Automag - Am AlldagstestDS N°8

Christian Schmit
Ëmmer nees héiert een, eis Autoe gesinn dach all d'selwecht aus. Net onbedéngt. Wann dir eppes sicht, wat definitiv net op all Eck steet, dann hu mir vläicht elo grad dat passend am Automag.

Den DS Automobiles Numéro 8 stoung zur Dispositioun, an de Christian Schmit war mat deem grousse Won am Alldag ënnerwee. En Auto, deen iwwregens e ganz prominente Personnage als Déngscht-Limousine huet.

Automag: DS N°8

Jo genee an dat ass de franséische President Emmanuel Macron, deen en DS Automobiles Numéro 8 Présidentielle, made in France, als Staatslimousine am Fuerpark huet. Zënter 2015 ass DS jo eng eegestänneg Marque am Stellantis Grupp. D'lescht Joer koum den Numéro 8 op de Marché, mee mécht sech nach zimmlech rar.

© Christian Schmit

Wat stécht dann hannert där Nummer 8?

Also am Moment de Spëtzemodell bei DS. Vum Design eng Mëschung aus Limousine an SUV, mat deem een definitiv opfält, och duerch di dräidimensional Luuchten.

© Christian Schmit

Avangardistesch dat esouwuel banne wéi baussen.

Chic, a ganz vill Luxus à la Haute Couture de Paris gi gebueden. Effektiv schafft e mat de Createuren aus der Welt vun der Moud zesummen. Alles wat een upeekt ass mat echtem Lieder iwwerzunn. Dieren, Armaturebried, Mëttelkonsol, Volant a Sëtzer. Déi gi behëtzt, belëft, vir an hannen, a gäre mat Massage.

© Christian Schmit

Banne ganz vill Léift zum Detail, an et muss och net alles um 16 Zoll Ecran gescrollt ginn. Den Electra 3D Focal Sound weess een och ze schätzen.

© Christian Schmit

Gëtt et just als Elektro Variante?

Genee, a mir haten den AWD, also eng 4-Rad Traktioun, an dat sinn dann op all Achs e Moteur, an 350 PS Leeschtung. D'Batterie huet 97 kW, a gutt 650 km soll een domadder kommen.
Bon wien elo net di Spëtzevitesse vun 190 à l’heure ausnotzt, an a 5,5 Sekonnen op 100 acceleréiert, dann ass duerchaus e Verbrauch vun 17kW dran.

© Christian Schmit

Den DS 8 ze beweegen mécht Spaass, den SUV mat der Coupé-Linn kann och am Sportmodus dynamesch gefuer ginn, mee gemittlech ënnerwee an de Confort genéissen, passt besser.

Wéi vill Zäit verbréngt een dann un der Borne?

Jo beim Oplueden ass DS net mat vir bäi. Mat maximal 160kW klappt dat just, an eng gutt hallef Stonn muss e schonn aplangen. Mee am deegleche Gebrauch hänkt e jo souwisou iwwer Nuecht um Stécker.

© Christian Schmit

Wat kascht dann deen DS Luxus Liner, an de Fazit wgl?

Den Testauto DS Numéro 8 AWD an der Versioun Etoile, inklusiv groussem Panorama Daach, koum op 71.150 Euro.

En Auto, dee polariséiert, sécher net jidderengem gefält, mee sech ofhieft vum übleche Mainstream. Mee, voiture présidentielle de Monsieur Macron hin oder hier, d'Venten decidéieren iwwer säin Erfolleg.

© Christian Schmit

DS 8 um Internet

Back to Top
CIM LOGO