Ëm komesch Polizisten, interesséiert Zaldoten a schlecht Stroosse geet et am 11. Blog vum Ren on Tour.

Manipur ass deen nächste Staat, wann een Nagaland verléisst, a gëllt als dee geféierlechste Staat a Nord-Ost-Indien. Bei der Arees iwwer de Mao-Kontrollpunkt wénkt de Polizist eis einfach weider, mir brauchen eis komescherweis néierens anzedroen. Mir drénken nach en Téi niewendrun, kee mellt sech, also fuere mir weider.

RTL

Hei ass d'Stëmmung anescht ewéi am Nagaland. Laanscht d'Strooss sti gepanzert Gefierer, ech denken un d'Madame zu Dehli. "Méi wäit ewéi Kohima géif ech net fueren, si hunn nach e puer serieux Problemer an deem Eck." Si schéngt Recht ze hunn. Owes drénke mir en Téi an enger klenger Bud zu Imphal, der Haaptstad vu Manipur, wéi e puer Reien Zaldote laanscht trëppelen, verdeelt iwwer d'ganz Breet vun der Strooss. "Manipur Kommando", erkläert den Téiverkeefer.

50 Kilometer vun Imphal läit de Loktat-Séi. E schéine Séi, deen duerch säi fest Grass, wat um Waasser schwëmmt an op deem ee goe kann, un den Titicaca-Séi a Südamerika erënnert.

Eigentlech wollte mir vun Imphal riicht op Aizawl, der Haaptstad vu Mizoram, dem nächste Staat, fueren. Awer am Hotel sinn se formell, "dat geet net, do gëtt et momentan keng Strooss méi, dir musst iwwer Silchar fueren". Laut der Landkaart wieren et um direkte Wee 173 Kilometer gewiescht, um Schëld zu Imphal, wat et nach gëtt, steet 460 Kilometer!!!

Ëm d'Strooss op Silchar schéngen se sech och Suergen ze maachen, e Minnesich-Kommando ass am Gaangen, de Bord vun der Strooss mat Detektoren ofzesichen, geséchert vu masseg Zaldoten a gepanzerte Gefierer.

An de Bierger vu Manipur verstoppe sech Drogenhändler a Guerilla-Arméien. Mäi Kupplungskabel vum Moto ass gerass, ech sinn 30 Kilometer ouni gefuer, an de Bierger ass dat net dat Gielt vum Ee. Am éischten Duerf, wat op der Streck läit, hale mir stall, fir de Kabel ze wiesselen, d'Stëmmung ass e wéineg speziell an deem klengen Duerf. Am Agang vun Tamenglong steet e gepanzert Gefier, wat en Duerchschoss duerch déi gepanzert viischt Fënster huet, de Chauffer dierft dat wuel kaum iwwerlieft hunn. Uewen am Tuerm steet en Zaldot an hält Wuecht.

Strack, mä "esou laang ech hei sinn, geschitt iech näischt"

De Kommandant kënnt erbäi gepilgert: "Moien, vu wou komm der?"- "Lëtzebuerg, Europa." - "Esou laang ech hei sinn, geschitt iech näischt." Den Typ ass stacksat, an dat an Uniform um 12h mëttes. Ech bestellen 2 Téi a falen déi 2 Hänn, fir Merci ze soen, "maach dat net, dat ass indesch". Net nëmmen am Nagaland si si keng Frënn vun den Inder, hei och net. "Ech ginn iech eng Eskort mat, déi passt op iech op." - "Nee, Merci, dat geet schonn." Et gëtt näischt Schlëmmeres, ewéi hanner eng Police-Eskort am Stëbs ze fueren, dat hunn ech a Pakistan misste maachen, an do sinn ech och ugaangen. "Am nächsten Duerf zu Longmai ass Orangëfest, do musst dir hin."

RTL

Iwwerall stinn Zaldote mat Maschinnegewierer a Funkgeräter, reservéiert, awer fein, een hëlleft esou guer, de Kabel ze wiesselen. De Kommandant ass penibel, hie lallt andauernd dat selwecht, "esou laang ech hei sinn, geschitt iech näischt", een Zaldot gëtt esou lues nervös a mengt, et wier Zäit, datt mir géife fueren. Op eemol fënnt de Kommandant dat och, "fuert, well si kommen an 10 Minutten". - "Wie kënnt?" - "D'indesch Arméi." - "A wee sidd dir dann?" - "Den Ënnergrond." Kolleg, wann s du esou weider säifs, da läis du elo gläich ënner dem Grond.

Während di meeschten Zaldoten an der Ëmgéigend vum Moto stinn an dem Marcel beim Wiesselen vum Kupplungskabel nokucken, ginn ech bei dee gepanzerte Won, ech hat gehofft, e wier verlooss, awer den Zaldot huet seng Positioun am Tuerm gehal, ech maachen eng Foto, kee Protest, also riskéieren ech der emol e puer. Den Zaldot am Tuerm protestéiert net, schéngt awer och net begeeschtert dovunner ze sinn. An engem Haus niewendru sëtzt e Meedchen a wieft e Schal, wat Géigesätz.

Kaum 10 Minutte méi spéit fiert e bloe Bus vun der indescher Arméi bäi, eng ganz Trupp Zaldoten, vun deene verschiddener ewéi de Rambo equipéiert sinn, sprangen eraus an zécken net laang, si deelen sech op a kleng Gruppen a marschéiere geziilt op verschidden Haiser duer, 1-2 postéiere sech virum Haus, di aner 2 duerchsichen d'Haus. Den Ënnergrond, dee sech als d'Police vu Manipur eraus gestallt huet, hält sech ganz kleng bei där Operatioun an ass op eemol verschwonnen, de Kommandant, dee virdrun nach e Mann mat der flaacher Hand richt an d'Gesiicht geschloen huet, well e mam Marcel geschwat hat, ass vun de Kollegen aus dem Verkéier gezu ginn.

RTL

Elo gëtt et wierklech esou lues Zäit ze verschwannen, mir gréisse frëndlech a maachen eis aus dem Stëbs. Datt si woussten, datt d'indesch Arméi kéim an datt di gesichte Leit längst verschwonne waren, ass einfach ze erklären, hanner all zweeter Kéier stinn 3 Zaldoten, mol mat Jeep, mol ouni, an déi informéieren déi am Duerf.

Dat Orangëfest kënne mir eis natierlech net entgoe loossen, et ass just haut, wat fir eng Chance. Et sinn allerdéngs esou vill Zaldoten do, datt ee sech froe kann, ob een op engem Arméifest ass oder op een hei am Zentrum vum engem serieuxe Problem ukomm ass. Awer si sinn alleguer super fäin an esou froen ech emol, ob si net wéilten op eis Saachen oppassen, esou laang mir um Fest wieren. "Dach, kee Problem, leet alles hei hin, mir passen drop op." Also gi mir och d'Motoe sichen, d'Begeeschterung ass grouss, "mir maachen als éischt e puer Fotoe vun iech, hei, hal emol dat Maschinnegewier un". Ir ech mech ëmsinn hunn, kréien ech e Maschinnegewier an de Grapp gedréckt, eng ganz Batterie vun Handyen hält dat fest. Am léifste géif ech elo eng Foto vun hinne maachen, ewéi si do an der Rei stinn ze knipsen. Nodeems jiddweree sech mat eis fotograféiere gelooss huet, kënne mir op d'Fest wanderen, wat ënner dem Motto, "D'Orangë fir Fridden an Entwécklung" (!!!) steet. Et ass virun 10 Joer an d'Liewe geruff ginn an zanter 2004 huet et de Statut vun engem nationale Fest, et ass dat eenzegt offiziellt Orangëfest an Indien, an dat matten am Urwald.

Longmai ass d'Gebitt vum Rongmei-Stamm, deen och un Hornbill-Festivall vertruede war. Eng Grupp Jongen a Meedercher vu Churachandpur féiert en Danz an hirer traditioneller Kleedung op. Op der Tribün sëtzen de President vu Manipur an nach e puer Offizieller, lénks a riets op der Bühn stinn Zaldote mat Maschinnegewierer, Fanger um Ofzoch, déi sinn anscheinend net als Dekoratioun do positionéiert, dertëschent d'Bodyguards am Kostüm, keng kleng Inder, mä Männer ewéi Schief. Niewent der Bühn steet nach eng ganz Trupp Zaldoten, virun den Zuschauer steet eng ganz Rei Polizisten, fir datt alles och schéin disziplinéiert bleift.

