Autotest vum 27. Juli 2020Audi A1 Citycarver

Andy Brücker
Am Automag kucke mer eis e weidere Modell aus der Gattung "Mini-SUV" un, déi Kéier aus dem Haus Audi.
De PLUS
  • Veraarbechtung
De MINUS
  • Präis

Rieds ass vum Audi A1 Citycarver, dee sech den Andy Brücker méi genee ugekuckt huet.

Automag: Audi A1 Citycarver

Et ass alt nees un engem Mini-SUV, oder sollt ech soen, Crossover-Lifestyle-SUV? Offroad-Look-Stadflitzer? Wéi och ëmmer... Audi geet mam Trend an huet dann och elo de klengste Modell an der Gamme méi héich geluecht. Baséiert gouf sech um Audi A1 Sportback, an erauskomm ass net den Audi Q1, ma den Audi A1 Citycarver.

Citycarver... also am Fong e “Stad-Schnitzer”, wann een et wuertwiertlech iwwersetzt?

Jo d’Konzept vum A1 Citycarver ass definitiv op de Stad-Verkéier ausgeluecht mat wéi gesot der Basis vum A1 Sportback. Wat ännert, si 4 Zentimeter méi buedemfräiheet , e grousse schwaarze Kühlergrill am 8-Eck-Look, deen un déi grouss Bridder Q2, Q3 asw erënnere soll, en Ënnerbuedemschutz am Aluminium-Look, en Heckspoiler a Plastiks-Verbreederunge ronderëm d’Radleef.

Wéi ech den Auto déi éischte Kéier gesinn hunn, hunn ech gemengt en Audi Allroad, deen ze waarm gewäsch gouf, stéing viru mir. Ma de Citycarver ass awer net wierklech geduecht fir groussaarteg an den Terrain fueren ze goen, well Allrad gëtt et z.B. net. Déi zousätzlech Buedemfräiheet hëlleft virun allem, wann een an der Stad mol en Trottoir muss eropfueren, an et sëtzt een natierlech méi héich am Auto, wat jo virun allem bei de weiblechen Automobilisten ëmmer méi beléift gëtt, well een eng besser Iwwersiicht huet.

Am Banneraum wäert Audi-typesch vill op Qualitéit gesat ginn?

Dat kann ech mat zwou Hänn ënnerschreiwen. Et fillt ee sech direkt wuel am A1. De Cockpit ass vum Opbau hier prioritär op de Chauffer ausgeriicht an et huet een alles optimal am Aen, vum groussen digitalen Tacho, deen een individuell konfiguréiere kann, bis bei de groussen 10,25 Zoll Display an der Mëtt, dee liicht ugewénkelt ass, fir dass ee besser drop gesäit a méi einfach dru kënnt.

Déi optional Sportsetzer si ganze bequeem a bidden e gudde Säitenhalt, et gëtt ee séier a gutt eens mat den diversen Instrumenter an Assistenzsystemer an d’Veraarbechtung ass wéi ugedeit Audi-typesch am gehuewene Segment ënnerwee. Och un d’Connectivitéit gouf geduecht mat engem Wifi-Hotspot, USB-Uschlëss, wireless-Charging asw.

Plaztechnesch däerf ee sech warscheinlech net ze vill erwaarden?

Dat kann täuschen... ech sinn zwar alles anescht wéi groussgewuess, ma et ass beim 5-Dierer awer souwuel vir, wéi och hanne genuch Plaz, och fir gréisser Mënschen. D’Mall fält allerdéngs en Tick méi kleng aus, wéi bei de Konzern-interne Konkurrente vu VW, Skoda a Seat. Wann een net onbedéngt mat der Famill an d’Vakanz fuere wëll, dierft et awer labber duergoen. Et ass jo wéi gesot en Auto, dee geduecht ass fir duerch de Stadverkéier ze flitzen.

Apropos “flitzen”. Motortechnesch ass een op der “Down-sizing” Säit vum Liewen ënnerwee...

Jo genee... mir haten am Testauto den 1 Liter 3-Zylinder mat 116 PS, deen a mengen Aen ganz gutt bei deen Auto passt. D’Kombinatioun mat der 7-Gang S-Tronic huet och gutt harmonéiert an d’Fuerverhalen huet weder an der Stad, nach op Landstroossen d’Impressioun ginn, dass een an engem SUV ënnerwee ass. Dat hu se fuerwierkstechnesch gutt hikritt bei Audi. Beim Verbrauch sinn no WLTP am Mix eng 6,4 Liter virginn...an do war ech souguer drënner bliwwen. Et kritt een och nach eng 150 PS-Variant.

Komme mer dann elo awer bei e klenge B-Mol... sou een A1 Citycarver muss ee scho wierklech, wierklech gär wëllen hunn oder?

Et ass ewéi sou dacks... wann ee bis den Optiounskatalog duerchgeklickt huet... hei nach puer Euro fir eng schéi Faarf, méi grouss Felgen gesinn och besser aus, de Sound- an Infotainment-System däerf net feelen, grad ewéi Sécherheetsassistenten, déi neisten LED-Luuchten, fir dass een och owes gutt op d’Strooss gesäit... eng Ambientebeliicht am Banneraum ass wierklech Chic, behëtzte Sëtzer, asw asw... also bei eisem Testmodel waren et einfach mol 8.638 Euro un Optiounen, bei engem Basispräis vun 25.050 Euro fir den 116 PS-Motor. Do leie mer also bei iwwer 33.000 Euro... Dat si vill Suen, fir de klengen Audi, och wann e bësse méi héich sëtzt wéi am A1 Sportback.

PRÄISSER: Audi A1 Citycarver
CRASHTEST: Audi A1
SITE: Audi

Back to Top
CIM LOGO