17. Bréif vum René Hilbert, deen de 7. Oktober 2008 vu Lëtzebuerg aus opgebrach ass, fir während 6 Méint mam Moto duerch Südamerika ze fueren.

A Patagonien sinn d'Stroossen onendlech laang, et gesäit ee bis un den Horizont, a wann een dann um Horizont ukomm ass da gesäit een erëm esou wäit. An do bléist en heftege Wand, beandrockend. Ech bleiwe bal net op der Strooss, héiernsdo bléist de Wand mech bis op déi aner Bunn, ech maache mech ganz kleng um Moto mam Resultat dat ech no 2 Stonnen sämtlech Muskele wéi hunn. Vu menger lénker Hand guer net ze schwätzen, si ass net frou dat ech de Guidon esou fest unhale muss.

Lénks a riets vun der Strooss sti Pompelen an der Landschaft déi Uelech aus dem Buedem huelen, op dem Salar del Diamante schëppen d'Männer d'Salz op d'Camioen. Ausser 60 Kilometer Offraod ass d'Routa 40, déi géint Süde féiert bis elo goudronéiert. Déi 60 Kilometer sinn allerdéngs net zum Beschten, nëmme Wellblech, dat ass net immens fir ze fueren, an et schéngt dem Moto och keng Freed ze maachen, well op eemol schaukele mir erëm duerch d'Landschaft, den zweete Stoussdämpfer ass gebrach. De Moto ass bal net méi ze fueren, dat hennescht Rad spréngt wéi wëll iwwert d'Knubbelen, Misär.

"Dat gëtt net einfach"

Ech kommen bis op Zapala, op der Sich no engem Hostal gesinn ech en Honda Transalpfuerer, de Gudden gëtt direkt gestoppt, "wou kriss du deng Stécker hir fir dee Moto"? "Mototech zu Neuquén". Dat sinn 180 Kilometer a läit net op menger Streck, mä während ech e grandiost Stéck argentinescht Fleesch verdrécken kommen zum Entschloss dat et déi eenzeg Chance ass fir e Stoussdämpfer ze fannen ier ech d'Schëff huelen fir op Puerto Natales, duerno kann ech et vergiessen, an ouni Stoussdämpfer kann ech Ushuaia och vergiessen. Vu Neuquén sinn et dann 500 Kilometer bis op Bariloche, a Platz 350 vun Zapala, wou ech elo sinn.

Ob der Sich no Mototech zu Zapala gesinn ech e klengen Atelier wou 3 Honda XR Supermotard virun der Dier stinn, direkt stall gehal, "ech brauch e Stoussdämpfer fir mäi Moto". En klenge sympateschen Typ kuckt mech, "dat gëtt net einfach". Hien sprengt op eng vun den Supermotard XR an dann düse mir duerch d'Stad, a landen bei ...Mototech. Hien schéngt do bekannt ze sinn, "nee, mir hu kee Stoussdämpfer", mir kréien awer emol ee klenge Stoussdämpfer mat, "probéiert emol mä ech gleewen net dat dee passt". Den Mann hannert dem Comptoir kuckt mech, "wann hien der net kann hëllefen da brauchs du hei an der Stad net weider ze sichen", ech war hallt erëm beim Star aus der Stad gelannt.

Mir fueren béi den lokalen Honda Verkeefer, direkt an d'Magaséng, et ass 10 vir 12,  "mir brauchen e Stoussdämpfer fir eng Africa Twin". De Magasinier laacht, "hu der soss nach Wënsch"? Ech hat mer net erwaart dat hien géif froen "wat fir eng Farf häss de da gären", mä et hofft een hallt ëmmer.

Also zeréck an den Atelier, "et gëtt nach een dee Stoussdämpfer fléckt, ech ruffen deen un". Deen ass awer op enger Course an net doheem, e Fiat Uno fiert lues laanscht, 2 jonk Typen gréissen, "hues du keen Stoussdämpfer fir eng Africa Twin"? "Nee", "fir eng Transalp", "ka sinn, ech fuere kucken, ech ruffen un". Hien hat keen. De Mario hat awer 2 Gebrauchtener uewen op engem Regal leien, ee vun enger Honda an een vun enger Kawasaki, ech schloe fir dat mir probéieren esou een an ze bauen.

Am Atelier schafft eng Joffer an enger Bloer Chip un engem Scooter, si wiesselt d'Ketten, ech si beandrockt, dat gesäit ee seelen.

