Vun Champhei zeréck op Aizawl a weider duerch den Urbësch op Vanghmun. Wat een Trip!!!

De Wee vun Champhei duerch de Bësch Richtung Lunglei ass landschaftlech immens schéin, awer zimlech dënn bewunnt. Ënnerwee kënne mir bei enger Fra Bensin aus engem Kanister kafen. An ofgeleeëne Géigende gëtt et bal ëmmer Privatleit, déi kleng Quantitéite Bensin doheem lageren an deen dann e bëssche méi deier verkafen. D'Madame hat 20 Liter, dat ass genau duergaange fir di 2 Motoen. Si huet 3 Rupien um Liter verdéngt, fir si e gutt Geschäft a mir waren zefridden, datt mir es fonnt haten.

An dësem Eck, esou no bei Myanmar, kéint ee mengen, et wier ee schonn di aner Säit vun der Grenz. Vill Frae reiwe sech d'Gesicht mat Thanaka-Paste an, wéi a Myanmar. Di Paste gëtt aus der Schuel vun engem Bam hiergestallt, si soll géint UV-Luucht schützen a gläichzäiteg d'Haut killen. D'Schuel gëtt op engem spezielle Stee mat Waasser geriwwen bis et eng wäiss-gielzeg Crème gëtt. Gesäit net super flott aus, schéngt awer beléift ze sinn.

Wat opfält, bal sämtlech Frae fëmmen.

RTL

Zu New Serchhip bedreift eng schick Madame en einfacht Gäschtehaus. Si léisst schaffen, huet e Manager, dee gläichzäiteg Mann fir alles ass, an erkläert, datt hire Mann zu Aizawl en Handel mat Bambus bedreift. Mir kréie vum Manager déi verschidden Zorte Bambus gewisen, déi do verkaaft ginn, bei Bedarf kéinte mir och d'Adress kréien. Mir hunn zwar weider kee Bedarf u Bambus, awer et ass beandrockend, wat et do alles gëtt. Zum Beispill e puer Zentimeter déck Stécker, schwéier ewéi Bläi. Verschidde Loe gi waarm an enger Press matenee verläimt, dem Gewiicht no muss dat éiweg halen.

Scho rëm e Platten!

Moies ass dem Luc säin hënneschte Pneu erëm platt, d'Madame huet d'Léisung, "ech ruffe mäi Chauffeur un, hie kënnt d'Rad sichen a féiert et bei een, deen et reparéiert, an där Zäit kënnt dir Kaffi drénken".  Kuerz drop kënnt eng Motorikscha an den Haff gefuer an de Problem léist sech esou, wéi d'Madame virgeschloen huet.

An engem Duerf sinn e puer Männer am Gaangen, niewent der Strooss en Déier auserneenzehuelen an iwwerem Feier ze broden. Mir hale stall, "et ass Hondsfleesch", erkläert eis ee vun de Männer. "Hondsfleesch ass deier a Mizoram, 400 Rupien (5,36 €) de Kilo." - "Wat kascht da Schwéngefleesch?" - "250 Rupien (3,23€) de Kilo." Hien ass am Gaangen, d'Zong iwwerem Feier ze grillen. "Besonnesch zaart." Si ass allerdéngs schonn esou schwaarz verkuelt, datt dat Bescht wuel schonn dem Feier geopfert gouf, gudden Appetit.

Mizoram ass immens gréng, vill Bësch, vill Bierger déi stäil offalen. D'Dierfer leien uewen um Kamm, d'Haiser reie sech ewéi d'Pärele vun enger Ketten uneneen, dofir zéie sech déi Dierfer nawell an d'Längt. Lunglei läit op 1.138 Meter, moies um 6 fält de Niwwel iwwert de Kamm wéi e Waasserfall, spektakulär.

Moies huet de Luc den 3. Platten, d'Madame vum Hotel rifft eng Motorikscha, nom Kaffi ass de Pneu erëm gefléckt, et gëtt esou lues eng Routine.

No way!

Bis op Saiha ënnen am Zipfel vum Dräieck hu mir et net geschafft, 20 Kilometer no Lunglei hu mer beschloss ëmzedréinen, d'Strooss war mëttlerweil ze schlecht ginn, e Steen hat meng hënnescht Bremspedall ewechgerappt, fir 20 km hu mir annerhallef Stonn gebraucht, dat muss net sinn.

Vill Aarbechte ginn hei am Kollektiv gemaach, ënnerwee huet en halleft d'Duerf de Rampli laanscht d'Strooss gebotzt, wéi ech fir eng Foto stall gehalen hunn, war d'Aarbecht schnell Niewesaach a si sinn all erbäigepilgert komm. Hire Chef, 1,5 Meter héich, stellt seng kleng Féiss niewent meng a fënnt, datt ech nawell grouss Féiss hätt, allgemengt Gegröls.

