Am November gëtt et vill méi Frëschwuer, wéi ee kéint mengen. Et kritt een nach Zalot wéi Mauséierchers a Ruccola, da gëtt et och Zelleri, rout Rommelen an net ze vergiesse Kabes! A wann een dee kacht, da kann een z. B. e puer Zellerisblieder mat an d’Waasser leeën, da richt et net esou streng …

Saisonskalenner November

An och wann dem Kabes heiansdo nogesot gëtt, et wier en Aarme-Leits-Geméis, soll een en net ënnerschätzen! Kabes ass e lokaalt Superfood par excellence! Superfood läit jo ganz am Trend wéinst senge ville wäertvollen Närstoffer, an do mussen et net onbedéngt Goji-Bieren aus China sinn. Do gëtt et lokal Alternativen, déi och nach méi präiswäert sinn, wéi Kabes, Brennnesselen, Sonneblummen- a Kürbiskären … an natierlech Nëss. 

Superfood fir déi kal Saison

En anert lokaalt Superfood, dat am November Saison huet, ass Spackelter, deen, well en esou vill Vitaminn C huet an nawell sauer schmaacht.

Méi zu allem, wat et am November gëtt fannt Dir op www.regionalsaisonal.lu