Wéinst Verloscht vu LiewensraumMalaysia-Tiger kéint an zéng Joer ausgestuerwe sinn

RTL Lëtzebuerg
Den Ament liewen nach héchstens 200 Exemplairen a fräier Natur. Den Tiger, dee a Malaysia als Nationaldéier gëllt, dreet geschwë auszestierwen.

De rare Malaysia-Tiger kéint malaysesche Regierungsexperten no an zéng Joer ausgestuerwe sinn. Wa keng “drastesch ausseruerdentlech Mesuren” geholl ginn, kéinten d’Déiere an net all ze laanger Zäit ganz vum Planéit verschwonne sinn.

Staatsmedien no liewen de Moment nach héchstens 200 malaysesch Tiger a fräier Natur. Dobäi ass d’Nationaldéier souguer en Deel vum Wopen. D’Aart wäert viraussiichtlech a fënnef bis zéng Joer komplett ausgestuerwe sinn. Fir dat ze verhënneren, wiere Schutzprojete fir d’Tiger elo däitlech ausgebaut ginn.

De Malaysia-Tiger steet bei der Weltnaturschutzunioun IUCN op der Rouder Lëscht als kritesch bedrot. D’IUCN geet vu maximal 80 bis 120 “erwuessenen Exemplairen” aus. D’Déiere leide virun allem ënner dem Verloscht vun hirem natierleche Liewensraum. D’Reebëscher ginn nämlech ofgeholzt, fir Plaz fir Palmuelegplantagen ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO