De Ren tauscht kuerz säi Moto géint eng Rikscha, fir e verréckten Trip an den Urbësch ...

Chabimura ass eng relativ onbekannte Plaz a Südtripura, laanscht de Floss Gomati, an engem déiwen Dall am Urbësch si grouss Skulpturen an de Fiels gehaen, si sollen aus dem 15.-16. Joerhonnert stamen a stelle verschidde Gëtter duer wéi Shiva, Vishnu, Kartika a.s.w. Et kann ee se just mat engem Boot besichen. Wéi mir un e Boot komme respektiv wou et fort geet, wësse mir allerdéngs net, zu Amarpur am Duerf gëtt et weder e Schëld, wat drop hiweist, datt et di Platz gëtt, nach datt ee se besiche kann.

Dofir froe mir emol an der Receptioun vun der "tourist lodge" di 3 Männer, di do Fernseh kucken. "Mir wëlle Chabimura kucke goen". - "Jo, dat ass méiglech, mir kënnen e Guide an e Boot organiséieren." De Guide ass schlussendlech ee vun hinnen, dee sech zu senger staatlecher Pei wuel e puer Rupien dozou verdéngt. "Wéini starte mer?" - "Mar de Moien um 8, 3-4 Stonne brauch dir dofir."

Eist Zëmmer huet e Balkon, Luxus pur. Am Séi géigeniwwer buede vu moies fréi bis owes spéit Leit. Laanscht de Bord wuesse Lotusblummen, déi moies op sinn an am Nomëtten zou ginn. Eng flott Plaz, fir de Leit nozekucken; e Mann, nawell gutt gekleet, schwätzt mech un: "Chabimura, hutt dir schonn dovun héieren?" - "Jo, mir wëlle mar dohinner." Hie grinst, "dat gëtt abenteuerlech". Een aneren an der Uertschaft gesäit et nach méi dramatesch, "hutt dir scho vun Chabimura héieren?" - "Jo." - "Et läit am Urbësch, et soll wëll Déieren do ginn, an och di Leit, wou do liewen, kéinten onfrëndlech sinn, ech kann iech net roden, dohin ze fueren." - "Waars du da schonn do?" - "Nee, ech fuere léiwer net dohin."

No enger kaler Nuecht, wou mir am Zëmmer monter gefruer hunn, ass moies um 8 alles am déiwen Niwwel verschwonn. Mir verschiben de Start vun 8 op 9 dann op 10, um 10.30 sollt et du lass goen. "Dir kënnt mat äre Motorrieder fueren, huelt de Guide hannendrop, awer maacht lues, de Wee ass net dee Beschten." Mir duechten, et géif gläich beim Duerf lassgoen: "Nee, et sinn 10 Kilometer vun hei." - "Gutt, dann huele mer eng Motorrikscha." Déi gëtt per Telefon bestallt, no 10 Minutte kënnt e gutt gekleeten Här mat sengem Dräirad un, säi Präis entsprécht net grad eiser Virstellung, seng Argumenter, "de Wee ass miserabel, et geet vill biergop a biergof, de Chauffeur muss jo och waarden". - "Kann deen dann net zeréckkommen an eis méi spéit erëm siche kommen?" - "Nee, et ass vill ze wäit." Mir gleewen dat natierlech net, well esou Erklärungen huet ee scho masseg kritt, wann ee vill reest. Nodeems mer eis op en akzeptabele Präis gëeenegt hunn, gräift de Mann zum Handy. "10 Minutten." - "Wisou nach 10 Minutten?" Een aneren: "Hien huet grad de Chauffeur geruff." - "Hien ass also net de Chauffeur?" - "Nee, hien ass de Besëtzer."

"Hei ass tribal area"

Nodeems mir gestart sinn, huet sech d'Strooss schnell an en onbefestegte Wee verwandelt, deen duerch kleng Dierfer féiert - e lëschtegt Schëld mat enger Micky Mouse, déi d'Haaptfigur vu Chabimura presentéiert, weist op eemol de Wee. Riets a lénks sti Plantagë mat Kautschukbeem, un deene kleng schwaarz Schosselen hänke fir de flëssege Gummissaft, deen aus de Beem austrëtt, wann ee se urëtzt, opzefänken.