RTL

De nächsten Supermotardfuerer kënnt un a gëtt iwwert de Problem informéiert, "hien muss mar den Owend zu Puerto Montt sinn", "dat sinn 1000 Kilometer", "genau". Nodeems all Aarbecht gedoen ass, get mäi Moto an de klengen Atelier geholl an de Stoussdämpfer ausgebaut, hien fällt an 2 Stécker eraus, genau wéi den éischten, dës Kéier ass och nach d'Schrauf, déi de Stoussdämpfer un hält gebrach. Et ass schonn komesch datt 2 Stoussdämpfer d'selwëscht briechen, vielläicht ass de Moto dës Kéier e bësschen ze schwéier.

Et kommen nach e puer Kollegen, eng Fläsch Cola gëtt besuerg, mir hunn ee Glas aus deem all Mënsch drénkt, richteg Familiär. Hei gëtt een direkt mam Virnumm ugeriet, wéi wann een sech scho laang géing kennen, sympatesch. Mir probéieren dee moofen Stoussdämpfer, e passt, ech sinn begeeschtert, "mir probéieren och nach dee rouden, kascht nëmmen 5 Minutten, vielläicht ass dee besser". En ass besser, passt allerdéngs net grad esou gutt, mä mat e bësschen Emgebauts klappt et dann awer. Well dat hënnescht Rad wéi wëll op an ofgesprongen ass huet et de Gummi, deen d'Schweng schütze soll futti geschloe, ee vun de Kollegen spréngt op e Moto a mëscht sech op d'Sich no engem aneren, d'Joffer kennt mat engem Ziedel, "kanns du mir deng email Adress op schreiwen".

De Kolleg kënnt erëm, "ech hu just ee vun enger Transalp fonnt". Deen ass awer méi kuerz an d'Fixatioun passt net, déi eenzeg Léisung ass 2 Lächer an d'Schweng ze bueren an e fest ze schrauwen. Den Typ kuckt mech, "soll ech"? "Jo, mir hu soss keng Wiel". Viru Joeren hätt dat mech nach ëm de Verstand bruecht fir an d'Schweng Lächer ze bueren, mä iergendwann léiert een dat alles relativ ass.

Um halwer4 si mir fäerdeg, ech kann et net gleewen, esou vill Gléck gehat ze hunn an an esou kuerzer Zäit, dee Problem geléist ze hunn ass genau sou aussergewéinlech ewéi déi Häerzlechkeet mat deenen déi Leit mir gehollef hunn, "wat kascht et"? "100 Dollar", kaum ze faassen, vill ze bëlleg, ech ginn e bëssche méi.

D'Joffer kënnt getrëppelt, "kanns du mech net mat huelen". "Euh, Nee, ech hu keng Plaz". Ech muss zouginn, et war di éischte Kéier, zënter datt ech reesen dat et mir Leed gedoen huet datt ech keng Plaz hat fir eng Joffer mat ze huelen, si war einfach ze häerzlech.

Nodeems de Mario nach e Fussekapp op de Moto gepecht huet ,dierf ech um 4 Auer dovun düsen, et hätt di 2 gären agelueden fir z'iessen, mä de Mario war scho besuergt, "du hues haut nach 500 Kilometer ze fueren". Déi maache mir awer keng Suerg, d'Strooss ass gutt an et ass bis 22.00 Auer hell. Allerdéngs ass esou vill Loft, datt et am Ufank net einfach ass ze fueren. Plazeweis gesinn ech bal näischt well ech duerch Sandstierm fuere muss, an dat pickt ganz schéi wann de Sand un d'Haut kënnt oder an d'Gesicht. Duerch di vill Loft brauch de Moto vill Bensin, a vill Tankstellen gëtt et net op där Streck. All Kéier wann ech een vu menge Kanister nofëllen hält direkt en Auto stall, "e Problem"?

Et geet weider

Da kënnt di argentinesch Séielandschaft, grandios. Iwwerall Waasser, vill Beem, et kéint ee mengen et wier een a Kanada. Um 22.30 sinn ech zu Bariloche, dat Dierfchen läit direkt un engem Séi, am Hannergrond Bierger, very chic, hei gëtt et di schéiste Schoklasbutteker, si sinn allerdéngs net bëlleg, awer de Schokla ass wonnerbar. Dat Duerf kéint och an der Schwäitz leien, vill Holzhaiser an deier Butteken, wou et vun gereecherter Forell iwwert Olivenueleg an Zoossiss vill Delikatessen gëtt. Gutt Restauranten a flott Cafeeë, ech fannen esou guer een deen Framboisebéier um Fass huet, made in Argentinia.

