Woufir dës dräi Buschtawe stinn, a wéi sech de WEY 03 an der Praxis schléit, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.
GWM – kuerz fir „Great Wall Motor” ass ee vun de gréissten Autoshiersteller a China a ganz niewebäi och Partner vu BMW bei der Entwécklung vum neie Mini. Fir e bësse Kontext ze ginn: GWM baut zanter 1984 Camionen, 1990 koumen déi éischt Autoen dobäi, an 2022 huet GWM iwwer 1 Millioun Autoe gebaut. Déi meescht dovu sinn a China ugemellt ginn, nëmmen ee Fënneftel ass an den Export gaangen.

Dat soll sech awer elo änneren. GWM wëll sech mat eegene Modeller an Europa etabléieren a bréngt mam WEY 03 a WEY 05 gläich zwee SUV’en op d’Strooss, déi géint Audi, BMW a Mercedes untrieden. Zu Roum stoung de WEY 03 am Fokus, e Premium Plug-In Hybrid SUV an der Gréisst vun engem BMW X3.
Éischten Androck
De WEY 03 wierkt immens europäesch: dat fänkt u beim Design, deen un e „Best of“ vum aktuelle Marché erënnert (DS, Jaguar, Volvo a VW koume mer an de Kapp): an der Kombinatioun näischt wat hänke bleift, awer och näischt wou een de Kapp rëselt. Och bannendran ass e gutt verschafft a wierkt héichwäerteg. GWM ass zwar en Europa en neien Hiersteller, ma a China scho laang am Geschäft, an dat mierkt een.

Den Undriff
De Wey 03 kënnt als Plug-In Hybrid an zwou Varianten. Lass geet et bei 367 Päerd (Frontundriff). Wiem dat net duergeet, proposéiert GWM d’Allrad-Versioun déi ech probéieren duerft a 442 Päerd bei 685 Nm Dréimoment op de Makadamm bréngt. Houfreg ass ee bei GWM och op déi 34 kWh Batterie, déi 139 km elektresch Reechwäit versprécht a fir e sprëtzege Start bei der rouder Luucht suergt. A 5,3 Sekonne geet et op Tempo 100, eréischt bei 230 km/h ass Feierowend. Séier ass de Wey 03 och beim Lueden: un der Wallbox gëtt mat 11 kW gelueden, oder mat 50 kW Gläichstroum.

Dat kléngt elo ze perfekt fir Wouer ze sinn. Wou ass den Hoke bei der Saach?
An engem Wuert: d’Ofstëmmung. D’Fuerwierk ass haart an holpereg, et feelt Allgemeng u Confort, d’Steierung ass onpräzis a schwammeg an d’Bremse misste besser zoupaken. Kritik gëtt och fir d’Ergonomie: d’Kappstaipen an de Verstellberäich vum Steierrad hunn net gepasst. Entweder meng Been sinn ze laang, oder meng Äerm ze kuerz – dat ass mer bis haut awer nach net opgefall. An och bei den Assistenz-Systemer muss nogehollef ginn: dat Gepiips, Geblénks a Vibréierts huet mech op d’Palm gedriwwen.

Deemno e ganz duerchwuessene Fazit…
Duerchwuess, jo, awer vill vu menge Kritikpunkte kënnen iwwer Software-Updates behuewe ginn. Wéi séier reagéiert gëtt, bleift ofzewaarden. Hiersteller aus Japan a Korea missten och duerch d’Feier goen a sinn haut fest Gréissten op eise Stroossen. De Wey 03 soll an der éischter Hallschent vum Joer op Lëtzebuerg kommen, lass geet et bei ënner 50.000 Euro.