Laanscht d'Strooss si regelméisseg Verkafsstänn, wou d'Fraen aus den Dierfer hiert Geméis an Uebst verkafen. Et geet ëmmer lëschteg zou do. Mir hunn eng Ananas kaaft fir 50 Rupien (0,65€), fir se op der Plaz z'iessen. Wéi mir bis e Messer ausgepaakt hunn, huet eng Madame protestéiert an drop bestanen, datt si géif déi Aarbecht maachen, an esou krute mir eis Ananas schéi propper a gebotzt an Tranchë geschnidden zerwéiert. Ob engem anere Stand an de Bierger hu se ënner anerem och Schung verkaaft, d'Auswiel ass net déi gréisst, wann een esou ofgeleeë wunnt, 5 Puer Kannerschong an 8 Puer Dammeschong. Dat huet och Virdeeler, d'Auswiel gëtt engem liicht gemaach an et spuert een Zäit.

RTL

Di kann een dann notzen, fir sech e Schal oder e Rack ze wiewen. Bal an all Haus stinn een oder zwee Wiefstill, di Konscht gëtt scho vu Klengem u geléiert. Ech staunen, wéi e klengt Meedchen, vläicht 5 Joer, senger Schwëster beim Wiewen hëlleft. Geschéckt hält hat 8 verschidde Fiedem tëschent dräi Fangeren an zaubert esou e schéint Muster an de Stoff.

Gratis!

Zeréck zu Aizawl hu mir de lokalen Enfieldhändler besicht, fir eng aner hënnescht Bremspedall fir mäi Moto ze kréien. "Mir hu keng, awer ech weess, wou et eng gëtt. Gëff mer 700 Rupien, ech fueren eng sichen." Während ee sech op d'Rees mech, demontéieren di aner d'ganzt Gestengels, fir d'Iwwerreschter vun der ofgebrachener Pedall auszebauen. Leider huet de Mann keng aner Pedall fonnt a si hunn erëm alles zesummegebaut. Nodeems ech gesot hunn, et misst jo keng nei sinn, eng gebrauchte géif et och maachen, hu si d'ganz Stad austelefonéiert, bis si op eemol eng fonnt hunn. Direkt ass ee lassgedüst a war kuerz drop erëm, di aner, zäitweis waren 9 Leit ëm de Moto versammelt, hunn d'Gestengels eng zweete Kéier ausgebaut. Nodeems si di gebrauchten agebaut haten an de Moto fäerdeg do stoung, hu si sech all hannendru versammelt an dunn huet ee freedeg matgedeelt, "dat Ganzt kascht dech guer näischt, et ass e Kaddo vun eis, wëlls du eis déi éischte Kéier besicht hues". Do feelen engem da schonn emol d'Wierder.

RTL

Fir vun Aizawl op Agartala un der Grenz zu Bangladesch ze kommen, ass net esou einfach, well di direkt Strooss, déi op der Landkaart monter fett rout agezeechent ass, gëtt et net méi, wéi sot e Mann: "pure offroad". Dee sécheren an "gudde" Wee féiert iwwer Silchar, dat si 450 Kilometer Ëmwee. Da gëtt et nach e klenge groe Wee op der Landkaart, de féiert queesch duerch de Bësch, awer och duerch d'Gebitt vun der Ënnergrondbewegung, wéi mir e puer Mol verséchert kruten. Di eng hunn ofgeroden, dee Wee ze huelen, et wier rezent zu Entféierunge komm, anerer soten: "Hei ass iwwerall Ënnergrond, si wäerten Iech wuel näischt doen."

Dat hu mir och geduecht, meng Erfarung mam Ënnergrond a Manipur war jo net esou schlecht, also hu mir dee Wee geholl. Am Ufank war en esou guer gutt an ech hu mech gefrot, wisou keen dee Wee hëlt, et waren esouguer Schëlter do, awer iergendwann sinn d'Dierfer manner ginn, d'Schëlter si ganz verschwonnen, an d'Strooss ass méi schlecht ginn. Dozou koum, datt bal kee méi Englesch geschwat huet, wat d'Orientatioun net méi einfach gemeet huet, well et ass just nach mat Froen op de Gafelunge gaangen.

Op all Kräizung oder Gafelung muss een de Wee e puer Mol froen, fir sécher ze sinn, datt et och an di gewënschte Richtung geet. Op enger Kräizung hu mir de Wee nach emol bei engem Bouf nogefrot, dee konnt e wéineg Englesch: "Jo, do geet et op Vanghmun, 35 km, awer de Wee ass ganz schlecht." Wéi seng Mamm héiert, datt mir dee Wee huele wëllen, ass si entsat, hire Gesiichtsausdrock hätt eis eigentlech ze denke misse ginn.

