis den Éischte gefrot huet "wou kënns du hier?" a sech d'Äntwert "Lëtzebuerg, Europa" ewéi e Lafféier verbreet, ass d'Äis gebrach a wa se bis hire Portrait am Fotoapparat gewise kréien, sinn der vill begeeschtert. En ale Mann gräift, nodeems hi säi Portrait gesäit, spontan an d'Täsch a reecht mir 10 Rupien, "kanns du mir eng Pabéierfoto gi w.e.g." - "Nee, dat geet leider net." De Bopchen ass enttäuscht, mir deet et leed, et wier schéin, wann een e klenge Printer dobäi hätt an de Leit eng Foto schenke kéint. Da bräicht een allerdéngs e Camion, deen engem eng Tonn Fotopabéier hannendru féiert.
"Mäin Numm ass Albert"
Während mir en Téi an der Entrée vu Guwahati drénken, schielt sech aus der Menschendrauf ëm eis en Typ eraus, dee gutt Englesch schwätzt. "Mäin Numm ass Albert", en typesch indesche Numm also. Hien ass Journalist, schafft awer momentan fir eng Fernsehstatioun, fir Filmer ze schneiden, e lëschtege Kärel, hien erkläert, datt hie ferm am Drock ass, "editing, editing, editing". Jo, jo, kennen ech. Wéi hie gewuer gëtt, datt mir vu Lëtzebuerg kommen, ass seng Begeeschterung grouss, "ech hunn e Frënd zu Paräis an een zu Marseille, déi soll ech d'nächst Joer besiche goen".
- "Paräis läit nëmme knapp 400 Kilometer vu Lëtzebuerg."
- "Fiert en TGV dohinner?"
- "Jo, e brauch 2 Stonnen, du drénks e Kaffi a scho bass de do."
- "Nee, du drénks e Kaffi an e Glas roude Wäin, da bass de do."
Hie schwätzt esou guer franséisch, an Indien wonnert ee sech iergendwann iwwer näischt méi.
- "Dir musst onbedéngt de Kamakhya-Tempel besichen, no engem Kilometer lénks erop."
"Weiblechen Tempel": Geld um Dësch, Kapp um Dësch
Dat wollte mir souwisou, well et ass dee wichtegsten Tempel hei an der Géigend an ass dem weibleche Geschlechtsorgan gewidmet. Der Geschicht no ass dem Sati, dem Shiva senger Fra hire Kierper, zerstéckelt ginn, d'Zéiwe sinn op Kalkutta gefall, d'Yoni, dat weiblecht Geschlechtsorgan, ass op den Hiwwel Kamakhya gefall. A well esou e weiblecht Geschlechtsorgan eng bluddeg Affaire ka sinn, ass di hellegst Plaz am Tempel, déi d'Form vun enger Gebärmutter huet, Bluttrout ugestrach. Domat net genuch, vis-à-vis vun der helleger Plaz ginn an engem Pavillon Déiere rituell gekäppt, meeschtens Geessen, fir déi, wou sech et leeschte kënnen, stinn awer och Büffel do. Esoubal d'Rupien um Dësch léien, läit de Kapp um Schafott.

Tonne Leit waarden a laange Schlaangen, fir déi hellegst Plaz am Tempel dierfen ze gesinn. Hanner Eisegitter waarde si gedëlleg, bis et un hinnen ass, Händler probéieren, d'Zäit ze notzen a Blummekräntz un d'Leit ze bréngen. Déi, wou manner Gedold hunn, kënnen d'Waardezäit verkierzen duerch e klengen Obulus, eng kuerz Waardezäit kascht 100 Rupien, guer keng 500. Bannen am Tempel sëtzen helleg Männer hanner Gitteren, déi deenen, déi virun de Gittere knéien a monter Rupien derduerch reechen, de Seegen a Form vun engem roude Punkt op der Stir erdeelen. Fotoen dierf een keng do maachen, 2 schaffen ech der onbemierkt, béi der Drëtter jäizt een entsat: "No foto!" - "Oh, sorry, sorry", a sech schnell aus dem Stëbs gemaach.
Zack um Zil
Guwahati ass eng grouss Stad, an do ass et meeschtens net einfach, d'Géigend vun den Hotellen ze fannen. Awer et gëtt en Trick, dee bal ëmmer klappt, et sicht ee sech e Motorradfuerer a freet deen, wou den Hotel "souwisou" ass (dee schreift ee sech virdru grouss op en Ziedel). An 90 Prozent vun de Fäll heescht et dann "fuer mir no" an a kierzter Zäit fënnt een den Hotel oder op mannst d'Géigend vum Hotel. Sou och dës Kéier, de Mann féiert eis an di richteg Géigend, d'Guest House selwer fënnt hien net. Mir tanken emol a froen e Rikschafuerer, déi kenne sech och aus. "Lénks an dann déi éischt riets, an dann erëm riets". Wéi mir bei der éischter rouder Luucht stinn, steet de Rikschafuerer op eemol nieft eis, "fuert mir no", an Zack ware mir beim gesichte Guest House.
Bis d'nächste kéier,
Ren