Vermësstemeldung16 Joer ale Marc Antony Dos Reis Silva fir d'lescht e Sonndeg gesinn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Mëttwoch eng drëtt Vermësstemeldung erausginn. De 16 Joer ale Marc Antony Dos Reis Silva gouf fir d'lescht e Sonndeg géint 16.15 Auer gesinn.

De 16 Joer ale Marc Antony Dos Reis Silva gouf bei der Police als vermësst gemellt. Méi genee gouf hien déi lescht Kéier e Sonndeg géint 16.15 Auer gesinn.

De Vermëssten ass tëscht 1.60 an 1.70 Meter grouss, huet kuerz brong gekrauselt Hoer, brong Aen an e Brëll.

Wie weess, wou de Jong sech ophält oder wou hie kéint sinn, ass gebiede sech bei der Stater Police ënnert der Nummer (+352) 244 40 1000 oder per Mail u police.capitale@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO