AutomagPeugeot E-208 GTI

Christian Schmit
Wann ee sech den neie GTI vu Peugeot leeschte wëll, muss een nawell déif an de Portmonni gräifen. Ass e seng Sue wäert?

Mat engem GTI si mir elo ënnerwee. An zwar e mam Léiw vir am Küler. GTI-Modeller hu beim franséische Constructeur Peugeot eng laang Traditioun. Wat mam Modell 205 viru 40 Joer säin Ursprong hat, geet elo mam E-208 GTI an eng nei Ära. De Christian Schmit war fir eis op der Presentatioun mat dobäi.

Automag: Peugeot E-208 GTI

"Un sacré numéro", mir erënneren eis, esou gouf de Modell 205 vu Peugeot deemools lancéiert. Wéi deen als GTI an de Showroom koum, do war dat eng richteg Granat. Bei 130 PS, a grad mol 900kg, kee Wonner. Elo dann en neit Kapitel mam E-208 GTI. Domat ass kloer e kënnt reng elektresch, mee mécht optesch scho mol gläich op sech opmierksam?

© Christian Schmit

Wou gouf dann nogeschäerft?

D'Faarf rout spillt hei eng wesentlech Roll. Rout Sträifen a Linnen an de Luuchten, dem Külergrill an iwwer de Radkëschten. Et fält eng méi breet Spuer op wéi beim normalen 208, dee jo schonn en etlech Joer vum Band leeft. En imposante schwaarz lackéierten Diffusor hanne spréngt dann och an d'A. Mee och bannena geet di Kombinatioun rout / schwaarz weider, dat op Volant, Sëtzer, Teppecher an Armaturebriet. D'Sportsëtzer mat Logo a Stoff / Alcantara-Kombinatioun gesinn net nëmme gutt aus, mee halen och wat si verspriechen.

© Christian Schmit
© Christian Schmit

Du wars och vill mat deem klenge GTI ënnerwee?

Jo et war e ganz attraktive Road Trip déi Kéier duerch Schottland. Eng kleng Erausfuerderung méi, well Lénksverkéier, mee Testautoen awer europäesche Standard haten, ergo Steierrad op der lénker Säit.

Mee nërdlech vu Glasgow an den Highlands ass Enn September net méi esou vill lass, an dacks hate mir kaum Géigeverkéier. Op deene Passagë wou kee Radar stoung, konnte en deem klenge Fransous op den Zant fillen. Jo 5,5 Sekonnen op 100 sinn dran, a ganz vif, knapps 3 Sekonnen, vun 80 op 120 sinn. Bei 180 km/h ass Schluss. Mee ofgesi vun der Vitess, ass et de Peugeot-Ingenieure gelongen, Suspensioun, Lenkung a Bremse beim E-208 GTI esou ofzestëmmen, dass et richteg Spaass gemaach huet deen ze beweegen.

© Christian Schmit

Wéi vill Power gëtt da gebueden?

Bon do ass et dat wat de Stellantis Grupp grad am Sport Sortiment ubitt. 281 PS, 345Nm Dréimoment an eng Batterie mat enger Nettokapazitéit vun 51kW. Dat ass wéineg fir de klenge Sportler. 350 km Autonomie versprécht Peugeot, an de Verbrauch soll bei 17kW leien. Mee wäit gefeelt. Ech war eleng ënnerwee op deenen 220km, mat enger Moyenne vun 53 km/h waren um Enn nach grad emol 18% an der Batterie. Deemno wäit iwwer 20kW Verbrauch, a geluede gëtt mat maximal 100kW.

© Christian Schmit

Wéi fält de Fazit dann aus?

Bei allem Respekt a villen Talenter, dierft et schwiereg ginn fir den E-208 GTI. Well emol ofgesi vum Verbrauch sti 47.000 Euro um Präisschëld. Gutt gebrëllt Peugeots Léiw? Hei éischter net…

© Christian Schmit

Peugeot E-208 GTI um Internet

Back to Top
CIM LOGO