De Ren on Tour ass nees ënnerwee - nees mam Moto an nees an Indien. A senger zweeter Chronik geet et vun Aizawel op Champhei oder vun Indien a Myanmar.

Aizawl, d'Haaptstad vu Mizoram, erënnert mech u La Paz a Bolivien, ganz an de Bierg gebaut wunnen hei bal 300.000 Leit op 1.500 Meter, immens schéin. Et géif een awer net soen, datt een an Indien ass. D'Leit gesinn asiatesch aus, esou wéi a Myanmar oder an Thailand, an och soss erënnert net all ze vill un Indien. Et tut keen, et ass propper, et stinn iwwerall Dreckskëschten an et gëtt ëffentlech Toiletten. Et dréit keen indesch Kleedung, et leeft keng indesch Musek hei, wann ee net mat Rupien géif bezuelen, wier Indien schnell aus de Gedanke verschwonnen.

Wann ee sech duerch d'Stad beweegt, dat ass ustrengend. Well een andauernd Trape muss erop oder erof kloteren. All Strooss verleeft op engem anere Niveau. Et begéint een allerhand op engem Sträifzoch duerch d'Stad, virun allem Kierchen. Am meeschte staunen ech iwwer e KTM-Händler, säin Ausstellungsraum dierft momentan mat dat modernst an der ganzer Stad sinn. An et düsen nawell scho vill 200er an 390er KTM duerch d'Stad, schénge gutt unzekomme bei der Jugend.

Bierger a Boeingen

Nodeems sech moies de Niwwel verzunn huet, gesäit ee wäit an di gréng Däller, Mizoram ass landschaftlech vläicht dee schéinste Staat vun de siwe Schwësteren am Nord-Osten, ganz gréng, vill Hiwwelen a kleng Bierger, deen héchsten, de Blue Mountain, huet ëmmerhin 2.157 Meter.

Owes am Hotel leeft am Fernseh um National Geographic Kanal eng Sendung, an där gewise gëtt, wéi de neie Jumbo 747 gebaut gëtt. Wéi en zum Schluss fäerdeg zesumme gebaut ass a lackéiert gëtt, steet Cargolux drop.

RTL

Wann un der Strooss geschafft gëtt, sëtze vill Leit a klenge Bambuskabéisecher ënner Plastikplanen a klappen de ganzen Dag mat engem Hummer Steng kleng. Un der Strooss schaffen awer bal ni lokal Leit, dat si meeschtens Inder aus der ënneschter Gesellschaftsschicht. Obwuel de Kastesystem offiziell ofgeschaaft ass, besteet en an der Gesellschaft monter weider.

RTL

Ier déi Steng kleng geklappt kënne ginn, mussen si emol iergendwou erausgebrach ginn. Ënnerwee steet niewent der Strooss eng komesch Konstruktioun, op där eng Vespa op en hëlzent Gestell montéiert ass. Dat hënnescht Rad feelt, dofir ass do en Zännrad montéiert, dat eng grouss Rull undreift, op där e Seel op- an ofgewéckelt gëtt. Si déngt als Undriff fir eng Seelbunn, mat där Steng aus dem Dall op d'Strooss bruecht ginn, wou se vun engem Camion ofgeholl ginn. Well di Seelbunn natierlech nëmme kleng Quantitéiten transportéiere kann, gi schonn ënnen am Dall handlech Portiounen hiergestallt, eng Heedenaarbecht.

RTL

Champhei, un der Grenz zu Myanmar, gëtt och d'Räisschossel vu Mizoram genannt. Dat Dierfchen, ëmgi vu Bierger, läit op engem Héichplatto, op deem Räis ugeplanzt gëtt, landschaftlech wonnerschéin. Dat muss anscheinend och de Leit aus dem Duerf opgefall sinn, si haten eng ëffentlech Toilett, di op där lénker Säit vun der Strooss stoung, do huet een där schéiner Landschaft de Réck gedréit. Dëst Joer hu sinn eng nei gebaut, an elo kann een während dem Pinkelen di schéin Aussiicht genéissen.

Et ass d'Zäit, wou alles vun de Felder geholl gëtt, Frae maachen kleng Bëndele mat Stréi, verschidde Saache wéi Kären a Räis leien um Buedem fir ze dréchnen, am schéinste liichten di kleng rout Chillien an der Sonn. De Räis gëtt mat den Hänn gesift a propper gemaach, eng Sisyphusaarbecht.

Séi nee, Foto jo

Vun Champhei sinn et nëmmen 30 Kilometer bis op d'Grenz vu Myanmar, do läit de Rhi Dil Séi, a Myanmar.  All Inder ka fir 24 Stonnen ouni Visa de Séi besichen, dat probéiere mir och, obwuel ech net allzegrouss Hoffnungen hunn, dat d'Douanieren vu Myanmar eis era loossen.

Déi indesch Douanieren schwätze kee Wuert Englesch a schénge mat der Situatioun liicht iwwerfuerdert ze sinn. Also fueren ech emol labber duerch de Bou mat der Opschrëft „Merci, besicht ons erëm“, verloossen Indien a fueren iwwer d'Bréck bis bei d'Douanieren vu Myanmar. „Moien, dierfe mir de Rhi Dil Séi besichen?“ - „Nee, dat geet leider net.“ - „Dierfe mir da wéinstens d'Motorrieder bis an den Agang vu Myanmar bréngen, fir eng Foto als Erënnerung ze maachen?“ - „Jo, dat geet.“ Ech fueren zeréck de Luc sichen, ëmmerhin dierfen mir e puer Meter a Myanmar eran, fir d'Kéier ze maachen. Da nach schnelle ee gesicht, fir eng Foto vun eis zwee ze maachen, mir blockéiere monter d'Bréck, dem Douanier frëndlech Merci gesot an erëm zeréck an Indien, op dëser Säit steet um Bou „Wëllkomm an Indien“.

RTL

Op der Grenz gi sämtlech Wuere vun de Camionen déi eng Säit ofgelueden, op kleng Kärercher gelueden, di e Steierrad hunn, an dann iwwer d'Bréck op di aner Säit bruecht, wou si erëm op Camione geluede ginn. Ech hunn nëmme Weenercher mat Wueren an eng Richtung gesi fueren, vu Myanmar an Indien. Meedercher huelen déi méi liicht Saachen, d'Jongen déi méi schwéier. Ee sëtzt um Steier, di aner drécken. Iwwerem Laanschtrulle rifft een: „Vu wou?“ - „Vu Lëtzebuerg!“

A Mizoram schéngen d'Leit nach méi gleeweg ze sinn ewéi am Nagaland. Sonndes ass alles zou, esou guer d'Bensinstatiounen, net emol Loft wollt de Mann, dee Platte fléckt, eis an de Pneu fëllen, mam Argument, et wier Sonndeg an da géif net geschafft ginn. „Kolleg, wéi ass et da mat der chrëschtlecher Nächsteléift?“ Mir konnten hien awer iwwerrieden, eis e bëssche Loft fir dem Luc säin hënneschte Pneu, dee schonn erëm net an Topform war, ze spendéieren.

"E spezielle Gaascht"

Jiddwereen ass am beschte Schnëppel ënnerwee an d'Kierch. Et gëtt Baptisten a presbytorianesch Kierchen. Hir Masse si vill méi flott a méi labber ewéi déi Trauerspiller bei eis. Si sangen nawell schéin an ofwiesslungsräich, eng Aart Gospel. Zwee Trommeler hummere wei wëll op hir Instrumenter, scho bal e Rockconcert. Eng hallef Stonn am Ufank, tëschenduerch gëtt dynamesch Gepriedegt, den Affer opgehuewen a weider gesongen. Vill Leit danzen zum Gesang, nieft eis gëtt eng jonk Mamm hirem Bouf d'Broscht. Ech sinn zeréck an eist Guest House gepilgert, meng GoPro-Kamera sichen, fir e bësschen ze filmen, a si besser ewechkomm wéi de Luc, am Hall vun der Kierch huet mech e Mann just dat üblecht „vu wou?“ gefrot. De Luc hat manner Chance, hien huet missen no Opfuerderung vum Geeschtlechen opstoen a sech virstellen, jiddwereen huet natierlech gekuckt, de Paschtouer sot „mir hunn haut e spezielle Gaascht aus der Belsch“.

RTL

Wa Kanner de Räichtum vun enger Natioun sinn, da si se a Mizoram steeräich. Hei turnen iwwerall Kanner, eng Onmass. Wie net grad schwanger ass, huet op d'mannst 2 Kanner bei sech oder plangt wuel schonn dat nächst. Si schéngen e sportlecht Vollek ze sinn a fréi unzefänken, wien net mat 14 op d'mannst schonn ee Kand huet, ass verdächteg, mat deem kann eppes net stëmmen.

A ganz Indien stinn handgemoolte Schëlter niewent der Strooss mat lëschtege Spréch, déi zur Verkéierssécherheet solle bäidroen, gutt gefält mer hei „Beep Beep, don't sleep“ oder „License to drive, not to fly“.

Dat war et fir dës Kéier.

Salut, 
Ren