Automag - Am AlldagstestForthing 7 REEV

Andy Brücker
Reng elektresch ugedriwwe Limousin, déi awer duerch Range-Extender-Technik eng grouss Autonomie liwwert.

An dësem Automag beliichte mer e Modell vun enger Mark, déi mer menges Wëssens eng éischte Kéier an engem Test haten. Rieds ass vu Forthing, déi zum DFM-Konzern gehéiert, der Dongfeng Motor Corporation. De Modell deen ech hunn dierfen testen ass de Forthing 7 REEV. "R.E.E.V." steet an dësem Fall fir "Range Extender Electric Vehicle".

Automag: Forthing 7 REEV

© Andy Brücker

Dat kléngt komplizéiert, kanns de dat e bëssen erklären?

Majo et ass am Fong en zimmlech interessante System, well hei ginn d'Virdeeler vun der Elektromobilitéit gekoppelt mat der Sécherheet, dass een net onbedéngt op eng Luedsail ugewisen ass, wann ee méi laang Strecke fuere wëll. Nieft dem Elektromotor huet een nämlech nach e Verbrenner verbaut. Ugedriwwe gëtt de 7 REEV ëmmer just iwwer den Elektromotor, wat anescht eis wéi bei engem normale Plugin-Hybrid, wou de Verbrenner den Undriff iwwerhëlt, wann d'Batterie eidel ass.

© Andy Brücker

De Verbrenner ass just do, fir d'Batterie vum Elektromotor ze lueden, wann do den Niveau ze niddreg ass. Et "fiert" een also reng elektresch, ma trotzdeem leescht e Verbrenner säi Bäitrag. Mat der Kapazitéit vun der Batterie eleng kënnt ee bis zu 174km. Duerch de Verbrenner, deen ëmmer nees Stroum ka produzéieren, kënnt een op eng Autonomie vu gutt 1.000km!

Dat mécht den Auto zu enger interessanter Alternativ ...

Richteg, well et kann een doheem un der Steckdous den Auto an der Woch lueden, a reng elektresch domadder zum Beispill op d'Aarbecht fueren. Ma wann een emol an d'Vakanz wëll fueren, muss ee sech keng Suerge maachen, dass ee stänneg muss stoe bleiwe fir nozelueden. Et mécht een einfach de 45-Liter-Tank vum Verbrenner voll, an et et kënnt ee problemlos och op Destinatioune méi wäit ewech... wéi gesot, 1.000km Autonomie sinn do realistesch, laut WLTP ass souguer rieds vun 1.250 Kilometer.

Beim Verbrenner handelt et sech ëm e 1500er 4-Zylinder mat 101 PS. Den Elektromotor bréngt et op 209 PS. Dee mécht den Auto net zu engem Sportler, ma et geet duer fir am Alldag gutt matzefueren. Den Auto weit eidel 1.885 Kilo an ass bal 5 Meter laang.

© Andy Brücker

Komme mer dann zur Optik, wat jo awer och e grousst Argument fir de Kaf vun engem Auto ass.

Absolutt, a wéi soe se sou schéin, "les goûts et les couleurs... ". Ma bleiwe mer mol bei de Fakten. De Forthing 7 REEV ass eng laang-gezunne Limousine, mat ronnen, fléissende Formen an engem risege Panoramadaach. De Logo vum Auto ass ville Leit nach net bekannt, dofir suergt et dach gär emol fir verdutzte Gesiichter, wann d'Leit sech den Auto ukucken, an net wierklech aschätze kënnen, wat se grad fir eng Mark oder Modell viru sech hunn. Duerch de Logo eleng kéint een dozou verleet ginn ze denken et wier e Peugeot... eng gewëssen Ähnlechkeet ass sécherlech do.

© Andy Brücker

Eng aner Persoun ass op mech duerkomm an huet gemengt, ob dat deen neie Elektro-Porsche wier. Dir verstitt deemno, dass d'Mark aktuell bei eis nach keng eegen Identitéit huet, wat elo kee Virworf ass, well wa mer éierlech sinn, gëtt et queesch duerch den aktuellen Automobilmarché ëmmer méi ee vermësche vun Designsproochen, déi engem et schwéier maachen en Auto reng duerch seng Form nach enger Mark kënnen zouzeuerdnen. An domadder mengen ech net just chineesesch Modeller wéi dësen, och europäesch oder aner asiatesch Marken zum Beispill zielen ech dozou.

