Cherrapunjee - wou se iwwer lieweg Wuerzele ginn

Am 12. Blog si mer am Bundesstaat Meghalaya ënnerwee. Et geet vu Shillong bei déi lieweg Wuerzelbrécken am Urwald vun Cherrapunjee.
Indesch Chauffeuren hunn et net einfach, si mussen hir Gefierer op der Platz, wou se en Panne falen, reparéieren. Da ginn e puer Streiss gepléckt an rondrëm d'Gefier geluecht, da weess all Mënsch, dee réckelt net. An et kann emol fir méi laang sinn, datt ee sech net méi beweegt. Esou wéi dee Camion, dee mir um Wee fir op Shillong begéint hunn an dee seng komplett hënnescht Achs ausgebaut hat, fir säin Differential ze flécken. Dat wier bei eis an engem gutt equipéierten Atelier schonn eng grouss Reparatur, awer hei, matzen op der Strooss, Respekt.
Vu Shillong am Bundesstaat Meghalaya fuere mir op Cherrapunjee, do gëtt et Brécken, déi aus Bamwuerzele gebaut sinn, aus liewege Bamwuerzele wuel gemierkt. Ënnerwee dohinner gëtt Kuel ofgebaut an Dünger produzéiert, wéi schonn esou oft, ënner aarmséilege Aarbechtskonditiounen. Haaptsächlech Kanner sinn do beschäftegt, di eng schleefe Steng, di aner paken den Dünger an Tuten. Déi am Däischtere gesäit et net, déi wou d'Kuel ofbauen, ënner der Buedem.
"Wëlls du do eran?"
An engem héijen Triichter mat Steng brennt e Féier, uewe steet e Mann, dee mat enger Eisestaang an deene Steng erëmstochert, fir datt d'Loft zirkuléiert, zwee Bouwe schleefe permanent nei Steng un an tippen déi an den Triichter. D'Plaz ass iwwerdaacht, dee bäissenden Damp hëlt engem d'Loft, ech muss e puer Mol eraus Loft huele goen, fir d'Fotoen ze maachen. Nodeems ech laang genuch do erëm geturnt sinn, kënnt e Bouf a féiert mech bei e Lach am Buedem, et ass den Agang fir an d'Kuelegrouf. "Wëlls du do eran?" - "Natierlech." Et ass stackdäischter dobannen, ech hunn eng Kappluucht an der Täsch, déi an dësem Fall ganz nëtzlech ass.

Op den Huppe kraxele mir virun, et ass naass an immens waarm am Tunnel, wuel wëll iwwer eis d'Feier vum Uewe brennt. Den Tunnel gëtt ëmmer méi niddereg bis ech opgi muss, "du bass ze grouss".
- "Richteg, wéi wäit ass et nach?"
- "2 Kilometer, et brauch ee 15 Minutte bis dohin, wou se d'Kuel ofbauen."
Wahnsinn, 2 km an deem nidderegen Tunnel an duerno e klenge Won mat Kuel di ganz Streck eraus drécken. Kloer, datt do just Kanner schaffe kënnen, fir en Erwuessenen ass net genuch Plaz do. 3 Kanner schaffen do am Liicht vun enger Käerz, e Schlauch versuergt si mat Sauerstoff, erënnert mech staark un d'Sëlverminn zu Potosi a Bolivien. Mir maachen en zweete Versuch an engem aneren Tunnel, do geet esou guer de Chef vum Betrib mat, am Ufank kann een oprecht goen, awer no e puer Minutte gëtt et och do esou niddereg, datt mir d'Kéier maachen.
"Ech muss elo erëm schaffen, et ass eng grouss Éier, datt s du ons besiche komm bass." - "D'Éier ass ganz mengersäits, a Merci, datt Dir Iech Zäit fir mech geholl hutt." De Bouf schwätz nawell gutt Englesch, wéi frustréierend muss et sinn an d'Schoul hunn dierfen ze goen, ënner anerem Englesch geléiert ze hunn, an dann hei Steng missen ze schleefen. D'Sonn schéngt net fir jiddwereen.

