Vun Darjeeling bis Aizawl
De Ren on tour ass erëm on tour. Zesumme mat engem belsche Kolleg a mat sengem Moto ass de René Hilbert am Nord-Oste vum Subkontinent on the road ...
Am Fliger vu Bréissel op Delhi si mir vun engem lëschtegen a gespréichege Steward zerwéiert ginn: "Wou fuert Dir dann hin an Indien?" - "An den Nord-Osten." - "Firwat dann an den Nord-Osten, do fiert dach kee Mënsch hin?" - "Dach, mir zwee." Deen Zweeten ass mäi Frënd Luc aus der Belsch, deen op dëser Rees dobäi ass (mir haten eis 2002 un der iranescher Grenz begéint, allen zwee eleng mam Moto ënnerwee, hie no Australien, ech an den Nepal).
Nodeems e Bekannte vu mir eis um Fluchhafen ofgeholl an och d'Personal am Hotel eis begréisst hat mat "Schéin dat s de erëm do bass", huet hie gemengt: "Du schéngs hei méi Leit ze kennen ewéi doheem."
E wiesselhafte Wiesselcours
Mir hunn een Dag Openthalt zu Delhi, ier mir weiderreesen op Siliguri, fir mam Moto ze starten. Nom traditionelle Besuch beim Optiker wëlle mir nach Sue wiesselen. Den Optiker hat schonn de Wiesselcours per Telefon gefrot, fir kënne seng Rechnung an Euro ze schreiwen, di aner Säit vun der Leitung hat 77 Rupië fir 1 Euro matgedeelt. Hie weess, datt mir nach Sue wiessele wëllen. "Kommt mat, ech weisen iech wou." Ëm den Eck sinn 2 kleng Wiesselbüroen, "huelt deen zweeten, ech waarden e bësschen a kommen dann no".
Mir kréie 76,80 pro Euro gebueden, méi ass och mat Verhandelen net dran. Kuerz drop geet d'Dier op, den Optiker kënnt eran, héiert och 76,80 a seet, ech hat ugeruff, 77. Op eemol ass et keng Diskussioun méi, natierlech 77, wat soss? Da fannen ech eraus, datt d'Wiesselstuff dem Brudder vum Motorradshändler gehéiert, vum deem mir eis Motorrieder léinen, den Hotel, an deem mir wunnen, gehéiert him iwwregens och. Ech froen emol den Optiker, op hien net och zoufälleg zur Famill géif gehéieren. "Neen, ech gehéieren net dozou."
Eng Fra um Steier
Och wann ee regelméisseg negativ Noriichten aus Indien kritt, wat den Ëmgang vun de Männer mat de Fraen ugeet, esou deet sech dach op verschiddene Plazen eppes. Nodeems et jo an der Metro zu Delhi extra Ofdeelunge fir Frae gëtt, souwuel um Quai ewéi an der Metro, esou gëtt et elo och Taxie fir Frae vu Fraen. Eng Fra an Indien um Stéier ass ëmmer nach eng Sensatioun. Ech hunn nëmmen 1 gesinn, awer dat ass jo Mol en Ufank.

© René Hilbert
Eigentlech hat ech dës Rees mam Zuch vun Delhi bis Guwahati geplangt, de Moto mat am Zuch, well et sinn 2000 Kilometer bis an den Nord-Osten, iwwer d'Strooss brauch een dofir bal eng Woch. Well dat vu Lëtzebuerg aus net buchbar ass, hat ech de Motorradshändler gefrot, fir dat ze maachen, dat huet awer leider net geklappt. An esou ass zum Schluss just d'Méiglechkeet bliwwen, d'Motorrieder mam Camion op Siliguri ze féieren a mam Fliger nozefléien. Doraus ergëtt sech dann awer d'Méiglechkeet, en Ofstiecher op Darjeeling ze maachen, de Luc war nach net do an et wier schued, esou no laaschtzefueren an et net ze gesinn. Vu Siliguri aus sinn et nëmmen 72 Kilometer, déi sinn an 3 Stonnen ze maachen.
Klick - an op Darjeeling!
