Vu séiere Schlaangen a bëllege Banannen
Am véierte Blog vum Ren on Tour geet et vu Vanghmun op Amarpur.
Moies kucken ech mer d'Landschaft un, duerch déi mer den Dag virdru gegeeschtert sinn, vun de Bierger op der Säit géigeniwwer erof an duerch den Dall dës Säit erëm erop op d'Bierger, nach eng Kéier wéilt ech di Streck net misse fueren, mëttlerweil verstinn ech, firwat jiddwereen déi 450 Kilometer Ëmwee iwwer Silchar fiert.
Och d'Motorrieder ginn inspizéiert, datt keent vun deenen zwee méi eng hënnescht Bremspedall huet, wësse mer, ech hu meng dräimol zeréckgebéit, dat huet si net verkraft. Et feelt hinnen e wéineg u Buedemfräiheet, eng Enfield ass schliisslech net gebaut, fir am Terrain ze fueren. Soss hu si nawell gutt iwwerlieft, ausser vill Bulli, dee mer iwwerall erauskrazen, ass nach alles drun.
Eenzege Problem, de Luc huet dee véierte Platten, e klengt Stéck Drot ass den Iwweltäter, hie schéngt op Platten abonnéiert ze sinn. Awer besser hien huet de Platten haut de Moien ewéi gëschter am Bësch.

Niewent der aktueller Lodge gëtt bäigebaut, d'Bauaarbechter wunnen an Zelter, eng Fra wunnt zesumme mat e puer Kéi an enger Hütt. Si bauen nawell lëschteg, eng Palm gëtt monter an de Balcon matagebaut. Si liwwert schliisslech Betelnëss, an déi knaen d'Inder de ganzen Dag.
Direkt e puer Schëlter weisen drop hin, datt et sech hei ëm eng historesch Platz handelt. Am Zweete Weltkrich hu Leit aus Vanghmun hei 2 amerikanesch Piloten, déi aus hire brennende Fligeren ofgespronge waren, gerett. Den 11.02. den John Beach an den 12.02. den James Mark.
"Pass op, pass op!"
Nodeems mer schlussendlech gestart waren, hat ech kuerz drop eng interessant Begéinung op der Strooss, eng Schlaang loung op der rietser Säit an der Sonn. E prächtegt Déier, schéi faarweg, vill giel, ongeféier 1,5 Meter laang. Also mol direkt nieft deem Déierche stall gehalen, e Portrait wier jo nawell flott. Bis dohinner huet sech och näischt gerouert, ech war am Gaangen, mäi Fotoapparat auszepaken, wéi de Luc ukoum, dat ass der Schlaang dunn awer ze vill ginn. Dat hunn ech awer net matkritt, bis de Luc energesch geruff huet: "Pass op, pass op!" Wéi ech mech ëmgedréint hunn, gesinn ech dat Déierche flénk op mech zoukommen. Ech hunn du probéiert, schnell vum Moto erofzekommen, wat awer leider net gelongen ass, awer vläicht huet mäi Getrampelts gehollef, eng 20 Zentimeter laanscht mäi Fouss ass si am Gras verschwonnen. Mäin Ëmgang mat deenen Déiere schéngt nach verbesserungswierdeg ze sinn.
Den Ënnerscheed vu Mizoram an Tripura, gedeelt duerch e puer Däller, ass onwahrscheinlech. Mizoram ass méi asiatesch, Tripura richteg indesch.
Während enger Paus bei engem Stroosserestaurant koum en Typ a wollt dem Luc säi Pass gesinn. De Mann war awer net bereet, sech auszeweisen; wann hien de Pass net ze gesi kréich, da géif hien d'Police ruffen. Hien huet säin Telefon erausgeholl a lass telefonéiert. An dësem Fall hëlleft nëmmen eppes, ech gräife mäi Fotoapparat, sprange virun den Typ, Click, Click, Click, dee probéiert sech ewech ze dréien, fir datt ech säi Gesicht net soll kréien. "Sou, elo hu mir eng Foto vun dir an elo fuere mir op d'Police a ginn eis beschwéieren" (wat mir natierlech net maachen). Dat hëlleft, den Typ mécht sech aus dem Stëbs, vill Leit, déi hannendru stinn, grinsen.
Unakoti ass eng interessant Plaz am Bësch mat grousse Fielsskulpturen aus den 7. bis 9. Jorhonnert, sou genee weess keen dat. De Gott Shiva soll do iwwernuecht hu mat sengen Unhänger, wéi hien ënnerwee war op Varanasi. Hien hat jiddweree gewarnt, moies viru Sonnenopgang op de Been ze sinn, fir da weiderzezéien, awer ausser him ass keen opkomm. Hie war du sauer an huet si all a stenge Skulpture verwandelt.
Direkt bei der Entrée vun Unakoti gëtt et eng kleng Epicerie, owes gëtt d'Luucht per Bambusstaang un de Stroumkabel un der Strooss ugeschloss, näischt fir Ufänger.
Bal wéi Ausserierdescher :-)
Karimganj huet net all ze vill Méiglechkeeten, fir ze iwwernuechten, dofir awer vill hëllefsbereet a virwëtzeg Leit, de Moto kënnt nuets an de Restaurant, moies stinn eng Onmass vu Leit virum Hotel, wéi mir starten. Dat bleift a ganz Tripura esou, knapps sti mer, scho si mer ëmréngt vu Leit, déi interesséiert alles ënnert d'Lupp huelen an all Bewegung registréieren. Meng Helmkamera huet villen et ugedoen, di eng wëlle wëssen, wat dat ass, verschiddener wëssen et an erklären deenen aneren et.
An engem klengen Dierfche sinn erstaunlech vill gutt gekleete Leit op der Strooss ënnerwee, e gutt Stéckelchen nom Duerf kläert sech d'Ursaach, niewent der Strooss fënnt eng Läicheverbrennung statt.
Bambus ass an Indien e Material, wat fir alles gebraucht gëtt, an et gëtt es vill verschafft. Nodeems en am Bësch geschloen ass, gëtt en op de Flëss esou wäit transportéiert, bis en op Camione kann ëmgeluede ginn. Et ass bestëmmt net einfach, di schwéier Holzmassen um Waasser ze dirigéieren, awer déi Männer, déi zum Schluss d'Staangen aus dem Waasser géi biergop bei d'Strooss mussen droen, hunn nach méi en haart Lous gezunn.