© Andy Brücker

Wéi gesäit et da mat dem Banneraum an der Veraarbechtung aus?

D'Veraarbechtung muss ech soen, ass allgemeng gutt. Et war elo näischt dobäi wou ech gesot hunn: "oh mei, dat do geet jo guer net". Kloer sinn och e bësse méi gënschteg Materialie verbaut, ma ouni dass et elo géif stéieren.

© Andy Brücker

Besonnesch iwwerzeegt war ech vun der Plaz, déi een am Auto huet. D'Mall u sech huet e Volumen vun 467 Liter, wat scho ganz ok ass, virun allem och duerch déi dach schonn agreabel Déift vun der Mall. Wann een d'Sëtzer hannen dann nach ëmleet, kënnt een op 1.500 Liter. An déi bidde sech virun allem an enger interessanter Längt un. Objete vun 2 Meter kritt een dann an d'Mall geluecht, ouni dass se geknéckst ginn. Duerch d'Form vun der Karosserie kënnen d'Objeten, déi een transportéiert, elo net onbedéngt ze voluminéis sinn, et ass halt kee Kombi, an awer war ech immens positiv iwwerrascht.

© Andy Brücker

Et goufen awer och Elementer, déi dech net sou iwwerzeegt hunn

Do muss ech virun allem den Entertainment erausgräifen. Den Touchdisplay ass net wierklech reaktiv, fir et mol sou ze nennen. Dacks muss ee méi wéi eng Kéier op e Menüpunkt drécken, fir dass sech eppes deet, oder et muss een déi eng oder aner Gedenksekonn mat arechnen. Och d'Iwwersetzunge vu verschiddene Menüpunkten entspriechen net onbedéngt deem, wat ee sech erwaarde géif. Dat kann een hoffentlech an Zukunft duerch e Softwareupdate verbesseren.

© Andy Brücker

En anert Phenomen, dat ech hat, war dass wann ech Radio gelauschtert hunn, ech dann telefonéiert hunn, duerno de Radio net méi ugaangen ass. Den Tankdeckel kann een dann och just iwwert e Menü am Touchdisplay opmaachen, an net vu bausse wann ee beim Tankdeckel steet.

© Andy Brücker

Den Tempomat limitéiert ee bei 130 km/h, wat jo gesetzlech hei am Land och Sënn mécht, ma wann ee weess, dass déi ugewise Vitess net onbedéngt der reeller entsprécht, wéilt een och alt emol en Tempomat op 135 astellen... mee dat geet net. Den Auto leeft iwwregens och maximal 160 km/h. Wisou een awer beim Tempomat ageschränkt ass, ass mir e Rätsel. De Schlëssel vum Auto ass schéi geformt, ma et huet een zum Beispill keng Méiglechkeet e Schlësselunhänger drun ze maachen. Dobäi kënnt, dass en immens liicht ass.

© Andy Brücker

Do sicht een dach mol gär emol an den Täsche wou en ass, respektiv hat ech ëmmer nees gemengt ech hätt e vertässelt, obwuel en nach do war. Et si Klengegkeeten, déi am Alldag dann awer liicht genervt hunn, a vum eigentlech gudde Gesamtpackage negativ ofgelenkt hunn.

Wat muss een dann op den Dësch leeën, wann ee sech de Forthing wëll zouleeën?

Ech hat mer bei dësem Auto de Spaass erlaabt, d'Leit a mengem Bekanntekrees ze froen, wat si da mengen, wat den Auto kascht. D'Äntwerten déi koumen, louche meeschtens tëscht 60.000 an 80.000 Euro. Deementspriechend grouss war bei hinnen d'Iwwerraschung, wéi ech hinne verroden hunn, dass een deen Auto scho vir ënner 40.000 Euro kritt. An dofir kritt een eng wierklech gutt equipéiert Limousin, déi reng elektresch ugedriwwe gëtt an duerch de Verbrenner awer eng extrem interessant Reechwäit ka kréien. Doduerch sprécht een eng Clientèle un, déi gären de Schrëtt Richtung Elektromobilitéit goe wëll, ouni op d'Flexibilitéit vu laangen Trajeten ze verzichten, an dat zu engem extrem konkurrenzfäegen Uschafungspräis, fir deen ee bei anere Marke vill manner gebuede kritt.

© Andy Brücker

Forthing um Internet

Back to Top
CIM LOGO