Dat Bescht zum Schluss: Och op dëser Rees wollt sech de Ren on Tour de Festival net entgoe loossen. An et war nees esou richteg impressionnant!

Datt de Premierminister Narendra Modi no nëmme 6 Méint am Amt op d'Ouverture vun Hornbill Festival 2014 kënnt, léisst hoffen, datt endlech eng Léisung fir di politesch Spannungen am Nord-Oste vun Indien fonnt gëtt.

Et ass deen éischte Premier, deen 3 Deeg am Nord-Oste bleift a säit Laangem dee Politiker, an deen d'Inder di gréissten Hoffnung setzen, datt sech eppes an där weltwäit gréisster Demokratie zum Gudden entwéckelt.

Toiletten an dann eréischt Tempelen

Seng Prioritéite léie kloer op anere Gebitter wéi déi vu senge Virgänger. Sou sot hien an der Ried vun der Natioun op dem indeschen Nationalfeierdag: "Solle mir net als éischten Toilette bauen, ier mir Tempele bauen?" Hien hätt och gären, datt all Inder e Bankkonto kritt; bis elo ass et eng Minoritéit, déi een huet.

RTL

E proppert Indien wënscht hie sech an huet eng Aktioun ewéi den Ice-Bucket-Challenge gestart, wou eng Persoun sech en Eemer kaalt Waasser iwwer d'Schierbel schëtt an da 5 aner Leit ustellt, dat selwecht ze maachen. Hien huet zur Kierbiischt gegraff a monter drop lass gekiert an duerno 5 weider Persounen nominéiert, déi da sollten weidermaachen, awer dat war fir den Ufank ze vill dës Gudden. Och all Schoulklass sollt sech dorunner bedeelegen. Déi eng hunn net gekiert, an d'Schoulklasse beschwéiere sech, si hätte keng Zäit, si misste kucken, fir de Léierprogramm gemaach ze kréien.

D'Sécherheetsbestëmmunge sinn natierlech héich um an ëm de Site vum Hornbill-Festival, also gëllt et fréi do ze sinn. Ma och wann ee fréi do ass, eng brauchbar Foto vun him ze maachen, wou ee keng Lupp brauch, fir hien drop ze fannen, ass net evident.

Internet ... wierkt Wonner

Wann ee fir d'zweet anzwousch ass, huet et op mannst dee Virdeel, dat ee sech auskennt. Dofir pilgeren ech direkt an den Haaptbüro vum Festival:

- Moien, ech si vu Lëtzebuerg an ech brauch eng Pressekaart.
- Dofir muss Dir an d'Stad an Är Donnéeën am Büro souwisou hannerleeën.
- Dofir ass et elo ze spéit; wann Dir meng Reportage iwwer den Hornbill-Festival vum leschte Joer wëllt gesinn, kënnt Dir dat am Internet nokucken.

Dat wierkt Wonner.

- Nee, nee, dat ass net néideg. Schreift Ären Numm an Är Adress op dësen Ziedel, wéi vill Kaarte braucht Dir?
- Zwou.

An Zack krut ech zwou Pressekaarten, déi vill Dieren opmaachen, déi soss zoubleiwen.

Als éischt hu se dem Luc seng Aen opgemaach deen aus dem Staunen net méi eraus komm ass. "Wat soll ech da soen, wa se mech froen, fir wien ech schaffen?" - "Da sees de, du wiers mäin Assistent."

RTL

Datt et net méi laang dauere kéint, bis de Modi ukéim, huet sech aus dem Opdauche vun 2 Polizisten erginn, déi allen zwee ausgesinn hunn, wéi wa si eleng kéinten e ganze Krich gewannen. Risegrouss, ganz a schwaarz a mat allem behaangen, wat nëtzlech ka sinn, fir een aus dem Wee ze raumen, beandrockend.

Dat gëtt Iech eng Deier ...

Nodeems hie gelant ass, e puer Hänn gerëselt a schliisslech Plaz geholl huet, kritt hien eng traditionell Nagatruecht ugedoen a gëtt dann als Naga deklaréiert - 't huet lëschteg ausgesinn.

De Gouverneur vu Nagaland trëtt un de Mikro, hie schéngt e gewëssen Humor ze hunn, un de Premier Modi gericht sot hien: "Wéi ech Iech zu Delhi besicht hunn a mir iwwer eng eventuell Visite diskutéiert hunn, sot Dir, wann ech Iech besiche kommen, da gëtt et mech eng Deier. An ech hoffen, datt et Iech eng Deier gëtt." De Modi weess och, wann hien an den Nord-Ost-Staaten de Widderstand géint Indien ofbaue wëll, da geet dat just, andeems hie vill Geld, ganz vill Geld an déi Staaten investéiert.

