Vun dem verschlofene Majuli bei d'Kappjeeër am Nagaland

Um Enn vun der 9 Etapp freet sech de Ren on Tour, ob hie wierklech nach an Indien ass. Dobäi kënnt een Highlight ëmmer méi no ...
Op Majuli ass kee Stress ugesot, hei gëtt nach mat Ochse geplout, d'Waasser gëtt mat der Pompel aus dem Buedem geholl, de Stroum ass méi oft fort ewéi do, um 8 Auer owes si sämtlech Rolllueden erof. Fir d'Insel ze verloossen, steet eng Brahmaputra-Croisière vun annerhallwer Stonn un. Déi kleng Motorrieder kommen op den Daach vun der Fähr, eis stinn niewent 2 Autoe wéi nach en drëtten Auto ukënnt. Also gëtt ëmgebaut, eis Motorrieder mussen och erop. Praktesch, mir brauche se net selwer eropzeféieren, d'Personal huet Routine do dran an iwwerhëlt de wackelegen Transport iwwer e Briet op de Wellblechdach um Schëff. D'Fähr ass esou voll, datt ee sech net ka beweegen, esou bal si ofgeluecht huet, heescht et, Gedold hunn.
Nëmmen net de Kapp verléieren!
Um Festland ukomm fuere mir Richtung Mon, dat ass en entleeënt Duerf am Urwald vum Nagaland. Nagaland ass de Synonym fir Kappjeeër. Hei war et Traditioun, dem Feind, dat war d'Nopeschduerf, säi Kapp ze kréien. Deen ass da virun der Hütt opgehaange ginn. Ausser dem Kapp huet näischt gezielt, Terrain wollt keen hunn, esouguer wann en Duerf ausgeläscht ginn ass, huet keen den Terrain gewollt. An den Dierfer ëm Mon sinn nach di meeschten Iwwerreschter vun der Kappjuegd ze gesinn, hei liewen nach al Kappjeeër, déi een un den Tätowéierungen am Gesiicht erkennt. Mon ass déi eenzeg Géigend, wou een nach original Doudekäpp an den Dierfer fënnt. Hei gëtt et e lokale Kinnek, jiddwereen, dee vun der Juegd erëmkënnt, gëtt dem Kinnek e Stéck vun deem, wat hien erluecht huet. Obwuel d'Regierung d'Kappjuegd an de 1950er-Jore verbueden huet, ass dee leschte bekannte Fall, wou et engem fir d'Schierbel gaangen ass, am August 1978 zu Long Tsom passéiert. Esoubal mir d'Grenz zum Nagaland passéiert hunn, verwandelt sech d'Strooss an eng Pist, déi de Motorrieder schwéier zousetzt. Op der éischter Tankstell gi just d'Literen ugewisen, vum Präis keng Spur. Am Eck sinn 2 Toiletten, op der Mauer steet lénks grouss Urin, riets Urine, dat wäert wuel d'Dammen-Toilett sinn.

No 10 Kilometer kommen e puer Hütten, laut eiser Landkaart misste mir eigentlech scho laang do sinn.
- "Entschëllegt, wei wäit ass et nach bis op Mon?"
- "40 Kilometer."
Et gëtt keng präzis Landkaarte vun dëser Géigend. Dat huet kee Sënn, et ass hallwer 4, fir 40 Kilometer brauche mir bei där Pist 4 Stonnen, an enger Stonn ass et däischter a bei enger Enfield huet schonn e Simmerrank vun der Gafel opginn. Den Ueleg spruddelt monter eraus, dat verbessert d'Situatioun net onbedéngt. Schwéieren Häerzens maache mir d'Kéier a fueren duerch eng sëllechen Téiplantagen zeréck an di nächste Stad, wou mir eis en Zëmmer huelen.
De Kleeschen am Kommunismus?
Am Nagaland gëtt een drun erënnert, datt Chrëschtzäit ass, an zwar op all Eck, an dat an Indien. Iwwerall sti Chrëschtbeemercher aus Plastik, Kleesercher stinn en Masse an der Géigend, esouguer Schnéimännercher a virun allem rout Stären, déi liichten. Allerdéngs hu sämtlech Stäre 5 Zacken an dann och nach rout, kéint een och fir kommunistesch Zeechen halen ...
Datt 90 Prozent hei Chrëschte sinn, ass d'Resultat vu massiver Missionnéierungsaarbecht an der Zäit, d'Tendenz schéngt zouzehuelen, iwwerall ginn nei Kierchen opgeriicht, obwuel et der scho masseg gëtt. Ëmmerhin huet dee Wandel dozou bäigedroen, datt si d'Kappjuegd agestallt hunn.
An den Nagadierfer hu si grouss Bamstämm, déi als Trommel fungéieren, si sinn ausgehielegt, bannen dra leien déck Bengelen, fir ze trommelen, 2 Décker si bausse fest montéiert. Fréier war et den Alarm bei engem feindlechen Iwwerfall, haut gi si benotzt, wann eppes geschitt ass oder wann et brennt.

Am Duerf Ungma dierfe mir an en Haus, wou eng Fra am Gaangen ass, ze wiewen, hir Mamm an hir Bom maachen d'Finitioun vun de Stécker. Bei engem Téi kréie mir déi néideg Erklärungen, 2-3 Wochen Aarbecht stiechen an engem Duch, wat als Rack benotzt gëtt. Dat bréngt dann 2.500 Rupien, 30 Euro.
An engem aneren Duerf ass en alen Wee mat décke Steng, eisen Taxichauffer, dee gläichzäiteg Guide spillt, erkläert eis, datt sech d'Geschicht vum lokale Romeo a Julia hei ofgespillt huet, esouguer Ofdréck, wou si solle gesiess hunn, sinn an de Steng ze gesinn. Der Geschicht no war de Papp vum Meedchen net mam Bräitchemann averstanen an huet eng Kou vun him verlaangt. Dee Gudden ass lassgezunn a mat 4 Kéi zeréckkomm, awer de Papp hat d'Meedchen du scho mat engem anere bestuet.
- "Wat ass mat de 4 Kéi geschitt?"
- "Keng Ahnung."
- "Dann huet Är Geschicht awer kee richtege Schluss."
- "Ähmm ... jo, stëmmt."
- "Hien huet e Restaurant opgemaach a se gegrillt."
- "Ha, ha, déi ass gutt."
"Schmaach emol den Hunneg ... an d'Beien"
Ech fotograféieren en Haus, wou eng Fra am Gaangen ass, Holz eranzedroen, si kënnt mat eisem Taxichauffer an d'Gespréich, "en Téi?" - "Jo, gären". Nach eng wonnerbar Geleeënheet, fir an en Nagahaus eranzekucken. Bannendran eng oppe Feierplaz, op där gekacht gëtt, am Eck de Fernseh, wou d'Kanner virdru sëtzen. "Hei, schmaacht emol den Hunneg." Dee schmaacht wonnerbar kräfteg am Goût, si hu Beien ouni Stachel hei, d'Beiestäck sinn ënner dem Buedem. "Schmaacht emol d'Beien." D'Madame reecht eis eng Schossel mat eppes Ondefinéierbarem dran, ech hu kee Brëll op a versti just, datt et mat fermentéierte Bambussprossen gemaach ass, déi iwwerhuelen d'Roll vum Esseg. Mol e gudde Läffel eragefeiert, nach een, dat Ganzt huet e liicht sauere Geschmaach, ass awer z'iessen. Sécherheetshallwer mol nach eng Foto dovunner gemaach, beim Vergréisseren um Laptop hu mir et dunn erkannt, et ware Beien a Beie-Larven ...

