Automag - Am TestBYD Atto 3

RTL Lëtzebuerg
BYD ass mëttlerweil den zweetgréissten Hiersteller vun Elektroautoen op der Welt, an den Atto 3 war den éischte Modell, deen an Europa op de Marché koum.
De PLUS
  • Gefällegen Design
  • agreabel ze fueren
  • gutt Raumgefill
De MINUS
  • Menüféierung net ëmmer logesch
  • lues beim Lueden (max. 90kW)
  • Präis

No Seal an Dolphin huet sech eis Automag Ekipp op en Neits mat de Modeller vum chinesesche Constructeur BYD beschäftegt. Wéi sech den Atto 3 am Alldag geschloen huet, verréit eis den Akim Schmit.

Automag: BYD Atto 3

Den Atto 3 ass den éischte Modell, dee BYD an Europa geschéckt huet – en Zeechen dofir, dass ee sech sécher ass, dass den Elektro-Crossover dem europäesche Client gefält. Um techneschen Know-How feelt et bei BYD nämlech net: 1995 gegrënnt ass een an Tëschenzäit de weltwäit zweetgréissten Hiersteller vun Elektrogefierer.

Technesch kann den Auto gutt sinn, mee d’A ësst bekanntlech mat. Wat kanns de eis iwwert den Design soen?
Beim Design huet BYD scho mol alles richteg gemaach: den Atto 3 wierkt modern an zäitlos. De groussen „déjà-vu“ ass bei mir ausbliwwen, an dat ass positiv. Un der Front bestëmme flaach Pharen an eng breet Chrom-Leescht d’Bild, hanne fanne mer en duerchgängegt LED-Band, Chrom-Applikatiounen an e markante Spoiler. Ech géif behaapten, den Design dierft deene meeschte Leit zousoen.

Bannendra gëtt et dann awer e bësse méi speziell, wann ech mer deng Fotoen esou ukucken…
Komm mir nennen et onkonventionell. Bei mir war et Léift op den zweete Bléck. Zwar ass den Interieur duerch säi wëlle Mix u Forme, Faarwen a Strukturen ongewinnt, ma d’Veraarbechtung ass gutt. Den Atto 3 hieft sech vun der Konkurrenz of an ass – a mengen Aen - erfrëschend anescht.

Beispiller sinn d’Oflagen an den Dieren, déi mat Lastiker un eng Gittar erënneren, d’Diergrëffer un deenen een net zéie mee dréie muss oder den Infotainment-Ecran, dee sech ëm 90 Grad dréie léisst. E flotte Show-Effekt, ech hätt mech awer méi iwwert e logesch opgebaute Menü gefreet.

Wat proposéiert BYD dann am Kapitel Undriff?
150 kW oder 204 PS liwwert den E-Undriff am Atto 3. Bei 310 Nm Dréimoment a just Frontundriff huet d’Traktiounskontroll déi eng oder aner Kéier missen noreegelen. Fir de Rescht fiert sech den Atto 3 awer gemittlech: d’Fiederung ass mëll ofgestëmmt, d’Steierung ass liichtgängeg awer emotiounslos.

Wien säi Fuerstil dem Auto upasst, kënnt am Alldag mat ronn 17 kWh/100 km aus. Eng präzis Auswäertung liwwert den Auto net, d’Wäerter gëlle just fir déi lescht 50 gefuere Kilometer. Laut WLTP-Norm stiechen an der 60,5 kWh Batterie 420 Kilometer. An der Praxis louch meng Reechwäit éischter bei 340 Kilometer. Geluede gëtt mat maximal 90 kW um Schnellueder – dat kënnen anerer besser.

Däi Fazit fält zimlech duerchwuess aus…
Den Atto 3 dierft et schwéier kréien. Zum engen ass en der europäescher Konkurrenz a kengem Beräich wierklech iwwerleeën; zum aneren ass en och net wierklech gënschteg. Eisen Testauto steet mat 44.000 Euro an der Präislëscht. A wéi seet d’Sprachwuert: aner Mammen hunn och schéi Meedercher.

CRASHTEST: BYD Atto 3 (2022)
SITE: BYD Atto 3

Back to Top
CIM LOGO