Wat méi spéit, wat méi schlecht

Kuerz nom Duerf gëtt de Wee ëmmer méi schmuel, héicht Gras wiisst lénks a riets an hänkt an de Wee eran, iergendwann ass guer kee Makadamm méi do, just nach e Buedemwee, dee stäil biergof féiert an ëmmer méi schlecht a méi schmuel gëtt. De Mënsch lieft vun der Hoffnung, et kéint jo erëm besser ginn, dat trëtt hei awer leider net an an dann ass iergendwann de Punkt erreecht, wou et keen Zeréck méi gëtt a wou een derduerch muss. An et ass wéi verhext, wat et méi spéit am Dag gëtt, wat d'Stroosse meeschtens méi schlecht ginn. De Wee entwéckelt sech zu engem Trëppelpad wou sech Sand an déif Schlamm-Passagen ofwiesselen.

No enger Bréck kënnt en Duerf, et gesäit esou aus, wéi wann de Wee do géif ophéieren, d'Bewunner kucken e wéineg erstaunt, wéi mir do optauchen, "Vanghmun"?" - "Dem Pad no." Et ass schéin, wann een do ass, deen ee kann nom Wee froen. Zemools, wann ee bei eng Gafelung kënnt, bei enger stounge mer ze rätselen, wéi eng Stëmm op eemol "no riets" gesot huet. Am Bësch stounge 4 Jugendlecher, déi anscheinend woussten, wou mir hi wollten. Et mengt een ëmmer, et wier een eleng, ech wéisst gäre wéi vill puer Aen eis nogekuckt hunn, déi mir net gesinn hunn.

RTL

"Welcome to Dampa Tigerreserve"

Am Bësch ass et jo schonn am Dag méi däischter, awer nuets ass et richteg donkel a vu 17 Auer un ass et hei Nuecht, dat geet ganz schell. 35 Kilometer kënne laang sinn - wann ee sech nuets duerch den Urwald kämpft, si se nach méi laang an da kommen engem scho komesch Gedanken. Mir sinn an engem Duerf laanscht e Schëld gefuer "Welcome to Dampa Tigerreserve", op mir nach do dra sinn, weess ech net, zur Berouegung dréit esou e Schëld allerdéngs net bäi.

Eist Ziel, d'Dierfche Vanghmun, läit uewen um Kamm vun den Jampui-Bierger an all Kéier, wa mer biergop fueren, hoffen ech, datt mer elo gläich do sinn, awer nee, e puer Mol geet et erëm biergof, ier et da laang a stäil biergop geet. Op der Säit vum Wee läit e frësch geschloene Bam, e gutt Zeechen, denken ech, lues a lues gëtt de Wee erëm méi breet, dat Eenzegt, wat mer elo net gebrauche kéinten, wier esou vill Schlamm wéi fir biergof an ënnen an den Däller. Bananne-Beem hunn nawell stabill Äscht, do fiert een net esou einfach driwwer.

Net duebel bezuelen, dofir geschenkt!

No enger gefillter Éiwegkeet biergop dauche Luuchten am Bësch op, dann Hütten an dann d'Strooss, Erliichterung mécht sech bemierkbar. Zu Vanghmun gëtt et eng "Tourist Lodge", wat e wéineg erstaunlech ass, awer heiansdo maachen Touristen, déi Agartala, d'Haaptstad vun Tripura, besichen, en Ausfluch dohin. Déi Lodge ass di eenzeg Iwwernuechtungsméiglechkeet wäit a breet. Eng indesch Lodge ass net ze vergläiche mat deem, wat an Afrika ënner Lodge verstane gëtt, hei sinn dat staatlech Touriste-Lodgen, di meeschten einfach sinn an oft guer net a Betrib sinn.

No e bëssche Siche fanne mir dat Gebai, deen Eenzegen, deen Englesch schwätzt, gëtt gesicht: "All Zëmmer si gebucht, mir kënnen Iech keen Zëmmer verkafen, awer mir kënnen Iech trotzdem en Zëmmer ginn, awer just fir dës Nuecht." Ech verstinn net esou ganz. "Dir hutt sécher matkritt, datt haut a ganz Tripura e Streik ass an dofir huet keen dierfen op de Stroosse fueren. Mir hunn een Zëmmer, wat bezuelt ass, awer d'Leit hunn et net heihi geschafft, dir kënnt dat kréien. Dir kënnt et net buchen, well et ass jo scho gebucht a bezuelt, een Zëmmer ka jo net zweemol gebucht ginn, dofir kritt dir och keng Rechnung." Dat ass eis egal, an dësem Moment ass och eng an d'Jore komme Lodge, déi plazeweis ferm Gréngespoun ugesat huet, ewéi e Fënnef-Stären-Hotel.

Dat wat et fir dës Kéier,

Salut,

Ren

RTL