Automag - Et heescht Äddi soenBMW Z4 "Final Edition"

Christian Schmit
De Christian Schmit huet e leschte Road Trip mat engem Klassiker dierfe maachen, deem seng Produktioun dëst Joer agestallt gouf.

E bëssche méi emotional gëtt et an dësem Automag. Mat engem Roadster op Abschidstour. Dat mam allerleschte Modell vum Z4 bei BMW. A wien huet nach eng Kéier dee Roadster Feeling dierfen erliewen? Abbé de Christian Schmit.

Automag: BMW Z4 Final Edition

Jo et war e schéint Erliefnes de BMW Z4 Final Edition nach eng Kéier ze fueren. Schonn am Mäerz gouf d'Produktioun bei Magan Steyr zu Graz an Éisträich agestallt, a mëttlerweil sinn hei zu Lëtzebuerg keng nei Exemplaire méi ze kréien. Vum BMW Z4 goufen zënter dem Lancement vun der éischter Generatioun 2002 weltwäit iwwer 300.000 Exemplaire verkaf.

© Christian Schmit

Mam Z4 verschwënnt e weidere Klassiker, dee Chauffer a Passagéier an 10 Sekonnen un d'frësch Loft gesat krut. Méi laang dauert et net, fir dass di Stoff-Kaputz hannert engem verschwënnt. Alles reng elektresch, keen Handgrëff muss assistéieren.

© Christian Schmit

Wat war dann un där "Final Edition“ besonnesch?

"Black Matt Frozen", also am matt schwaarz koum di Versioun un, an op déi Faarf, wéi iwwerhaapt op de Roadster, ass ee vill ugeschwat ginn. Jidderee wollt eraluussen a war iwwerrascht wéi vill Plaz am Interieur war.

© Christian Schmit

A propos Interieur, do kommen dann e Steierrad an d'Spill, wat mat Alcantara iwwerzunn ass, a rout Ziernéit, déi et just an der finaler Versioun ginn.

© Christian Schmit
© Christian Schmit

Op de Sportsëtzer war e wonnerbar opgehuewen, och méi laang Distanzen ginn iwwerhaapt net zur Strapaz. Souwisou net, well all Kilometer am Z4 Spaass mécht, vläicht ëmsou méi well e wosst, et ass "final edition".

An d’Mall hunn eng 280 Liter gepasst, fir de Weekend-Ausflug zu zwee genuch Plaz.

© Christian Schmit

Wat gouf dann esou un Temperament gebueden?

Fir di final Versiounen war all Motorisatioun ze kréien. Mir hunn eis och mam 2 Liter 4 Zylinder an 258 PS Leeschtung gären zefridde ginn. Dee goung déckeg duer fir eise Road Trip, zemools wann een Open Air ënnerwee ass, da geet een et gemenkerhand manner sportiv un. An esou koume mir op eppes iwwer 7 Liter Verbrauch.
Mir gleewen de Bavaria Autobauer vu München, dass de Sprint op 100 an 5,4 Sekonne méiglech gewiescht wär, a mir mat 250 hätte kënne geblëtzt ginn.

© Christian Schmit

Wat war den BMW Z4 Final Editioun da wäert?

75.000 Euro hätte missten iwwerwise ginn. Mee wéi gesot, och wann ee prett ass méi op den Dësch ze bliederen, bei BMW ass "sold out" fir en Z4 affichéiert. Tjo an no enger Woch mat Top-Cabrio-Conditiounen, an 800 Kilometer Fuerspaass war Schluss. Bye bye Z4, a leider ass jo och gewosst, dass am Moment keen Z5 en vue ass. A wann, da sécherlech just an enger E-Versioun.

© Christian Schmit

Back to Top
CIM LOGO