RTL

"Kënne mir kuerz stallhalen, ech géif dat gäre fotographéieren." Mir wandere monter tëschent de Beem, a verschiddene Schosselen ass méi dran wéi an anerer, eng Fra sammelt mat engem Eemer de gewonnene Saaft an. De Guide: "Passt op d'Schlaangen op." Mir hu Sandalen ugedoen, dat huet fir eng Bootsfahrt am prakteschste geschéngt, fir hei wuel net dat richtegt Schongwierk. "Hei ass tribal area", hie schéngt do gréissere Respekt zu hunn; "tribal area" si Gebidder, wou verschidde Stämm liewen an och meeschtens hir eege Gesetzer hunn.

Kuerz drop komme mir bei e klengt Gebai wou dee flëssege Kautschuk verschafft gëtt, als éischt gëtt en a rechteckeg Pane geschott an dann dréchne gelooss. Duerno gëtt di gedréchent Mass duerch eng Handpress mat 2 Rouleaue gedréckt an et entstinn e puer Millimeter déck Gummisläppercher, déi dann an d'Sonn gehaange ginn.

Kuerz drop stoppt ons eng immens Aktioun, e Bam soll direkt niewent dem Wee gefält ginn. E puer Äscht si schonn ofgeschnidden a leien niewent der Strooss, e Bouf klëmmt schonn uewen am Bam a klotert weider deen héije Bam erop, buerféiss, ouni Hëllefsmëttel. Ëm dat lénkt Handgelenk huet hien e Seel gebonnen, wat uewen an der Spëtzt soll festgemaach ginn, fir de Bam ëmzezéien. Dat Speziellt un der Geschicht, de Bam ass ënne scho ferm ugeseet, fir dat e soll falen ...

De Wee gëtt ëmmer méi schlecht, et geet stramm biergop a biergof, mir gi ferm gerëselt, si haten net iwwerdriwwe mat hiren Aussoen, awer si haten eis net gesot, datt vun deenen 3-4 Stonnen déi meescht fir de Wee géifen dropgoen. Op eemol verspäert en neie Bagger de Wee, dee passt guer net hei hinn, et gesäit aus, wéi wann eis Expeditioun hei en Enn géif huelen. No kuerzer Diskussioun gëtt eist Dräirad op d'Säit gestallt, de Bagger fiert zeréck an tippt eng Schëpp Buedem a Steng just niewent eis, mir klammen emol léiwer eraus. Dat ass awer eng wonnerbar Geleeënheet, fir e puer Hütten ze besichen an ze kucken, wéi d'Leit hei liewen. D'Kommunikatioun ass op Handzeeche beschränkt, hei schwätzt keen Englesch, dat mécht awer näischt.

D'Hütte bestinn aus Lehm, Bambus a Wellblech, alles ass einfach, awer wat opfält, et ass immens propper. De Buedem ass gekiert an et ass alles opgeraumt. Ech wollt e Bouf, deen en Eemer Waasser dréit, fotograféieren, wéi hie mech gesäit méi nokommen, léisst hien den Eemer falen a rennt dovun.

Da geet et awer virun, mir wonneren eis, wat esou eng Rikscha trotz hire klenge Rieder alles matmécht. No bal enger Stonn komme mir beim Floss un, wou d'Boot läit. Op enger klenger Bëschwiss si Bauaarbechten am Gaangen, bal net ze gleewen, eleng schonn d'Manéier, wéi geschafft gëtt, ass interessant nozekucken. D'Fraen transportéiere Steng a geflechte Schuelen um Kapp bei d'Betonnière. Zwee Männer droe jeeweils eng Bambusstaang, un där en ale Sak befestegt ass, an deem de Beton läit. Si trëppelen op d'Plaz, wou e gebraucht gëtt, kippen de Speis an d'Lach a ginn deen nächste sichen. E puer Equippe lafe permanent hin an hier.

D'Boot ass méi grouss, wéi ech geduecht hat, si schéngen hei nawell optimistesch ze sinn. Eise Rikscha-Chauffer kënnt och mat, nach e puer Bouwen, mir starten. Di éischt Plaz mat de Skulpturen ass schnell erreecht, eng Fielswand, déi voll mat Gravuren ass, et wier eng wonnerbar Kuliss fir en "Indiana Jones"-Film.