Zu Cherrapunjee ass grad eng Hochzäit an d'Famill samt Brautpuer stellt sech virun der Kierch op fir di obligat Fotoen. Ech zécken net laang a wanderen dohin, stelle mech niewent de Fotograf a fotograféieren d'Koppel an duerno d'ganz Famill. Am Ufank grousst Staunen: "Wien ass hien dann?" Duerno laacht all Mënsch. Si sinn alleguer ganz schick gekleet, Goût hu se nawell, just mam Lëppestëft, do mussen se nach üben. Si hunn deen all e wéineg ze grousszügeg opgedroen, an esou gesäit di wonnerschéi Braut, eng Spargel mat grousse brongen Aen an engem breede Mond, e bësschen ewéi e "Breitmaulfrosch" aus.
Fotoen, Reen an e Resort
Bei de Motorrieder hu sech mëttlerweil e puer Fraen a Kanner versammelt, déi sech net getraut hunn, bei d'Kierch ze goen, awer onbedéngt d'Koppel méi genee wëlle gesinn. "Kanns du eis d'Biller weisen w.e.g.?" Begeeschterung, all Bild gëtt analyséiert a kommentéiert, "hien ass en Naga an hatt ass vum Stamm vun de Kahsi, déi sinn hei a Meghalaya doheem."
Cherrapunjee ass di reeräichste Géigend vun der Welt. Vun 1973 bis 2012 huet et an der Moyenne 11.859,4 Millimeter d'Joer op de Quadratmeter gereent. 1 mm pro Quadratmeter entsprécht engem Liter. 1974 huet et 24.555,3 mm op de Quadratmeter gereent, dat ass weltwäit deen héchste Nidderschlag, dee bis elo gemooss ginn ass. Dat selwecht gëllt fir de 16. Juni 1995, do huet et a 24 Stonnen 1.563 mm gereent. 98% vum jäerleche Ree fält an 8 Méint, vu Mäerz bis Oktober, 47,5% dovunner fält am Juni an am Juli. Vun November bis Februar reent et wéineg bis guer net.
Um Südrand vun den Khasi Bierger, un der Grenz zu dem Flaachland vu Bangladesch, op 1.484 Meter steet den Cherrapunjee Holiday Resort. Just e klengt Duerf, Laitkynsew läit dobäi, soss ass et ganz gréng hannen drëm, eng wonnerbar roueg Plaz, wou een owes beim Lagerfeier sëtzen an d'Stäre bewonnere kann an am Dag bei guddem Wieder bis wäit an d'Flaachland vu Bangladesch era gesäit. De Resort gëtt vun enger Koppel bedriwwen, déi un Häerzlechkeet schwéier ze iwwerbidden ass an déi fir dat, wat se bidden, e ganz verstännege Präis froen. Hinnen ass et ze verdanken, dat di Brécken e bëssche méi bekannt gi sinn.

"Seelen hunn ech esou eppes Faszinantes gesinn ..."
Vum Resort aus kann een di lieweg Wuerzelbrécke besichen, déi am Urwald vun Cherrapinjee leien. Bis elo sinn 11 Brécken an der Ëmgéigend fonnt ginn. Si sinn eenzegaarteg, de Wee dohinner ass ustrengend, awer wien déi 550 Héichtemeter d'Trapen erof an di aner Säit erëm erop, an dat Ganzt och erëm zeréck op sech hëlt, kënnt aus dem Staunen net méi eraus a kënnt sech vir, wéi wann hien an engem Indianer-Jones-Film ukomm wier. Seelen hunn ech esou eppes Faszinantes gesinn, vu Mënschenhand geschafen an dach lieweg. D'Wuerzele vum Ficus Elastica, enger Zort indesche Gummibam, gi bis 900 Meter laang, wuesse schnell a maache vill nei Ofleeër. Si ginn esou verluecht, datt si eng Bréck bilden, an da gefleegt, bis si stabil genuch sinn, duerno ginn d'Wuerzele vun selwen ëmmer méi déck. Si brauchen 10 bis 15 Joer fir funktiounsfäeg ze ginn, di eelste Bréck soll 300 Joer al sinn. Verschiddener kënnen bis zu 50 Leit gläichzäiteg ophuelen, si ginn haut nach vun den Awunner benotzt.
Super gemaach sinn hir Waasserleitungen, déi duerch de Bësch lafen a Felder bewässeren. Aus Bambusrouer gemaach, mat Bengele gestäipt a mat Bamschuel zesumme gebonnen, grandios, alles aus der Natur. D'Liewen ass ustrengend am Urwald, alles muss hei hinner gedroe ginn, et gëtt keng Stroossen, just Foussweeër. Hei sinn d'Déieren all e wéineg méi grouss, grouss faarweg Päiperleken, grouss Spannen, leider huet sech keent vun de bis zu 45 Zentimeter grousse Kaweechelcher gewisen, si sollen anscheinend gegrillt excellent schmaachen.

