Virum Hornbill-Festival nach séier en Autogramm ...
Am Ren sengem 6. Blog geet et vun Tripura an d'Nagaland, iwwer d'Autobunn a Feldweeër.
Ëmmer erëm begéint een an Tripura Parteiversammlunge vun der kommunistescher Partei, déi gutt besicht sinn, esouguer am klengsten Duerf gi Versammlungen ofgehalen. Dofir brauche si keng deier Infrastruktur, en décke Bam fir de Schied, eng Camionsbatterie liwwert de Stroum fir de Mikro, e puer Plastiksstill a scho sinn d'Konditioune geschafen, fir datt Parteifonctionnairen hiert Gesabbels kënne lassginn. Di trei Wielerschaft dierf aktiv matmaachen, andeems si andauernd opgefuerdert gëtt, iergendwellech Parole nozeblären.
Awer soss bläert keen do, wou kann ee schonn an eng Bank eraspadséieren, monter drop lass fotograféieren a gëtt ugegrinst amplaz erausgejot? Och meng onugemellte Visitte bei de Leit doheem stéiere keen an ech bewonneren ëmmer erëm mat wéi vill Improvisatiounstalent si sech hir Hütte gemittlech ariichten oder d'Liewen um Land organiséieren.
Fir d'Kären ze botzen, werft een se an d'Luucht, a well keng Loft geet, fächeren dräi anerer mat grousse Bambustelleren, fir datt d'Schuel an de Stëbs fortgeblose ginn. Op anere Plazen an Indien si si bei deem Thema scho méi wäit, do hunn ech schonn elektresch Gebléiser gesinn, déi d'Loft produzéieren.
Schluechten am Floss
Well kee fléissend Waasser do ass, ginn d'Schwäin eben direkt am Floss opgeschnidden an ausgeholl, d'Gedäerms gëtt am fléissende Waasser gespullt a kënnt an e bleche Bidon, ech turnen op e puer Steng am Waasser, fir Fotoen ze maachen, "pass op, di Steng si glëtscheg". Schéin, datt si sech Suerge maachen, op der Juegd no enger gudder Foto vergësst ee schnell emol e Bléck, wou een hintrëppelt. Nodeems d'Schwäin op eng Käerche geluede goufen, sollen si a Rupien ëmgesat ginn: "Mir fueren elo op de Maart, kënns de mat?"

Dozou bleift leider keng Zäit, et ass nach esou vill ënnerwee ze gesinn, zum Beispill eng Zille-Fabréck, déi no un der Strooss läit. Do ass een net ëmmer wëllkomm, well d'Aarbechtskonditioune meeschtens erbäermlech sinn, awer hei ass keen, wou sech dru stéiert, wann ech tëschent hinnen hin an hier lafen. Just déi zwou Kéi, déi de ganzen Dag mussen am Krees trëppelen, fir eng Press unzedreiwen, duerch déi de Buedem méi reng gëtt, fanne meng Präsenz suspekt, hiren "Hiert" muss si heiansdo drun erënneren, weiderzetrëppelen.

Wann een hei schafft, da weess een, wat een owes gemaach huet, dee renge Buedem gëtt mat Schubkare bei véier Aarbechter bruecht, zwou Persoune maachen d'Portiounen, di aner zwou fëlle se a Formen, ëmtippen an dréchne loossen. Si hunn eng beandrockend Vitesse drop, ech wéisst gär, wéi vill Zille si pro Dag produzéieren.
"En Autogramm w.e.g."
Wann en handgewiefte Rack bei engem Stroossenhändler 500 Rupie (6,5 €) kascht an dee jo och nach eppes drop verdénge wëll, da froen ech mech, ob di Fraen, déi se wiewen, nach musse Suen erausginn, fir se un den Händler ze verkafen? Ëmmerhin dierf ech bei esou engem Stand en Autogramm schreiwen, e Bouf reecht mer säi Schoulheft, hie wëll wuertwiertlech: "en Autogramm w.e.g.".
A Südtripura sinn d'Stroosse ganz gutt, erstaunlech gutt, esouguer di klengste Weeër si gutt ze fueren, awer esoubal een d'Schëld "Welcome to North-Tripura" passéiert huet, ass et fäerdeg mam Luxus-Makadamm, da si just nach Stëbs a Lächer ugesot.

