Wa Big Data a Big Brother zesumme kommen, gëtt et eescht

© afp
Wien a China eng schlecht "sozial Nott" huet, ka vun elo u verbuede kréie mam Fliger ze fléien oder mam Zuch ze fueren... somebody's watching you!
Déi chinesesch kommunistesch Partei féiert zanter e puer Joren Tester vun engem System, deen eng sozial Bewäertung iwwer d'Awunner liwwert.
D'Land wäert vum 1. Mee un den Accès un den ëffentlechen Transport u verschidde Leit verbueden, well hir "sozial Nott" net gutt ass. E Verbuet, dee bis zu engem Joer dauere kann. Déi Leit, déi eng schlecht Nott hunn, kënnen dann eng Zäit laang net méi mam Zuch fueren oder de Fliger huelen.
Dat erklären 2 Communiquéë vun der nationaler Kommissioun fir d'Entwécklung vun der Reform, déi den 2. Mäerz geschriwwe goufen an den 16. Mäerz online publizéiert goufen. Hei gi Privatleit an Entreprisë mat engem Punktesystem bewäert. De System soll 2020 komplett operationell sinn an all d'Facette vum Liewe betreffen.
Eng massiv Sammlung vun Informatiounen iwwer Smartphonen, sozial Netzwierker awer och vun der Police, vum Steieramt oder vum Geriicht ass zanter Joren a China am Gaang. Déi Donnéeë ginn alleguer an engem zentrale Fichier gesammelt, deen de Ruff vun de Leit souzesoe bewäerte soll.
E Projet, deen als "Big Brother vum Big Data" denoncéiert gëtt, eng pervers Säit vum Totalitarismus mat Hëllef vun den neien Technologien. D'Reglement, wat den Transport ugeet, schéngt den éischte Schratt vun dëser Revolutioun ze sinn. Déi méi schlecht Schüler, déi net méi mam Zuch dierfte fueren, si Leit déi zum Beispill falsch Informatiounen iwwer Terror verbreet hunn, mat engem Ticket gefuer sinn deen ofgelaf war, am Zuch gefëmmt hunn oder vergiess hunn e Protokoll ze bezuelen.

© afp
Dat Ganzt erënnert ganz staark un den éischten Episod vun der drëtter Saison vun der Serie Black Mirror, "Nosedive", wou enger Fra hir sozial Nott ganz dramatesch erofgeet a wou si doduercher näischt méi am Liewe maache kann.
Vum 1. Mee u kënnen d'Chinesen erliewen, wéi et ass mat enger kompletter Iwwerwaachung a Bewäertung vum Staat ze liewen, ouni an enger Serie ze spillen.