Am drëtten Duerf ass eng Hochzäit virbereet ginn, d'Jugend huet mat Bambus eng Hütt fabrizéiert. Si hu grad Paus gemaach a gegrillte Schwéngefleesch giess, déi absolut Nagaspezialitéit. Prompt si mir ageluede ginn, "hei, schmaacht emol", an dann nach en Téi, "Merci". E puer Haiser weider sëtzen e puer Fraen a bereeden d'Iesse fir d'Hochzäit vir, si wénke mech erbäi a wëlle fotograféiert ginn. "Hei, schmaach emol, gereechert Schwäin, eng lokal Delikatess." Et ass knëppelhaart, duerch an duerch schwaarz, si hae mat décke Messeren drop, fir et a kleng Stécker ze briechen, et wäert wuel eng lokal Spezialitéit bleiwen. Awer gutt gelaunt si si, "maach emol eng Foto mat eis zesummen". Si laache sech kapott, di Jonk léisst mech net méi aus den Aen, ech kréien direkt hier Duechter virgestallt. Wei mir gaange sinn, sot si "a vergiess jo net, mar op d'Hochzäit ze kommen". Dat loossen ech emol léiwer sinn, ech hu keng Loscht mat bestuet ze ginn ...
Den Taxichauffer ass e lëschtege Kärel, "de Stroum geet regelméisseg fort hei". - " Jo, hu mer am Hotel erlieft, e kënnt awer ëmmer erëm." - "E muss jo bal, wou soll en dann hin?" Ech erklären him, datt zu Kaza am Spiti-Dall am Himalaya de Stroum fortgaangen ass a net méi erëm koum. Da verbréngt een net nëmme romantesch Owenter béi Käerzeliicht, mä dann ass ee frou, wann een nach geluede Reservëbatterien a Späicherkaarte fir de Fotoapparat huet, soss ass ee fäerdeg mat Fotograféieren.
Iwwerall helleg Steng, "soss hu mir gegleeft, datt de Gott an dëse Steng lieft. Nodeems mir de chrëschtleche Glawen ugeholl hunn, gleewe mir dat net méi, et muss ee sech froen, ob en dann elo nach ëmmer hei ass oder wou en hin ass." Den Hummer ass awer dat beliichte Badminton Feld. Eng rise Kierch am Duerf. "Mir trieden der Kierch all Mount 10% vun eiser Pai of. Si ass di räichsten Institutioun hei, et ass e lukratiivt Geschäft." - "Dat ass net nëmmen hei esou, dat ass op der ganzer Welt d'selwecht."
E Bicherbus hunn si och hei, ewéi bei eis, just datt si d'Bicher net verléinen, mee verkafen, och Schoulbicher fir d'Kanner. 1 Mol am Mount kënnt de Bus laanscht, riets stinn d'Bicher op Englesch, lénks déi op Hindi.
Wou si mir hei?
Ënnerwee fir op Kohima hänkt e rise Geier virun enger Hütt, e mächtegt Déier, eng Spannwäit vun op d'mannst 1,5 Meter. De stolze Jeeër probéiert, d'Deier fir 4800 Rupien (58€) ze verkafen.
- "Hutt Dir där Vullen do vill hei?"
- "Nee, nach ni esou een hei gesinn, ech hunn 3 Kugele gebraucht, fir en ze erschéissen."

Hanner dem Geier hänkt eng Plakat, "rett eis Amur-Falken" ... dat dierft mat dësem Jeeër schwiereg ginn. Derniewent hänkt nach eng wëll Katz mat engem gefleckte Fäll ewéi e Leopard, si ass fir 1800 Rupien (22€) ze kréien.
Zu Kohima, der Haaptstad vum Nagaland, ukomm kënne mir just staunen, dat huet näischt mat Indien ze dinn, et mengt ee scho bal, et wier een doheem. Hei tut keen, et gëtt iwwerall Dreckskëschten, wie se net benotzt, kritt eng Strof vu 500 Rupien, ëffentlech Toiletten, déi ee bezuele muss. Mir hunn en Zëmmer bei Privatleit reservéiert, während dem Hornbill-Festival ass an de wéinegen Hotelle vu Kohima keen Zëmmer ze kréien. De Besëtzer vum Haus ass e super frëndleche Mann, dee beim Staat schafft an net vun der Heck gepléckt ass. "Ech sinn e grousse Mozart-Fan, dofir war ech mer op Salzburg seng Stad ukucken."
Ech sinn net sécher, ob mir nach an Indien sinn.
Salut,
Ren