Vun erotesche Figuren a krasse Géigesätz

A sengem zweetleschte Blog féiert de René Hilbert eis vun Cherrapunjee op Khajuraho. An och hei bleiwen Iwwerraschungen net aus ...
Vun Cherrapunjee geet et zeréck op Guwahati, do ware mer jo schonn emol, a well d'Strooss gutt ass, si mer mat Zäiten an dem selwechte Guest House wéi bei eisem éischten Openthalt. Dofir bleift Zäit, fir e bësschen duerch d'Stad ze trëppelen, an op eemol sti mir virun der Patisserie Operaa. Et ass schwéier ze gleewen, awer lénks a riets typesch Indien, do wierme se sech um Trottoir beim Holzfeier, an dann eng Pâtisserie, déi genee esou gutt hei zu Lëtzebuerg stoe kéint. Komplett op Chrëschtdag getrimmt, mat engem Chrëschtbeemchen, Liefkuch-Haischen a Chrëschtgebäck. Net nëmme Schwarzwälderkiischtentaart, nee, och Wäisswälder ... mat wäissen Schockela eben. An endlech emol erëm en éierbaren Expresso. Dat sinn d'Géigesätz, déi een an Indien ëmmer erëm an d'Staune versetzen.

Et gëtt zwou Stroossen, déi op Siliguri féieren, déi Stad am schmuele Fläschenhals, deen den indeschen Oste mam Rescht vun Indien verbënnt. Eng leeft no laanscht d'Grenz vum Kinnekräich Bhutan, dat war eng vun den zwou schlëmmste bis dohi gefuerene Stroossen op dëser Rees, an dann déi, déi duerch d'Mëtt vun Assam féiert, déi soll besser sinn, zielen d'Leit.
Déi gutt Strooss, déi virwëtzeg Leit
Et läit also op der Hand, déi auszeprobéieren, mir huelen eis vir, di selwecht Distanz, déi mer fir heihin an 2 Deeg gemaach hunn, an engem Dag ze maachen. Wann d'Strooss esou gutt ass, ewéi d'Leit zielen, da misst et mat vill Sëtzlieder méiglech sinn. Si ass erstaunlech gutt a féiert duerch eng staark muslimesch geprägte Géigend; et ass Sonnden an op enger Wiss ass eng grouss Veranstaltung, wou gepriedegt a gebiet gëtt. Vill Arméi ass am Asaz, leider produzéiert eise Stopp eng grouss Mënschenusammlung, dat gefält den Zaldote net, d'Strooss ass voller Leit, mir solle weider fueren. Dat gefält mir awer net, ech gi Fotoe maachen.

No deem ganze Mënschenoplaf wollte mir dunn an engem Duerf e bëssen Téi drénken an eppes Klengs iessen, esoubal mir stoungen, war di nächst Menschendrauf ëm eis, keen huet Englesch geschwat, dat sollt awer keng Barrière sinn. Wéi mir d'Rechnung gefrot hunn, huet de Patron mat den Hänn gewénkt an ze verstoe ginn, dat hie keng Sue wéilt. Dat ass mir nach net esou oft virkomm. Dofir stoungen awer dunn erëm vill Handyen do a jiddweree wollt mat eis op enger Foto sinn, ech hu mer dunn emol erlaabt, eng vun hinnen ze maachen, wou si eis knipsen. Ier mir fortgefuer sinn, ass dunn nach eng Gruppefoto virum Restaurant gemaach ginn, an ënner monterem Gewénks si mir erëm gestart.

Karschnatz ouni Maschinnen, Strooss mat Krateren
Et war eng méi aarm Géigend, alles ass manuell gemaach ginn. Schëffer hunn Hanf fir Seeler ze maache geliwwert, d'Aarbechter sinn domat voll geluede ginn, bis ee se net méi gesinn huet. Da sinn si de Bierg erop gekraxelt an hunn hir schwéier Laascht uewen op eng Käerche gelueden, déi vun engem anere Mann mëttels Muskelkraaft weider beweegt ginn ass. Oder de Karschnatz, komplett ouni Maschinnen. De Weess ass an d'Luucht gehäit ginn, fir datt de Wand de Stëbs an d'Schuele fortbléist, Ochse sinn iwwer d'Stréi getrëppelt fir et ze briechen, sou datt et besser opgekéipt ka ginn.

