
Kuerz viru Chrëschtdag huet de Jong vun engem Villercherssammler dem Detroit Animal Welfare Group 497 Villercher bruecht, e Sonndeg koume weider 339 Déiercher dobäi. D’Déiere stamen alleguerte vu sengem Papp, deen eng Leidenschaft fir Villercher huet. Allerdéngs goufe si an enger “extrem ongesonder Ëmgéigend” gehalen, schreift den Déiereschutz. Si wiere schockéiert iwwert d’"Verantwortungslosegkeet” vum Besëtzer.
Hien hätt d’Déieren alleguerten an engem eenzegen Zëmmer a klenge Käfeger gehalen. Si wieren immens gestresst gewiescht an hätte sech kaum beweegt, kritiséiert d’Virsëtzend vum Detroit Animal Welfare Group. Elo musse sech dräi Déiereschutzveräiner ëm d’Vulle këmmeren. No engem Gesondheetscheck kënne si dann adoptéiert ginn. An deem Kader hunn d’Déiereschützer nach emol op d’Verantwortung verwisen, déi een ageet, wann een en Déier adoptéiert. An dësem Fall kéinten d’Déieren tëscht 6 a 15 Joer al ginn.