"Merci, datt dir eis besiche kommt, mir sinn net gewinnt, datt Friemer hei hi kommen"

En Offiziellen hält eng Ried "bla, bla, sprudel, sprudel" a schléisst ganz pathetesch of mat: "Den indesche Fändel sollt net di aktuell Faarwen hunn, mä misst just eng eenzeg Faarf hunn, Orange esou ewéi är Orangen" ... deen übleche Schwachsënn, wa Politiker mengen, missen eppes ze soen, wou et näischt ze soe gëtt.

D'Gewënner vum Concours "Wien ass de beschten Orangëproduzent?" gi vum President vu Manipur bekannt ginn, hie geet no vir bis un de Bord vun der Bühn, eng Dosen Zaldote gi mat no vir, immens.

Awer nach besser sinn d'Leit, mir ginn net fäerdeg mat Hänn Rëselen, all Zweete seet: "Merci, datt dir eis besiche kommt, mir sinn net gewinnt, datt Friemer hei hi kommen." D'Orangëverkeefer stinn an e puer Reien a bidden hir Friichten un, si verkafe sech nawell gutt. D'Fotograféiere fänkt un, schwiereg ze ginn, ech weess net méi, wou hi mat den Orangen, déi ech vu lénks a riets an de Grapp gedréckt kréien, "w.e.g. e Cadeau", an nach eng Orange. E Mann hëlt meng Hand an zitt mech virun. "Voilà, hei ass mäi Stand, dat ass meng Fra an dat meng Schwëster, hei hues de nach e puer Orangen an eng Plastikstut, fir se dran ze maachen." Nodeems mer vun den Offizielle begréisst goufen, gëtt et esou lues Zäit, virunzezéien, eist Zil vum Dag kënne mer net méi erreechen, mol kucken, wéi wäit mer nach kommen.

Mir hunn extra dës Strooss geholl, well mir vun 3 verschiddene Persounen gesot kruten, datt déi direkt Strooss vun Imphal op Aizwahl net ze fuere wier an datt mir iwwer Silchar an 2 Deeg an d'Haaptstad vu Mizoram fuere kéinten. Awer dës Streck ass och komplett futti, si sinn am Gaangen, eng Zuchstreck duerch den Dall ze bauen an doduerch hunn d'Camionen déi ganz Strooss zu enger eenzeger Baustell degradéiert. Méi ewéi 10 bis 20 Kilometer an der Stonn sinn net dran. Et gëtt esou lues däischter, awer fir ze iwwernuechten ass wäit a breet keng Méiglechkeet ze fannen, ech froen emol beim Militär, negativ, "nach 20 Kilometer, zu Nungba, do gëtt et en Hotel". Laanscht d'Strooss stinn d'Zaldoten elo a Siichtdistanz zueneen, dat ass net dat berouegendst Zeechen.

Iergendwann geet de Mound och net méi duer, fir ze liichten an et ass stackdäischter am indeschen Urwald, matzen an de Bierger vu Manipur. An engem Duerf steet erëm d'Arméi, eng Täscheluucht geet un: "Halt, wou fuert dir hin?" - "Silchar, kënne mir hei iwwernuechten?" - "Nee, dat geet leider net." - "Nach 22 Kilometer, da kënnt en Hotel." Mir drénken en Téi, méi däischter kann et net méi ginn.

RTL

Zu Nungba si schonn iwwerall d'Rolllueden erof, wéi mir um 7 Auer ukommen, op der Duerfplaz trëllen e puer Männer ronderëm, alleguer stacksat. D'Barrière um Enn vum Duerf ass erof, den Zaldot ass formell: "Nee, dir kënnt net weider fueren." Dat wollte mir och net, awer deen ugekënnegten Hotel ass net ze fannen, bis e Mann gelaf kënnt a an no uewe weist, do kéinte mir schlofen. Ech gi mir dat ukucken, et ass super. An engem klenge Wee, um éischte Stack vun engem Holzhaus, sti 6 Better Modell Gesondheetsmatrass, Brieder, en aalt Duch driwwer, fäerdeg. "Wat soll et kaschten?" Ee schwätz dräi Wierder Englesch, "mir géife 60 Rupien (0,72 €) pro Persoun froen, gemäss eisem Standard". - "Gutt, mir huelen et."

Deen, wou eis de Wee zur Schlofplaz gewisen huet, lallt, "ech sinn de Bréifdréier". "Haha, dofir bass de och esou sat, wéi vill Bréiwer dréis du dann d'Joer aus, een oder zwee?"

De Virdeel vun engem Holzhaus mat Wellblech-Daach a ville Lächer an de Bambuswänn ass, datt ee vill Geräischer héiert, zum Beispill d'Jugend, déi an der Kierch selwer geschriwwe Chrëschtdagslidder prouft.

RTL

Moies steet dee selwechte Polizist beim Schlagbam a wénkt frëndlech. Kee Wonner, datt hien eis net wollt weider fuere loossen, e puer Deeg méi spéit liest de Marcel an der Times of India, datt zu Bahlok, dat sinn e puer Kilometer weider, den 11. November 2013 eng Ausernanersetzung tëschent zwou rivaliséierende Nagagruppe stattfonnt huet, 3 Mann hunn de Läffel ofginn, een ass schwéier verletzt, e puer Haiser sinn ewech gesprengt ginn, d'Awunner sinn aus dem Duerf geflücht an eréischt den Dag drop zeréck komm ... Definitiv, d'Madame zu Dehli hat Recht, hei hu si nach serieux Problemer. De Wee gëtt nach méi schlecht, Schrëtttempo ass erëm ugesot. Dofir ass d'Landschaft awer wonnerschéin. D'Brécke gi méi schlecht, déi Bescht ass d'Barak-Bréck, eng al Hängebréck, déi sech en hallwe Meter verzitt, wann e Camion driwwer fiert, spektakulär. Vill Militär beweegt sech duerch d'Géigend. Eng Trupp kënnt eis entgéint gefuer a wénkt, mir solle stoe bleiwen, awer si wëlle just wëssen, wou mir hierkommen a.s.w. - "Wëllt dir en Téi, 4 Kilometer vun hei ass eist Quartéier?" - "Nee, Merci, mir musse leider weider." Een bréngt eng Fläsch Waasser, een anere bitt eng Zigarett un. No 10 Minutten trenne mir eis erëm, eng sympathesch Trupp, "wann dir sollt Problemer hunn, wennt iech un d'Assam-Rifles, mir sinn do, fir ze hëllefen". Dat huet däi Kolleg gëschter awer net esou gesinn, wéi ech hi gefrot hunn, fir bei hinnen ze iwwernuechten.

Wou ass de Stempel?

Jiribam ass d'Grenz vu Manipur, en Agent vum Auslännerkontrollpunkt stoppt eis. Wéi hien de Stempel vun der Ausrees an de Pass maache wëll, kann hie kee Stempel vun der Aress fannen. "Hu si iech um Mao-Kontrollpunkt näischt an de Pass gestempelt?" - "Neen, do huet kee sech fir eis interesséiert". Hie laacht, "si hätten dat awer maache missen, egal, mir stempelen elo är Päss of".

Bis un d'Grenz vu Mizoram ass d'Strooss wonnerbar, do musse mir eis erëm an de Regëster androen, "wann dir zu Aizwahl ukomm sidd, muss dir iech banne 24 Stonne bei der Police mellen". - "Wéi ass d'Strooss bis op Aizwahl?" - "Gutt, et reent jo net, et stëbst just e wéineg." - "Dat heescht, et ass eng Pist a kee Makadam?" - "Jo, jo, eng Buedem-Strooss, dir wäert géint 21.30 do sinn." Neen, 5 Stonnen am Däischteren, am Stëbs, wou een näischt gesäit, dat loosse mer sinn. Mir hunn eis eréischt 200 Kilometer duerch den Urwald gekämpft an hunn dofir 2 Deeg gebraucht. Schwéieren Häerzens dréie mir ëm a fueren zeréck op Silchar.

Dat bedeit, datt mir vu Mizoram just de Grenzbüro an d'Schëld "Welcome to Mizoram" ze gesi kréien, duerch de verlängerten Hornbill-Festival an déi schwiereg Stroosseverhältnisser erlaabt den Zäitplang leider keen zweete Versuch.

Salut,
Ren

RTL