Autotest vum 24. September 2020Citroën AMI

Christian Schmit
Haut am Automag e ganz originellen Elektro Auto, oder awer just e Scooter ?
De PLUS
  • Brauch net vill Plaz
  • Gënschteg
  • Ka personaliséiert ginn
De MINUS
  • Net confortabel
  • Net am Citroën-Showroom

AMI, heescht en, kënnt vu Citroën, an de Christian Schmit war op der offizieller Presentatioun zu Paräis mat dobäi.

Automag: Citroën AMI

Richteg. Endlech emol erëm eng Presentatioun kann e jo scho bal soen. Keng virtuell, mee eng reell. Dat mam Citroën AMI, dee mir op enger Sight seeing Tour duerch Paräis konnte fueren. E spartaneschen Quadricycle vum Chefdesigner Patrick Leclerq kreéiert, an d’Fro dann och gläich un hien, ass et 2 CV vum 21. Jorhonnert?

Also mam Modell AMI aus de 1970er Joren huet dëse guer näischt en commun.

Mat 2m41, 45 km/h Spëtzevitesse an 70 km Autonomie ass säi Revéier ganz kloer d’Stad, an nach e bësschen Peripherie.

Mir huelen dann mol Plaz am AMI, dee just aus 250 Deeler besteet, a mierke séier confortabel ass deen Trajet u Bord net. Mä vläicht musse mir och ëmdenken?

Eent ass iech beim Kaf vum AMI gewëss, dir faalt op, a kommt mat de Leit an d’Gespréich. Mir waren Enn August duerch di franséisch Haaptstad ënnerwee, a bei all Foto-Stopp si mir op dee Cube op 4 Rieder ugeschwat ginn.

„Rendre l’automobile accessible à tous » dat ass d’Devise. Vu dass de Basis Präis jo bei 6.000 Euro läit, dierft dat mat der Popularitéit klappen. Di éischt 1.000 Stéck sinn op alle Fall am Frankräich scho verkaf, a mat Free 2 Move kommen der jo da nach eng ganz Partie an d’Locatioun. Do ginn dann 26 Cent pro Minutt verrechent. Aner Marchéë fir den AMI kommen no, 2021 och de Grand-Duché. Vläicht gëtt et jo da nach d’Primm, vun 1.000 Euro fir esou Gefierer.

Wie wëll, ka säin AMI dann no a no oppeppen. De Coffret mat den Accessoiren gëtt dann heem geliwwert an da kann et lassgoen. E kann och nëmmen online bestallt ginn.

De Smartphone nieft de Volant geklemmt, esou kënnt Musek an Navigatioun u Bord.

Zwou grouss Chaînen am Hexagone, FNAC an DARTY, fir si nett ze nennen, hunn den AMI am Programm, e steet deemno net am Citroën-Showroom.

Vue Elektroauto, muss en opgeluede ginn. Dat passéiert mat engem normale Stécker, genee wéi beim Handy oder Raséierapparat. Jo a no 3 Stonnen ass erëm Jus an der 5,5 kw/h Batterie, fir di nächst 70km.

Gäre gëtt vum ideale Stadauto geschwat. Mä eigentlech solle mir jo guer net méi mam Auto an d’Stad, mä mam ëffentlechen Transport? Bon am Hexagone kann den AMI ouni Fürerschäin scho mat 14 Joer beweegt ginn. Bei eis ass dat net erlaabt.

Mol kucken wéi vill Frënn den AMI bei eis fënnt? Virun 30 Joer ass di lescht 2 CV vum Band gelaf. Déi vum 21. Joerhonnert konnte mir elo scho probéieren. An iwwregens, iwwer di gutt al 2 CV gouf am Ufank och just geschmunzelt, herno ass si, wéi mir all wëssen, e Kult Auto ginn. Tout simplement.

PRÄISSER: Citroën
SITE: Citroën

Back to Top
CIM LOGO