Et ginn Autoen, déi a sech net fir déi normal Stroosse gemaach sinn. Dobäi muss et sech net onbedéngt ëm deier Luxussportmaschinnen handelen. Ee vun deenen Autoen ass zum Beispill den Hyundai Ioniq 6 N. De Rich Simon, aus eiser Automag-Redaktioun, ass de Südkoreaner schonns gefuer. An dat war net déi éischte Kéier.
Nee ech hat d'Chance schonns, den Ioniq 6 N um Circuit ze probéieren. An elo hat ech d'Geleeënheet déi 620 Päerd staark Maschinn bei eis am Land ze fueren. Am Virfeld war ech schonns e bësse gespaant, wéi sech den Auto op den Éisleker Stroossen derduerch schléit. Ech kann et direkt elo schonns soen. Genee wéi um Circuit, verdéngt den 6 N och op den normale Stroossen eng 1+.

Wann ech mir d'Fotoen esou ukucken, dann ass et awer schonns een Auto mat deem een opfält?
Dat ass effektiv de Fall! Virun allem, an der typescher hellbloer Hyundai Faarf. Dobäi kënnt een imposanten hënneschte Spoiler, optesch aggressiv Felgen an net vill Spillraum tëscht de Pneuen an der Karosserie. Sportlechkeet, oder besser nach Rennoptik, mat Schuelesëtzer, vill Knäppercher um Steierrad, suergen och banne fir ee Kompetitiounsfeeling. De Kilometerzieler, dee geet bis op 300 erop. Dat versprécht. Déi reell Spëtzt, déi läit allerdéngs bei 257 Kilometer an der Stonn. Dat ass fir een Elektroauto, awer schonns eng Uso.

Ass déi Sportlechkeet, déi een optesch gesäit, dann awer och am prakteschen op eise Stroossen ze spieren?
Dat ass se. Um Circuit huet ee an der Reegel Zäit, fir sech un déi perfekt Linnen unzepassen. Op enger normale Strooss, ass dat awer logescherweis net de Fall. Schliisslech muss ee jo ëmmer mat Géigeverkéier rechnen. Den Auto verleet een awer ganz einfach dozou, fir duerch d'Kéieren ze briederen. Et gëtt keen Iwwer- respektiv Ënnersteieren. D'Lenkung ass esou präzis, wéi een dat just seele bei vill méi deieren Auto gewinnt ass. Et ginn eng helle Wull vun Astellungsméiglechkeeten, fir den Auto esou optimal wéi méiglech op d'Strooss, respektiv op de Fuerspaass deen ee wëll hunn, anzestellen.
D'Fuerwierk ass vun Haus aus stramm. Duerch Verstriewungen, déi an der Mall installéiert goufen, ass d'N-Versioun och nach ee gutt Stéck méi steif, wéi den normalen Ioniq 6. Ee klengen negative Punkt ass de Wendekrees vun 11 Meter 80. Dee kënnt dem Auto a ganz enke Kéieren oder am Parkhaus, net entgéint. Ëmmerhin huet den Ioniq 6 eng Längt vu 4 Meter a 94 Zentimeter.

Den Auto huet 620 Päerd. Wat bedeiten déi a konkreten Zuelen?
De Sprint vun 0 op 100, ass an 3,2 Sekonne gepackt. Do gëss de also anstänneg an de Sëtzt gedréckt. A ronn 11 Sekonnen ass een op 200. Och dat ass impressionant. Wiem déi 620 Päerd nach net duerginn, kann de klenge rouden N Grin Boost Knäppchen um Steierrad drécken. Dann huet ee fir 10 Sekonnen, nach ee Plus vun 30 Päerd. Also am Ganze 650 PS, bei engem Gewiicht vun 2.166 Kilo.
De 6 N léist sech iwwregens och iwwer Wippe schalten. Obwuel et jo een Elektroauto ass, bei deem ee ee jo keng Schaltvirgäng huet, hunn d'Ingenieuren et fäerdeg bruecht, datt ee mat de Schaltwippen d'Gefill vun enger manueller Schaltung huet. Wann een dann och nach de kënschtleche Motorklang mat aschalt, gleeft een ee richteg gudden alen thermeschen Motor ënnert der Hauf ze hunn. Technik mécht e méiglech.

U wien adresséiert sech den Auto a wéi ass de Verbrauch a wat kascht déi Maschinn?
Fir op déi éischte Fro ze äntweren. Ech weess et net esou richteg. Den Ioniq 6 N ass eng Limousin. Ze vergläiche mam Mercedes CLA. Do ass een a mengen Aen, schonns vun engem jonken Zilpublikum fort. Déi entscheede sech éischter fir den Ioniq 5 N. Ech denken, datt eng Famill mat zwee Kanner sech och anescht wäert orientéieren. Duerch d'Verstriewungen hannen an der Mall, geet zum Beispill Volumen verluer.

Hei ass den normalen Ioniq 6 déi besser Optioun. Ech ginn also dovunner aus, datt een d'N-Versioun net dacks op eise Stroosse wäert gesinn.
Zu der zweeter Fro: Den offiziell Verbrauch läit bei 18,7 kWh. Ech war awer mat ronn 22 kWh ënnerwee. Wat fir déi Leeschtung awer nach ëmmer ganz ok ass. Den Hyundai Ioniq 6 N gëtt et vu 75.951 Euro un.
