16. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

Valparaíso ass eng al Hafestad, déi ganz am Bierg läit, dofir fueren do vill Lifter, déi ausgesinn ewéi kleng Häisercher, dem Ausgesinn no musse si schonn zimlech al sinn. Zu Valparaíso maache reegelméisseg déi grouss Croisièreschëffer Statioun an dann iwwerschwemmt eng Onmass vun Touristen fir e puer Stonnen di al Gaassen.

RTL

Zu Valpo, wéi déi Stad ofgekierzt genannt gëtt, krut de Moto nei Pneuen, et ass héich Zäit ginn. Ech hat déi jo derbäi a si bei e Vulcanadero gefuer, e Mann, dee Platte fléckt. Hien hat en Apparat fir d'Pneuen erof ze huelen, mä di viischt Felge war ze grouss fir den Apparat. Wéi hien du wollt mam Tournewiss de Pneu erof huelen, hunn ech du gemengt, ech géing dat da léiwer selwer maachen.

Ech hu jo d'Geschier dobäi, de Mann ass natiirlech firwertzeg, wéi de Gringo dat mécht, ass awer da ganz zefridden, wéi hi gesäit, datt dat ouni Problem iwwer d'Bühn geet. Ech wiessele gläichzäiteg déi viischt Bremsplaquetten, de Mann kënnt kucken, hien ass begeeschtert.

Black is beautiful ...

Ech gesinn no kuerzer Zäit bal esou schwaarz aus ewéi de Patron, seng Hütt ass eng armséileg Blechbud mat engem Lehmbuedem. D'Kanner aus der Emgéigend sti Schlaang, fir Loft an hir Vëlospneue gemaach ze kréien. Well den hënneschte Pneu an d'Maschinn passt, iwwerhuelen ech dann déi Charge a blosen de Kanner hir Vëlospneuen op. Eng Madame kënnt eran, kuckt mech "Don Miguel?", "Nee, Don Renato, de Chef ass deen un der Maschinn, ech hëllefen just aus hei".

E puer Kilometer nierwent Valparaíso läit Viña Del Mar, de Contraire vu Valpo, héi ass alles very chic, super propper a gréng, allerdéngs och méi deier. Hei gëtt et awer e Nikon Buttek, wou ech en neit Objektiv kafe wëll. Nikon Chile huet et vu Santiago héi hi geschéckt, mä wéi ech mat der Kreditkaart wëll bezuelen, fonktionnéiert dat net. De gudde Jong am Butték huet déi beschten Erklärungen drop, si hätten an Chile e Limit vun 250 €, dat geet awer bei wäitem net duer, ech gleewen dat och net. De Jong ass iwwerzeegt, seng Machinn géif fonktionnéiren. Ech setzen d'hallef Welt a Bewegung, doheem gëtt nogekuckt, ob ech de richtege Code hunn, meng Bank kontrolléiert alles, misst fonktionnéiren.

Net esou einfach ...

Also den Dag drop erëm dohinn, nee, et klappt net, de Jong telefonéiert, kee positivt Resultat ... verzweifelen. No engem weideren Dag mat vill Telefonéieren mat Nikon Chile, de Banken ... fueren ech erëm dohinn, 2 mol negativ, da rifft de Jong erëm un an da kritt hie vun iergendengem gesot datt et a Chile net mam Code geet, mä mam Magnéitsträifen an der Ënnerschrëft ... Hien offréiert mir als Entschëllegung 2 Filter fir op d'Objektiv, hien schrauft en UV-Filter drop, ech dierf nach een aussichen. "E Polfilter w.e.g." De gudde Jong hëllt 4 Filteren, stécht déi 2 viischt no hannen, "där hu mer leider kee méi, hie wéisst mir eng Rechnung, dee leschten ass de Muere verkaaft ginn". Elo geet et duer, "weis mir déi 2 lescht Filteren an dengem Grapp", de Knirps gëtt rout, et si natiirlech 2 Polfilteren, si hunge schliesslech vir a ware kloer ze erkennen. Mä si sinn net bëlleg, "ech muss mäi Chef uruffen, ob ech dat dierf", hien huet dierfen an ech sinn zefridden zeréck a mäin Hostal gedüst.

Verschidde Plazen am Chile sinn ewéi Europa, et kritt een déi selwecht Saachen an d'Leit hunn di selwescht Problemer, e puer Kilo zevill.

Argentina, Aconcagua

Iwwert e Pass geet et zeréck an Argentinien. Chile huet bei enger Längt vun 4.275 km eng duerchschnëttlech Breet vun nëmmen 188 km. De Pass ass wonnerschéin. Uewe steet en alt Postgebäi, schéi Giel a Blo ugestrach, haut kann een dodran iwwernuechten, mat Bléck op e Séi.