Den Ananasservice ass hei awer genee esou gutt, fir 20 Rupien (0,26€) kritt ee se geschielt. Ech sichen eng schéi giel eraus, "Neen, huel déi net, déi ass scho batter, dës ass gutt". Si ass zwar nach zimlech gréng, schmaacht awer grandios. Mir fält e Stéck op de Buedem, ier ech mech ëmsinn hunn, hu si nach eng kleng geschielt, déi si mir reechen. Wéi ech se wëll bezuelen, wëlle si näischt dofir.
Moien, Marx!
Agartala ass d'Haaptstad vun Tripura, deem klengsten indesche Bundesstaat, an deem eenzege kommunisteschen, deen et nach an Indien gëtt. An dat ass net ze iwwersinn, d'Landschaft ass iwwerséit mat roude Fändele mam Hummer an der Sichel, scho lëschteg, wann een ëmmer erëm Karl-Marx-Statue begéint.
D'Police huet lëschteg Hitt op, e wéineg wei a Spuenien oder Südamerika.

Virun 8 Joer ass an Indien e Programm agefouert ginn "Aarbecht fir jiddwereen". All Inder iwwer 18 Joer kritt pro Dag 350 Rupien, dovunner gëtt hien der 100 u seng Partei, vun där hien anscheinend d'Sue kritt, well di meescht Inder hu kee Bankkonto. Bleiwen der 250, mat deene sech gutt liewe léisst. Wéi sot en Hotelier: "Mir hunn de Leit misse méi bezuelen, soss kéim kee méi schaffen. Awer um Land, huet et net dat gewënschtent Resultat bruecht. Et sollt ee kengem Sue ginn ouni ze schaffen." Déi ganz aarm, déi een esou gesäit, schéngen dann a kenger Partei ze sinn. Esou vill bezuele si awer net, wéi e jonke Bouf vu 16 Joer mir erkläert, "ech verdéngen 2500 Rupien (32€) de Mount". - "Fir wéi vill Deeg an der Woch?" - Hie kuckt wéi e Camion, "fir 7". - "A fir wéi vill Stonne pro Dag?" - "24."
Um 16:30 gëtt d'Grenz tëschent Bangladesch an Indien mat enger Zeremonie zougemaach, d'selwecht wéi zu Waghan op der indescher-pakistanescher Grenz. Hei sinn awer vill manner Leit ewéi zu Waghan, dat mécht d'Saach richteg sympathesch. Wann et eriwwer ass, da ginn d'Douanieren a Galauniform begeeschtert fotographéiert, an da gi sech d'Leit iwwer e Gatter d'Hänn. Ee Mann streckt d'Hand iwwert d'Barrière, et steet awer kee virun him. Hie kuckt mech, "jo, du". Ech stinn 3 Meter ewech a sinn net sécher, ob hie mech mengt. Ech trëppele méi no a ginn him d'Hand, "vu wou kënns du?" - "Lëtzebuerg". - "A, Merci." Getrennt duerch eng Eisebarrière reeche sech zwou Persounen an zwee verschiddene Länner d'Hand, esou eng Grenz ass schonn eppes Komesches.

