Dësen Automag passt an d’Rubrik “Nei zu Lëtzebuerg”. Gläich zwou Marke sinn elo hei am Land ukomm: Nio a Firefly. Ob dat just nach e weidert China-Startup ass, oder ob méi dohannert stécht, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.
Nio gehéiert zu de bekanntsten Elektroauto-Hiersteller a China an ass zanter e puer Joer och dobäi an Europa ze wuessen. Elo ass Lëtzebuerg um Tour. Nach fënnt een d’Autoen zwar nëmmen an engem eenzege Showroom, mee dat soll sech awer séier änneren, wann een de Responsabele vum schweedeschen Hedin Mobility Group nolauschtert.
Nio seet mer elo nach näischt - wat huet et domat op sech?
D’Mark ass 2014 gegrënnt ginn a konnt sech séier international opstellen. De Firmesëtz ass zu Shanghai, déi technesch Entwécklung geschitt ënner anerem zu Oxford, den Design kënnt vu München a gebaut gëtt zu Hefei a China. Nio huet mëttlerweil schonn iwwer eng Millioun Autoe produzéiert.

Wéi kann een Nio a Firefly anuerdnen? Gënschteg oder éischter Premium?
D’Zäite vu bëllege China-Autoe si gréisstendeels eriwwer. Nio positionéiert sech kloer am Premium-Segment a setzt op Design, Technologie a Leeschtung. Firefly ass dobäi eng Ënnermark, déi sech méi un eng jonk Lifestyle-Clientèle riicht an éischter fir den urbanen Asaz geduecht ass.
Du hues d’Autoen net just gekuckt, mee konnts se och scho fueren. Wéi ass däin éischten Androck?
Gläich e puer Modeller stounge fir e kuerzen Tour bereet: de klengsten war de Firefly, e kompakten Elektroauto mat ronn véier Meter Längt. Minimalistesch, wendeg an ideal fir d’Stad. Besonnesch opgefall ass mir déi verspillt Software, déi liicht u Mini erënnert.

Doriwwer positionéiere sech d’Modeller vun Nio
Ech war ënnerwee mam ET5 Touring, engem sportlechen Elektro-Kombi mat ronn 500 Päerd an Allrad, an och mam EL6, engem bal fënnef Meter laange Premium-SUV.

Béid Modeller hunn iwwerzeegt: héichwäerteg Veraarbechtung, vill Plaz an eng impressionant Leeschtung. Och a punkto Software a Bedreiwung spillt Nio op engem héijen Niveau.

Deemno hunn Nio a Firefly eng Chance hei am Land Fouss ze faassen?
Wann et net klappt, läit et net un den Autoe, mee éischter un de Präisser: fir de Firefly geet et bei ronn 29.000 Euro lass, fir den ET5 Touring leie mer bei 68.000 Euro a beim EL6 schwätze mer scho vu 74.000 Euro. De Battery-Swap, also d’Batterie am Abo, gëtt et hei am Land nach net, déi nooste Swap-Station steet iwwregens zu Maastricht.