RTL

Duerno trëtt deen neien Nagamember un d'Riednerpult, hien ass eng charismatesch Persoun, straalt eng gewësse Rou aus. Seng Ried ass nawell interessant.

D'Geschicht vum Naga-Land

Datt hien esou frei a senger Carrière als Premier den Nord-Oste besicht, léisst hoffen, datt hie seng Ausso, den Naga-Problem bannent zwee Joer ze léisen, eescht hëlt. D'Naga wëllen net zu Indien gehéieren. Si haten dee Wonsch schonn den 10. Januar 1929 ausgeschwat an nodeems d'Englänner aus Indien ofgezu sinn, hu si de 14. August 1947, een Dag, ier Indien seng Onofhängegkeet deklaréiert huet, hir eegen Onofhängegkeet ausgeruff. Am Januar 1956 ass de Naga-Bezierk als "gestéiert Gebitt" agestuuft ginn a vun der indescher Arméi besat ginn.

Den 1. Dezember 1963 ass d'Nagaland dunn als 16. indesche Bundesstaat offiziell ageweit ginn, awer et huet bis November 1975 gedauert, ier d'Cheffe vun de Rebellen d'indesch Konstitutioun unerkannt an hir Waffen néiergeluecht hunn. Dat huet net jidderengem gefall an esou ass de Widderstand am Ënnergrond bis haut oprecht erhale bliwwen. Regelméisseg gi Leit ëmbruecht, sief et Politiker, déi pro-indesch sinn, Zaldote vun der indescher Arméi oder Leit aus hiren eegene Reien, déi net méi kämpfe wëllen a beschloss hunn, d'Säit ze wiesselen. Et si Verträg mat der indescher Regierung gemaach ginn, iwwert d'Jore ware 70 Sëtzungen, awer et ass keng zefriddestellend Léisung fonnt ginn.

Ganz schwiereg Bezéiung

De Modi schéngt d'Potenzial, dat am Nord-Oste vun Indien stécht, erkannt ze hunn. Esou solle pro Joer 500 Schoulmeeschter vun hei an anere Gebidder vun Indien agesat ginn, nei Zuchlinne gebaut ginn, 6 Fabrécke fir Stoff ze verschaffen a 6 Lycéeë fir biologesche Landwirtschaft gebaut ginn. "Vun Delhi bis an den Nord-Oste brauch een hautdesdaags 12 bis 15 Stonnen, awer et huet 10 Joer gedauert, bis Iech e Premierminister besicht huet."

Deenen engen huet d'Ried gefall, deenen aneren net emol de Besuch. Ee Mann reegt sech op, "och wann d'Politiker et net wëllen héieren, d'indesch Arméi ass eng illegal Organisatioun a si besetzen zivilt Land hei". Et bleift schwiereg.

RTL

Den Dag drop ass am Dierfche Kigwema en traditionellen "Stone Pulling", eppes, wat een net oft bewonnere kann. E Monolith - 4,57 Meter laang, 1,22 breet an 0,61 déck - gëtt vun enger Onmass vu Leit iwwer eng Distanz vun e puer Kilometer op eng Plaz gezunn, wou en dann opgeriicht gëtt.

All mateneen ... zéien!!!

Well et net genuch Leit am Duerf gëtt, fir de Steen ze zéien, hëllefen nach zwee Nopeschdierfer. Esou wäit ee kucke kann, stinn all Säit vun der Strooss Leit, am Ufank d'Männer, ganz zum Schluss d'Kanner. Um Buedem leie Lianen aus dem Urbësch, verstäerkt mat engem stole Seel an e puer Hanfseeler, déi haten se fréier net. Mir schätzen, datt eng 800 Leit wäerte Spaléier stoen an op de Kommando waarden, fir ze zéien. An dat ass net esou einfach, als éischt mussen emol d'Seeler gespaant ginn, dann e klengen Test, an da geet et lass.