Fir Begeeschterung suergen zwee Elefanten, déi niewent der Strooss stinn, och wann et sech schnell erausstellt, datt et keng wëll, mä Schaff-Elefante sinn. Di lescht Schaff-Elefante si mir 2003 am Laos op der Strooss begéint. Si schénge veréiert ze ginn, esouguer d'Camionen hale stall a wëllen hinnen eppes ze knabbere ginn, wat dem Besëtzer awer net gefält. Dee kënnt erbäi gedüst an ënnerbënnt déi Aktioun, deen nächste Camion hält stall, hie kritt dës Kéier e Geldschäin, fir Fudder ze kafen.
Hiewel am A, Vergaser am Aa...
Moies stinn ëm d'Motorrieder eng hallef Dose Kéi, eng Kou ass am Gaang, hir Moiestoilett ze maachen. Si gebraucht de Kupplungshiewel, fir sech d'Aen ze botzen, d'Enn vum Hiewel, wou eng ronn Knupp drun ass, gëtt sech ganz ënner den Aendeckel gestach an da monter hin an hier geriwwen. Als éischt dat lénks A, dann dat Rietst.

Mäi Moto schéngt Bedarf un Zouneigung ze verspieren, hien zitt net méi, deen eenzegen Enfield-Händler an der Géigend ass zu Silchar, am Vergaser ass de "Kolwen" gefëmmt, wéi sech nom Opmaachen erausstellt. Et ass méi Stëbs ewéi Bensin an der Cuve. Ech ënnerstëtze jo gären d'Initiativ vum Premier Modi fir "clean India", awer datt mäi Vergaser als Stëbssuckler fonctionnéiert, geet ze wäit. Si ersetzen de "Kolwen" a kënnen eng hënnescht Bremspedal opdreiwen, di aner gëtt geschweest. Während d'Reparature gemaach ginn, ass genuch Zäit, fir sech d'Ëmgéigend unzekucken, bis bei de Floss ze trëppelen an den Handwierker, déi un de Gefierer schaffen, hiert Talent ze bewonneren - mat wéineg Geschir a Material eppes erëm un d'Goen ze kréien.
D'Lescht Joer war dat Geschäft grad 3 Wochen op, wéi mir do waren: "An, leeft d'Geschäft?" - "Jo, mir hunn 1000 Enfield verkaaft, zanter datt s du hei waars."
Gréngt Gold
Laut Landkaart missten et 50 Kilometer Autobunn bis op Haflong sinn, dat misst nach haut ze maache sinn. Eng wonnerbar Strooss féiert duerch schéin Téiplantagen, riets a lénks dämpen d'Kamäiner vun den Téifabrécken, en Zeechen, datt Saison ass a si am Gaange sinn, déi frësch gepléckten Téiblieder ze dréchnen. D'Sonn steet schonn déif, d'Frae kommen zeréck vun de Plantagen, um Réck droe si d'Bëndel mat deem grénge Gold, wat si am Nomëtteg gepléckt hunn.
Da ginn aus véier Spuren der zwou, d'Strooss schlängelt sech mat ville Kéieren ëmmer méi héich an d'Bierger, et gëtt esou lues kal. D'Sonn ass fort, dann dauert et eng hallef Stonn, an dann ass et däischter, stackdäischter. A wéi konnt et anescht kommen, aus där gudder Strooss gëtt eng mat Lächer a Steng iwwerséite Lehmpist, am Däischteren ass et schwéier, di naass a schmiereg Plazen ze erkennen, vum Wee guer net ze schwätzen. Allerdéngs si mir hei net eleng ënnerwee, si bauen eng Eisebunnsstreck a vill Camione produzéiere vill Stëbs op deenen dréchenen Deeler.
Sympathescherweis fanne mir e klenge Moto mat zwee Bouwen a hänken eis un déi drun, an der Hoffnung, datt si de Wee kennen. Et ass vill méi einfach, engem nozefueren, wéi selwer ze sichen.
Ouni Wierder ...
Mir si schonn 1,5 Stonnen am Däischteren ënnerwee a béien zesumme mat de Bouwe riets of, wéi e Camion, dee weder vir nach hanne Geliits huet, niewent mir stall hält: "Dir sidd falsch, dës Strooss féiert an d'Bierger, dir musst lénks iwwer d'Bréck." Et hat awer keen e Wee, deen no lénks féiert, gesinn. Also hu mir emol gesicht an am Donkelen eng kleng Bréck entdeckt, dem Chauffeur Merci gesot an d'Kéier gemaach. Iergendwann waren d'Bouwen doheem ukomm, si hunn den Daum no uewe gehal, mir hu gewénkt a weider, och ouni vill Wierder hu mir eis verstan.
Di 50 Kilometer vun der Landkaart ware scho laang laanscht, am Stëbs daucht en Téibuttek op, et ass Zäit fir eng Paus a vläicht kréie mer Informatiounen wéi wäit et nach ass. "Bis op Haflong sinn et nach 20 Kilometer." Mir iwwerleeën, ob mer net solle froen, fir an der Téibud dierfen ze schlofen, entschléissen eis dann awer no 4 Téi an zwee gekachten Eeër, weiderzefueren. No enger gefillten Éiwegkeet komme mir komplett gepuddert mat Stëbs zu Haflong un. Aus deene 50 Kilometer op der Landkaart waren der 120 ginn.

An der Receptioun vum Hotel ka keen eis weiderhëllefe mat Informatiounen iwwer den Zoustand vun der Strooss op Lumding. Kuerz nodeems mir ukomm sinn, fiert en Auto bäi, do gëllt et, direkt de Chauffeur ze kontaktéieren:
- "Entschëllegt, aus wat fir enger Richtung kommt dir grad, Lumding oder Silchar?"
- "Lumding."
- "Wéi ass d'Strooss dohinner?"
- "Gutt."
- "Gutt???"
Dat fält mer schwéier ze gleewen, awer säin Auto ass propper.
- "Hutt Dir den Auto grad gewäsch?"
- "Neen."
- "Mir komme grad vu Silchar, déi Strooss ass net gutt."
De Mann schéngt sech auszekennen:
- "Nee, déi ass wierklech net gutt. A Richtung Lumding ass se nach 10 Kilometer schlecht an da gëtt et erëm eng Autobunn."
- "Dat heescht, mir kéinten et vun hei an 8 Stonne bis op Kohima schaffen?"
- "Jo, ech fueren och dohin, dat klappt wann, dir fréi fortfuert."
Dat ass fäin, da kënne mir en Dag Paus zu Haflong maachen. Moies léiere mir e Mann kennen, dee fir de Staat schafft, "di Strooss vu Silchar heihin huet an de leschte sechs Joer missen zweemol komplett nei gemaach ginn, si gëtt ëmmer erëm vun Äerdrutschen zerstéiert, si hunn de falschen Trajet ausgewielt".
Bensin, Déieren ... welcome!
Mir riichte meng Bremspedal op en Neits, mengem Bensinstank huet di Streck net gutt gedoen, eng Schweess vum Tank ass gerass an de Bensin drëpst eraus, esoulaang et nëmmen drëpst an net leeft, muss eng Fatz et maachen.

Samschdes ass Maart zu Haflong an e Maart ass ëmmer e Besuch wäert. Déi lieweg Fierkele si lëschteg verpaakt, an enger Aart Torpedo aus geflechte Bambus. Rise Fësch ginn ugebueden, d'Schwéngefleesch ass esou frësch, dat d'Muskelen sech nach ëmmer zesummenzéien ...

Moies um 7 starte mir Richtung Kohima, et sinn ëmmerhin 300 Kilometer. No 10 Kilometer gëtt d'Strooss besser, no 30 km eng Autobunn bis kuerz viru Lumding, duerno féiert e klenge Wee duerch de Bësch Richtung Dimapur, ech weess, datt d'Strooss vun do u gutt ass.
Um 3 Auer sti mir beim Bou: "Welcome to Nagaland". Endlech zeréck am Nagaland, nach zwou Stonne bis Kohima. Mar fänkt den Hornbill-Festival un, ech kann et kaum erwaarden.
Dat war et fir dës Kéier.
Salut,
Ren