RTL

Den Dag drop kucken ech mer Bariloche un, ech wéillt jo nawell nach en Dag hei bleiwen, mä d'Schëff waart net. D'Grenz fir a Chile ass bis 21.00 Auer op, also kee Stress. Mam Sessellift op den Cerro Otto, vun do huet een eng wonnerschéin Aussiicht iwwert Bariloche an d'Séien, am Hannergrond d'Bierger, immens. Laanscht de Séi gëtt et nëmmen Hoteler a Restauranten a Microbrauereien, an engem Dag sinn ech laanscht 7 Stéck gefuer. Um Enn vum Dall läit Lao Lao, do steet den Lao Lao Hotel, Gigantesch grouss, de Lavandel blitt, schéin, schéin Déier. Dann duerch den Naturpark Nahuel Huapi, eng fréier schwäizer Siedlung besicht. Keng Ahnung firwat hei tTnnen Touriste sinn, et sti just e puer Holzhaiser hei, wou sech fréier Schwäizer Awanderer nidder gelooss hunn, kann ee sech spueren. Den Nationalpark ass awer kuckenswäert.

Um 18.00 Auer starten ech dann Richtung Chile, op der Argentinescher Douane geséich den Douanier gären de Pabeier wou de Moto agereest ass. Ech hunn awer kee kritt wéi ech agereest sinn, dat ass mir och komesch virkomm. No e bësschen hinn an hier weisen ech him de chilenesche Pabeier, wou ech ausgereest sinn, da rëselt hien de Kapp, seng Kollegen haten einfach e Stempel do drop gemaach, "ech maache mir eng Copie, da muss ech weider ginn". Jidder Douanier kritt de Pabeier gewisen, "kuck der dat un, déi Klauterscher zu Mendoza".

Chile an Argentinien kënnen sech jo net ëmmer gutt leiden, si hu schlisslech eréischt 1984 e Friddens a Frëndschaftsvertrag ënnerschriwwen. Dat wäert wuel de Grond sinn, dat si hir Grenzhäisercher ëmmer a respektabelen Distanzen vun en een opgeriicht hunn, um Paso de San Franzisco waren dat 120 Kilometer, hei sinn et "nëmmen" 42 Km.

Vu Puerto Montt op Puerto Natales - mam Schëff!

RTL

Um 23.00 Auer sinn ech zu Puerto Montt. Wéi et den Dag drop hell gëtt gesinn ech vum Hafen aus 2 Vulkaner, een dovunner, den Osorno ass ganz mat Schnéi bedeckt. Am Hafen gëtt et och vill Restauranten, di Fësch a Muschelen zerwéieren, riese Mullen, de Geschmaach hält sech awer a Grenzen, oder gereechert Mullen un der Schnouer opgehaangen, déi hunn ech net geschmaacht.

Nodeems de Moto am Bauch vum Schëff verstaut a fest gemaach ginn ass maachen ech mech op d'Sich no menger Kabinn, ech deelen si mat 2 jonke Leit aus Amerika, déi mam Vëlo wëllen vun Ushuaia op Macchu Pichu fueren. Et sinn 2 lëschteg Gesellen, 22 Joer al, allerdéngs schéngt mir hire Plang fir Mëtt Mee do un ze kommen zimlech illusoresch ze sinn, fir dat ze packen mussen si awer oft de Bus huelen.

RTL

D'Schëff fiert 1500 Km bis op Puerto Natales, 3 Nuechte verbréngt een um Waasser. Den éischten Dag ass d'Wieder nach schéi waarm an et kann een hannen um Schëff an der Sonn sëtzen, duerno gëtt et just nach Wolleken a Reen. Et gëtt Filmer an all Dag eng Versammlung, wou ee Moies erklärt kritt, wat et dann den Dag iwwer ze gesi gëtt. Ech léieren datt di gréissten Zort Walfësch vun der Welt, de Blowal, bis 33 Meter laang a bis zu 90 Tonnen schwéier gëtt, hien esst dräi Tonne pro Dag, wann di kleng op d'Welt kommen weien si 4-6 Tonnen, drénken 190 Liter Mëllech den Dag a ginn pro Stonn 4 Kg! méi schwéier, an dat während den éischten 8 Méint, do geet et also virun.

D'Landschaft ass schéin, lauter Bierger wou Waasser erof leeft a kleng Inselen, héiernsdo fiert d'Schëff ganz no laanscht d'Land, déi engste Plaz ass nëmmen 180 Meter breet.

Allerdéngs féiert och en Deel vun der Stréck iwwert oppend Mier, do schaukelt et zimlech, d'Leit ginn informéiert dat en Dokter um Schëff ass a wann ee séikrank gëtt kann ee sech un hien wennen. Mir hu Gléck, d'Wellen si nëmmen 3 Meter héich, dat ka bis 6-7 Meter goen. Trotzdem sinn deen Dag net vill Leit ze gesinn, ech leien och bal de ganzen Dag am Bett, ech verdroen dat Geschaukels net gutt.