RTL

Fir bei déi zweete Plaz muss ee flossofwäerts fueren, schnell verschwënnt de Floss tëschent de Beem, mir fuere matten duerch den Dschungel. Beem heiansdo esou héich, datt bal keng Sonn duerchkënnt, spektakulär. Ënnerwee begéine mir zwee Männer, déi op engem Pak Bambusstangen de Floss erofdreiwen. Di zweete Skulptur stellt zwou Figuren duer, ongeféier 20 Meter héich, eng weiblech mat 10 Äerm iwwer enger anerer. Wie kënnt op d'Iddi, op esou enger schwéier zougänglecher Plaz e Konschtwierk ze schafen? Duerno geet et nach e wéineg weider, ier mir d'Kéier maache fir zeréck, mir sinn elo 40 Minutte mam Stroum gefuer.

Gebrodene Waran ... bal!

Eisen Equipage huet schonn um Hiwee d'Borde vum Floss ofgesicht, op de Sandbänke leien oft Warane sech ze sonnen. Um Réckwee ass et dann esouwäit, si entdecken esou eng grouss Eidechs, e prächtegt Déier, ongeféier 1 Meter laang. D'Boot gëtt direkt gestoppt, si ginn u Land, de Waran ass gemittlech an de Bësch spadséiert, a si hannendrun.

- "An elo?"
- "Si probéieren, en ze fannen."
- "Wisou?"
- "Wéinst dem Fleesch."

Owes ass et kee gegrillte Waran ginn, si hunn en net fonnt. Dofir hu si awer kuerz drop un engem Bam iessbar Friichte gesinn. D'Boot ass un engem Bam ugestréckt ginn, een ass op de Bam geklommen an huet déi fauschtgrouss gréng Friichten erofgeschoss.

Nodeems mer erëm gestart sinn, begéine mer eng Trupp vun Afen an de Beem, di meescht stiermen dovun, en décken Af verzitt sech uewen an e Bam a kuckt erof, et schéngt net all Dag een hei laanschtzekommen.

Nodeems mir erëm bei eisem Ausgangspunkt ukomm sinn, komme mir mat engem jonke Mënsch an d'Gespréich, hie schafft fir den Tourismusministère an erkläert, si géife grad Zëmmer fir Touristen hei bauen, d'Zuel vun den Touriste wier staark am klammen.

"D'lescht Joer hate mir 3 (dräi) Touristen, dëst Joer 8, Iech matgezielt."

Dat ass natierlech e Grond, optimistesch ze sinn. Mir gi gewuer, datt et hei och eng Grupp vu wëllen Elefante lieft, de Staat iwwerwaacht déi, esou vill gëtt et där net méi. Si wanderen an engem Ëmkrees vu 25 Kilometer. "Kënne mer déi gesinn?" - "Dir braucht e Guide, awer dir wäert kee fannen, d'Leit hei sinn net esou frou mat hinnen, eréischt virun e puer Deeg hu si op de Felder vill Schued gemaach." Sniff, dat wier elo nach d'Kiischt um Kuch gewiescht.

Gepackt :-)

Mir kloteren an eis Motor-Rikscha a maachen eis op de Réckwee, ënnerwee, "mir huelen eng Ofkierzung", all Inder kennt eng Onmass Ofkierzungen, wann ee bis dat Wuert "shortcut" héiert, dauert et meeschtens méi laang ewéi wann een den normale Wee geholl hätt. Allerdéngs musse mer elo op all Kräizung froen, wou et higeet, dann ass et just nach en Trampelpad, an da kënnt eng laang a schmuel Bréck. Jiddwereen, deen entgéint kënnt, gëtt eppes gefrot, schliisslech entschléisst sech eise Chauffeur, iwwer d'Bréck ze fueren, d'Rikscha passt an der Breet just drop. D'Bréck ass an engem gudden Zoustand, just zum Schluss ass schwiereg dovunner erof ze kommen, zwee Drëttel vun der Strooss si fortgeschwemmt, mir wëlle schonn erausklammen, awer nee, no kuerzem Zécke setzt eise Chauffeur un, fir ganz riets erofzefueren, mir hänken eis alleguer no riets, fir datt se net soll ëmkippen, ee Rad, dat zweet, elo gëtt et spannend. Et kraacht, dat ganzt Gefier kippt an hänkt bedenklech schif no lénks, awer lues a lues schaffe mir eis aus dem Lach eraus an et geet virun.

No 4 Stonnen hëlt d'Expeditioun Chabimura en Ënn, en Erliefnis, ouni Zweiwel.

Dat war et fir dës Kéier.

Salut,
Ren

RTL