Hornbill-Festival: De Festival vun de Festivalen!

© René Hilbert
Esou ass den offiziellen Titel vum Hornbill-Festival, dee vun der Regierung vum Nagaland am Joer 2000 an d'Liewe geruff gouf ...
... mam Zil, di gemeinsam Aktivitéite vun de 16 verschiddenen Nagastämm an d'Kultur ze fërderen. Mëttlerweil wiisst de Festival, dëst Joer ass e vu 7 op 10 Deeg verlängert ginn, vill Aktivitéite koumen iwwer d'Joren dobäi.
De Festival ass nom Hornbill-Vull benannt, engem risegen Déier, wat bis zu 1,3 Meter laang an 1,5 Meter breet ka ginn.
Wéinst de 50 Joer vum Bestoe vum Nagaland, wat fréier en Deel vun Assam war, huet den indesche Präsident sech d'Éier ginn an de Festival an traditioneller Kleedung als op erkläert. (D'Foto krut ech grousszügegerweis vum Bertrand Linet, engem franséische Fotograf, geschenkt, mir waren den éischten Dag nach net do.)

© Bertrand Linet
Et muss fir d'Nagaleit net einfach gewiescht sinn, déi Zeremonie ze erdroen, well si kënnen d'Inder net leiden, si fille sech net als Inder a gesinn och net esou aus, éischter mongolesch-thailännesch.

D'Nagaland huet schonn 1929 duerch e Referendum erkläert, et wéilt aus allen indesche Konstitutiounspläng ausgeklamert ginn a nom Ofzéie vun den Englänner onofhängeg sinn. Nodeems di politesch Onofhängegkeetsorganisatioun mat hire Leit am Zweete Weltkrich un der Säit vun der indescher Arméi gekämpft an dat och näischt bruecht huet, huet si de 14. August 1947, een Dag virun der indescher Onofhängegkeetserklärung, d'Nagaland fir onofhängeg erkläert an ass an den Ënnergrond gaangen. Déi indesch Regierung huet d'Onofhängegkeetserklärung awer net unerkannt an d'Nagaland weider als en Deel vun Assam betruecht. Well déi indesch Regierung zu där Zäit awer aner Suergen hat a mat Pakistan a Bangladesch méi ewéi beschäftegt war, huet si d'Naga laang Zäit gewäerde gelooss an huet dunn d'Arméi geschéckt.
Op d'mannst e Bundesstaat
No verschiddene bewaffneten Tëschefäll a Friddensmissiounen krut d'Nagaland 1963 dunn de Statut vun engem indesche Bundesstaat, et goufe weider Verträg ofgeschloss, awer verschidde Gruppéierunge kënne sech bis haut net domat offannen, d'indesch Constitutioun ze akzeptéieren, kämpfe weider a brénge regelméisseg Leit ëm. An der Zeitung stoung deen een Dag, datt si 6 Leit festgeholl hunn, déi Funkgeräter fir d'Guerilla geschmuggelt hunn, den Dag drop war eng Foto dra vun engem grousse Waffelager, wat fonnt ginn ass, dorënner 63 Granaten!
An engem kriteschen Zeitungsartikel iwwer de Festival steet, "d'Ouverture hat weder Kapp, nach Schwanz, vläicht wollte si deem Ganzen en indeschen Touch ginn" ...

De Logo vum Nagaland ass e Mithun, e mächtege Büffel, de Stolz vum Nagaland. D'Angami, déi haaptsächlech zu Kohima liewen, nenne dat Déier "We".
Innerindesch Tensiounen
Eis Famill, wou mir wunnen, ass och net waarm mat den Inder: "D'Inder behandelen eis net gutt". Oder: "Si behaapten, si géifen eis finanziell ënnerstëtzen. Dat ass net wouer, si ginn eis just déi Suen erëm, déi mir als Stéiere bezuelen, dat sinn eis Suen."
De Permit, dee bis 2011 vu jiddwerengem huet missen ugefrot ginn, ass fir d'Auslänner opgehuewe ginn, net awer fir d'Inder. Indesch Mosleme kréien iwwerhaapt keng Geneemegung fir Nagaland.
Awer fir déi Zäit vum Festival gesäit alles roueg aus, vläicht och wéinst där massiver Militärpräsenz laanscht d'Strooss, de Festival ass 12 Kilometer vu Kohima ewech, wéi och zu Kisama um Festival-Site selwer. Erstaunlecherweis sti vill weiblech Zaldote laanscht d'Strooss, dat gesäit ee soss an Indien net.
Einfach schéin!
Apropos Weiblechkeeten, ech duecht schonn, ech misst bei den Aendokter, awer der Bertrand, e franséische Fotograf, dee bei eis am Guest House wunnt, an de Marcel berouege mech, hei gëtt et onwahrscheinlech vill schéi Fraen.
Um Festival-Site gëtt et eng grouss Arena, wou di eenzel Stämm all Dag Zeenen aus hirem traditionelle Liewen opféieren, all Stamm huet eng Original-Hütt opgeriicht, déi ee besiche kann a wou een Informatiounen iwwer déi verschidden Traditioune kritt respektiv kucken kann, wéi si liewen. An deenen Hütte gëtt et eng oppe Feierplaz, iwwer där Fleesch hänkt, fir ze reecheren. D'Naga si begeeschtert Fleeschiesser, haaptsächlech Schwéngefleesch an alle Formen, esou eng Aart Thüringer gëtt et. Awer och Hondsfleesch ass eng Spezialitéit, eng Portioun kascht 3,5€, ech hu keng geschmaacht.

Well d'Schwäin esou beléift ass, gëtt et Concoursen, wien dat meeschte Schwéngsfett an enger Minutt verdrécke kann. 10 Konkurrente stelle sech der fetteger Aufgab, um Teller léien 3 x 250 Gramm fir unzefänken. De Gewënner ass den Hummer, hie stécht dat nëmmen esou eran, säin Teller gëtt nogefëllt, hie schéngt scho méi laang näischt giess ze hunn, d'Fett leeft nëmmen esou erof, mat 2 Hänn gëtt nogedréckt. Hien huet Ähnlechkeete mat engem Hamster a stécht esou vill ewéi méiglech an d'Backen, well alles wat dobannen ass no enger Minutt zielt. Et ass bal net ze faassen, an enger Minutt huet hien 1,5 Kilo puert Schwéngsfett erof gewiergt! Dofir kritt hien 30.000 Rupien (350€).
Schéi Präisser
Si hunn iwwerhaapt onwahrscheinlech héich Präisser bei Lotterien oder Concoursen. Wann ee fir méi ewéi 2000 Rupien Nagaprodukter kaaft huet, krut een e Lotterieslous. Éischte Präis en Auto, e Suzuki Marutti 800ccm, zweete Präis e Suzuki Marutti 800ccm, drëtte Präis e Suzuki Marutti 800ccm ...
Oder e Rock-Concours, wou 27 Museksgruppen untrieden, fir den éischte Präis ze gewannen, 1 Millioun Rupien … dat si labber 12.000 Euro, dat wier och scho bei eis e stolze Präis fir e Museksconcours. Gewonnen huet "Underground Authority of Kolkata".
Da gëtt et nach en Hallefmarathon, eng Mountainbikecourse, en Auto-Rallye mat ëmmerhi 44 Autoen, e Motocross an e Kachconcours, während zwee Owenter gëtt de Musical "We will Rock you" vu Queen opgefouert, iergendwéi alles net esou ganz indesch.
WWII ... och hei!
D'Vergaangenheet gëtt och mat agebonnen, e Corso mat historesche Militärgefierer start vum Krichskierfecht aus duerch d'Stad. Zu Kohima léien 1.420 gefalen alliéiert Zaldote begruewen. Am Zweete Weltkrich war hei eng entscheedend Schluecht, d'Japaner wollten iwwer Kohima an Imphal an Indien afalen, si sinn an enger fierchterlecher Schluecht vum 4. Abrëll bis den 22. Juni 1944 vun den Englänner an den Inder zeréck geschloe ginn. Kohima gëtt dowéinst och als Stalingrad vum Oste bezeechent. Dee Kierfecht gëtt haut nach vun den Englänner an d'Rei gehalen. D'Japaner haten d'Plazen, wou hir Leit gefall waren, markéiert an hu se an de 70er-Joren zeréck an d'Heemecht geholl.
Si sinn onwahrscheinlech gleeweg hei, Chrëschtdag gëtt geféiert, wéi ech et seelen erlieft hunn, sämtlech Haiser si mat elektreschem Firlefanz dekoréiert, iwwerall Chrëschtbeemercher, hanner eisem Haus ass eng Kierch, de Weihnachtsmann kënnt a verdeelt Séissegkeeten no der Mass, hien dréckt mir e puer Kamellen an de Grapp a wënscht "schéi Chrëschtdeeg". Iwwerall dudelt Chrëschtmusek, zum Beispill Mary's boy child vu Boney M! Wa mir owes mat der Famill zesummen iessen, gëtt als éischt en Dëschgebiet geschwat.
Verschiddener schéngen awer an d'Kierch ze vill héich Erwaardungen ze setzen, an der Nagaland Post steet en Artikel iwwer e schwéieren Autosaccident, wou en alkoholiséierte Chauffer mat sengem Gefier duerch en Hausdaach gaangen ass, 2 Doudeger am Haus. "De Staat huet eng finanziell Hëllef ginn, d'Kierch, wou d'Famill Member ass, huet sech bis haut net gemellt." (Si léieren et hei och nach, d'Kierch mellt sech net, fir Suen auszedeelen, si mellt sech just, fir Suen anzezéien.)

Nëmme fir d'Dauer vum Festival ass de Nuetskarneval, vu 4 bis 8 gëtt d'Strooss am Zentrum gespaart, da gi Stänn opgeriicht an et gëtt gegrillt, datt et nëmmen esou dämpt. Et gëtt zwou Zorte vu Stänn, déi wou Iessen an déi wou Klimpi verkafen. Venezianisch Maske komme gutt un, allerlee elektresche Schwachsënn, wéi een e bei eis op der Schueberfouer gesäit. Tonne Leit, d'Strooss ass voll, alleguer super gelaunt a super frëndlech, en Zaldot trëppelt a kompletter Uniform mat Maschinnegewier duerch d'Leit, op der Broscht flimmert e rout Plastikshäerz, herrlech. A virun allem, iwwerall leeft Chrëschtmusek, passt ewéi d'Fauscht op d'A.
"Access all aeras"
Owes fuere mir op de Rock-Festival, do léieren ech e jonke Mënsch kennen, deen och Fotoe mécht. De Lima ass vu Kohima, wunnt awer momentan zu Dehli, sengem Brudder gehéiert d'Bühn. Hien huet e Media Pass, "esou ee wëll ech och". Nodeems ech am Büro vum zoustännege Manager meng Berichter op RTL gewisen hunn, dierf ech mech an d'Akkreditiounslëscht androen a kréien e Media Pass, "access all aeras".

Et ass scho cool, wann ee während de Concerten op der Bühn erëm turnen a Fotoe maachen kann - a kee seet eppes. Am Liewe gëtt et bekanntlech näischt fir näischt, an esou réckt de Lima och gläich mat sengem Problem eraus - "ech hunn dir jo elo gehollef, kéints du mir och w.e.g hëllefen? Mar ass e Moudendefilé zu Kisama, ech soll Fotoen do maachen. Ech hunn zwee Objektiver, awer nëmmen ee Boîtier. Kanns du mir ee léinen?" Mir hunn op menge Reese schonn esou vill Leit gehollef, mir hu Leit de Schlëssel vun hirer Wunneng ginn, ouni mech ze kennen, an esou ginn ech engem jonke Mënsch, deen ech net kennen, ee vu menge Fotoapparater. "Du kriss en Iwwermuer erëm." An esou war et, ech hu mäin Apparat erëm kritt, de Lima war zefridden, hien hat gutt Fotoe gemaach an ech war frou, emol eng Kéier kënne gehollef ze hunn.
Stäre kucke beim "Meat Kicking"
Et gëtt verschidden Techniken, fir e Feier ouni Briquet ze maachen. Vun all Stamm ass ee beim Concours, wien am séiersten e Feier ouni Hëllefsmëttel ukritt, vertrueden. Bal net ze gleewen, a manner ewéi enger Minutt hat deen Éischte seng Käerz um brennen. Beim "meat kicking" ass et drëms gaangen, e 5 Kilo Stéck Fleesch, wat un enger Bambusstaang houng, mat kuerzem Ulaf mat zwee Féiss ze treffen. No all Duerchgang gëtt dat Stéck méi héich gehaangen. Datt dat Ganzt net ongeféierlech ass, stellt sech gläich am Ufank eraus. Ee Kandidat schléit mam Genéck op den haarden Sandbuedem a gesäit duerno d'Stären. E vergi jett Minutte bis Entwarnug gi gëtt an et weider ka goen. Nodeems 2 Meter erreecht sinn, brauchen d'Kandidaten d'Fleesch just nach mat engem Fouss ze beréieren. Bei 2,44 Meter ass Schluss, dat si schonn Olympia-verdächteg Héichten.

D'Opféierungen op der Haaptplaz si ganz flott an och heiansdo lëschteg, awer net verpassen dierf een an der Mëttespaus a no dem offizielle Kulturprogramm wat sech virun den Hütte vun den eenzele Stämm ofspillt. Ee Stamm mécht Kugelstoussen, mat enger stengener Kugel, 50 kg schwéier ... oder Réngen, ouni Matratz. Volle Rouer mat der Biche op de Buedem, ouni Récksiicht op Verloschter.
E puer Stämm sangen an danzen, am schéinste séngt de Kucki-Stamm. Faszinéierend méistëmmeg, eng Joffer huet d'Gesangsbuch am Grapp, a Kucki-Sprooch geschriwwen. Eng Dose sangen, déi aner Danzen. Ech wéilt, et géif eng CD vun deem Gesang ginn, awer dat bleift leider e Wonsch. En anere Stamm huet e Jodel-ähnleche Gesang. Verschidden Hütte si mat Schifer gedeckt, et gëtt Mineralwaasser, wat Viva heescht, a Marmorkuch, ech komme mer esou lues vir ewéi doheem ...
De leschten Dag ass um 4 Auer d'Ofschlossfeier, e grousst Feier gëtt vun der Miss Naga 2013 ugefaangen, rosa Pabéiersloftballone mat enger Käerz dra klammen an den Himmel. D'Zuschauer danze mat den Naga zesummen, et gëtt gesongen, wat d'Stëmmbänner hierginn, di Jonk sinn ausser Rand a Band. D'Feier gëtt lues a lues méi kleng, d'Leit fale sech an d'Äerm, dat war et fir dëst Joer.

Eleng d'Stëmmung vun der Ofschlossfeier war et schonn derwäert, dobäi gewiescht ze sinn.
Salut,
Ren