Automag vum 4. Dezember 2023Kia EV9

Paul Origer
Kia start eng grouss Elektro-Offensiv. An e puer Joer wëlle si ee vun den Haapt-Player an der E-Mobilitéit sinn.
De PLUS
  • innovativen a couragéisen Design
  • geraimege Banneraum
  • vill Confort (Fiederung, Sëtzer...)
  • erstaunlech gutt Stroosselag
De MINUS
  • Gewiicht
  • Verbrauch

Bis 2025 sollen dofir nach op d’mannst 3 nei Modeller kommen. Virgestallt gouf elo d’Flaggschëff EV9 – no 2 stateschen Optrëtter konnt de Paul Origer dee groussen Elektro-SUV op der Virstellung zu St Tropez, endlech fueren.

Automag: Kia EV9 Fuertest

Den éischte Modell aus der EV-Gamm, den EV6 fiert jo schonn op eise Stroossen. Elo lancéiert Kia den Topmodell vun hirem Elektro-Programm a woen domat och direkt ee Schratt an een neit Segment. Den EV9 gehéiert nämlech zur Kategorie E-SUV wou de Moment éischter Premium-Marke wéi BMW, Mercedes an Audi vertruede sinn.

Optesch kann deen neien XL-Stromer vu Kia sech schonn emol vun der Konkurrenz ënnerscheeden!

Dat kann ee wierklech soen. Fräi nom Rezept “quadratesch a praktesch” trëtt en op, streckt sech iwwer 5 Meter an der Längt a knapp 2 Meter an d’Luucht. Den Design ënnersträicht dat ganzt nach emol mat der bulleger Front mat liichten Undeitungen un déi typesch Tiger-Nose, säitlech falen déi betounten an ausgestallte Radhaiser op fir dann hannen mat den héije Réckluuchten an dem riichte Mallendeckel ofzeschléissen.

© Paul Origer

Dat si wierklech üppeg Moossen, do profitéiert dann och de Banneraum, huelen ech emol un?

Absolut. Mat 6 oder 7 Sëtzer ass den EV9 ze kréien, deelweis an enger spezieller Relax-Ausféierung oder esou, dat een déi mëttelst Sëtzrei zu 180 Grad dréine kann. Seng Breet vu knapp 1m80 léisst de Passagéier vill Plaz bei de Schëlleren, mee och d’Been an de Kapp hu genuch Loft ronderëm. Ganz hannen ass et och nach okay, just bei der Konferenzpositioun an de Reien 2 an 3 dierf een net kontaktschei sinn.

© Paul Origer

De Sëtzconfort ass zesumme mat ville Verstellméiglechkeete wierklech gutt gelongen, d’Ambiance bannendran duerch vill flott Fuerw- a Materialkombinatioune ganz agreabel. Gepäck packt den EV9 och, tëscht 333 bei 3 Sëtzreien, respektiv 828 Liter bei 2 ass wierklech uerdentlech. Dobäi kennt nach een esou genannte Frunk ënnert dem viischten Deckel. A sollt et nach ëmmer net duergoen, da kann de grousse Kia och 2,5 Tonnen un de Krop huelen.

Elo duerfs de den EV9 jo endlech emol fueren – wéi sinn do déi éischt Impressiounen?

Jo, endlech! Mir waren all gespaant, schliisslech ass déi Kombinatioun groussen a schwéieren SUV – den EV9 weit ronn 2,7 Tonnen – an Elektroundriff jo awer schonn een Challenge. Getest hunn ech déi staark Versioun mat 283 kW, Allrad a versprache 512 km Autonomie. An op en neits gouf ech nees iwwerrascht, wéi Spilles esou een E-Motor mat engem groussen Auto ëmgeet. Den EV9 geet onheemlech gutt an ouni Geräisch vun der Plaz, Traktioun ass kee Problem. Wann een awer elo denkt, et wier een Auto fir laang riicht aus ze fueren, deen iert sech. Och a punkto Fuerwierk hu se bei Kia nawell gezaubert an ee gudde Kompromëss aus Confort an Dynamik erreecht.

© Paul Origer

Den EV9 fiedert mat senger Stolsuspensioun nämlech gutt, léisst sech awer och zackeg em Kéiere beweegen ouni dat ee séikrank gëtt. Zesumme mat enger direkter a präziser Steierung schrumpft esou déi eigentlech Gréisst a léisst de Kia-SUV vill méi handlech wierken, wéi een sech erwaart. Wou d’Erwaardungen e bëssen enttäuscht kéinte ginn, dat ass beim Verbrauch. Iwwer 500 km versprécht Kia mam groussen 99,8 kW-Stonnen-Akku. Ob dat wierklech méiglech ass, wäert ee spéideren Alldagstest beweisen.

Mam neien EV9 gëtt also an der Liga vu BMW a Co gespillt – wéi leie mer dann do präislech?

Den EV9 start knapp ënner 70.000 Euro mam 2-Rad-gedriwwenen Earth an 150 kW-Motor a geet bis ronn 77.500 wann een d’Topversioun hëlt. Da sinn allerdéngs och all d’Wënsch erfëllt - anescht wéi bei der däitscher Konkurrenz, déi gäre schonn an der Basisversioun wäit doriwwer leien.

© Paul Origer

CRASHTEST: Kia EV9 (2023)
SITE: Kia EV9

Back to Top
CIM LOGO