D'Motorrieder stinn an engem Hotel, an deem se eis natierlech gären eng Iwwernuechtung verkaaft hätten, de Motorradshändler hat eis och dozou geroden, awer ech sot him, mir géifen direkt op Darjeeling starten an do iwwernuechten.
Nodeems mir d'Pabeiere kritt hunn an alles opgelueden hunn, wollte mir starten, awer dem Luc säi Moto spréngt net un, 2 Männer aus dem Hotel kucke mat engem Grinsen am Gesicht no. No längerem Sichen hu mir e Kabel fonnt, deen net anenee gestach war, een Enn war esouguer verstoppt. Dee kann net vun eleng auserneegaange sinn, et ass eng fest Klickverbindung, do wollt vläicht een, datt mir d'Nuecht a sengem Hotel verbréngen. D'Grinsen ass du vun hirem Gesicht op Eist gewiesselt, a mir si Richtung Darjeeling gefuer.
Zu Darjeeling war e gréissert Fest, wou e puer, anscheinend bekannte Sänger, begleet vum Vollmound, opgetruede sinn. Et waren Tonne Leit do, déi sämtlech Lidder matgesongen hunn, d'Musek war net onbedéngt mäi Goût, awer d'Stëmmung war immens.
Verkéier: fueren, stoen ... falen
Et gëtt och an Indien ëmmer méi Autoen, de Verkéier steet méi wéi e fiert op verschiddene Plazen an a munche Gaasse sinn och di klengsten Autoen nach ze grouss fir duerchzekommen, an da sinn ëmmer interessant Manöver ze gesinn, wann et drëms geet, d'Kéier ze maachen. Fir datt een och weess, wiem ee Plaz maache soll, wann en offiziellen Auto kënnt, ass op all deenen Autoen e Schëld vir drop, wou e gewuer gëtt, wien dra gefouert gëtt.
Ënnerwee op Cooch Behar war eng gréisser Baustell, indesch Stroossebaustelle si riseg, an et huet monter gestëbst, esou datt een net vill gesinn huet. En Autofuerer hat net opgepasst an hat iwwersinn, datt e Stéck vun der Strooss ofgerutscht an an den Dall gefall war. Den Auto ass samt Passagéier dunn ongeféier 150 Meter déif an e Floss gefall, verschidde Leit waren am Gaangen erofzeklammen, fir bei den Auto ze kommen, wat sech als komplizéiert erwisen huet.
Sech gaaaaaaaanz schmuel maachen ...
Wann um Mëttelsträife vun der Autobunn 2 Meedercher sëtzen, gemittlech d'Féiss op der Fuerbunn a sech d'Neel fierwen, ass dat jo schonn net schlecht. Wann een awer am Gaangen ass e Camion ze iwwerhuelen, an Indien fiert e lénks, also iwwerhëlt ee riets, an da steet op eemol eng Kou virun engem op der Fuerbunn, da gëtt et scho méi schwiereg. Wann een dann am leschte Moment gesäit, datt di Kou mat engem Seel um Mëttelsträifen ugestréckt ass an dat Seel gespaant ass, da bleift just nach d'Plaz tëschent dem Camion an der Kou. Dat sinn di beweegend Momenter am indesche Stroosseverkéier.
"D'Hochzäit ka waarden, d'Bildung net"
En interessante Beruff hat e Bouf, deen hannert enger Stroossewalz huet misse goen an ofwiesselnd déi zwee Rieder mat engem naassen Duch ofgeriwwen huet, bei eis geschitt dat automatesch, awer hei ass et méi bëlleg dofir e Kand ze huelen.
Schüler demonstréieren déi lescht Zäit nawell vill hei, eis ass och e Cortège begéint. Si hu fir eng besser Ausbildung demonstréiert. E klengt Meedchen hat e Schëld am Grapp, "d'Hochzäit ka waarden, d'Bildung net", beim Alter vum Meedchen (ongeféier 6 Joer) kann een dovun ausgoen, datt hatt dat Schëld wuel net selwer geschriwwen huet.

© René Hilbert
Mir hunn an engem klenge Stroosserestaurant eng Paus gemaach, d'Madame, déi e bedriwwen huet, wollt direkt mat "et gëtt schonn eng Fra vun hei, déi an Amerika bestuet ginn ass" Androck maachen. - "An Amerika ass et net besonnesch, bleift léiwer hei, hei ass et méi gemittlech."
"Durch den Monsun" an enger Hütt gelant - fir 0,84 Euro
D'Strooss ass miserabel, de Monsun huet am Juli dëst Joer huet alles fortgespullt, d'lescht Joer war di Strooss nach top. Dowéinst packe mir et net méi bis op Silchar, fir en Zëmmer ze sichen. Honnerte vu Camione quäle sech duerch déif Lächer, iwwer décke Steng an engem onméigleche Stëbs. Mir gesinn aus, ewéi wa mir e Sack Miel iwwer de Kapp geschott kritt hätten. Weider ze fueren ass ze geféierlech, et ass stackdäischter am Bësch, awer et gëtt keng Zëmmer an där Géigend. Also mol bei enger chrëschtlecher Schoul stall gehalen a gefrot, "nee, mir hu keng Zëmmer hei". "Wann der 6 Kilometer zeréckfuert, do steet am Bësch dem Fierschter säin Haus, deen huet och en Haus fir Gäscht." An tatsächlech, hien huet e schéint Haus am Bësch fir Gäscht, "wann et iech net stéiert, datt et grad renovéiert gëtt an datt et kee Stroum a kee waarmt Waasser do ass, kënnt dir do schlofen." - "Neen, dat stéiert eis net", an esou hu mir bei Käerzeliicht fir 65 Rupien (0,84€) op de Kapp eng gemittlech Nuecht verbruecht.
Bei der Arees a Mizoram freet ee Polizist, "wou fuert dir hin a Mizoram?" Nodeems ech him de Wee opgezielt hunn, Begeeschterung, "wann dir op Champhei fuert, da musst dir de Rhi-Dil-Séi besichen." - "Jo, dat géife mir och gären, awer dee läit a Myanmar". - "Dat ass egal, op der Grenz sinn indesch Douanieren, déi loossen iech eriwwer." Hie vergësst ganz, datt op enger Grenz ëmmer zwou Natioune vertruede sinn, an datt do och Douaniere vu Myanmar sinn, an déi wäerten dat wuel anescht gesinn. D'Inder dierfen ouni Visa fir 24 Stonnen de Séi besichen. Et ass immens, de Bewunner vu Mizoram hire léifste Séi läit a Myanmar, awer fir si läit en an Indien.
Guerilla géint Guerilla an e komescht Ritual
Dat Éischt, wat een nom Kontrollpost vu Mizoram gesäit, ass eng riseg Militärbasis, iwwer der Entrée steet grouss geschriwwen, "mir bekämpfen d'Guerilla ewéi eng Guerilla". A Mizoram ewéi och an deenen aneren Nord-Ost-Staate gëtt et eng staark Ënnergrondbewegung.

© René Hilbert
An engem Duerf ass e komescht Ritual am Gaangen, niewent der Strooss steet e Krees vu Mënschen an der Mëtt knéit een, deen an e wäisst Duch gewéckelt ass. Op der anere Säit vun der Strooss steet eng Grupp vu Leit a kuckt no. "Kënnt dir mir w.e.g. erklären, wat do lass ass?" - "Si biede fir Räis a Fridden a Mizoram." Deen an der Mëtt war mëttlerweil opgestanen an huet jidderengem d'Hänn ugehalen a Merci gesot. "Wéi hien op de Knéie souz, war hien dout, elo ass hien erëm operstanen, e chrëschtlecht Ritual." Eng interessant Kombinatioun vum fréiere Glawen a Chrëschtentum, am Nord-Oste vun Indien ass massiv missionéiert ginn, dowéinst liewen elo hei zum gréissten Deel Chrëschten.
D'Strooss op Aizawl, der Haaptstad vu Mizoram, ass och net di Bescht, awer mir wëllen et nach bis dohi schaffen. No enger Stonn am Däischteren erreeche mir eis Dageszil a fannen an engem klengen Hotel en Zëmmer.
Dat war et fir dës Kéier,
Salut,
Ren

© René Hilbert