Leider gëtt et an Indien net all ze vill Schëlter, wou d'Uertschaften drop stinn, an esou ass een op déi lokal Bevëlkerung ugewisen, fir op all Kräizung nom Wee ze froen. An déi seet engen normalerweis net dee beschte Wee, mä dee Kierzten, egal wéi schlecht en ass. An et ass wéi verhext, esou bal et däischter gëtt, gëtt d'Strooss schlecht. Sou och 70 Kilometer viru Siliguri, eng Strooss mat Krateren wéi no engem Bombardement. No 13, 5 Stonnen hu mir di 491 KM op Siliguri iwwer d'Landstrooss geschafft, fir indesch Verhältnesser sinn dat der extrem vill. Mir hunn een Dag agespuert, awer fir nach op Kalkutta an duerno op Puri ze fueren, mécht kee Sënn méi, et sinn 1.000 Kilometer bis op Puri. Mir kéinten héchstens en Téi do drénken a missten da weider fueren, dat huet kee Wäert. Mir beschléissen, vun elo un erëm Richtung Delhi ze fueren an da bei Varanasi op de geplangte Wee fir op Khajuraho ofzebéien.
Laang Deeg, laang Stonnen
De Garçon am Hotel zu Siliguri, e Jong vun 32 Joer, bestuet an e Kand, schafft vu moies 11 bis owes 11, 26 Deeg non-stop an huet da 4 Deeg fräi. Während deene fiert hien da mam Bus an enger Fahrt vun 2 Stonne seng Famill besiche ...
Datt Indien déi gréisst Demokratie vun der Welt ass, hunn e puer Studente bewisen, andeems si d'Haaptstrooss mat Bänke blockéiert an esou fir hiert Uleies demonstréiert hunn. Eng laang Schlaang vu Camionen huet op all Säit gewaart, awer iergendwéi huet kee sech opgereegt - beandrockend.

Bihar ass deen äermste Staat an Indien, politesch instabil an am dichtste bevëlkert mat duerchschnëttlech 1.102 Persoune pro Quadratkilometer. Dat mierke mer, wa mir stoe bleiwen, do bleift de Verkéier mat stoen, well sech ze vill Leit ëm eis sammelen, si sinn all virwëtzeg, well Touriste kommen do normalerweis net laanscht. Ausser Bod Gaya, wat um Bord vu Bihar läit, gëtt et keng gréisser Touristenziler.
Khagaria sicht een sech net onbedéngt fräiwëlleg eraus, fir ze iwwernuechten, d'Ëmgéigend ass bekannt als Héichburg vun der indescher Maoiste-Partei, déi vu China ënnerstëtzt gëtt an den indesche Staat terroriséiert. Den 21. Januar 2014 si 15 Kilometer Loftlinn vu Khagaria bei enger Razzia 70 Handgranaten an e puer Kilometer weider 25 Landminne fonnt ginn.
"Setz dech" a "Pass w.e.g."
Mä et ass 8 Auer owes, an no 9 Stonnen um Moto gëtt et Zäit, fir den Anker ze geheien. Deen eenzegen Hotel an der Stad ass ee vun där Kategorie, wou d'Duschen ausfält an een d'Motorradskleedung net ausdeet, fir ze schlofen. Dat kann heiansdo vu Virdeel sinn, zemools, wann et um 23.50 Auer un der Zëmmerdier schellt. Am Ufank duecht ech, ech hätt schlecht gedreemt, awer wéi et bis fir zweet geschellt huet, maachen ech dunn emol d'Dier op a blécke riicht a 4 Täscheluuchten, "Bihar Police", ouni laang ze zécken, ware 4 Mann samt Gewierer am Zëmmer a mat engem frëndlechen, awer bestëmmte "Setz dech!" ginn ech Richtung Stull dirigéiert. De Kommandant setzt sech niewent mech, "Pass w.e.g.". Si haten di üblech Fotokopie vun de Päss, wou d'Hotellen ëmmer beim Anchecke maachen, am Grapp an hu monter do drop notéiert: "Numm, Virnumm, vu wou kommt dir, wou hu dir gëschter iwwernuecht, wéi huet den Hotel geheescht, wat fir eng Zëmmernummer?" No 15 Minutte war alles eriwwer, si hunn Awar gesot a sinn erëm an hir Jeepe geklotert.

Ech hu nach schnell eng Foto vum Balcon aus gemaach an hunn erëm probéiert, tëschent dem Zuchgetuuts an de permanente Moustique-Attacken eng Mutz Schlof ze fannen, wat leider nëmmen deelweis gegléckt ass an um 7 erëm duerch Schellen un der Zëmmerdier definitiv gestoppt ginn ass. E klenge Bouf steet virun der Dier, e Plateau mat Glieser an engem Bitz am Grapp:"Téi?" - "Nee, Merci" ...
Eng geféierlech Erliichtung?
Mir waren dunn zwar fréi op, et war allerdéngs esou vill Niwwel, datt mer emol ofgewaart hunn, normalerweis verzitt dee sech séier, awer dës Kéier net. Also bleift soss näischt iwwereg, ewéi duerch déi Zopp ze fueren. No 40 Kilometer taucht am Ausgang vun enger klenger Stad eng Enfield-Garage op. Hätte mer dat gewosst, dann hätte mer eis moies fréi duerch den Niwwel bis bei déi getaascht, d'Motorrieder sinn an engem schlechten Zoustand a brauchen dréngend e bësschen Zouneigung. Am Atelier si se fäin an huele sech direkt den 2 Enfielden un. No 3 Stonne gesi si erëm kärgesond aus a mir fuere weider. Mëttlerweil ass et schonn 3 Auer an 2 Stonnen gëtt et däischter, mir mussen de Wee ëmplangen, als Alternativ bitt sech Bod Gaya un, et si nach 100 Kilometer bis dohinner. Do wollte mir eigentlech net méi hin, awer vun der Richtung hier stëmmt et a mir wëssen, wou mir do schlofen kënnen. Et mierkt een, datt de Wanter kënnt, et ass schonn empfindlech kal, esoubal d'Sonn fort ass. E puer Kilometer viru Bod Gaya trëppelt en ale Mann ganz roueg an der Mëtt vun der Strooss, genee op der Mëttellinn. Hie schéngt eng besonnesch Erliichtung an engem Tempel gehat ze hunn, vläicht "géi der wäisser Linn no, wann et hell gëtt, bass de ukomm". Dat Hellt kéinte bei dëser Linn d'Scheinwerfer vun engem Bus sinn ...
Owes um 8 ware mir do, et ass praktesch, wann ee spéit ukënnt a weess, wou ee schlofe kann a wou et eppes z'iesse gëtt. Di lescht Deeg säit Guwahati waren haart an esou beschléisse mir, en Dag zu Bod Gaya ze bleiwen an de Mahabodhi Tempel nach emol ze besichen, dat war deen, wou d'Thailänner d'Spëtzt vergëllt hunn. D'Stee ass elo fort an e gesäit richteg gutt aus. An deem Tempelkomplex gëtt et esou vill ze gesinn, do geet den Dag schnell ëm.