Mir passéieren e Liichtuerm deen de Schutzpatréiener vun all de Matrousen ass, de Kapitän tut dräi mol, an e Schëff wat do vun engem schlaue brasilianesche Kapitän  an de 60er Joeren bewosst op e Fiels gesat ginn ass nodeems hien an Uruguay den Zocker deen d'Schëff gelueden hat verkaaft hat an dunn der Versécherung erklärt huet den Zocker hätt sech am Waasser op geléist. Leider hat hien vergiess datt d'Säck wou den Zocker dran ass sech net opléisen an hien ass fir 2 Joer an de Prisong gepilgert.

RTL

Meng 2 amerikanesch Cabinemattbewunner stelle mir eng englesch Koppel fir déi si den Dag virdrun kenne geléiert hunn, d'Fra huet e gudde Verhalt, "mir hunn äis um Macchu Pichu gesinn, du méchs Fotoen".

Vill Albatros sinn ze gesinn, Séiléiwen, 2 Walfësch hunn ech verpasst, hu just eng Fontäine vun engem Wal gesinn. Op der Spëtzt vum Schëff steet eng eeler Dame, si trotz dem Wand an dem Reen, si steet eng kleng Eiwegkeet do a verpasst näischt. Spéider léieren ech si kennen, si ass 70, Professer fir Latäin a Griichesch a lieft elo an de Pyrenäen. D'Jacqueline ass eng lëschteg Nummer, si huet hir 3 Kanner eleng opgezunn, ass virdrun vill gereest an huet elo hir Duechter zu Buenos Aires besicht. Si erzielt wéi si am Tschad war,"wéi d'Lybier géint d'Zaldoten aus dem Tschad gekämpft hunn louch ech hannert den Dünen".

"Bass du de René?"

Da kënnt eng Fra op mech zou a freet mat franséischem Accent "bass du de René"? "Aehmm, jo"?? Si hëllt mech mam Aarm a schonn ginn ech béi en Dësch dirigéiert ,wou  d'Begeeschterung grouss ass, do sëtzen nämlech 2 Lëtzebuergesch Koppelen, eng ass witzegerweis vun Diddeleng......An di 2 Koppelen reesen och net zesummen, si hunn sech eréischt hei um Schëff getraff. Si hate vu mir héieren an hunn anscheinend zënter 2 Deeg no mir gesicht, si hunn sech net getraut selwer ze froen dofir huet dunn eng belsch Fra d'Initiativ ergraff. Datt sech op engem Schëff am Chile esou vill Lëtzebuerger treffen ass jo schonn ongewéinlech, mä datt et och nach Leit sinn déi laang reesen, di 2 Koppelen reese béid 1 Joer, ass scho bal sensationell.

Ech kréien de Rescht vum Dësch virgestallt, e belsche Moler an eng griichesch Designerin, déi flotte Schmuck hierstellt, et ass dunn e lëschtegen Owend ginn, mir hunn eis gutt amëséiert.

Op der Rees fiert een och béi de gréissten Gletscher a Südamerika, Campo de Hielo Sur, labber 350 Kilometer laang, d'Ais bedeckt eng Fläch vun 16.800 km². Et ass scho komesch wann e beemol rieseg blo Äisstecker laanscht geschwomme kommen. De Kapitän fiert ganz nobäi, e Schlauchboot gëtt ausgesat, an si fueren e bësschen Äis sichen. Méi spéit gëtt et dann Gedrénks an der Bar mat Gletscheräis, huet ee jo och net all Dag.

Zu Puerto Natales ginn ech nach mat den 2 Cyclisten eng Pizza iessen ier si sech op de Wee maachen fir e Bus ze fannen fir an den Torres del Paine, si packen hir Vëloen eréischt zu Ushuaia aus. Wéi mir an der Pizzeria souzen kënnt de belsche Moler mat senger Fra eran, "dierf ech op däi Moto molen"? Hien leet mir direkt e Blat Pabeier op den Dësch, eng lëschteg Zeechnung, "jo, firwat net". Si hate mir gesot hie wier Moler, hien ass net egal wat wier e Moler mä de Stuf, de Coloriste vun "Spirou et Fantasio", "Petit Spirou" a vu "Soda". Hien huet och eng eegen Comic Serie di heescht "Passe-moi l'Ciel", a vun där hunn ech elo eng Episode um Moto. En ass elo e rullend Konschtwierk. Mir hunn Owes zesumme giess, war ganz sympatesch.

RTL

Di Schëfffahrt war schéin, mä wat op mannst genau esou interessant war wéi d'Rees selwer waren di Leit di dës Kéier um Boot waren.

Salut,
Ren