Streck war zäitweis blockéiertAccident mat dräi Camionen um Viaduc Schieren hat zu gréissere Problemer gefouert

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moien hate sech um Ufank vun der A7 a Richtung Stad dräi Camionen ze pake kritt. Antëscht ass d'Streck nees op.
© Domingos Oliveira

E gréisseren Tëschefall huet e Mëttwoch de Moie fir Problemer op der A7 gesuergt. Hei hate sech op der Héicht vun Ettelbréck, méi präzis um Viaduc vu Schieren, nämlech dräi Camionen ze pake krut, déi d’Streck blockéiert hunn.

Den ACL hat géint 8.30 Auer dësen Accident eng éischte Kéier gemellt a matgedeelt, datt een d’Plaz wéinst dem Tëschefall sollt evitéieren. Kuerz drop koum d’Info, datt d’Automobilisten iwwer Colmer-Bierg sollte fueren, fir op d’Autobunn ze kommen. Dëst, well d’Autobunn um Viaduc Schieren a Richtung Stad duerch déi dräi Camione komplett blockéiert war.

Wéi et vun der Plaz heescht, wier eng Persoun fir eng Kontroll an d’Spidol komm. Virun 10 Auer war schonn ee vun de Camione vun enger spezieller Depanneuse ofgeschleeft ginn an den Trafic konnt op der Plaz iwwer d’Pannespuer geleet ginn. Géint 10.30 Auer koum dunn d’Meldung, datt den Accident geraumt wier.

Accident mat dräi Camionen op der A7
E Mëttwoch de Moien huet en Accident fir gréisser Problemer am Trafic vun Ettelbréck aus a Richtung Stad gesuergt.

Back to Top
CIM LOGO