Mir schwätze vum BMW 2er Gran Coupé, an de Christian Schmit war domat ënnerwee.
Do soll nach ee soen, eng Coupé Versioun wier out. Di dätsch Premium-Konstrukteure beweisen eis de Géigendeel. Déi vun Ingolstadt a Stuttgart haten och am Kompakt-Segment esou Kaliberen am Programm. Elo dann och zu München.
D’Design-Linn weess ze gefalen. Chic chic, esou d’Reaktiounen wéi mir mam 4-dierege-Coupé ukoumen. Mam 235i xdrive, M Versioun, war et awer och den Top Modell. 306 PS, Traktioun op 4 Rieder, keng 1600 Kilo schwéier, dat versprécht Dynamik. An déi gëtt och geliwwert.
Mat senge 4m 53 ass en 21cm méi laang wéi den 1er BMW.
Den Undriff
Jo am 235i lauert ënnert der Hauf dee stäerkste 4-Zylinder aus dem Haus BMW. Mat sengen 306 PS steet dëse ganz gutt am Fudder. 4,5 Sekonnen vun 0 op 100 an 250km/h. Do spillt de schnëttege 4-dierege-Coupé an der Sportswon-Liga mat.
De variabelen x-drive, inklusiv der mechanescher Spär un der viischter Achs, Pneue mat gudder Haftung op 19 Zoll Felgen, esou huet de Gran Coupé seng Talenter ënner Beweis gestallt.
An d’Lenkung hält excellente Kontakt mat der Strooss. De Kompromëss tëscht Réckmeldung a relaxem Fueren. Dat bayrescht Verspriechen aus dem Haus BMW, „Freude am Fahren“ stellt sech séier an. D‘8 Gang Automatik dréit och hiert dozou bäi.
Den Interieur
Dee sportive Flair geet bannena virun. Di déif Sëtzpositioun an de Sportsëtzer ënnersträichen dat nach. Ergonomie a Veraarbechtung sinn top. Lieder a Chrom-Applikatiounen rënnen den héichwäertegen Interieur of. Dat gëllt och fir Infotainment a Connectivity Standard anno 2020.
Bon bei deem Präis kann een dat och verlaangen, mä dozou méi spéit.
Manner gutt sinn d’Plaz-Verhältnesser fir déi di hannendra sëtzen. Och d’Iwwersiicht vun der Karosserie ass net immens, mee Réckfuer-Kamera an aner elektronesch Heinzelmännercher passen jo op, fir dass ee méiglechst iwwerall ouni Bëlz laanscht kënnt.
Eisem Test Auto, mam M-Sport-Fuerwierk, gelénkt a punkto Confort e Mëttelwee tëscht der néideger Sportlechkeet a Fiederungsconfort.
Am Sportmodus wiesselt dann och d’Tounlag vun der Motrice. Jee no Temperamentsuspréch spréngt d’Nol vum Tourenzieler och alt mol bis op iwwer 6.000. Da kënnt dee Sound besonnesch däitlech zur Geltung.
Am Eco-Modus par conter ginn déi 450Nm voll genotzt, an drécken och de Verbrauch. Mat eppes iwwer 8 Liter ass de BMW alles anescht wéi gurmangseg.
Präisser
Tjo, déi Leit, déi méi dacks Präislëschte vu BMW opschloen oder consultéieren, kennen dat. Op den éischte Bléck seet ee sech, ok, mee da kënnt de Rateschwanz un Optiounen.
Am Fall vun eisem Testauto, de BMW M235i xDrive Gran Coupé waren därer fir nobäi 15.000 Euro u Bord, an esou ass en Endpräis vun 66.500 Euro erauskomm.
Am Resumé
Den BMW 2er Gran Coupé, éischter eng Decisioun mam Häerz, wéi aus Vernonft-Grënn.
A sengem elegant sportiven Dress mécht en eng top Figur mat engem Schotz Aggressivitéit. Wien net permanent zu 4 ënnerwee ass, kënnt mat de Plazverhältnesser gutt zuwee. An jo, et war schonn ëmmer e bësse méi deier e méi extravagante Goût ze hunn.