RTL

Do baue grad verschidde Leit sech en Häischen mat Bléck op de Séi, net déi schlechste Lag fir e Weekendhaus. D'Grenzkontroll ass op argentinescher Säit méi déif am Dall. Kuerz duerno läit da lénkerhand den Aconcagua National Park. Mat Chance kann een e Bléck op dee 6.962 héijen Aconcagua werfen, deen héchste Bierg ausserhalb vun Asien. Ech hat Chance, am Ufank nëmme Wolléken, dunn e beemol ass de Rideau erop gaangen an de Bierg huet d'Bühn betrueden, wann och net glaskloer, esou dach awer gutt ze gesinn, ech war zefridden.

Zu Uspallata um Camping

Fir iwwert Grenz muss een duerch eng donkel Hal, 1 Stonn Waardezäit, an där Hal wéilt ech net schaffen. Awer jiddfereen ass fein, näischt dergéint ze soen.

An engem wonnerschéinen Dall läit Uspallata, en Duerf, eigentlech méi eng Kräizung, wou ech mech um Camping nidderloossen. An der Emgéigend vun Uspallata si grouss Deeler vum Film "7 Joer am Tibet" mam Brad Pitt gedréint ginn, dofir gëtt et och héi de Café Tibet matt Iwwerräschter vum Film.

Wa schonn Ennerwee d'Begeeschterung vun de Leit iwwert d'Rees grouss ass, sou ass dat um Camping nach schlëmmer. Ech komme net zum Zelt Opriichten, do sti scho 7 Persounen ëm mech, "vu wou a.s.w." E Meedchen iwwersetzt 2 eeleren Hären alles vun Englesch op Spuenesch. "Firwat reest du eleng?" Dat schéngt iwwerhapt fir vill Leit e Problem ze sinn, "ganz eleng?" - "Ech sinn net eleng, mir si grad zu 8 héi, wann ech zu 2 komm wier, da wierd dir net froe komm." - "Do hues de Recht".

Lecker Schnitzelen - gratis!

RTL

Währendeem ech diskutéieren, probéieren anerer d'Zelt opzeriichten, si sinn ze vill. Nodeems mer d'Zelt stoen hunn, verzitt all Mënsch sech, no enger halwer Stonn steet e Bouf virum Zelt mat 3 dënne panéierte Schnitzelen, "dem Meedche seng Mamm huet déi gemaach, si si fir dech". An sou huet sech grad meng Suerg iwwert d'Owesiessen erleedegt.

Richtung Mendoza gëtt et 2 Weeër, een iwwert Macadam an een iwwert Schotter, deen ass vill méi schein, féiert laanscht vill Minnen, déi awer net méi a Bedriww sinn, e Kräizwee an en Aussichtspunkt op den Aconcagua. Op 3.000 Meter schneit et e bësschen, dann geet et iwwert e grandiose Wee no ënnen. Vun uewe gesäit een op e ganz flaacht Argentinien. Wat een net gesäit ass d'Hëtzt. Uewe war et esuguer frësch, mä ënnen am flaache Land ass et waarm, tonne waarm, iwwer 30 Grad an eng Strooss bis un den Horizont, poulriicht.

Mendoza, ech kommen!

Mendoza kéint och an der Provence léien, genau wéi San Rafael. Grouss Bamalleeën laanscht d'Stroosse suergen dofir, datt am Verkéier jiddfereen e kille Kapp behällt. Héi gëtt Wäi gemaach, an net dee schlechsten, Olivenueleg, gedréchent Tomaten a vill kleng Brauereien. Et ass e Misère datt ech näischt ka mathuelen, et ass och villäicht besser, ech bräicht soss e Camion.

RTL

Allerdéngs fannen ech héi eng Assurance, déi mier eng Police fir de Moto mécht, déi éischt op der ganzer Rees an direkt fir d'Nopeschlänner mat gülteg.

Mat den Autoen ass et allerdéngs immens, déi néiste Modeller fueren nierwent Oldtimer, ech hunn haut zu San Rafal en Auto Union 1000 gesinn, deen ass vun 1958, kee Spoun raschteg. Hoffentlech féieren se hei ni eng Verschrottungsprimm an, et wier eng Sënn.

Siesta = sympatesch

Argentinier schengen e gemittlecht Vollek ze sinn. Nuets ass all Mensch bis 1 op der Strooss, a moies ass kee virun 9 ze gesinn, nomëttes mecht jiddfereen e puer Stonnen Siesta, sympatesch.

Haut hunn ech mer en Ticket gebucht fir d'Fähr an Chile vu Puero Montt op Puerto Natales, praktesch iwwer Internet, wann der interesséiert sidd, da kuckt emol bei Navimag. D'Rees dauert 4 Deeg, duerch die patagonesch Kanäl, laanscht Gletscher a vill Déieren soll ee gesinn.

Ech si gespaant, e Méinde geet et lass. Salut,
Ren