Net nëmmen d'Brécken si spektakulär, och de Wochemaart zu Cherrapunjee huet e a sech. Well och do Orangenzäit ass, setzen d'Fraen an engem Mier vun Orangen a probéieren, déi lass ze ginn. Awer ganz roueg, keng Hektik, kee jäizt oder rifft, datt e méi bëlleg wier. Si hu schéi Fraen hei, bis se de Mond opmaachen, da gesi se net méi esou gutt aus. Si knaen all Betelnoss, doduerch gëtt de ganze Mond inklusiv d'Zänn knallrout, dat gesäit net onbedéngt appetitlech aus. Ech ka net esou richteg novollzéien, wat un där Betelnoss esou gutt soll sinn, eisen Taxichauffer zu Mokochung hat sech eng Blechekëscht mat fäerdeg preparéierter Noss kaaft fir den Dag iwwer am Auto ze knabberen. Normalerweis knaen di meeschte Leit di frësch Versioun, wou gréngt Blat vum Betelpeffer mat Läschkallek bestrach gëtt an da komme kleng gehackte Betelnëss drop. Dat Ganzt gëtt zesumme gewéckelt an de Sirih, esou heescht déi Spezialitéit, gëtt da geknat an dann ongenéiert an d'Landschaft gespaut. Sämtlech Bussen hu laanscht d'Säit knallrout Spuren, wou d'Leit iwwerem Fueren d'Iwwerreschter zur Fënster erausspäizen an de Wand se dann zeréck widder d'Buskarrosserie bléist. Dofir muss een och ëmmer oppassen, wann ee mam Moto e Bus iwwerhëlt, et kéint een emol esou eng rout Dusch kréien. Ech hat e Grapp voll vum Taxichauffer ze schmaache kritt, dat Eenzegt, wat bei mir passéiert ass, den hallwe Mond war entschlof, dat war et. Schéngt mer interessant fir en Zänndokter ze sinn, wann ee keng Sprëtz verdréit, dee kéint e bëssche Betelnoss knaen, duerno kéint monter gebuert ginn ...

Dat Bescht ass awer de Fleeschmaart, eng bluddeg Affär, do geet et rau erof. D'Déiere ginn um Maart geschluecht, mat der Aaxt gëtt d'Fleesch a d'Stécker gehaen, alles gëtt verkaaft, vum Kapp bis zum Schwanz, vum Gedäerms bis zu de Féiss.
Kleng lieweg Schwäi ginn a Säck gehalen, bis sech e potentielle Keefer presentéiert. Ech hunn enger Koppel nogekuckt, déi sech e Schwäi wollt zouleeën, da ginn d'Säck opgemaach an d'Schwäi ginn noeneen eraus geholl an de Leit presentéiert, bis e passend de kritesche Blécker standhält. Si huelen se mat engem hënneschte Been an zéien dat no uewen, esou bleift d'Déier op der Plaz stoen. Hir schwaarz Schwäin hu vir eng zesummegedruddelt Nues, esou, wéi wa si eng Kéier ongebremst an eng Mauer gerannt wieren.

Si iwwersprangen emol labber e Joer a verkafe scho stoffen Tute mat Chrëschtdag 2014 drop, si sinn net vu gëschter hei. Am mannsten hat ech awer op dëser Plaz mat engem Goldschmatt gerechent. Hie setzt a sengem klenge Geschäft an ass am Gaangen, e Bijou un der oppener Flam ze formen.

Ech hu vill Portraiten um Maart gemaach, mam Engleschen hate si et net esou an trotzdem hu mir vill zesumme gelaacht zu Cherrapunjee, do, wou d'Wolleken doheem sinn.
Ren