6 Méint ass hien elo mam Moto a Südamerika ënnerwee: De René Hilbert alias Ren on Tour. Seng Aventure fannt Dir vun elo un all Woch an Ärer Sonndeszeitung.

"Sinn zu Bogota, hunn haut de Moto duerch Douane bruecht an zesumme gebaut, a sinn no 21 Kilometer vum éischte Polizist gestoppt ginn. Also Bogota ass méi ewéi sympathesch, et ass zwar alles vergittert, mee soss ass et awer ganz floot héi." Dat war deen éischte Message, deen de René Hilbert ons de Freidegmoien eiser an den Donneschdegowend Lokalzäit zoukomme gelooss huet. De Méindeg, 6. Oktober ass seng Maschinn an déi kolumbianesch Haaptstad geflunn, den dag dono huet si sech an de Fliger fir op Bogota gesat. An de Start ass gegléckt!

Dat ass zumindest e gutt Omen, well de René Hilbert huet nach vill vir. 6 Méint wëll hie mat sengem Moto a Südamerika ënnerwee sinn. Vu Bogota aus soll en d'Westküst vum Kontinent erofgoen bis op Ushuaia op der Insel "Feuerland", bekanntlech déi südlechst Stad vun der Welt. Vun do geet et dann erëm erop, déi Kéier awer un der Ostküst, fir pënktlech fir d'Fuesend zu Rio de Janeiro ze sinn. Mëtt Mäerz 2009 geet et dann nees heem ... Rendez-Vous all Weekend op RTL.LU

Eng Chronik mat - wann d'Ëmstänn et zouloossen - aktuelle Fotoen kënnt Dir vun elo un all Woch an Ärer Sonndeszeitung op RTL.LU noliesen. De René hat sech nämlech ugewinnt, senge Frënn a Bekannte vu senge Reesen kleng Chroniken ze schécken an déi sinn esou gutt ukomm bei de Leit, datt hien direct d'accord war, si engem gréissere Public zougänglech ze maachen.

A Südamerika wëll de "Ren on Tour" net manner wéi 10 Länner besichen: Geplangt sinn Kolumbien, Venezuela (nach net ganz sécher), Ecuador, Peru, Bolivien, Chile, Argentinien, Uruguay, Paraguay a Brasilien. Fréier Reesen

Et ass net déi éischt grouss Rees vum René, dee 1962 gebuer ass. Hei e klengen Iwwerbléck iwwer seng fréier Touren: 1) 16.06.-03.11.1990 Algerien-Marokko (9.992 km mam Moto)

2) 30.10.-26.11.1992 Ägypten mam Rucksack 3) 14.02.-08.04.1994 Südafrika, Namibia, Botswana, Zimbabwe (10.200 km mam Moto)

4) 05.2000 Lëtzebuerg – Dänemark – Schweden – Estland - Lettland – Litauen – Polen - Däitschland - Lëtzebuerg 5) 01.09.-08.11.2002 Lëtzebuerg - Däitschland – Éisterräich – Ungarn – Rumänien – Bulgarien – Türkei – Iran – Pakistan – Indien - Nepal – Indien (15.805 km solo mam Moto)

6) 23.11.2003-07.02.2004 Indien – Nepal – Sikkim – Bangladesch – Thailand – Kambodga - Laos - Thailand (9.652 km solo mam Moto) 7) 22.06-15.07.2005 Indien, Kashmir & Ladakh (5.000 km mam Moto, enger indescher Royal Enfield)

Bleift u sech nach just, eng flott Rees ze wënschen!