Jiddereen, wou zitt, muss gläichzäiteg och nach sangen, kee Lidd, dee selwechten Toun gëtt andauernd widderholl, dat produzéiert eng speziell Stëmmung, immens. Allerdéngs sinn e puer Kéieren dran, an do ass et schwiereg. Déi, wou sech grad do ploen, kommen net zum Sangen, déi hu genuch ze dinn, fir d'Seeler esouwäit ewéi méiglech no baussen de drécken. De Monolith läit op Holz, dat rutscht net gutt, dat Ganzt kënnt un d'Stoen, eng déck Liane muss gebéit ginn. E Steen iwwerhëlt d'Funktioun als Amboss, mat engem hëlzene Knëppel gëtt d'Liane mëll geschloen, Waasser soll hëllefen, datt di Mass besser rutsch. An esou leeft de ganzen Zäit e virum Steen, probéiert net tëschent d'Seeler ze geroden a schëtt aus engem Eemer Waasser op d'Strooss.

No annerhallwer Stonn ass den Zoch bei der Festplaz vum Duerf ukomm, d'Stëmmung klëmmt, verschidde Männer schéisse mat Revolveren an d'Loft, anerer mat Maschinnegewierer. Déi Revolvere verschwanne ganz routinéiert erëm hannen am Boxerimm oder an enger Schéck op der Broscht ënner der Jackett.

RTL

Da gi Riede geschmass, Spiller gemaach an et gëtt z'iesse fir jiddereen, mir ginn och agelueden. Et ass e bëssche penibel, trotz Protest gi mir laanscht d'ganz File no vir gefouert a kréien direkt eisen Teller Räis an eis Portioun Fleesch an engem Bananneblat agewéckelt an de Grapp gedréckt. De Räis ass okay, d'Fleesch, nujee, et ass kal, a si iessen alles vun engem Déier. Esou kritt jiddereen e puer Stécker Fleesch, e wéineg Fett, eng Portioun gekachtent Blutt an e Stéck ondefinéierbares vun den Organer. Et war elo net de kulinareschen Highlight vun der Rees, awer mir hunn et iwwerlieft.

"Mir sinn Naga" - a soss näischt ...

Di al Männer sinn immens, beim Laanschtgoe gi si engem d'Hand a soe Merci, datt ee si besiche kënnt. Ee war besonnesch gespréicheg, wuel ee vun den alen Onofhängegkeetskämpfer. "Mir si keng Inder, keng Tibeter a gehéieren och net zu Burma, mir sinn Naga." Hie weist mam Fanger op e Bierg. "Firwat ass hei eng Arméibasis? Si hunn näischt verluer hei. Mir si mëttlerweil leider net méi enger Meenung, déi wou beim indesche Staat beschäftegt sinn, halen de Mond, awer d'onofhängeg Bauere wëllen näischt mat Indien ze dinn hunn. Wann Dir heem gitt, dann zielt Äre Leit doheem vun eise Problemer."

RTL

Ech hu mer zwee Bicher iwwer d'politesch Geschicht vum Nagaland kaaft, eent fänkt u mat der Erklärung: datt en Naga keen Inder ass, ass esou kristallkloer, wéi dat en Afrikaner keen Englänner ass ... dat den Naga-Territoire keen indeschen Territoire ass, ass esou kristallkloer, wéi datt chineseschen Territoire keen indeschen ass, och wa si eng gemeinsam Grenz deelen. Dat Buch schwätz vum längste Krich an Asien, 59 Joer Krich tëschent Nagaland an Indien, vu 1955 bis 2014, eraus komm am November 2014!

Voll gebéit: Vum Stamm vun de Fritti

E Mann freet de Luc: "Vu wat fir engem Stamm bass du dann?" De Luc huet mech ugekuckt a wousst net direkt, wat hie sollt äntweren, ech hëllefen him e wéineg, "du bass vum Stamm vun de Fritti" (hien ass schliisslech belsch). Hien äntwert dem Inder: "Ech si vum Stamm vun de Fritti", dee war zefridden a mir hunn eis gerullt wéi dee Gudde fort war.

Och wann et ëmmer erëm Stëmme gëtt, déi de politeschen Zoustand bekloen, jiddereen ass esou frëndlech am Nagaland, et ass net ze gleewen wann een et net selwer erlieft huet. Ech stoung bei enger Mauer meng Fotoapparater anzepaken, e Polizist: "Du hues der grad deng Box knaschteg gemaach." - "A, net schlëmm, Merci awer." Vu mengem Rucksak huet sech e Rimm hanner mengem Réck verfaangen, ech probéieren en ze fëschen, de Polizist ass direkt op der Plaz, Zack de Rimm geholl - "w.e.g." Mäi Moto steet am Bierg hannert den Autoen, ech manövréiere fir erauszekommen, de Polizist ass net ze bremsen, "keng Angscht, ech halen en un". Den Dag drop halen ech niewent der Strooss, fir eng Foto vun enger Krëppchen ze maachen, nodeems 3 Läit gefrot hunn" vu wou ech kéim an ob et mer hei géif gefalen, koum dunn och nach e Polizist: "Vu wou kënns du, gefält et der hei?" - "Jo, ganz gutt." - "Ech wënschen dir nach e schéinen Dag am Nagaland."