Zu Agartala steet den Ujjayanta Palast, 1901 gebaut, fréier de Kinnekspalast, bis 2011 och fir déi legislativ Versammlunge genotzt. Haut ass et e Musée a war de Model fir de Maharajah-Palast am Tintin. Net wäit ewech gëtt et e Park, wou een Tripura a Miniatur ka bewonneren, den Ujjayanta Palast inklusiv.
Femme et menne ...
Wann een e wéineg an der Landschaft sicht, fënnt een ëmmer erëm lëschteg Saachen, hei zum Beispill e Kleedergeschäft fir Mann a Fra. Si wollten et wuel e bëssche méi exklusiv maachen, dofir heescht d'Fraenofdeelung "Femme zone", a wann eng Fra op Franséisch femme heescht, dann heescht e Mann wuel Menne, an dofir heescht d'Männerofdeelung "Menne Zone".
De Manager zu Agartala am Hotel wollt eis iwwerzeegen, eisen Ausfluch a Südtripura an engem Dag ze maachen an owes erëm a sengem Hotel ze sinn, "wann Dir fréi fortfuert, ass dat an engem Dag ze maachen". - "Neen, ass et net, well mir wëllen Chabimura kucke goen." De Mann kuckt rotlos, wou soll dat sinn? "Zu Amarpur, gëtt och Debtamura genannt." Hie setzt sech bei säi Computer a sicht am Internet, ech setze mech donieft, nodeems hien eppes op der staatlecher Internetsäit doriwwer fonnt huet, seet hien: "Ech kenne keen, deen do war."

A Südtripura gëtt et och eng Uertschaft déi Udaipur heescht, d'selwecht ewéi am Radjasthan, an och hei gëtt et en Tempel am Waasser, den Neermahal, e verfallene Palast an engem Séi, momentan si gréisser Renovatiounsaarbechten am Gaangen, wann déi emol ofgeschloss sinn, gesäit e bestëmmt super aus.
De Matabari Tempel ass och esou e Phänomen, iergendwou an der Landschaft steet en Tempel a Masse vu Leit pilgeren dohinner. Esou en Tempel schéngt rentabel ze sinn, well all di Männer, wou do schaffen, si wuel genährt.
An dëser Géigend gëtt Kautschuk produzéiert, laanscht d'Stroossen hänke Kautschukläppercher op Léngten fir ze dréchnen. Soss ass awer näischt vun där Produktioun ze gesinn.
Um Ecran
Zu Amarpur dat staatlecht Gäscht-Haus ze fannen, ass net esou einfach, et läit gutt verstoppt un engem klenge Séi, dofir ass d'Aussiicht awer immens. Et schénge net vill Leit dovunner Gebrauch ze maachen, de Schlëssel fir d'Zëmmer hu si emol misse sichen. Di Haiser schéngen am meeschte vu Geschäftsleit gebraucht ze ginn, den zweeten Dag, wou mir do waren, huet ee vun hinne mat senger Camionnette voller Wueren och do iwwernuecht.
A Südtripura gëtt et vill Waasserdëmpelen oder kleng Séien wéi virun eisem Gäscht-Haus. Moies an owes wäschen d'Leit sech dran, d'Zänn gi gebotzt, dat Ganzt mat de Kleeder un, geet nawell schnell, praktesch.

D'Duerf ass immens, jiddwereen freet, wou mer hierkommen a firwat mir hei sinn. Allerdéngs versteet bal keen Englesch, di Jonk e wéineg an déi wëllen all eng Foto vun eis mat hirem Handy. Wat fir eng Bedeitung dat fir si huet, gi mir den Dag drop gewuer. E jonke Bouf verkeeft Kaffi an engem klenge Buttek, mir si Stammclient do, "kommt mat, ech weisen iech eppes". Mir ginn an de Buttek niewendrun, do steet e Computer, wou zwee Jonker virdru sëtzen. Si klicken all Fënster ewech, déi op ass, an als Hannergrond vum Schierm ass eng Foto vun eis, déi si den Dag virdru gemaach hunn.
D'Uebst ass präiswäert hei um Land, eng riseg Papaya fir 40 Rupien, (0,52€, zu Lëtzebuerg 8€), d'Bananne kaschten 1 Rupie d'Stéck, fir 1 Euro kritt ee 77 Banannen. Och wa se kleng sinn, dat sinn der vill.
Dat war et fir dës Kéier.
Salut,
Ren