Ren on Tour is back! Hei de leschten Deel vum René Hilbert senger Odyssee duerch Indien. Mir hoffen, seng Andréck hunn Iech gefall. Bon voyage!

Nëmme 25 Kilometer vu Khajuraho läit matzen am Näischt en Duerf, un dat e Séi grenzt, an deem e wäissen Tempel läit, eng Miniaturausgab vum Tempel am Pichhola-Séi zu Udaipur. Mä hei hi verleeft keen Tourist sech. Während et zu Khajuraho fléissend Waasser gëtt, muss hei dat wäertvollt Naass aus dem Pëtz geholl a Krou fir Krou heem gedroe ginn. D'Gezei gëtt dowéinst direkt um Bur oder am Séi gewäsch, di eegen Dusch gëtt och do erleedegt, dat Waasser brauch een emol net ze schleefen.

Geheimtipp Orcha

Während Khajuraho als Unesco-Weltkulturierwe klasséiert ass an dowéinst den Touristen als e "Muss" verkaaft gëtt, läit nëmmen 200 Kilometer weider e klengt Duerf un engem Floss, wat vill méi Charme huet, vu monumentalen Tempel a Paläst aus dem 16. a 17. Joerhonnert ëmginn ass, an trotzdem vun de meeschten auslänneschen Touristen onbeuecht bleift, Orchha.

RTL

Orchha war e Fürstestaat den ëm 1250 entstanen ass a laang onofhängeg war, dunn no a no méi kleng ginn ass an nodeems e vun 1812 bis 1947 ënner briteschem Protektorat stoung, sech den 1. Januar 1950 Indien ugeschloss huet. Orchha hat esou guer vun 1913 bis 1950 seng eege Staatspost a seng eegen Timberen.

Ausgebucht ... well Silvester ass!

Am Duerf gëtt et keng Hotelle vun internationale Ketten ewéi zu Khajuraho, d'Wiel ass schnell gemaach. Di 3 gutt indesch Hotelle sinn éischtens ze deier an zweetens all ausgebucht, well et ass den 31.12. wéi mir do ukommen, vill Inder verbréngen anscheinend Silvester hei. Och wann ee keen Zëmmer an engem vun den 3 gudden Hotellen huet, verhënnert näischt, emol do nozefroen, wat da Silvester esou gebuede gëtt. "Dir kënnt un eiser Silvesterparty deelhuelen, fir 1500 Rupien (18€) kënnt Dir esou vill Iessen an drénken, wéi Dir wëllt." - "Wou ass dann déi Party?" - "Am Gaart, do ëm den Eck." - "Gutt, mir ginn eis d'Saach ukucken."

Et war scho beandrockend, wat si do opgeriicht haten, e grousst Zelt mat engem gudde Buffet an enger Danzbühn. Iwwerall brenne kleng Lagerfeier, déi e bëssche wierme sollen an der killer, niwweleger Nuecht. Mat der Hëtzt hält et sech a Grenzen, jee nodeems, wéi d'Loft bléist, qualme si virun allem d'Zelt voll. D'Personal war super frëndlech a wollt, datt mir onbedéngt bleiwen, "Dir kënnt esou vill Alkohol drénke wéi Dir wëllt". - "Mir drénke guer keen." - "Ah sou, da kënnt Dir fir 750 Rupien Iessen, an dat, wat dir drénkt, bezuelt dir eben, d'Gedrénks ass haut all zum hallwe Präis, de Kaffi ass gratis." Dat war natierlech eng Bommenoffer, do konnte mer net Nee soen.

Gutt Iessen a manner gutt Musek ...

Si waren esou besuergt, all Moment stoung de Garçon mat eppes anescht fir z'iesse virun eis: "Hutt Dir dat heite scho geschmaacht?" Wa mir hien net gebremst hätten, wiere mir schonn no enger Stonn geplatzt. Esou wonnerbar d'Iessen och war, esou schrecklech war d'Musek. Eng Aart indeschen Techno, schéngt hinnen awer gefall ze hunn, d'Danzfläch war gerammelt voll.