Et ass einfach net ze gleewen.

RTL

Vu 5 bis 9 Auer owes ass zu Kohima während der Dauer vum Hornbill-Festival den "Nuetskarneval", eng lëschteg Affär, wou et Fuesartikele bei Chrëschtdagsmusek ze kafe gëtt. Vill Organisatiounen oder Schoule verkafen Iessen a Gedrénks. Mir drénken ëmmer beim selwechte Stand en Zitrounentéi, ier mir zeréckfueren, een Dag ass e jonke Bouf do, bezilt di 2 Téi, mir hunn eis nach ni gesinn. "Merci, datt dir eis besicht." Ee vun de Meedercher, déi de Stand bedreiwen, freet och, wéi et eis gefält, hatt schéngt der Meenung ze sinn, datt d'Leit net gutt iwwer déi Géigend hei denken. "Vill Leit mengen, et wier eng dreckeg Géigend, wéi gesäis du dat?" Ech hu mer grad e Pechbild kaaft mat "I love Nagaland", ech weess zwar net, wou ech hipeche soll, awer ech hunn et lëschteg fonnt, ass et d'lescht Joer nach net ginn. Als Äntwert op seng Fro hunn ech him dat Pechbild gewisen, Begeeschterung, domat waren déi Téi och bezuelt.

Smokie @ Kohima - naja!

Den 3. Dezember ass et esou wäit, eng Sensatioun, op déi d'Géigend scho säi Woche gewaart huet, Smokie gëtt e Concert zu Kohima. An der Stad geet näischt méi, de Verkéier brécht zesummen. Och wann ech zu Lëtzebuerg wuel kaum géif op dee Concert goen, hei muss ech mär dat ukucken, eleng scho wéinst dem Spektakel. D'Famille, bei där mer wunnen, hëlt eis mat, fir 10 Kilometer brauche mir 2 Stonnen, iwwer 10.000 Leit fréieren an der Keelt am Hockeystadium. De Concert war alt esou, de Sänger eng Päif, awer de Spektakel war di 6,5 € Entrée wäert.

Besser ass do de Sänger um Nuetskarneval, de Setso Legise. Hien trëtt all Joer do op, virum Electrogeschäft, am Hannergrond eng Rei Frigoen, wien huet schonn esou eng Bühnendekoratioun? An de Pause ka jiddwereen do sangen oder eppes opféieren, en anere Sänger zwitschert "Muss i denn zum Städle hinaus?", am Ufank op Englesch, dat war schonn net schlecht, awer wéi hien dunn op Däitsch gewiesselt huet, war et esou guer mengem Tinnitus ze vill ...

Aarm, mä räich an akrobatesch

E Mann aus méi aarme Verhältnisser gëtt virgestallt, seng Kleeder mussen hie scho méi laang begleeden, hien ass laut dem Spriecher "e bësschen handicapéiert". Dat ass liicht ënnerdriwwen, dee Gudde ka sech just op Kretsche bewegen, seng Bee sinn total dënn a verbéit. Hien ass extra aus dem Bundesstaat Bihar ugereest, fir den Hornbill-Festival ze besichen, dat sinn ëmmerhinn 1.200 Kilometer. Wéi hien op der improviséierter Bühn sëtzt an d'Leit ukuckt, déi sech froen, wat dann elo gebuede gëtt, blénke seng Aen, hie wénkt a straalt ewéi eng Sonn. Hien ass vläicht finanziell aarm, awer esou eng Ausstrahlung kann een net mat Sue kafen.

Esou bal hie lassleet, sinn d'Leit aus dem Haischen, hie geet op den Hänn op an of, verbéit seng Been an all méiglech Positiounen hannert de Kapp, iwwer de Réck, eis bleift de Mond opstoen. Di éischt Leit geheien him Suen dohin, wat säin Optrëtt méi laang dauert, wat méi Sue bei him landen. Mat der Hand wëscht hien se op d'Säit, seng Virstellung huet Prioritéit, eréischt duerno sammelt hien d'Suen an, si bréngen him eng Plastikstut fir se anzepaken. Et ass eng Freed ze gesinn, datt hie seng Reeskäschte mat senger Virstellung zum Deel, wann net ganz, decke kann.