Ob d'CFL elo eng direkt Zuchverbindung vu Lëtzebuerg op Bodgaya plangt hunn, ech net eraus fonnt, awer et houng eng grouss Reklamm do, op Indesch, mat engem groussen CFL-Logo drop.

Vun Bodgaya si mir du Richtung Khajuraho gestart. Ënnerwee huet sech erausgestallt, datt bei enger Enfield d'Revisioun net esou gegléckt war, den Ueleg koum méi schnell zur Motorentlëftung eraus, wéi mir en noschëdde konnten. Di eenzeg grouss Stad, wou nach kënnt, ier mir op Khajuraho ofbéien, ass Varanasi. Do wollte mer eigentlech och net méi hin, awer do fanne mer mat Sécherheet een, deen nom Moto kucke kann, duerno ass et ongewëss. Zu Varanasi kennen ech en Hotel, dee net um Ganges läit, mä an enger Géigend, wou et eigentlech misst eng Enfield-Garage ginn. De Wee dohi kennen ech auswenneg, et gëtt mäin drëtte Besuch do, "mir brauchen en Zëmmer an en Enfield-Mecanicien". Si sinn immens do, "de Patron vum Hotel huet och eng, mir ruffe säi Mecanicien un, hie gëllt als dee Beschten an der Stad". E kuerzt Gespréich, "hien ass an enger hallwer Stonn hei a kuckt sech de Moto un". Den Här Bharat war tatsächlech no enger hallwer Stonn do, huet eng Ronn um Moto gedréit: "Dat ass kee grousse Problem, wéini fuert dir weider?" - "Mar de Moien um 8." - "Gutt, ech huelen de Moto mat a bréngen e mar de Moien um 7 zeréck."
Wonnerbart Indien!
D'Strooss op Khajuraho gëtt 4-spureg ausgebaut, an esou ass et erëm eng 100 km laang Baustell, Stëbs, roude Stëbs, soss näischt ewéi Stëbs a Lächer, et ass fir ze verzweiwelen. Sympathesch Ofwiesslunge brénge Pause bei de Camionschaufferen. Déi hunn et och net einfach, si liewe praktesch am Camion, wäschen hir Kleeder niewent dem Restaurant um Bord vun der Strooss an di Zäit, wou d'Wäsch dréchent, gëtt en Tëmpche gehal.
Nei Weeër bei déi al Erotik
Khajuraho läit ofsäits vun den Haaptstroossen an ass bekannt fir seng Tempele mat den erotesche Motiver. D'Infrastruktur ass fir e klengt Duerf mat 20.000 Awunner ongewéinlech gutt. Wuel well d'Tempelen als UNESCO-Weltkulturiewe klasséiert sinn, gi si esou héich gehandelt, datt et esou guer e Fluchhafen do gëtt, e puer ganz deier Hotellen a säit 2010 ass Khajurao och un d'Zuchnetz ugeschloss.
D'Tempelen aus dem 10-12. Joerhonnert stame vun der Chandella-Dynastie. Wéi déi am 12. Joerhonnert zu Enn gaangen ass, sinn d'Tempele vum Urwald iwwerdeckt ginn. Dat war hiert Gléckt, doduerch si si der Zerstéierung während der islamescher Extensioun an Nordindien entgaangen. Eréischt am 19. Joerhonnert hunn d'Englänner d'Tempelen erëmentdeckt. Vun den ursprénglech 80 Tempele sinn der nach 20 erhale bliwwen.
D'Skulpturaarbechten am Sandsteen zielen zu de Fäinsten, déi een an Indien fënnt. Verschidde Figure sinn nëmme nach e wéineg mam Fiels verbonnen a wierken doduerch scho bal lieweg. Wann een di eenzel erotesch Duerstellunge kuckt, muss et fréier nawell eng lëschteg Géigend gewiescht sinn. Freet sech just, wat dozou gefouert huet, datt di Fräizügegkeet komplett verschwonnen ass.
Salut,
Ren