RTL

Um 12 Auer sinn d'Luuchten ausgaangen an di meescht hu gelaacht, well si duechten, de Stroum wier ausgefall. Wéi awer bis di éischt kleng Rakéiten den Himmele faarweg gefierft hunn, ass hinnen eng Späicherliicht opgaangen a si hu sech géigesäiteg gewënscht.

Affere jee nom Goût vum Gott

Den Dag drop war der Däiwel lass am Duerf. Et war den éischten Dag am Neie Joer an da gëllt et, an den Tempel ze pilgeren an eppes ze afferen. Jee nodeems, wat fir engem Gott een e schéint neit Joer an eng gutt Gesondheet wënsche wëll, änneren sech d'Geschenker; deen am alen Tempel freet sech anscheinend iwwer Kokosnëss a Blummen a wann een un der Bimmel laut.

Am Duerfkär steet de Ram Raja Tempel, e grousst Gebai, dat eigentlech als Residenz gebaut gi war, awer nodeems e Bild vum Gott Rama sech net méi beweege gelooss huet, kuerzer Hand zum Tempel ëmfunktionéiert ginn ass - war jo och e kloert Zeechen. Do stoungen Dausende vu Leit, déi era wollten a Blummen, Iesswueren oder Bicher bei sech haten. E puer Polizisten hu verzweiwelt probéiert, d'Vollek ze berouegen an e bësschen Uerdnung ze schafen, keng Aarbecht fir schwaach Nerven. Ëmmer erëm sinn d'Dieren zougaangen, a wann nees Plaz dobanne war, hu se se nees opgemaach. Da wollt natierlech jiddwereen eran an et war en onwahrscheinlecht Gedrécks, awer virun allem di akustesch Kuliss huet fir eng bedrohlech Stëmmung gesuergt. Een huet eppes gebrëllt an all di aner hunn dann esou haart, et gaangen ass, am Chouer zeréckgebläert. Et muss ee leidensfäeg sinn, fir op Neijoerschdag an den Tempel ze wëllen, ech verschibe meng Visite op den Dach drop.

RTL

Virum Tempel hunn allerlee Geschäftsleit hir Stänn opgeriicht; een tätowéiert mat enger ëmgebautener Sprëtz, eng abenteuerlech elektresch Konstruktioun, déi trotz allem funktionéiert - am Improviséiere si se Weltmeeschter. Vun den zockerséisse Knippercher, déi se am Duerf hierstellen, andeems se Mëllech verkachen, eng Tonn Zocker a jee no deem verschidde Gewierzer dra geheien, kann een der net all ze vill verdrécken, eng hallef Dose fir 50 Rupien ersetzen eng Molzecht.

Owes souze mir am Duerf bei engem Kaffi, wéi de frëndleche Garçon vun der Silvesterparty laanscht getrëppelt ass, eis direkt erkannt huet an erëm ganz besuergt gefrot huet, ob et eis och gefall hätt an ob mir mat allem zefridde gewiescht wieren.

Bis alles eidel ass!

Den Dag drop ass net vill lass am "Ram Raja"-Tempel an ech gi bis eran, leider kruten se och do eng Kris, wéi ech fotograféiert hunn, allerdéngs hunn ech e puer Biller gemaach kritt. Den Tempel ass opgedeelt a Reie fir Fraen a Männer, op verschiddene Plaze kann een net nëmme seng Cadeaue lass ginn, mä och seng Mënz. Moies gëtt et gratis z'iesse virum Tempel, eng laang Schlaang vu Kanner, kranken an aarme Leit waart gedëlleg, bis hiren Tour ass. Da gëtt awer mat vollem Asaz probéiert, eng Grimmel méi Lënsen an di kleng Schuelen, di meeschtens aus gedréchente Blieder bestinn, ze kréien oder vläicht een d'Chapati méi ofzestëbsen. Wann dann déi grouss Inox-Dëppen eidel sinn, dierfen d'Kéi se auslecken. E klengt Meedchen trëppelt genëschelt bis bei di zwou Kéi an iwwerzeegt sech, datt do och wierklech näischt méi ze huelen ass!

RTL

D'Shiv-Polyclinic probéiert, mat bescheidene Mëttelen ze hëllefen, e 4 Mol 4 Meter grousst Zëmmer, bausse Bluttrout ugestrach, bannen d'Medikamenter an de Këschten, e Patient kritt grad de Bluttdrock gemooss. Hei ass eng gutt Gesondheet nach méi wäert wéi bei eis doheem.

Laanscht d'Ufer vum Floss Betwa stinn imposant Chattris, déi een am beschten am spéiden Nomëtteg besicht, wann d'Sonn ënnergeet, falls se do sollt sinn. Dat war leider 2 Deeg net de Fall, nëmmen Niwwel, eréischt den drëtten Dag hat se e wéineg Erbaarmen an huet vereenzelt e Stral op en Tempel gehäit. Chattris sinn Éieregriewer fir déi fréier Herrscher vun Ochhra. All Gebai markéiert d'Plaz, wou eng Persoun verbrannt ginn ass. Hir aussergewéinlech Form krute si duerch d'Vermësche vun der Hindu- an der Moslemkultur.

Bis alles naass ass!

Fir op Ochhra hat et scho gereent, mir waren zoppnaass do ukomm. Ënnerwee fir op Gwalior schëtt et ewéi mat Eemeren. Wéi mir niewent der Strooss stoungen, fir d'Reekombi unzedoen, koum e klengen Auto gedüst, de Pilot hat wuel nach net laang de Führerschäin, hie wäert och net méi laang en Auto hu mat sengem Fuerstil. Voll Karacho an ee mat Waasser gefëllte Schlaglach, den Auto hieft of a knallt mat engem brutale Geräisch erëm op d'Strooss. Kolleg, du wäerts wuel erëm gläich mam Bus fueren.

De Besuch vum Fort zu Gwalior entfält, et reent och den Dag drop an et ass Niwwel, mir fueren op Delhi.

RTL

De Lalli, eise Garagist, bei deem mir d'Motorrieder gelount hunn, ass begeeschtert, datt mir erëm ganz ukomm sinn, "Dir waart an enger Géigend, wou net vill Leit hifueren, éierlech gesot, ech kenne keen, dee bis elo do war". Hien hellt eng Landkaart eraus, ech soll him weisen, wou mir iwwerall waren. Mat enger rosa Tusch mécht hien ëm all gréisser Uertschaft e Krees. "Wéi vill Kilometer sidd Der am Ganze gefuer?" "8.600", hien ass fassungslos, "an där kuerzer Zäit, t'ass bal net ze gleewen". An Indien técken d'Aueren anescht.

Feilschen am Taxi, follegen an der Metro

E grandiost a präiswäert Transportmëttel zu Delhi ass d'Metro, eréischt 2002 a Betrib geholl, gëtt si no an no ausgebaut an transportéiert elo schonn all Dag iwwer 2 Millioune Mënschen. Fir e puer Rupie kann ee serieux Distanzen zeréckleeën, ouni misse mat Rikscha oder Taxifuerer e Präis auszehandelen, fir dann, wann een ukomm ass, dat Gesouers missen nozelauschteren, datt et awer e wéineg méi deier wier, well et entweder biergop gaange wier an et dowéinst méi Bensin kascht hätt oder biergof an d'Bremse gelidden hätten. Wann och soss villes chaotesch an Indien ass, bei der Metro versti si kee Spaass, do ass alles streng geregelt. Et dierf net op de Buedem gespaut ginn, et gëtt extra Zone fir d'Fraen, um Quai esou gutt wéi am Zuch, an ob ee fir säi Kand en Ticket brauch oder net, kann ee ganz praktesch un engem Meter ofliesen, deen zu deem Zweck direkt bei der Entrée opgestallt ass. Bis 91 Zentimeter kascht et näischt, driwwer de vollen Tarif.

Laang gewaart ... op der falscher Plaz

Wann een natierlech bei der falscher Metrosstatioun erausklëmmt, kann ee laang op eng Persoun waarden, och an Indien. Eise Frënd Lima vu Kohima, deem ech um Hornbill-Festival mäi Fotoapparat geléint hat, wunnt jo zu Delhi a mir haten eis no engem sympatheschen Iessen op der Lëtzebuerger Ambassade Rendez-vous bei enger Metro-Statioun ginn. Leider si mir eng ze spéit erausgeklommen, well d'Nimm sech um Telefon akustesch geglach hunn. Esou hu mir bei där enger Statioun gewaart an hie bei der anerer. No 1 Stonn hu mir opginn, hien huet 3 Stonnen ausgehalen, ier en heem gefuer ass, mir hunn eis dunn den Dag drop am Hotel getraff.

Mir hunn hie mat bei de Garagist geholl: "Kuck, Lalli, hien ass am Nagaland gebuer, gesäit dach ganz normal aus, oder?" Mir wollte just Äddi soen, awer ouni Téi geet dat net, iwwerdeems koum en indesche Client an den Atelier a schonn ass d'Landkaart mat de rosa Kreesser ausgepaakt ginn, "kuck, do ware si iwwerall hin, mat eise Motorrieder". - "Hu der keng Fotoen, fir datt mer emol gesinn, wéi et do ausgesäit?" Den Internet ass zesumme gebrach a wëll net méi operstoen, also wanderen ech an den Hotel mäi Laptop sichen an esou fënnt kuerz viru Feierowend nach eng Fotopresentatioun am Atelier statt, sämtlecht Personal kuckt a lauschtert ganz interesséiert.

"Merci, datt mir hunn dierfen en Deel vun Ärer Rees sinn", ass d'Äntwert vum Patron, wéi mir Awar a Merci fir Alles gesot hunn. Déi Ausso huet et net onbedéngt méi einfach gemaach, fir op de Fluchhafen ze fueren.

RTL

Dem Pilot ass et zu Lëtzebuerg och schwéier gefall ze landen, well hien näischt gesinn huet. Et war décken Niwwel, an nodeems mer schonn e puer Ronnen iwwer d'Ländche gedréit haten, koum d'Ukënnegung, "mir probéieren ze landen". Während de Fliger erofgaangen ass, ass d'Stëmmung geklomm, jiddwereen huet gehofft, gläich doheem ze sinn. Et konnt een d'Wolleke scho bal am Fliger fillen, esou no ware mer drun, wéi de Pilot op eemol Vollgas ginn huet, an dem Fliger seng Nues erëm an den Himmel gewisen huet. Mir sinn erëm an d'Éislek d'Kéier maache gaangen, d'Radiomaste vu Maarnech kucken aus dem Niwwel a verroden, wou mer grad dru sinn. Deen nächste Versuch, idem, kuerz virun de Wolleken ofgebrach a mat Vollgas erëm d'luuchtaus. D'Ronne gi méi kleng, et soll eng Wiederfënster op goen, wou mir et erëm probéiere kéinten, no enger Véirelstonn de Versuch, e gëtt scho ganz fréi ofgebrach an aus de Lautsprecher kënnt déi Noriicht, déi keen héiere wollt: "D'Wieder ass eis haut net gutt gesënnt, mir musse leider op Saarbrécken auswäichen."

Zu Saarbrécken sot d'Madame am Informatiounsguichet, "de Bus ass an 10 Minutten do, dee féiert Iech op Lëtzebuerg". No enger Stonn ass kee Bus wäit a breet ze gesinn, ech trëppelen nach emol bei di gutt Fra: "Madame, bei Iech wéilt ech net schaffen, Är 10 Minutte si nawell laang." - "De Bus huet eng Pann, et dauert nach e wéineg."

Schlussendlech ass en dunn awer komm an huet eis op Lëtzebuerg gefouert, an esou huet eis Rees opgehalen, wéi se ugefaangen hat - mat klenge Problemer.

Dat war et fir dës Rees.

Salut,

Ren