Wann de Setso séngt, sammelen sech ëmmer esou vill Leit virum Elekrogeschäft, datt de Verkéier bal net méi duerchkënnt. Dann eng immens Duerchso: "Den Auto mat der Plaque NL 52455..., déi zwou lescht Zuelen hunn ech vergiess, muss direkt geréckelt ginn."

RTL

Den aneren Dag gi mir um Hornbill-Fest vun engem Mann begréisst, dee sech als de Sousdirekter vum Tourismusministère virstellt:

- Dir sidd keng normal Touristen.
- Firwat net?
- Dir sidd vu moies bis owes hei, di aner komme just fir e puer Fotoen an da si se erëm fort.
- Wisou wësst Dir dat?
- Ech kucken Iech schonn 3 Deeg no.

... an Äert Schwaarzgeld?!?

Da begéinen ech de Xav, de President vum Journalisteverband, mir haten eis d'lescht Joer hei kennegeléiert an halen zënterhier Kontakt. Begeeschterung, mir freeën eis an diskutéiere monter iwwer hei an do, dann eng Fro: "Wat häls du da vum Schwaarzgeld zu Lëtzebuerg?" - "Tjo, ähm, iergendwou muss et jo hin."

Sympathescherweis kënnt dann de Sousdirekter vum Tourismusministère laanscht, dat rett d'Situatioun, de Xav wëll mer de Mann grad virstellen, dee kuckt mech an den Xav ganz erstaunt un: "Dir kennt Iech?" Den Xav: "Jo, hie war d'lescht Joer schonn hei." Begeeschterung, zënterhier gi mir vum Tourismussousdirekter mat "dear friends" ugeriet.

Echt Kappjeeër

Datt ech elo scho muss den Inder hir Fester erklären, ass schonn allerhand, en indeschen Tourist vu Kalkutta freet: "Kanns du mir soen, firwat dat Fest hei stattfënnt?" Ech erklären him, wat ech dovunner weess an datt di Männer mat den tätowéierte Gesichter fréier richteg Kappjeeër waren:

- A firwat heescht et dann Hornbill?
- Den Hornbill ass e grousse Vull, deen iwwerem Schniewel en Har huet.
- Ah, säin Numm ass Bill an en huet e grousst Har?

Dat ass ze vill: "Dohannen ass mäi Frënd, ech muss elo goen, Äddi."

Schwéngeknätsch

"Schmaach emol dat heiten, gegrillte Schwéngshaut, mir benotzen et wéi Knätschgummi." Esou huet et sech och ugefillt am Mond, Knätschgummi mat Schwéngsgeschmaach, net esou Menges. Besser schmaachen di frittéiert Seideraupen, si ginn als éischt gekacht, da gedréchent an da frittéiert. Si ginn als Snack geknabbert, eng Tiitche mat 20 Stéck kascht 50 Rupien (0,64€). Nomëttes beim Téi ass dat eng fäin Affär. Ech knabberen all Dag eng Tiitchen, a well ech weess, datt d'Famill, wou mir wunnen, déi och gären huet, huelen ech hinnen 2 Päckelcher mat. Als Revanche gëtt et de leschten Owend vun eisem Openthalt e Naga-Iesse mat der Famill, mat ënner anerem enger grousser Schossel gekachte Seideraupe fir mech.

RTL

De René Hilbert alias Ren on Tour.

Wann een owes an der Stad bei engem Téi sëtzt an e Mann kënnt op een duer, seet kee Wuert, hëlt engem seng Hand a seng zwou Hänn, dréckt se a geet dann einfach weider, da feelen engem d'Wierder.

Awer och soss kann ech mech nëmme wonneren, iwwerall sangen d'Leit, seelen esou e musikalescht Vollek gesinn. Net nëmmen, datt ee vu jidderengem ugelaacht gëtt, si laachen och vill, wann si matenee schwätzen. Trotz der politescher Situatioun schéngen si zimlech zefridden hei ze sinn.

Et gëtt allgemeng gesot, Shangri-La léich am Himalaya, ech si mer do net esou sécher.

Dat war et fir dës Rees.

Bis eng aner Kéier,

Ren

RTL